Interview de fin d'année avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker (DNR)

Dans une interview diffusée le 25 décembre 2010 sur les ondes de la radio DNR, le Premier ministre Jean-Claude Juncker revient sur les répercussions de la crise financière mondiale, l’adoption de mesures fiscales relatives à cette crise et l’accord qui a finalement été trouvé entre le gouvernement, les syndicats et le patronat. Il s’y exprime également sur les réformes programmées dans la Fonction publique, l’idée qui sous-tend l’économie solidaire, le divorce et l’avortement. Jean-Claude Juncker y livre également son point de vue sur les principaux dossiers de l’actualité européenne.

DNR: Här Staatsminister, Merci emol fir den Accueil bei Iech doheem, fir emol esou ze soen, am Staatsministère. Ech wéilt elo net soen, en traditionelle Bléck op d'Joer wat zréckläit, ech géif mat Iech grad esou gär an d'Joer kucken dat virun eis läit. Do muss een awer wësse wat d'lescht Joer war, wat mir erlieft hunn. Et war d'Joer vun den Nowéie vun enger Kris, et war d'Joer vun der Konsolidéierung.

Fir Iech perséinlech, Här Staatsminister, wat huet Iech am meeschte Kraaft ofverlaangt?

Jean-Claude Juncker: Heiheem huet et eng besonnesch Kraaftustrengung kascht, fir däitlech ze maachen, datt mir net, wéi Dir gesot hutt, mat den Nowéie vun der Kris ze dinn hunn, mä datt mir eis nach am Fokus vun enger Finanz- a Wirtschaftskris befannen, och wann et, wat d'wirtschaftlech Entwécklung ubelaangt, am Joer 2010 besser gaangen ass wéi am Joer 2009, wou mir 3,7% vun eiser Wirtschaftskraaft verluer hunn, wat oft vergiess gëtt. Et war schwéier z’erklären, datt, och wann een dëst Joer iwwer 3% wiisst, am Joer 2010 – woubäi mir elo scho wëssen, datt mir am Joer 2011 manner staark wäerte wuessen – mir awer bis un d'Enn vum Joer 2011 brauchen, bis mir erëm op deem Niveau vun 2008 ukomm sinn. Déi, déi mir am Wahlkampf nogelauschtert hunn, sinn doriwwer net iwwerrascht gewiescht. Déi, déi dat net gemaach hunn, déi waren e bëssen duercherneen.

Et huet Kraaft kascht fir sech vorübergehend domat ofzefannen, datt et zu kengem Accord mat de Sozialpartner an tëscht de Sozialpartner komm ass, well d'Tripartite net konnt zum Erfolleg gefouert ginn, well d'Sozialpartner ech eigentlech an enger net-Gespréichsatmosphär begéint hunn. Wat jo erëm mat sech bruecht huet, datt ech getrennte Gespréicher hu musse féieren, esou genannte Bipartiten. Am Schlussresultat ass et awer esou, datt, wann neen d'Resultat wat mir mat de Gewerkschaften erreecht hunn, an d'Resultat wat mir mat de Patronen erreecht hunn, zesumme leeën, datt dat e ganz gutt Tripartiteresultat gewiescht wier. Dat war scho kraaftopreiwend. Ech hunn d'Sozialpartner 19 Mol zanter Enn Januar bis zum 15. Dezember gesinn.

Et war also e Joer vu villfältegem an heftegem Dialog, wou een et sech huet musse gefale loossen, datt een tëschenduerch ëmmer ënnerstallt kritt huet, et wéilt een eigentlech zu kenge Léisunge kommen. Mä domat muss ee liewen.

DNR: Domat muss ee liewen, an Dir wollt jo sécher zu Léisunge kommen. Am léifsten hätt Dir et jo wahrscheinlech och gesinn, datt am Modell vun der Tripartite wahrscheinlech en Accord hätt kéinte fonnt ginn. Dobäi, wa mir scho bei de Reproche sinn, esouguer aus eegene Reien ass gefrot ginn, war se da gutt preparéiert déi Ronn? Dann hätt si vläicht méi séier kéinten zu engem Accord fannen, amplaz se elo opzesplécken. Domat kënnt Dir wahrscheinlech net liewen.

Jean-Claude Juncker: Den Helmut Kohl huet ëmmer gesot, wichteg ass wat hannen erauskënnt. A wann ech kucke wat hannen erauskomm as, a mir virstellen, dat wier en Tripartiteresultat gewiescht, dann hätt jo jiddweree gesot, all Respekt, de lëtzebuerger Modell huet erëm fonctionnéiert. Elo huet en eben an zwou getrennte Veranstaltunge fonctionnéiert an am Endeffekt huet e sech dann awer duerchgesat, well mir en Accord mat de Gewerkschaften iwwer den Index kritt hunn, obschonn d'Gewerkschafte gesot hunn, um Index dierft guer näischt geännert ginn.

Elo kann et duerchaus sinn, datt am Joer 2011 eng Indextranche am Juli erfält. Si gëtt dann awer eréischt am Oktober ausbezuelt. A mat de Patronen hu mir Accorden där Gestalt kritt, datt mir méi Ënnerstëtzung gi fir d'Weiderbildung an de Betriber. Dat si jo net nëmme Sue fir d'Betriber, dat si jo och Suen déi deene Leit profitéieren déi, doduerch datt se weidergebilt ginn, fit a flott fir den Aarbechtsmaart ginn. A mir hu Lounniewekäschten am méi nidderege Lounsecteur ofgesenkt. Dat ass eng Politik déi a ville Länner an der Europäescher Unioun, an deelweis och fir eenzel Segmenter heiheem, gemaach gëtt. Insofern ass dat eppes wat mech vergiesse léisst wéi schwéier datt et war dohinner ze kommen.

