Interview de fin d'année avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker (Eldoradio)

Dans une interview de fin d'année accordée le 22 décembre 2010 à la radio Eldoradio, Jean-Claude Juncker passe en revue l'année 2010 et notamment les discussions qu’il a menées avec les partenaires sociaux. Il s’y inquiète également des conséquences d’une crise sociale qui pourrait résulter de la crise financière mondiale. D’autres sujets abordés par le Premier ministre sont les résultats de l’étude Pisa, les dossiers de l’actualité européenne et l’affaire Wikileaks.


Pierre Hobscheit: Typesch Fro elo zum Schluss vum Joer: et ass vill geschitt dëst Joer, wat ass Äre perséinlechen, markantsten oder emotionaalste Moment vum Joer?

Jean-Claude Juncker: Ech weess dat net. Ech hunn e Joer gehat mat, wéi d’Leit och iwwregens, vill op an of, méi of wéi op.

Heiheem war fir mech, wann ech dat op de politesche Raum beschränken, dee markanteste Virgank eigentlech deen, datt et extrem schwéier gefall ass, d’Leit am Land – d’Gewerkschaften, d’Parteien, d’Patronsorganisatiounen – op dee Punkt ze féieren, wou se sech eens driwwer gewiescht wieren, wéi d’Situatioun vum Land anzeschätzen ass. Dat ass an all Richtunge gaangen.

An et war méi eng Verweigerungshaltung bei villen, wéi eng Opbrochstëmmung bei Eenzelne festzestellen.

Ech hunn eréischt géint Schluss vum Joer, am spéiden Hierscht an am Ufank vun engem zolitte Wanter, gemierkt, datt déi eng an déi aner sech dann op eemol awer gesot hunn, op Grond vun der Erkenntnis, datt mir zu Lëtzebuerg zwar e lauter Prachtexemplare sinn, mä datt et der net vill dovu gëtt, datt ee sech vläicht misst emol um Rimm rappe fir zu eppes ze kommen.

Pierre Hobscheit: Dir hutt et selwer ugeschwat, et wier e Joer, dat och hei zu Lëtzebuerg zimlech schwiereg war. D’Tripartite koum eigentlech net zu deem gewënschten Erfolleg, virun allem am Ufank net.

Wéi no war, oder ass Lëtzebuerg den Ament no der Finanzkris un enger sozialpolitescher Kris?

Jean-Claude Juncker: Mä mir sinn nach net um Enn vun der Finanzkris. Deen optimisteschen Zongeschlag, datt mir um Enn vun der Kris ukomm wieren, deen ass net richteg, mir sinn nach matten an der Behandlung vun den Ausleefer vun där Finanzkris.

A meng Suerg ass grouss, manner heiheem eigentlech wéi am Rescht vun Europa, datt aus där Finanz- a Wirtschaftskris eng regelrecht Sozialkris, voir eng Systemkris géif entstoen, well vill Leit, ech deelweis och, sech an deem Wirtschaftssystem dee mir heiheem an an Europa bedreiwen, net méi richteg erëmfannen; well vill Leit musse grouss Effortë maache fir iwwer d’Distanz ze kommen.

An déi, déi eigentlech duerch hiert irresponsabelt Verhalen d’Finanzkris an Amerika, stéckelchersweis och an Europa ausgeléist hunn – grouss Banken an esou virun – déi fänken erëm un esou ze wirtschaften, ze liewen, ze schwätzen a sech ze behuele wéi wann näischt geschitt wier.

An engem Moment, wou ee ville Leit muss Affer ofverlaangen, anescht geet dat net, sinn déi, déi duerch hiert irresponsabelt Handelen an déi Situatioun mat eragefouert hunn, erëm dobäi fir Bonussen auszedeelen, déck Paien auszedeelen, Beneficer ze verdeele wéi wann näischt geschitt wier.

Et ass absolut noutwenneg, datt ee sech packt an deene Chefetagë vun de Banken. Dat betrëfft manner Lëtzebuerg wéi aner Finanzplazen op der Welt, mä eng Welt, wou déi kleng Leit d’Pan klake mussen, a wou déi, déi schonn alles hunn, am Floribus sech definitiv ariichten, dat ass eng Welt déi ech net wëll.