Mir hunn déi Accordë mat de Sozialpartner, esou wéi wa mir se zu 3 gemaach hätten. Mir hunn de Budget eestëmmeg gestëmmt kritt, virun e puer Méint hätt nach keen dat gegleeft. Mir hunn de Steier- a Konsolidéierungspak eestëmmeg gestëmmt kritt, innerhalb vun der Koalitioun, an och d'Gesondheetsreform. Och dat hätt virun e puer Méint nach kee geduecht, esou datt ech insgesamt mat deem wat mir u Land gefördert hunn am Laf vun dësem Joer trotz méi schwieregen Tëschenetappen, déi méi duerch Dissonanze geprägt ware wéi duerch d'Beméien e geschlossent Bild ze ginn.

Ech sinn eigentlech zefridden, wann och net ganz.

DNR: Dat geschlossent Bild, dat zesummen op ee Goal duersteieren, Dir als Trainer dohannert – ech weess net, wien ee kann op de Gradinen do gesinn – huet Iech dozou bruecht awer ze soen, datt déi Equipe, dat Team dat d'Regierung jo soll duerstellen, suboptimal gewiescht wier. Wéi fiert een dann do elo viru fir déi dote Vue ze verbesseren a fir vläicht och eng eenheetlech Sproochweis ze kréien?

Jean-Claude Juncker: Ech si jo net Trainer, ech si Spillertrainer. Ech si jo mat um Terrain an observéieren déi mat deenen ech zesummespille ganz gutt. An da léiert een, wann een esou puer Méint zesumme Futtball gespillt huet, wiem een eng Pass dierf ginn a wiem net. An et léiert een och e bëssen opzepassen op déi déi net all Ball erëmginn, dee si kréien. Esou fonctionnéiert et d'nächst Joer, andeems ee probéiert kollektiv d’Leeschtung z'optiméieren. Déi ass jo am Endresultat gutt, mä et muss ee wëssen ob een um Terrain wëll sinn oder op der Reservebank. An ech mengen, déi déi an der Regierung sinn, déi sinn eigentlech ganz beséilt fir um Terrain ze bleiwen.

DNR: Déi aner Equipen, fir nach eng Kéier esou ze bleiwen, bei de Faarwen, ob si elo e bloen Tricot unhunn oder e gréngen, déi ware séier do mat de Reprochen: Wanterschlof, Immobilissem, der Regierung d'Aart a Weis ze reprochéieren, wéi d'Tripartite géif gefouert ginn. Wéi stellt Dir Iech dann den Apport vun esou Oppositiounsparteien iwwerhaapt vir? Feelt et awer net e bëssen un de gudden Argumenter?

Jean-Claude Juncker: Ech bedeelege mech net un enger Übung déi doranner besteet fir ze soen, d'Regierung ass gutt an d'Oppositioun ass schlecht. Et geet jo duer wann d'Oppositioun déi einfach Lecture vun der Wierklechkeet huet. Ech gehéieren och net zu deenen déi soen, datt d'Oppositioun an allem Onrecht hätt an d'Regierung an allem Recht. Ech probéieren ëmmer beim Nolauschteren erauszefanne wat un deem wat d'Oppositiounsparteie virdroe gutt ass a wat net gutt ass. An ech gesinn och d'Faiblessë vun den eenzelne Regierungspositiounen an -décisiounen.

D'Regierung ass jo net nëmmen eng Partei, dat sinn der 2. Wann eng Oppositiounspartei sech äussert, brauch si sech ëmmer nëmmen an hirem eegenen Numm ze äusseren an net am Numm vun enger anerer Oppositiounspartei mat. Well mir kéinte jo emol eng Kéier d'Übung maachen, fir ADR, DP an Déi Gréng zesumme Propositioune maachen ze loossen. Da géif dat net vill méi Konsistenz opweise wéi dat wat d'Regierung mécht, nämlech nach wiesentlech manner.

Et gëtt gesot, dee Spuer- a Konsolidéierungspak deen d'Regierung gemaach huet, dee géif d'Steierlaascht erhéijen. Dat ass jo wouer, mä fir d'Mindestlounbezéier guer net, am Géigendeel, déi kréien iwwer 900 Euro netto bäi, duerch Index an duerch Mindestlounerhéijung. A Leit déi 4.000 Euro verdéngen, déi verléieren 0,62% vun hirem Akommes. Wa mir d'Demokratesch Partei mat hire Propositiounë gewäerde gelooss hätten, wier de Kafkraaftverloscht wiesentlech méi héich gewiescht, an deenen eenzelen Akommeskategorie gesonnert betruecht, wéi am Gesamtimpakt vun de Regierungspropositiounen. An dofir muss een dat, wéi d'Latäiner gesot hunn, cum grano salis huelen, andeem ee schéin dat eent géint dat anert ofweit.

DNR: An awer ass de Pak jo nach eng Kéier opgemaach ginn, quitte datt ee jo tendenziell ka soen, vläicht net esou zou war, an datt een natierlech kann op Remarquen a Kritike lauschteren. Sidd Dir ëmgefall? Firwat ass do nogi ginn?

Jean-Claude Juncker: Wann eng Regierung näischt ännert un deem wat si wëlles huet, da gëtt gesot, d'Regierung wier stur a si géif net héiere wat ronderëm si geschwat gëtt. Wann eng Regierung op Deeler vun deem wat geschwat gëtt ageet, ouni dat wat si wëlles hat endgülteg an definitiv opzeginn, da gëtt gesot, d'Regierung wier ëmgefall. Elo muss ee sech eng Kéier décidéiere wat ee sech vun enger Regierung erwaart. Soll si stoe bleiwen, och wann d'Kritike partiell berechtegt sinn, oder soll si ee Schratt op déi aner zoumaachen? D'Regierung huet ee Schratt op déi aner zougemaach.