An aus deem Gefill eraus, datt et ongerecht zougeet, fir alle Efforten déi mir maachen esou gerecht wéi méiglech ze gestallten, déi Bekämpfung vun den Ausleefer vun der Kris – d’Gefill bei den normale Leit, datt et net richteg zougeet, dat ass wäit verbreet, an dat soll ee wann ech gelift net ënnerschätzen, well doraus entsteet eng Ofleenung vun eisem System fir zesummen ze liewen.

Vill Leit gesinn dat net. Ech gesinn dat awer ganz däitlech.

Pierre Hobscheit: Wann een esou op d’Joer zréckkuckt, war et e Joer mat vill Diskussiounen, vill Sträit ënner de Politiker an Europa, Verhandlungen déi ofgebrach goufen. D’Leit mussen elo eng Krisesteier berappen. Hutt Dir net d’Gefill, datt d’Leit e bëssen, virun allem och déi Jonk, d’Vertrauen an de Respekt virun der Politik verluer hunn? E wat kënnt Dir deene Leit soen, datt se dee Respekt vläicht erëm méi zréckgewannen?

Jean-Claude Juncker: Déi Fro, wéi vill Respekt datt d’Leit der Politik entgéint bréngen, déi dreift mech dauernd ëm, mä déi ass awer net determinant fir dat, wat ech selwer maachen, well ech villes vun deem, wat d’Leit soen, denken, spieren, probéieren alafen ze loossen an déi Aart a Weis wéi ee Politik mécht.

Et muss een eppes vläicht soen, dat ass, datt – ech soen dat zur Entlaaschtung vun der Politik – mir et mat enger Situatioun ze dinn hunn, déi mir esou zënter den 1930er Joere vum leschte Joerhonnert net kannt hunn. Fir ze mengen, et wéisst een automatesch wat richteg wier, an et géif een automatesch spieren a wat fir eng Richtung datt et muss goen, deen Androck soll een net hunn. Och d’Leit déi an der politescher Responsabilitéit stinn, sichen och, taaschten no bessere Weeër a wëssen net ëmmer wou et higeet.

Ech hu virun de Wahle gesot, ech wéisst nech richteg, wou mir géife stoe, a wéi een d’Saach misst upaken. Doriwwer ass sech vill moquéiert ginn an de politesche Kreesser. Wann ech net genee weess, wat richteg ass, da soen ech léiwer, ech wéisst net wat richteg ass, anstatt esou ze maache wéi wann dat wat ech géif maachen, de toute façon richteg wier, well ech et géif maachen. D’Politik huet vill u Bescheidenheet dobäi gewonnen.

D’Leit musse wëssen, datt wann ee mat enger grousser Kris konfrontéiert ass, datt d’Krisebewältegung keen onberéiert léisst. Zu Lëtzebuerg léisst se vill Leit onberéiert an deem Mooss, wou dat, wat u Spuer- an de Steiererhéijungsmoossnamen getraff ginn ass, d’Leit ënnerschiddlech trefft. Déi Leit, déi um Mindestloun sinn, déi kréie vum 1. Januar u Kafkraaft bäi, well si sinn duerch déi Steiererhéijungen, déi ageplangt sinn, eigentlech emol net marginal betraff, mä si sinn iwwerhaapt net betraff dovun. Déi, déi méi verdéngen, déi méi hunn, mussen och méi bezuelen.

Et dierf een also net nëmmen deen eegene Portemonni kucken – dat ass schonn novollzéibar, datt een dat mécht – et muss een och kucken, wat aus dem Portemonni vun deenen anere muss erausgeholl ginn, fir datt déi, déi net gutt dru sinn net ze vill belaascht ginn duerch déi Krisebekämpfungsmoossnamen, déi een hëllt.

Ausserdeem hätt ech gär, datt zu Lëtzebuerg d’Leit, déi jo vill reesen, déi vill ënnerwee sinn, déi vill op anere Plaze vun Europa a vun der Welt sinn, sech net nëmmen an hiren Hoteller sollen ophalen, mä och emol e bësse kucke wat ronderëm ass. An da komme se vläicht zur Erkenntnis, datt, obschonn d’Liewen heiheem e bësse méi schwéier ginn ass, Anerer et vläicht méi schwéier hunn.

Pierre Hobscheit: Lëtzebuerg huet jo och eng Reform vun der Grondschoul erlieft, an trotzdem hu mir elo alt nees am PISA-Test eng Datz kritt.

Wat haalt Dir vun deem PISA-Test u sech, a wat haalt Dir vun eisem Educatiounssystem? Mengt Dir, datt hei zu Lëtzebuerg effektiv de Schoulsystem nëmme Mëttelmooss ass, oder schlecht ass? Oder wouhier kommen déi schlecht Resultater?

Jean-Claude Juncker: Dat do ass eng kuerzgefaasste Fro, mat enger Programmäntwert, déi dräi Stonnen dauert, wann ech se géif erschöpfend wëlle ginn.

Dat éischt wat ech wëll soe, ass, datt déi Reformen, déi an deene leschte Joere gemaach gi sinn, déi Kanner vu 15 Joer, déi am PISA-Test gekuckt a getest gi sinn nach net erreecht hunn. Déi Reformë si jo eréischt ugefaange ginn, d’Grondschoulreform ass virun 2 Joer a Kraaft getrueden. Et ass nach kee vu 15 Joer deen duerch déi Reformë betraff gi wier. De PISA-Test moosst eigentlech dat wat eis Schoul virun de Reformë fäerdegbruecht huet, an net wat se no de Reformë ka fäerdegbréngen.

Dat zweet wat ee muss soen ass, datt een déi PISA-Etude soll seriös huelen an alle Quartierë vun der Educatiounspolitik a vum Educatiounswiesen. Mir mussen do besser ginn a mir dierfen eis net hannert Argumenter verflüchtegen, déi dora bestinn, datt eis Situatioun mat der Situatioun vun deenen anere 64 Länner déi getest gi sinn net vergläichbar ass.

Trotzdem, drëtt Remarque, ass et awer esou, datt mir extra Kärelen hei zu Lëtzebuerg sinn. Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land, d’Baskeland zum Deel och, wat an 2 Sprooche mat 15 Joer getest ginn ass. Wann déi Däitsch da missten déi Tester an 2 Sprooche maachen, statt nëmmen op Däitsch, wiere se dann däitlech besser wéi mir? Wa Finnland en Immigratiounstaux hätt vun iwwer 40%, a wa Finnland a senger Primärschoul géif 52% vun de Schüler an Ëmfank huelen, déi doheem net d’Sprooch vum Land schwätzen, op där de ganzen Educatiounssystem jo awer, wéi heiheem ze gesinn, opgebaut ass, wieren d’Finnen da wierklech esou vill besser wéi d’Lëtzebuerger?

Dat fanne mir ni eraus, well déi aner Länner eben nëmmen an hirer Mammesprooch déi Tester maachen.

Véiert Remarque. Wann een d’Übung géif maache fir ze kucken, wéi dann d’Kanner ofgeschnidden hunn, déi aus enger traditioneller, lëtzebuergescher Famill kommen, wou Lëtzebuergesch geschwat gëtt, wou een doheem ass wa se heem kommen, fir mat hinnen ze schaffen, da géife mir gesinn, datt deene Kanner hir Resultater däitlech besser si wéi d’Moyenne vun de gemëschtene Resultater vun Immigrantekanner a vu Kanner, déi eng normal lëtzebuergesch Kanner- a Jugendcarrière matgemaach hunn.

Dat ass een Element vun der Debatt, wat ech awer net ganz gär ëffentlech entwéckelen, well da gesot gëtt, mir hu schlecht ofgeschnidde wéinst den Auslänner déi zu Lëtzebuerg sinn. An da sinn erëm iergendwellech ultra-riets Kreesser déi doraus alles suckelen, wat se brauche fir hiert Gëft ze versprëtzen. Dofir behandelen ech deen Thema mat enger gewëssener Ënnerbeliichtung.

Mir mussen awer wëssen, datt mir hei am Land Schoulproblemer hunn, déi duerch d’Soziologie vum Land bedéngt sinn, an d’Soziologie vum Land gëtt duerch d’Wirtschaftsstruktur vum Land bedéngt, an déi esou sinn, datt aner Länner se net hunn.

Mir mussen deen Test seriös huelen a musse fir eis selwer wëssen, wéi e sech erkläert. A mir mussen eis beméien – well Immigratioun hu mir zu Lëtzebuerg, ouni déi kënne mir och net liewen an ouni déi kann eis Wirtschaft net liewen – d’Problemer vun der Fréiintegratioun vu Kanner déi aus dem Ausland komme verstäerken, notamment wat d’Beherrsche vun der lëtzebuerger Sprooch ubelaangt, op där hir Kenntnis de ganzen Educatiounssystem vun der Grondschoul ausgeriicht ass.