Mir hunn op d'Kilometerpauschalhalbéierung verzicht am Kader vun engem Accord mat de Gewerkschaften iwwer den Index, a mir hunn op deen esou genannte bëllegen Akt verzicht, wou ech mech iwwregens net kann drun erënneren, wéi ech en agefouert hunn 2002, datt grousse Bäifall am Land gewiescht wier. Ech ka mech guer net erënneren. Ech wousst guer net, datt d'Leit géifen esou drun hänken. Ech sinn nach ni engem begéint dee mir Merci gesot huet fir de bëllegen Akt, deen ech agefouert hunn. Onofhängeg dovun, dat hu mir op d'nächst Joer vertagt, well mir eng aner Léisung wëlle virschloen, esou wéi de Finanzminister dat jo och gesot huet.

Alles an allem klëmmt de Budget vum Joer 2011 1,9% méi wéi déi previsibel Ausgabe vum Joer 2010. Dat ass also e rigouréise Budget, dee sech net falsch entwéckelen léisst. Mir wëssen, datt mir bis an d'Joer 2014 um Niveau vun de Gesamtstaatsfinanzen den Equiliber erëm mussen erreechen. Dat gëtt och gemaach.

DNR: Dir wëllt awer och den Tripartitesmodell revitaliséieren, vläicht anescht. Wéi stellt Dir Iech dat vir, elo wou d'Bipartitë jo an ären Ae fonctionnéiert hunn an zu engem Accord koumen?

Jean-Claude Juncker: Ech hu gesot, nodeems mir mat de Patronen eis eens gesat haten, datt d'Regierung amgaange wier sech z'iwwerleeën, wéi mir déi Tripartite do kéinte redynamiséieren. Da loosst d'Regierung emol iwwerleeën. Da musse mir mat de Leit schwätzen déi nach an der Tripartite sëtzen an da maache mir, wéi ech hoffen, zu 3 eng Propositioun déi drop erauslafe soll fir déi Gespréicher méiglech ze maachen. Dat setzt viraus, datt een emol vu vir eran dovun ausgeet, datt deen aneren net an allem Onrecht huet wat e seet. A wann d'Sozialpartner virufueren aus alle Réier openeen ze schéissen, dann huet een déi atmosphäresch Grondviraussetzung net geschaaft, fir zu gemeinsamen Décisiounen ze kommen.

Doduerch, datt d'Regierung awer elo mat jiddwerengem eenzel Positioune bezunn huet, a wann ee se zesummeleet dat erschéngt wéi en Tripartitearrangement – mat deem, wéi och d'Reaktiounen op dat eent oder dat anert weisen, kee ganz averstanen ass – mengen ech, datt mir vun der Regierungssäit aus jiddwerfalls, anstatt de Sozialdialog einfach ofstierwen ze loossen, alles gemaach hu fir d'Leit, och wann ee si selwer net beienee bruecht kritt huet, duerch déi Léisungen déi ee getraff hue, erëm beieneen ze bréngen. Dat ass e gudde Sockel op deem ee kann opbauen, fir an den nächste Joeren erëm no der aler Method Politik ze maachen.

DNR: Wéi ass et da méiglech, Här Juncker, wéi erkläert een dat de Leit dobaussen, déi jo net mat op deem Dësch sëtze vun der Tripartite, oder par personne interposée vu Gewerkschaften oder hire Patronen, datt déi Vuen ebe just, Dir hutt se elo gesot, esou ausernee lafen? D'Zuelen, seet ee jo, kënnen net léien, a wann e Kompetitivitéitsverloscht do ass, da misste jo all Säiten drëm beméit si fir dat opzfänken, respektiv eng Richtung anzeschloen.

Jean-Claude Juncker: Wann ee vun deem anere Sozialpartner seet, hie misst d'Konsequenze vun der Kris alleng droen, da kënnt een zu näischt. Ech weess jo och, datt déi kleng Leit, där hu mir der jo och vill am Land, net Schold un der Wirtschafts- a Finanzkris sinn. Dat waren notamment d'Banken an Amerika an den net-Respekt vun de Kardinaldugende vun der sozialer Maartwirtschaft duerch d'Finanzindustrie. Dat huet net zu Lëtzebuerg stattfonnt. Net d'Raiffeisen-Keess an net d'Fortuna huet d'Finanzkris ausgeléist, dat ware ganz aner Acteuren. Mä si ass awer zu Lëtzebuerg ukomm, da musse mir kucke wéi mir zesummen domat eens ginn.

Mir dierfen net maache wéi wann de Finanzsecteur och an Zukunft nach kéint déi Roll spillen déi en ëmmer gespillt huet. Dat wäert en net maachen. Et dierf een d'Situatioune vun de Staatsfinanzen net nëmmen am Liicht vum Verglach mat de Finanzsituatiounen an deenen anere Länner betruechten, mä et muss ee kucken, wat heescht e Budgetsdefizit zu Lëtzebuerg? Wat heescht et zu Lëtzebuerg, datt am Zentralstaat, do wou Regierung a Parlament alleng Meeschter sinn, nach Budgetslächer vun 1 bis 1,5 Milliard sinn? Dann dierf een dat net kleng aschätzen an dann ass dat e Substanzproblem dee mir fir d'Zukunft hunn.

An deen anere Sozialpartner, d'Patronen, dierfen net soen, datt den Onverstand vun de Gewerkschaften un allem Schold ass, well dat ass einfach net de Fall. An da muss een déi Mëtt ebe sichen, wou ee mat sécherem Fouss kann op engem Pad goen, deen an eng maximal ofgeséchert Zukunft féiert. Déi Acteuren am politesche Raum, déi solle bei der Wouerecht einfach bleiwen. Déi sollen net dauernd soen, virun de Wahle wier de Leit versprach ginn, no de Wahle géif alles besser goen. Déi, déi de Wahlkampf verfollegt hunn, wësse ganz genau wat notamment ech an deem Wahlkampf gesot hunn. Dat war keng Schönfärberei vun där Situatioun an där mir wieren, dat war esouguer d'Ageständnis fir ze soen, ech weess net genau wéi et virugeet.