Pierre Hobscheit: Kucke mir vläicht an Europa. 2010 war jo och duerch d’Kris e ganz mouvementéiert Joer an Europa.

Riskéiere mir zwou EUen, eng EU vun deene Groussen an eng vun deene Klengen, oder eng vun deene Räichen an eng vun deenen Aarmen? Wéi gesitt Dir déi Entwécklung als een, deen do vläicht méi dran ass, wéi een deen dat vu bausse kuckt?

Jean-Claude Juncker: Ech gesinn dat guer net esou opgereegt wéi munch Wuertmeldunge vu mir heiansdo gleewen dinn.

Ech mengen net, datt Europa dobäi wier sech a Stécker ze zerleeën där Gestalt, datt et grouss Länner géif ginn – wien ass da grouss? – a kleng Länner géif ginn – wien ass kleng? Mir wëssen, datt mir kleng sinn, ouni datt et géif hei e gesellschaftspoliteschen Ënnerscheed gemaach ginn tëscht aarm a räich.

Mä richteg ass et, datt grouss Länner, well se bevëlkerungsméisseg betruecht, méi grouss si wéi anerer, mengen, si hätte méi ze soe wéi déi, déi net zu esou dacks sinn. Déi muss ee sech, wann esou Anwandlungen déi heemsichen, bremsen an hirem Iwweräifer, well an Europa gëtt et keen eenzegt grousst Land. Däitschland a Frankräich, och England, géifen an der Weltpolitik iwwerhaapt keng Roll spillen, wa se net Memberstaate vun der Europäescher Unioun wieren.

Kee Mënsch zu Peking – do wunne vill Leit, a China – déi 1,3 Milliarden fannen net onbedéngt, datt e Land wéi Däitschland, vun 82 Milliounen, e grousst Land wier. Mä huelen awer Däitschland seriös, well et e Memberstaat vun der Europäescher Unioun ass, an an der Europäescher Unioun eent vun deene gréissere Länner ass. Déi huelen eis awer och seriös, well se a China wëssen, datt Däitschland a Frankräich alleng och an Europa näischt fäerdegbréngen.

Dofir muss ee sech eppes gutt virun Aen halen, an dat gëtt an der Politik selte gemaach. An der Politik spille Geographie an Demographie eng grouss Roll, just datt déi, déi d’Politik gestallten, oder déi déi se observéieren, dat selten zur Kenntnis huelen. Mir haten am Ufank vum 20. Joerhonnert op der Welt 20% Europäer, mir hunn am Ufank vum 21. Joerhonnert nach 11% Europäer. Am Joer 2050 hu mir nach 7% Europäer an den 1. Januar 2100, also um Virowend vum 22. Joerhonnert, hu mir nach 4% Europäer.

Dat heescht an anere Wierder, Europa huet net vill demographescht Gewiicht. Europa, an d’europäesch Länner, mussen, wa se wëlle kräftegen Afloss an der Welt behalen, ëmmer méi enk zesumme schaffen.

Mir mussen déi Absenz vu bevëlkerungsméisseg gemoossener Wichtegkeet, ersetzen duerch déi Kraaft, déi een zitt, wann ee ganz enk zesumme schafft. Net wéi wann een ee Land wier, mir si jo net ee Staat an Europa, mä déi Hochzäiten, op deene mir heiansdo danzen, wat dacks méi mat Friemgoe wéi mat liewenslängleche Verbindungen ze dinn huet, déi mussen ophalen.

Pierre Hobscheit: Wa mir da scho bei der Entwécklung vun Europa sinn: an der Belsch ass jo och elo schonn eng gutt Zäitchen d’Diskussioun amgaange wéi et soll weidergoen, an do sinn iergendwann eng Kéier och Iddien oder Diskussiounen opkomm, datt eventuell d’Belsch kéint gedeelt ginn, an och een Deel u Lëtzebuerg erëm kéint falen. Gëtt et do ewell Informatiounen, déi drop hiweisen, datt Verhandlungen amgaange sinn, oder wéi schätzt Dir déi Situatioun an?

Jean-Claude Juncker: Dat éischt wat ech wëll soen ass, datt mir solle frou sinn, datt mir den Euro hunn, an net méi de belsche Frang. Wa mir de belsch-lëtzebuergesche Frang nach hätten, da wiere mir an enger extrem schwiereger Situatioun, well dee belsch-lëtzebuergesche Frang hätt massiv ofgewäert, a mir wieren am leschte Joer wiesentlech méi aarm gi wéi mir dat elo nach sinn.

Well d’Finanzmäert reagéiere ganz emfindlech op d’Tatsaach, datt ee Land no sengem Wee sicht, an datt et zwou Grondstëmmungen an engem Land gëtt, déi net méi beienee passen.

An esou engem Wirtschaftsraum, deen d’Belsch jo och ass, an duerch d’Währungsassociatioun, déi mir mat der Belsch haten duerch de belsch-lëtzebuergesche Frang, si mir ëmmer mat der Belsch co-beliicht ginn, a mir sinn ni eenzel betruecht ginn. Dat hätt zur Konsequenz gehat, datt de belsch-lëtzebuergesche Frang e Wee no ënne gaange wier, deen eis emfindlech an eisem materielle Wuelstand getraff hätt.

Zweet Element vun Ärer Fro: et si keng Verhandlungen tëscht engem Deel vun der Belsch, oder der Belsch als Ganzt, a Lëtzebuerg amgaange fir ze wëssen, wat fir en Deel vun der Belsch mir eis géifen averleiben. Ech sinn der Meenung, datt d’Belsch wäert bestoe bleiwen. Ech sinn der Meenung, datt sech an der Belsch villes ännere wäert, mä ech sinn net der Meenung, datt mir den Territoire an d’Bevëlkerung vun eisem Land solle vergréisseren, fir e Problem an der Belsch ze léisen, mat deem mir näischt ze dinn hunn.

Pierre Hobscheit: Eppes anescht, wat nach guer net esou laang hier ass. Wikileaks huet viru kuerzem jo wierklech den Tour duerch d’Medië gemaach, duerch d’Noriichten. Och Lëtzebuerg krut do eng liicht, kleng, am Verglach zu deenen anere Länner net ze grouss op den Deckel, mä trotzdem.

Wat haalt Dir vun deem System vu Wikileaks selwer? Bréngt dat eppes fir d’Bierger? Ännert dat, wat elo duerch Wikileaks un d’Liicht komm ass eppes un de Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an den USA?

Jean-Claude Juncker: Dat sinn dräi Froen.

Dat éischt emol: ech si prinzipiell net schrecklech skandaliséiert driwwer, datt via Wikileaks Dokumenter vun amerikaneschen Diplomaten ëffentlech gemaach ginn. Dat wäerft e bestëmmt Liicht op e bestëmmte Moment vun der Bezéiungsgeschicht a -këscht tëscht Länner an Europa, an aneren och, an de Vereenegte Staate vun Amerika.

Zweetens sinn ech awer e bësse besuergt, aus 2 Grënn:

a) wann an esou Dokumenter, déi ëffentlech gemaach ginn, Leit an hirem Asaz fir oder géint eppes identifizéierbar gemaach ginn, da kënnen emol duerchaus Leit a Liewensgefor kommen. Fir Dokumenter ze verëffentlechen, déi d’Liewe vun aneren a Gefor bréngen, dat kann een net méi mam Wonsch no Transparenz erklären. Dat ass fir mech am héchste Mooss irresponsabel.

b) déi Dokumenter kréien eng Bedeitung, déi se net hunn. Ech kréien all Dag hei 30-40 Rapportë vun eisen Ambassaden an der Welt, oder vun den hollänneschen Ambassaden an der Welt – déi schaffe jo fir eis mat, well Lëtzebuerg duerch Holland do vertruede gëtt, wou mir keng eegen Ambassade hunn.

Do beriichten d’Diplomaten aus hire Gespréicher mat auslännesche Politiker. Déi eng maache sech wichteg, andeem se deenen auslännesche Politiker Saachen an Denken an de Mond an an de Kapp leeën, déi déi esou guer net onbedéngt musse gesot hunn, mä déi Diplomate wëllen hirer Regierung den Androck ginn, si wieren awer schwéier am Geschäft a si géifen alles vu ganz no bekucken.

Ob dat dann ëmmer esou war, ass eng aner Fro, an ob net eng Niewebemierkung, déi engem entrëtscht, op eemol an engem Bericht vun engem Ambassadeur an den Zentrum vun engem sengem eegenen Denke geréckt gëtt, dat muss ech mech froen.