Déi Zäit ass sech jo doriwwer moquéiert gi wann een dat gesot huet, wat en echte pädagogesche Problem duerstellt. Mä dat ass eben d'Volatilitéit vun eiser Zäit, datt d'Zuelen dauernd änneren. Mir kréien dëst Joer vill méi Taxe d'abonnement eran. Déi kréie mir awer net eran, well mir elo op eemol iwwer Nuecht gutt gi wieren. Dat fält eis quasi an de Schous, duerch d'Strukturen déi mir hunn.

Mä vu datt déi Zuelen all Dag änneren ass et liicht fir ze soen, et géif een d'Leit un der Nues erëmféieren. Ech kann ëmmer nëmmen déi Zuelen an déi Prognosë ginn déi ech hunn. Déi suckelen ech mir net aus de Fangeren. Ech kréie villes nuancéiert duerch dat wat ech duerch den Eurogrupp weess a wat zu Lëtzebuerg net esou an deem vollen Ëmfang zougänglech ass. Dofir hunn ech och gemengt, datt d'Uelegpräisser méi staark klamme wéi jiddwereen dat zu Lëtzebuerg virausgesot huet. Dat ass jo elo amgaang ze geschéien. A wann dat unhält, déi héich Uelegpräisser, da kënnt et zu engem vill méi fréien Erfale vun der Indextranche, wéi dat nach virun 3 Méint geduecht ginn ass.

DNR: Ebe just, bei esou vill, do misst jo da bal Asiicht sinn, wann ee weess datt d'Präisser klammen. Firwat dann net effektiv higoen an do en Accord schafen ëm är Iddi fir den Indexwuerekuerf esou ze gestalten, an déi Präisdreiwer erauszehuelen?

Jean-Claude Juncker: Dat wollten d'Gewerkschaften net, dat wollten och grouss Deeler vun der Sozialistescher Partei net. Also hu mir mussen aner Weeër sichen.

DNR: Strukturreformen, Här Juncker, dat ass jo de Ruff, an do ass ee sech eens, datt Lëtzebuerg där brauch. D'Gesondheetsreform kann ee wahrscheinlech dran astufen. Eng Gehälterreform beim Staat wier sécher eng aner an Ären Aen och. Wat sinn déi néidegst Strukturreformen?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn eng Reform am Beräich vum Gesondheetswiesen duerchgefouert. Dat ass eng Strukturreform. Wie war dofir, wie war dogéint? Mir hunn zum Schluss vun der leschter Legislaturperiod de Statut unique agefouert, an déi kënstlech Grenz tëscht Aarbechter a Beamten opgehuewen. Wie war dofir, wie war dogéint? Mir hu viru Joeren eng Strukturreform am Beräich vun den ëffentleche Pensiounen duerchgefouert. Wie war dofir, wie war dogéint? Déi, déi no Strukturreforme ruffen, sinn net ëmmer déi déi de Courage hu sech och zu de Strukturreformen an hiren Zilsetzungen ze bekennen.

Mir hunn elo eng weider Strukturreform ustoen, déi betrëfft d'Renten an d'Pensiounen. Iwwer wien ass mam Dreckskiwwel hiergefall ginn, wann e viru Joere gesot huet, mir géifen op eng Rentemauer zougoen, a wie seet haut, mir géifen net op eng Rentemauer zougoen? Kee seet haut, mir géifen net op eng Rentemauer zougoen. Insofern setzen Iddië sech heiansdo méi spéit am kollektiven Erkenntnisstand duerch, wéi dat eigentlech wënschenswäert wier.

Mir hunn, wann ech fir meng Partei dierf schwätzen, an eisem Wahlprogramm gesot, mir géifen d'Ufanksgehälter beim Staat no ënnen upassen. Dat ass eng Strukturreform, wien ass dofir, wien ass dogéint? Den Här Biltgen an d'Madame Modert probéieren e softe System vu Bewäertung an der ëffentlecher Fonctioun anzeféieren, eng Strukturreform gréisseren Ausmoosses. Wien ass dofir, wien ass dogéint? Dofir muss ee kucken, um Enn vun der Legislaturperiod, wien da Strukturreformen net nëmmen erbäigeschwuer huet, mä der effektiv virgeluecht huet a wie se begleet huet a wie se net begleet huet. Ech kucken deem Bilan ouni Spannung entgéint, well ech kennen d'Resultat elo schonn.

DNR: Bei engem, deem leschte Partner wéisste mir wien dogéint wier, op d’mannst an dëser Form, dat wier d'CGFP. Den Här Haag huet gesot, et sollt een net mam Feier spillen. Wie mengt Dir dann, wie sech do am éischte verbrennt?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll op déi Allegorien an an déi Billersprooch do guer net agoen. Wann hei vu vir eran esou gemaach gëtt, datt wann een am ëffentleche Beräich Reforme virhëllt, déi largement am Ausland schonn iwwerall gemaach sinn; wann een esou mécht wéi wann et sech dobäi ëm eng Attack op de Besëtzstand vun der ëffentlecher Fonctiou8n handelt, also eng Gerüchtekulisse opriicht, déi méi eng Geräuschkulisse wéi eng Gerüchtekulisse nach ass, dann zerstéiert een den Dialog am Ufank. Ech stellen einfach fest, datt déi zwee Ministeren Iddië virleeën, an datt eng Gewerkschaft net iwwer déi Iddië wëll diskutéieren. Déi soss awer, wéi mir d'Pensiounsreform Enn den 1990er Joeren haten, ëmmer der Regierung virgeworf huet, den Dialog géif net gefleegt ginn. D'Regierung wëll dialogéieren a verhandelen. Mir mussen awer een hu mat deem mir kënne schwätzen. A well meng Partei zoufällegerweis de Courage hat virun de Wahlen ze soe wat si no de Wahle géif maachen, soll keen dovun ausgoen, datt sang- und klanglos déi Iddië géifen op d'Säit geluecht ginn. Dat gëtt gemaach. Mir hu gesot, mir géifen d'Ufanksgehälter beim Staat ofbremsen an dat maache mir.