Well heiansdo soen och auslännesch Regierungschefen zu mir, du hues eisem Ambassadeur dat an dat gesot, an da war dat awer net esou, mä et steet awer esou do. Ech schreiwen deene jo dann net e Bréif fir ze soen, esou hat ech dat net gemengt, oder hunn ech dat net gesot. Dofir dierf een dat net iwwerinterpretéieren. Ausserdeem sinn dat Momentopnamen.

An datt en Ambassadeur, oder e Minister, oder e Premier vun engem anere seet, dat wier e Gelungenen, dat ass en alldeegleche Virgank. An ech ginn dovun aus, datt vill Länner an der Welt fannen, ech wier e Gelungenen. An ech fannen och, datt et vill Leit an der Welt gëtt, déi wierklech gelunge sinn. An da bréngt een dat zum Ausdrock, an dat heescht jo net, datt dat endgülteg Meenungen an Opfaassunge sinn.

Wann ech fir d’éischt ee begéinen, een deen nei am Geschäft ass, fir dat emol salopp auszedrécken, no enger halwer Stonn Gespréich mat deem soen ech da mengem Mataarbechter, dat do ass e Gelungenen, oder et ass kee Gelungenen, oder deen do tickt net richteg, oder en tickt richteg. An heiansdo kommen ech no 2 Méint oder no 3 Joer zu engem anere Resultat. Dofir géif ech bieden, datt een dat net soll iwwerbewäerten.

Pierre Hobscheit: Zwou e bësse méi onpolitesch Froen zum Schluss, Ugefaange mam Fréijoer, do huet jo den islännesche Vulkan fir vill Opreegung gesuergt. Wéi hutt Dir déi Zäit erlieft? Do hat Dir jo och Är perséinlech kleng Anekdot, wou Dir perséinlech vun de Problemer betraff waart?

Jean-Claude Juncker: Iwwer Anekdotë laachen ech normalerweis, mä iwwer déi hunn ech awer guer net gelaacht.

Ech soutz zu Madrid an ech konnt net fortfléien, an dunn hunn ech mussen e Bus vu Lëtzebuerg komme loossen, fir datt mir konnte rapatriéiert ginn, mat alle Lëtzebuerger, iwwregens, déi dee Moment zu Madrid waren. Mir haten do eng richteg lëtzebuerger Kolonie fir de Récktransport organiséiert.

Bei allem Ierger iwwer déi Situatioun, hat déi awer och Guddes, well se ënner anerem zum Beispill mir erlaabt huet festzestellen, datt lëtzebuergesch Betriber a Leit déi an deene Betriber schaffe, zu grousse Leeschtungen, och zu groussen Improvisatiounë fäeg sinn, wa se mussen eppes bréngen.

Mir hunn eng lëtzebuergesch Busentrepris vu Madrid aus kontaktéiert, Weber vu Canech, Samschdes moies um 11 Auer, well mir gesot kritt hunn, dir kënnt net fléien, an déi ware Sonndes moies um 11 Auer mat engem agreabele Bus do, mir sinn ageluede ginn a mir si während 23 Stonnen heem gefuer.

Elo gëtt ëmmer gesot, déi Leit zu Lëtzebuerg schaffen, Arbeitnehmer, déi géife sech drécken, déi géife sech net gewäerde loossen, déi wieren net flexibel. Ech stelle fest, datt hei 5, 6 Jongen, déi geduecht hu si wiere Samschdes a Sonndes fräi, sech Samschdes moies an e Bus setzen, op Madrid fueren, an de Staatsminister a seng Delegatioun, plus déi aner Lëtzebuerger, déi do zu Madrid waren, sécher heem bréngen.

Da kann ee mir net soen, datt déi Leit, déi an de lëtzebuerger Betriber schaffen net amstand si séier ze reagéieren. Et gëtt ëmmer gesot, d’Leit musse méi flexibel sinn. Déi do, déi ware flexibel an déi hunn et méiglech gemaach, ouni Virwarnung an ouni Planung, zu hirer Famill ze soen, elo muss ech op Madrid fueren, well de Juncker sëtzt do fest, an ech muss deen heem bréngen, well d’Leit fanne schonn, datt dee vill ze vill am Ausland ass, an déi hunn dat gemaach.

Ech wëll soen, ech hu festgestallt, datt d’Leit zu Lëtzebuerg, wann eppes muss gemaach ginn, amstand sinn dat ze maachen.

An iwwregens am lëtzebuerger Fall de Rapatriement wiesentlech besser verlaf ass wéi am Fall vun anere Kollegen, auslännesche Finanzministeren déi op där Sitzung waren, well do sinn eenzelner eréischt Mëttwochs doheem gewiescht, an ech war Méindes moies um 11 Auer hei. Déi Leit hu mech beandrockt.