DNR: Nach bannent dëser Legislatur?

Jean-Claude Juncker: Dat gëtt dës Legislaturperiod gemaach.

DNR: D'Fonction publique ass net immun géint Reformen?

Jean-Claude Juncker: Ech si jo e Mënsch deen der Fonction publique géintiwwer extrem frëndlech gesënnt a gestëmmt ass. Ech schaffe jo de ganzen Dag mat Beamten zesummen. Ech géif jo iwwerhaapt näischt fäerdeg bréngen, wann ech net gutt Beamten hätt, déi mir géifen hëllefen. Dat heescht, fir sech virzestellen, ech géif Dag an Nuecht soss näischt dreemen, wéi op d'Fonction publique ze klappen, dat ass eng Duerstellung géint déi ech mech wieren. Mä wann elo vun Ufank u gesot gëtt, d'Regierung wéilt am Beräich vun der ëffentlecher Fonctioun Klengholz maachen, a mir diskutéieren net mat der Regierung, da si mir an enger Diskussiounskultur, déi weder Kultur nach Diskussiounselementer huet.

DNR: Wa mir do sinn, an et gëtt diskutéiert ëm d'Verdeele vum Räichtum an d'sozial Selektivitéit, da si mir och séier bei der sozialer Kohäsioun. Ech denken, engem Staatsminister wäert déi um Häerz leien, zumools an engem Land wat esou zesummegesat ass wéi eist. Hutt Dir d'Gefill, datt mir nach fäeg sinn? Dir schwätzt gär vun dem atmosphäreschen Zesummestoen; mengt Dir, datt mir nach fäeg sinn déi Kohäsioun ze schafen?

Jean-Claude Juncker: Meng Besuergnis ass, datt d'Gruppenegoisme ganz séier am Mëttelpunkt vun der politescher Ausernanersetzung sinn an net d'Gemengewuelorientéiertheet, déi eigentlech vun engem Staat, vun enger Regierung ëmmer muss gesicht ginn. Wa jiddweree fir d'éischt un d'Interesse vun där Grupp denkt an där e sech befënnt, an dat allgemengt Interesse aus dem Bléckwénkel verléiert, da gi mir e schwéiere Wee.

An d'sozial Kohäsioun ass en héicht Gutt wat ee muss heegen a fleegen. Mä net alles wat mir sozial nenne muss jo noutwennegerweis och sozial sinn. Net wann eng Leeschtung maximal héich ass an ëmmer méi an d'Lut gesat gëtt, erreecht een en Zoustand wou d'sozial Kohäsioun méi grouss a méi fest wier. Et ass absolut net de Fall, an dofir muss ee Punkt fir Punkt a Kapitel fir Kapitel d'Leeschtungskatalogen iwwerpréiwen, do nobessere wou d'Leeschtungen ze dürfteg sinn an do Leeschtunge reartikuléiere wou d'Leeschtungen net méi op Dauer ze bezuele sinn. Dat ass eng Aufgab déi d'Politik huet an där d'Politik sech och muss stellen.

DNR: Kéint dat eng Aufgab si fir äre Minister vun der Économie solidaire, fir do zesumme mat der Familljeministesch [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Do wou Lächer an eisem sozialen Netz sinn – där gëtt et – mussen déi Lächer gestoppt ginn. Méi schwiereg gëtt et wann, trotz engem kompletten Netz, et ëmmer erëm individuell Leit gëtt, déi op Grond vun hirer Biographie, vun hiren net-Fakultéiten duerch dat Netz falen, wou de Staat eigentlech keng Äntwert dofir huet. An do huet de Gesetzgeber och net ëmmer déi richteg Äntwert drop, well eben net all individuell Situatioun viraus bestëmmt ka ginn. Mir brauchen och Mechanismen déi deene Leit hëllefen, déi duerch all Masche vum sozialen Netz falen. Well et muss zu de Geboter vun der sozialer Kohäsioun gehéieren, datt een ebe keen definitiv ofsacke léisst.

DNR: Kéint esou een Indicateur vu Bien-être, wéi Dir e selwer eng Kéier proposéiert hat, eng Pist sinn?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt dat an deem Zesummenhang eng Pist wier, obschonns. Et ass an deem Sënn keng Pist, well deen Indicateur vun dem neie Bien-être jo aner Aspekter soll a Betruecht zéie wéi nëmme materiell sozialleeschtungsméisseg gewéckelt Dimensiounen. Mä et ass awer vläicht e wichtegt Instrument, well et an der Gesellschaft Phänomener gëtt déi s du materiell net faasse kanns, déi awer duerchaus zu individuelle Liewenskatastrofe kënne féieren. An zum Gudde Matenee gehéiert méi wéi eng gutt Pai.

DNR: Zum gudde Matenee gehéiert och dat Soziaalt. Wéi eng gesellschaftspolitesch Reforme géift Dir Iech nach wënschen? Et stinn der eng gutt Partie op der Agenda. D'Texter leien och zum Deel vir. D'Avisen och: Divorce, Avortement?

Jean-Claude Juncker: Jo mä déi Texter iwwer Divorce, iwwer Ofdreiwung, iwwer Homo-Mariage si jo an der Maach, déi leien an der Chamber. An ech ginn dovun aus, datt dat och zum Vote kënnt am nächste Joer. An da mengen ech, datt dee gréissten Deel vu méi kontroversen, konfliktgeluedenen, gesellschaftspolitesche Reforme gemaach wieren.

DNR: Wat weit bei deene Reformen den "C" nach?

Jean-Claude Juncker: Dee weit ganz vill. "C" heescht jo net "K" an net "V", net kathoulesch an net vatikanesch, mä heescht, sech an engem Mënschebild besonneschen Zouschnëtts zurecht ze fannen. Dozou gehéiert och, datt ee sech ëm d'Liewensdrame vu Leit bekëmmert, a mat enger Situatioun an där si gerode sinn – meeschtens net onverschëlt, well fir Kanner ze maache muss een normalerweis zu 2 sinn, esou wäit wéi ech dat gesinn – net alleng léisst. Eng Gesellschaft ass dann net méi chrëschtlech wa si vu vir era Leit aus hirer Suergfaltsflicht entléisst. Ech géif jiddweree bieden, dat emol ganz grëndlech ze iwwerleeën. Eng Gesellschaft ass dann net méi mat zwee Féiss am chrëschtleche Mënschebild, wa se d'Verhalensweise vun engem anere condamnéiert, mä näischt dozou bäidréit, fir datt déi Verhalensweise sech kënnen änneren, oder datt, wann déi Verhalensweise stattfonnt hunn, déi Problemer déi dann entstinn, och vu staatlecher Säit, probéiert ginn ze léisen. Am konkrete Fall vum Avortement heescht dat, datt ee maximal Consultatiouns- an Informatiounsstrukturen an och deem entspriechend Prozedure muss op d'Bee stellen, déi engem hëllefen als Gemeinschaft eenzel Schicksalsfäll esou ze léisen, datt doraus keng Dramen entstinn.

DNR: Do hutt Dir mat där doter Meenung an Ärer Partei eng fortschrëttlech Meenung, géif ech soen. Eckt een do un oder kënnt een do virun?

Jean-Claude Juncker: Ech plädéiere jo net fir d'Banaliséierung vum Avortement. Ech plädéieren och net dofir, fir all Limitatiounen déi den Avortement mussen entouréieren ofzeschafen. Ech hätt just gär, datt mir probéieren e Problem, deen et an der Gesellschaft gëtt, a virun deem mir ganz oft d'Aen zoumaachen, mënschlech korrekt mat den Iwwerzeegunge vu jiddwerengem esou ze léisen, datt doraus eppes entsteet wat d'Strooss hält. An hei geet et net ëm konservativ, reaktionär, fortschrëttlech, lénks, rechts an dat Geschwätz wat eigentlech den eenzelne Leit jo näischt hëlleft.

DNR: Dat heescht, och Äre Koalitiounspartner kann net soen, mir sinn dat soziaalt Gewëssen. Si hunn dat net fir sech gepacht?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt de Koalitiounspartner dat nach onkontestéiert kéint behaapten. Esou wéineg wéi ech och net gär hätt, wann d'CSV géif a moralesche Froen den Androck ginn, wéi wa si alleng d'Woerecht gepacht hätt. Keen huet d'Wourecht alleng.

DNR: D'nächst Joer ass d’ungaresch Presidence. D'Zäit leeft eis an deem Sënn fort fir elo nach e groussen europapoliteschen Dossier opzeschloen. Här Juncker, kuckt Dir mat Hoffnung oder mat Suerg op dat europäescht Ëmfeld?

Jean-Claude Juncker: Net mat enger Suerg déi doduerch begrënnt wier, datt d'ungaresch Regierung d'Presidentschaft iwwerhëllt. Mir hu jo en anere System entretemps, well mir hunn e permanente President vum Europäesche Conseil, mir hunn e permanente President vum Eurogrupp, mir hunn eng sech net esou nennend europäesch Ausseministerin. Ech mengen also, datt d'Institutiounen, bei alle Faiblessen déi mir hunn, relativ gutt opgestallt si fir mat den Evenementer eens ze ginn. Mä et kommen op Europa natierlech besonnesch am Währungsberäich grouss Froen zou an déi musse mir behandelen, emol ad hoc, vu Fall zu Fall, mä awer och mat enger méi breeder Opstellung. Et ass eng systemesch Finanzkris an där mir eis befannen. Op déi systemesch Finanzkris musse mir och eng systemesch Äntwert formuléieren. Ech hunn dat déi lescht Woche probéiert. Dat liicht net jiddwerengem spontan an. Mä dat kënnt awer.

DNR: D'Iddi ass jo och net nei, géif ech soen, vun den Eurobonds, respektiv net vu gëschter.

Jean-Claude Juncker: D'Iddi vun den Eurobonds ass al, mä dee Plang, deen ech mat dem italienesche Finanzminister virgeluecht hunn, deen enthält awer vill nei Elementer déi virdrun net an der Diskussioun waren. Dofir gëtt och iwwer déi nei Elementer net vill geschwat, mä et gëtt op déi al Elementer reagéiert. Déi gëtt et awer net méi. Et geet jo hei net drëm fir d'Scholde vu ganz Euroland an enger grousser Euroschold zesummen ze faassen, an déi da mat zentral gesteierten Zënsen ze begläichen. Dat ass jo net de Virschlag.

DNR: Et ass interessant vu wiem Dir Sukkurs kritt fir d'Iddi, wann een e bëssen d'Europaparlament kuckt. Huet Iech dat net och verwonnert, oder sot Dir, dat si Leit déi hunn d'Iddi wierklech eng Kéier à fond duerchdiskutéiert?

Jean-Claude Juncker: Datt ech Recht kréie vun de Gréngen, vu groussen Deeler vun de Liberalen, vun de Sozialisten ass e Virgank an Europa deen ech net fir d'éischt erliewen.

DNR: Huet d'Iddi nach Chancen, quitte datt sech en Tandem jo dogéint [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Datt Däitschland a Frankräich dogéint sinn heescht jo nach net, datt d'Iddi falsch ass. Datt et Argumentatiounselementer an der däitscher Siicht an der franséischer Siicht vun der Saach gëtt, déi net einfach vun der Hand ze weise sinn, dat ass jo och richteg. Dofir muss een iwwer d'Detailartikulatioune vun deem Virschlag schwätzen. Mä ech mengen, datt dat eng Positioun wier, déi esou opgestallt ka ginn, datt si wierklech wellebriechend géint d'Spekulatioune vun de Finanzmäert géint eenzel Länner wierkt. A vläicht sinn aner Moossnamen déi ee kann treffen ze kleng fir de grousse Problem.