Pierre Hobscheit: Dann eng lescht Fro, eng scho bal traditionell Fro, vläicht eng Fro déi Iech och e bëssen op d’Nerve geet, mä [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Da loosst se emol kommen.

Pierre Hobscheit: De Gesondheetsminister hat ugeschwat, Dir hätt ugefaangen Substitutiounszigaretten ze fëmmen, a wéilt Iech d’Fëmme lues awer sécher ofgewinnen. Sidd Dir op engem gudde Wee? Wéi gesäit et aus?

Jean-Claude Juncker: De Gesondheetsminister setzt sech jo, dat konnt een observéieren, am gréissten Deel vum Plang duerch, mä net an all Detail. Ech fëmme manner, mä ech hunn awer mäi Frënd Mars Di Bartolomeo ni ugestallt, d’ganzt Land mat där Fro ze beschäftegen.

Ech fëmmen heiansdo Substitutiounszigaretten, dat ass e Cadeau deen ech vum japanesche Premier gemaach kritt hunn, well d’Japaner si jo alleguer nach méi extra wéi mir, déi hunn Zigaretten déi net dämpen. A wann ech déi Zigarett umaachen, dat sinn Zigarette mat Mentholtubak dran, da ginn déi Leit déi fëmme rosen, well si hunn där keng, an déi Leit déi net fëmme ginn och rosen, well si kënnen net protestéieren, obschonn datt ee fëmmt.

Ech schaffe virun u mir, mä den Här Di Bartolomeo huet aner Felder vun der Politik, iwwer déi hie sech ka Gedanke maachen, wéi déi, déi just mech betreffen.

Pierre Hobscheit: Dir hutt schonn eng erstaunlech, stolz Carrière hannert Iech, 15 Joer Premier an 28 Joer an der Regierung. Hutt Dir ni bedauert, Äert Liewe just an der Politik verbruecht ze hunn? Hätt Dir net emol eng Kéier Loscht op eppes anescht? Virun allem an Ärer Tâche, wou ee wierklech, wéi ech dat emol aschätze kann als Laien, relativ wéineg Fräizäit huet. Wéi gesitt Dir Äert Liewen, wann Dir esou zréckkuckt?

Jean-Claude Juncker: Fräizäit hunn ech wierklech keng, oder bal keng. Vill Congé am Joer hunn ech och net.

Mä et huet kee mech forcéiert – ech ka mech jiddwerfalls net drun erënneren – an d’Politik ze goen. An et forcéiert och kee mech, mat Ausnam vu menger Partei, fir mech vu Wahl zu Wahl erëm opzestellen. Wou ech dann awer och vill Zousproch a Vertraue vun de Leit kréien, wat ee fir vill Méi, a Péng, a Rosereien, a Flemm, déi een am Laf vum Joer kritt, an am Laf vun der Zäit kritt, awer dach entschiedegt.

Ech hätt mir en anert Liewen kënne virstellen, ech hat mir och eigentlech en anert virgestallt.

Wéi ech an d’Regierung komm si virun ongeféier 28 Joer, huet den deemoolege Staatsminister, den Här Werner, zu mir gesot, du muss dovun ausgoen, datt s du héchstens annerhalleft Joer an der Regierung bass, well an annerhalleft Joer si Wahlen, an esou wéi et ausgesäit, verléiere mir déi. An elo sinn et 28 Joer draus ginn.

Ech maachen dat gär, obschonn ech oft d’Flemm hunn, mä d’Leit hu jo och d’Flemm oft mat mir. An ech ka mir en anert Liewen awer ganz gutt virstellen.

Ech sinn insofern e gléckleche Mënsch, well ech mir ëmmer virstelle kann, datt et net schlëmmer gëtt, et kann nëmme besser ginn. Ech kann héchstens méi Fräizäit kréien, ech ka méi Congé kréien, ech ka méi liesen, ech ka méi mech ëm d’Famill a Frënn bekëmmeren. Also, bei mir kann et ëmmer nëmme besser ginn.

Wat iwwregens keen Hiwäis drop ass, datt ech gär hätt, datt et elo geschwë géif besser goen, well ech wëll net, datt an eenzelne Kreesser vun der Bevëlkerung falsch Hoffnungen opkommen.

Dernière mise à jour