DNR: Grousse Problem, Dir hutt vun den ad hoc Léisunge geschwat, déi den Ament fir Länner erfonnt goufen. Virun enger systemescher Kris kann ee schlecht där doter Léisungen ad eternum weiderféieren. Wat wier dann eppes Waasserdichtes, eppes wou een d'Länner wierklech kann opfänken, datt dee Rettungsschierm och da vläicht deen Numm verdéngt hätt a grouss genuch wier?

Jean-Claude Juncker: Déi Propositioun vun den Eurobonds ass esou eng, well mir een Deel vun der nationaler Staatsschold um europäeschen Niveau bündelen, a si mat europäeschen Anleihe bedéngen. Wat zur Folleg hätt, datt op deem Deel vun der italienescher, vun der griichescher, vun der irescher, vun der spuenescher, vun der portugisescher Staatsschold d'Zënsen zréckginn. Mä op deem Deel Nationalschold deen nach mat nationalen Obligatiounen ze bedéngen ass, sinn déi Zënsen natierlech méi héich wéi eis, oder wéi déi däitsch, oder wéi déi hollännesch, esou datt et bei engem Zënsdifferential bleift. D'Scholdelaascht vun deene Länner géif op deem mutualiséierten Deel vun der Schold erofgoen. An et ass net sécher, datt eis Zënsen, an déi däitsch an déi hollännesch Zënse géifen an d'Lut goen. Well wann een Eurobonds emettéiert, schaaft een ee groussen europäeschen Eurobond-Obligatiounemaart, vergläichbar mat dem amerikaneschen. Dat bréngt supplementar Liquiditéiten no Europa, an dee Supplément vu Liquiditéit a vun der Existenz vun engem groussen Obligatiounen- an Anleihemaart, ka sech och duerchaus och nach zënsofsenkend fir déi Länner auswierken, déi haut déi niddregsten Zënsen hunn. Ech maache jo keng Propositiounen déi Lëtzebuerg géife schueden, ech hu mir dat scho gutt iwwerluecht.

DNR: Dovu gi mir aus hei zu Lëtzebuerg. Mä gloust déi Kris dann net awer nach iergendwou weider? Sinn déi richteg Léieren draus gezu ginn?

Jean-Claude Juncker: Jo, ech fannen, datt mir an Europa en Deel richteg Léiere gezunn hunn. Éischtens hu mir an engem Moment wou d'Privatnofro net méi gespillt huet ëffentlech Nofro iwwer d'Budgetsmëttele geschaaft. Doduerch hu mir eis verschëlt, a si mir an Defiziter erageroden, an déi musse mir elo an dem Kader vun engem laanggestrecktene Konsolidéierungsprogramm erëm ofdroen. Well bei héije Scholden a bei héijen Defiziter huet een d'Grondviraussetzung net geschaaft, déi ee braucht, fir datt een erëm aktivt an dynamescht Wuesstem kann an der gesamter Eurozon sécherstellen. Mir hunn d'Ratingagenturen nei reglementéiert, mir hunn eis eng Finanzopsiicht an Europa ginn. Mir sinn dobäi, de Stabilitéitspakt, do wou en ze schwaach ass, ze renforcéieren, mat dem Accord vun deenen déi virdrun näischt dovu wollte wëssen, datt een de Stabilitéitspakt misst seriös huelen. Esou datt ech mengen, datt mir schonn do richteg Conclusioune gezunn hunn.

Wat mech stéiert ass, datt een an Deelberäicher vum Finanzsecteur – dat ass keng Remarque déi Lëtzebuerg betrëfft – den Androck huet, d'Leit géifen erëm sech esou behuele wéi wann näischt geschitt wier. Wann ech gesinn, datt esou vill Leit elo mussen e Bäitrag leeschten, fir datt mir an Europa d'Staatsfinanzen erëm an d'Rei kréien, datt awer monter viru Bonien ausgedeelt ginn, datt monter viru Profit geschäffelt gëtt, ouni datt jiddweree gläichméisseg um Resultat, un de Friichte vun deem Profit bedeelegt gëtt, da soen ech mir, déi, déi d'Kris ausgeléist hu wéinst feelerhaftem Verhalen, sinn amgaang déi nächst Kris virzebereeden. Dofir hu mir jo zu Lëtzebuerg zum Beispill Ofgangsentschiedegunge limitéiert, per Gesetz, doduerch datt si net méi kënne ganz vun de Steiere ofgesat ginn. Dofir gëtt et Iwwerleeungen an Europa, fir dee Phänomen vun deene Bonien do besser an de Grëff ze kréien. Dofir gëtt et Iwwerleeungen an Europa fir eng Finanzmaart-Transaktiounssteier ze maachen. A wann d'Leit erëm ufänke sech irresponsabel ze behuelen, da musse si wëssen, datt d'Politik eng Kéier zréckschléit.

DNR: Ebe just, Här Juncker, dofir muss ee mat enger Stëmm schwätzen, och am Euroraum. Sidd Dir Iech gewëss, datt do d'Partner hanner Iech stinn?

Jean-Claude Juncker: Neen, dat stinn se net op alle Punkten. Ech sti jo och net op alle Punkten hanner deenen Däitschen, de Fransousen oder den Italiener oder aneren. Mä et muss ee sech ebe laang genuch iwwer d'Léisungen ënnerhale, fir datt een déi Léisunge fënnt déi konsensfäeg sinn, mä déi awer och belaaschtbar an tragfäeg musse sinn, déi net nëmme Kompromësser sinn, mä déi Léisunge sinn.

DNR: D'Zäit ass bal eriwwer, mä well Dir e Mann vun de kloere Wierder sidd, géif ech, a mir haten dat schonn eng Kéier gemaach, Iech ee Stéchwuert ginn, oder ee Wuert, an Dir géift mir och esou äntwerten, also mat deem wat Iech dozou afält, respektiv engem Saz. "Bankgeheimnis" Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Mir kënnen eis zu Lëtzebuerg net op dat Bankgeheimnis verloosse wéi et fréier war, well et huet sech scho geännert.

DNR: "Klimawandel"?

Jean-Claude Juncker: Déi Wirtschaftskris, an där mir stiechen, dierf eis net vergiesse loossen, datt mir aus där mat vill Méi enges Daags eraus kommen. Mä wa mir d'Klimakatastrof net behandelen, da geet si virun a si erreecht eis.

DNR: Dat huet vläicht domat ze dinn: "Tanktourissem"?

Jean-Claude Juncker: Och wa mir eis Bensinspräisser zu Lëtzebuerg massiv an d'Lut setzen, gëtt ëmmer nach grad esou vill an Europa getankt, mä just net méi zu Lëtzebuerg.

DNR: "Bommeleeër"?

Jean-Claude Juncker: Ech weess aus der Zeitung, datt dee Prozess iergendwann soll ufänken.

DNR: Deen ee Personnage huet näischt mat deem aneren ze dinn: "Nicolas Sarkozy"?

Jean-Claude Juncker: Perséinlech e gutt Verhältnis, an de politeschen Inhalter vun Zäit zu Zäit staark divergéierend.

DNR: "D'Joer 2040"?

Jean-Claude Juncker: Dat ass e Joer wou Europa méi staark wäert do stoe wéi et de Moment ausgesäit. Well bis dohinner d'Europäer, denken ech, bekäppt hunn, datt et keen europäescht Land gëtt, och net eent vun deene gréissten ënner hinnen, déi alleng mat den Endausleefer vun enger globaliséierter Wirtschaft, wéi och mat anere Problemer kéint eens ginn. A bis dohin hunn d'Europäer verstanen, datt et ëmmer manner vun eis gëtt. Um Ufank vum 20. Joerhonnert hu mir nach 20% vun der Äerdbevëlkerung duergestallt, um Enn vum 21. Jorhonnert wäerten et nach 4% sinn. Wann een nach just 4% ass, an engem Mënschemier vun 9 Milliarde Leit, dann ass net de Moment komm fir sech erëm an Eenzeldeeler zréckzezerleeën, dann ass de Moment komm fir méi staark zesummen ze stoen. Déi Erkenntnis wäert sech duerchsetzen. An et dauert och keng 40 Joer méi bis si sech duerchgesat huet.

DNR: Vläicht domat ze dinn, "Afrika"?

Jean-Claude Juncker: Afrika ass e Kontinent dee mir un d'Häerz gewuess ass wéinst dem wäertvolle Charakter vun deene Mënschen déi e bewunnen. Mir wäerten an den nächste Joerzéngten 2 Milliarden Afrikaner hunn. A wa mir net hëllefen d'Problemer vun deem ongléckleche Kontinent ze léisen, da wäerte mir selwer onglécklech ginn. D'Welt kann een eigentlech net méi a Kontinenter zerdeelen. Et ass eng Solidaritéit interkontinenatalen Zouschnëtts ze üben.

DNR: "D'Gëlle Fra"?

Jean-Claude Juncker: D'Gëlle Fra ass en nationaalt Symbol mat deem ee soll virsiichteg ëmgoen. Ech fannen, mat deem gëtt virsiichteg ëmgaangen. Wéi d'Gëlle Fra hir Rees op Shanghai ugetrueden ass, hu mir probéiert mat de Resistenz an zwangsrekrutéierte Mouvementer en Averständnis doriwwer z'erreechen. Déi Ausstellung zu Nidderkäerjeng beim Michel Wolter huet enorme pädagogesche Breedeneffekt, well d'Leit sech elo emol mat engem nationale Symbol a mat hirem Flottement an der Geschicht musse beschäftegen an dobäi vill iwwer eis selwer bäiléieren.

DNR: "D'lëtzebuerger Press"?

Jean-Claude Juncker: Ass eigentlech eng Press déi bemierkenswäert doduerch ass, datt wéineg Leit komplett Presseprodukter maachen, wat d'Zeitungslieser eigentlech ganz dacks vun der Komplexitéit vun der gestaltener Aufgab hier net voll realiséieren. Mä d'lëtzebuerger Press huet déi Feeler, déi all Press iwwerall huet, an déi Feeler huet d'Press net alleng, mä dat ass den Zäitgeescht. Et gëtt engem dee Politik mécht, och dem Chef vun der Regierung, net Zäit gelooss fir nozedenken, well en dauernd muss, nodeems eng Décisioun getraff ginn ass, beschreiwe wouran déi nächst Décisioun besteet. A wann en dat da seet, da kritt e gesot, e géif emol guer net nolauschtere wat déi aner Leit dann doriwwer géifen denken. D'Mediëpressioun ass esou ginn, dat huet een och gutt bei der Tripartite gesinn, datt ee bal net méi an der Serenitéit ka regéieren. Also muss ee sech deem Sog entzéien a sech da vernenne loosse vun deene selwechten déi deen ausüben, datt een net zu all Moment bereet ass zu all Mikro eppes ze soen, deen iergendwou an der Géigend erëmhänkt. Mä dësen houng net an der Géigend, mä e steet am Staatsministère an ech sinn all Joer frou fir dat Gespréich, Här Grotz, mat Iech kënnen ze féieren. An ech wënschen de Leit déi eis nolauschteren och all Guddes fir dat Joer wat kënnt.

DNR: Erlaabt mir nach déi lescht Fro: op engem Indice vum Bien-être vun 10, wéi héich géift Dir Iech dann do de Moment aschätzen.

Jean-Claude Juncker: Ech stelle mir iwwer mech net esou vill Froe wéi d'Leit sech der heiansdo iwwer mech stellen.

DNR: Merci fir dat Gespréich.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour