Interview de fin d'année avec le Premier ministre, Jean-Claude Juncker

Caroline Mart: 2010 läit hannert eis. Ech mengen, ech brauch net ze froen, jiddwer Lëtzebuerger weess et, et war en ustrengend Joer.

Jean-Claude Juncker: Et war e Joer wat et a sech hat, jo.

Caroline Mart: Ok, war et elo just kee gutt Joer? War et e schlecht Joer? Oder war et nach besser wéi dat wat elo op eis duerkënnt?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt déi Zäit déi op eis duerkënnt schwiereg ass, mä ech mengen net, datt si dee selwechte politesche Schwieregkeetsgrad huet. Si huet wahrscheinlech dee selwechten ekonomeschen a soziale Schwieregkeetsgrad. Dat ass jo dat eigentlech Wichtegt.

Caroline Mart: Ech hunn esou ugefaangen, well d'Joer 2010 war d'Joer vun de groussen Onsécherheeten. Dat war weltwäit, dat war an Europa, mä et war och zu Lëtzebuerg. An et gouf och eppes wat net esou dacks virkënnt: kee Konsens iwwer den Zoustand vum Land. Et gouf en net, et gëtt en de Moment nach ëmmer net. D'Szenarie gi vun absolutem Katastrofenszenario bis hi bei "d'Kris ass eriwwer ier mir se richteg gespuert hunn". Wat ass Är Diagnos?

Jean-Claude Juncker: Dat war d'Haaptschwieregkeet vun dësem Joer, well een et net fäerdeg bruecht huet d'Sozialpartner, op deen analytesche Punkt ze brénge wou Konsenselementer a gréisster Zuel méiglech zesumme gefügt konnte ginn, fir datt een en eenheetlecht Bild hätt.

Dat hu mir an der Tripartite net fäerdeg bruecht, duerno hu mir dat a getrennte Gespréicher mat de Sozialpartner awer dann hikritt.

Meng Analys ass, datt d'Welt sech geännert huet. Et gëtt, wann ech déi lescht 10 Joer kucken, 2 grouss Aschnëtter an der Aart a Weis wéi d'Welt sech dréit a wäerft: dat éischt war den 11. September 2001, d'Attentater zu Washington an zu New York, dat huet d'Weltgeschicht geännert, huet hir en aneren Dréi ginn. An d'Konsequenzen dovun hu mir nach net total an de Grëff kritt.

An dat Zweet ass déi gréisste Finanz- a Wirtschaftskris déi mir zanter den 1930er Joeren hunn, déi ass total iwwerraschend, schnell an Europa ukomm, obschonn an Amerika fortgaangen.

A mir hunn haut mat ville Leit ze dinn, an der Politik, mä och an der Breet vun den ëffentleche Meenungen, déi keng Krisenerfahrung hunn. Och an der Politik sinn déi rar ginn, déi schonn dobäi waren, wéi mir déi aussergewéinlech schwiereg Situatioun an eiser Stolindustrie hu mussen iwwerwannen. A wann ee gëeicht ass ginn duerch déi Zäit, dann ass een och bereet an dëser Zäit kräfteg zouzepaken. Anerer hunn do méi ziddereg Hänn.

Caroline Mart: Dir hutt elo schonn e puer Mol betount, datt d'Krisenerfahrung feelt. Wat mengt Dir domatter? De Manktem un Experienz an esou schwierege Situatiounen ze verhandelen, oder de Manktem u Wëssen, datt wann ee richteg Kompromësser maache muss, datt net jiddwereen alles kréie kann?

Jean-Claude Juncker: Déi zwee. A Momenter vu gréisster Erausfuerderung brauch ee Courage. Dat ass dat Éischt.

Dat Zweet, et brauch een de Versuch fir Duerchbléck ze kréien an deen duerch Wäitbléck ze verlängeren. Dat ass schwiereg, dat kann ech iwwregens och net.

An dat Drëtt ass, datt ee muss wëssen, datt wann ee Verantwortung dréit an der Regierung, an de Gewerkschaften, an der Ekonomie, datt ee muss, wann d'Sonn net esou grouss schéngt, iwwer e Schied sprangen dee méi grouss ass wéi wann d'Sonn géif schéngen. An dorunner feelt et.

Caroline Mart: Et ass vläicht jo awer och e Problem gewiescht vu Chifferen déi net kloer waren, oder déi zum Deel widderspréchlech waren. An da war och d'Fro, ass alles just d'Kris oder mécht d'Kris och deels Problemer offensichtlech, déi verdrängt goufen, schleefe gelooss goufe vu virdrun?

Jean-Claude Juncker: Alles dat ass wouer.

Datt d'Zuelen änneren, well d'Situatiounen änneren, an datt d'Zuelen a wiesentlech méi engem staarke Mooss wéi jeemools virdru vu baussen hir beaflosst ginn. An dat wat dobausse geschitt, an Europa, an Amerika, a China, an den opstriewenden asiatesche Länner, dat verännert eist Zuelewierk, ouni datt mir dat selwer kënne bestëmmen an ouni datt mir dat emol eng Zäitlaang mierken.

Dat gesäit dann aus wéi wann d'Regierung oder anerer all Moment eppes anescht géifen zielen. Et ass all Moment eppes anescht lass, da muss een ëmmer op déi nei Situatiounen agoen.

An da ginn natierlech Schwächte méi beliicht wéi a méi einfachen Zäiten. An déi Schwächten, déi gesäit een dann heiansdo net. Oder et wëll ee se net gesinn.

Caroline Mart: Dat heescht, d'Problemer kommen awer net all nëmme vu baussen?

Jean-Claude Juncker: Neen, mir sinn och u villem selwer Schold.

Wësst Dir, wann et gutt geet, dann huet d'Regierung, an och vill aner Leit, jo d’Tendenz ze soen, mir sinn déi gréissten Helde vun der Welt, kuckt emol wéi gutt datt mir dat maachen. An da soe mir och ganz dacks net, datt mir vill positiven Apport aus dem Ausland kréien. Well wann net schlecht geet, dann huet eng Regierung, an och vill aner Leit, d’Tendenz fir dat alles mat der Weltsituatioun z’erklären. Dat ass och richteg. Mä mir hunn awer och eng Mass an eisen Hänn, déi mir selwer kënne gestalten an do feelt et dann heiansdo um Courage. Et feelt eis um Courage fir den Impakt vun deem wat dobausse geschitt op eis intern Mass ze moossen, déi mir awer selwer nach kënne knieden.

Caroline Mart: Et muss gespuert ginn, dee Saz ass weltwäit ze héiere gewiescht. A bei deem Saz si wuel och déi meeschte Lëtzebuerger averstanen. Mä wann et da schonn ufänkt mam wou?, da scheede sech d'Geeschter ganz séier. Déi éischter, loosse mir emol soen, comptabel Approche beim éischte Spuerpak, fir dann do finanztechnesch erunzegoen, zum Beispill och Saache wéi de bëllegen Akt sträichen ze wëllen, dat huet jo fir vill Onzefriddenheet gesuergt.

Wat war dat? War dat e Manktem u politeschem Feingefill oder war dat e bësse séier geschoss an der Panik?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt ze séier geschoss ginn ass. Ech hu just d'Erfahrung gemaach, déi hat ech awer schonn e puer Mol virdru gemaach, datt all Mënsch ëmmer d'accord ass fir ze spueren a fir anzespueren. An der Regierung ass all Mënsch d'accord fir anzespueren, an der Chamber ass all Mënsch d'accord, an d'Leit sinn och d'accord.

Mä wann et da konkret gëtt, dann hëllt d'Begeeschterung fir d'Aspuere ganz séier of an da brennen d'Gruppenegoismen duerch déi Mauer vum nationale Konsens an zerstéiere se. Dat muss ee wësse wann een ufänkt.

D'Regierung huet e Pak virgeluecht, mir hunn iwwer dee Pak geschwat, verhandelt, och mat dem Parlament eis kontrovers ënnerhalen, an dann eng Rei vu Schlussfolgerunge gezunn, déi esou sinn, datt de Budget fir d'Joer 2011 en extrem riguréise Budget ass, well e klëmmt nëmmen ëm 1,9% par rapport zu de previsibelen Ausgabe vum Joer 2010. An den Defizit gëtt par rapport zum Joer 2009 a par rapport zum Joer 2010 am Joer 2011, reng nominal zueleméisseg betruecht, ofgesenkt. Insofern ass dat dann awer eng schlësseg Reaktioun op déi Situatioun an där mir sinn.

Caroline Mart: Am Abrëll war rien ne va plus mam berühmtene Lëtzebuerger Modell. An dunn ass aus der Tripartite eng Bipartite ginn. Dir hutt betount, datt d'Resultat dat ass wat zielt. Dir hutt se da getrennt geholl a sidd awer zu engem Resultat komm.

Dir sot och, de Stresstest vum Lëtzebuerger Modell wier awer bestanen ginn, mä trotzdem – ass et net awer iergendwéi en Zeeche wéi séier mir un d'Grenze vum lëtzebuerger Konsensualismus stoussen, vun deem Moment u wou et eben drëm geet ze spueren an net méi drëm geet ze verdeelen?

Jean-Claude Juncker: Vill Leit an der Politik a vill Leit bei de Sozialpartner hu keng Krisenerfahrung. Dat hu se elo musse léieren an hu sech emol selwer musse préiwen, wat si da maachen a wéi si reagéieren, wann et haart op haart geet.

Meng Erfahrung an der Tripartite war, datt d'Sozialpartner, d'Gewerkschaften an d'Patronatsorganisatiounen an engem Gespréich, an engem Zoustand vun net-matenee schwätze kënnen ukomm waren. An dofir ass an der Tripartite näischt gaangen.

D'Gewerkschaften hu gesot, iwwer den Index gëtt net geschwat, an d'Patronatsvertrieder hu gesot, alles wat mir hei erliewen ass largement eis eege Schold well mir d'Kompetitivitéit e bësse vernoléissegt hunn – wat, niewebäi bemierkt, och stëmmt. A wann een dann net eens gëtt iwwer de Problem deen ee muss léisen, obscho jiddweree weess, datt Problemer do sinn; a wann déi déi sollen hëllefen d'Problemer léisen net matenee méi kënne schwätzen, da muss ee se getrennt gesinn.

Ech hunn iergendwann im stillen Kämmerlein décidéiert Bipartiten ze maachen, wou d'Gewerkschafte Waasser an hire Wäin geschott hunn, mä mir kréie wahrscheinlech eng Indextranche, wann alles normal wier, den 1. Juli, mä elo gëtt si awer eréischt den 1. Oktober ausbezuelt. D'Gewerkschaften hunn also hir Positioun bei der Indexfro geännert. Ech kritiséiere si net dofir, ech luewe si dofir.

An déi Accorden déi mir mam Patronat getraff hunn, déi Ofsenkung vu Lounniewekäschten, d'Augmentatioun vun der staatlecher Participatioun un de Käschte vun der Weiderbildung, ass jo net nëmmen eng Affaire déi de Betriber zegutt kënnt, mä och deene Leit déi sech weiderbilde loossen.

Wann een dat alles zesummenhëllt, an d'Resultater vun deenen zwou Bipartite beieneen tässelt, an et hätt een dat zesummen an enger Tripartite gemaach, dann hätt all Mënsch gesot, all Respekt fir de Lëtzebuerger Modell, kuck emol wéi déi dat zu Lëtzebuerg maachen.

Elo hu mir da mussen en anere Wee goen, dee vun den esou genannte Bipartiten, mä ech halen dat awer op Dauer fir kee gudden Zoustand an ermahnen d'Regierung an d'Sozialpartner dozou, erëm op een Dësch zu 3 zréckzekommen.

Caroline Mart: Dir sot awer och, deen Dësch muss méi kleng ginn?

Jean-Claude Juncker: Jo, ech mengen, datt et kee Sënn mécht, datt mir zu 100 Leit an engem Sall sëtzen. Et ass besser, et bréngt een déi Leit zesummen déi am Land an och an hiren Organisatioune Wiesentleches ze décidéieren hunn a matzebestëmmen hunn, an da soll een déi matenee schwätze loossen.

Caroline Mart: D'Léisung ass jo fonnt ginn, andeem jiddwereen leschten Enns awer dann Zougeständnisser krut. Ech wëll Iech een Zitat soen: "Mir sinn eng verwinnten Natioun déi sech Saachen ugewinnt huet, déi si sech besser erëm sollt ofgewinnen, wéinst deenen déi nokommen" Vu wiem ass dat Zitat?

Jean-Claude Juncker: Dat ass vu mir.

Caroline Mart: Dann huet vläicht de Lucien Thiel et bei Iech geknäipt, en huet am Kader vun de Budgetsdebatte gesot, mä sënngeméiss hutt Dir et och scho gesot.

Jean-Claude Juncker: Ech ka mech nëmmen driwwer felicitéieren, datt ech de Lucien Thiel an deem breede Mooss do inspiréieren. Dat war net ëmmer de Fall.

Caroline Mart: Mä wat heescht dat elo konkret? Wat musse mir eis ofgewinnen?

Jean-Claude Juncker: Dat heescht, datt ee fir d'éischt emol muss nieft dem Léise vun den immediate Problemer e schaarfe Bléck hu fir déi Leit déi kommen, déi heiansdo nach guer net gebuer sinn, jiddwerfalls nach wäit vum Aarbechtsmaart ewech sinn.

An ech mengen, datt mir musse bereet sinn déi Instrumenter déi mir hunn ze notzen, fir se der Situatioun geméiss anzesetzen.

Wann ee méi eng héich Inflatioun huet wéi d'Nopeschlänner, an déi hu mir, da kann een d'Indexsystematik net evoluéiere loossen, wéi wann dat net de Fall wier. Da muss ee wëssen, datt all Milimeter Inflatioun dee mir méi hunn eis Wettbewerbsfäegkeet schiedegt. Da muss ee wëssen, datt méi Inflatioun och méi Chômage bedeit. Dat ass en Zesummenhang dee séier dacks net gesi gëtt.

Wann ee weess, datt een de Moment eng comfortabel Finanzsituatioun bei de Renten a bei de Pensiounsreserven huet, dierf een net aus den Ae verléieren, datt dat an 20-25 Joer net méi de Fall ass. Da muss een elo Pisten uleeën, fir zur Problembegradegung an e puer Joerzéngte bäizedroen.

Dat ass eppes wat d'Leit net gär héieren, well keng grouss Bereetschaft driwwer besteet Problemer ze léisen, déi sech eréischt an 20 Joer stellen. Déi Gewunnechten déi ee muss ofschafen, a wat den Här Thiel gesot huet, mä ech mengen, ech war et awer och eng Kéier deen dat gesot huet, dat sinn déi vun der Gemittlechkeet a vun den Aen zoumaache viru Problemer déi sech esou sécher wéi d'Amen am Gebiet op eis zoukommen.

Caroline Mart: Dat heescht, déi Acceleratioun, där kann een net mat Rou begéinen? Net mat der falscher Rou?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt ee muss roueg bleiwen. Et dierf een net iwwernervös reagéieren. Et dierf een net an Aktivismus verfalen, mä et muss een eng gesond, kräfteg Aktioun steieren. Mä Zäit ze verléieren hu mir keng.

Caroline Mart: Dir hutt den Index schonn e puer Mol ugeschwat. Beim Index gouf et eng Léisung, déi jo keng Léisung wierklech am Fong ass. An Dir hutt och schon an aneren Interviewen erkläert, 2011-2012 wär mat kenger Léisung am Fong vun dëser Regierung ze rechnen. Dir hutt ni verstoppt wat Är Preferenz ass. Dir hutt dee Virschlag jo scho gemaach fir d'Pëtrolspräisser aus dem Wuerekuerf erauszehuelen. Wat ass wann d'Matière premièren, Dir hutt d'Inflatioun schonn ugeschwat, wa si weider zollitt unzéien, an d'Tendenz ass schonn do, wann d'Dette och massiv acceleréiert? Wat dann?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn 2 Propositioune gemaach, déi d'Gewerkschaften net wollten, Deeler vun der Sozialistescher Partei och net wollten. an dat war fir den Index op 2 Mol de Mindestloun an der Kris ze deckelen, well ech et net normal fannen, datt een deen de Mindestloun verdéngt 40 Euro de Mount bäikritt wann eng Indextranche erfält a Spëtzeverdénger kréien 350, 400, 450 Euro. Wat dat mat Solidaritéit an der Kris ze dinn huet, kann ee mir net erklären. Mä dee Virschlag ass ofgelehnt ginn, vun deem progressiven Deel vun der lëtzebuerger Politiklandschaft.

Caroline Mart: Obschonn e breede Konsens, den Ëmfroen no, am Vollek dofir bestanen huet?

Jean-Claude Juncker: D'Parteien di sech heiansdo schwéier de Leit Recht ze ginn. Ech di mech och heiansdo schwéier de Leit Recht ze ginn, mä wann d'Leit dat selwecht denke wéi ech, da verstinn ech net firwat datt een dat net sollt maachen.

Dat Zweet war fir d'Pëtrolsprodukter aus dem Indexwuerekuerf erauszehuelen.

Elo assistéiere mir enger Situatioun wou d'Pëtrolspräisser klammen, an dofir hu mir deen Accord mat de Gewerkschafte getraff. Dat Raisonnement wat ech mat de Gewerkschafte gefouert hunn, war fir ze soen, passt op, alles weist drop hin, obschonn deemools all Mënsch dat ofgestridden huet, datt d'Pëtrolspräisser nach eng Kéier ganz staark an d'Lut ginn, an dann erfält déi nächst Indextranche vill ze vill séier, fir datt eis Betriber, besonnesch déi kleng Betriber kënnen domat eens ginn. An dofir brauche mir eng Indexregelung, déi déi nächst Indextranche op een Datum festsetzt, wou se spéitstens erfält, dat ass den 1. Oktober.

Elo weisen d'Zuelen datt d'Indextranche, wann déi Pëtrolspräiserhéijungsdynamik unhält, schonn am Juli erfält. Dofir hunn d'Gewerkschaften e grousse Schrëtt gemaach a si waren d'accord fir ze soen, wann dann innerhalb vun engem Joer, innerhalb vun 12 Méint, eng Indextranche erfält, da musse mir eis zesummesetze fir ze kucke wat mir da maachen.

Elo hu si fir d'zweete Kéier, entgéint deem wat si virdru gesot haten, hiert Averständnis erkläert, fir dann awer iwwer den Index ze schwätzen. An dofir ass déi Léisung déi mir elo hunn eng déi an dës Zäit passt. Wann d'Pëtrolspräisser klammen erfält d'Indextranche éischter, an den Accord mat de Gewerkschaften deet se méi spéit erfalen.

Dofir ass dat eng gutt Décisioun gewiescht, déi elo, wann d'Situatioun esou virugeet, ënner Beweis stellt, datt eppes an hir gestach huet, wat d'Patronatsvertrieder och laang net gesinn hunn, well se gemengt hunn, mir géifen den Index just 1 Mount méi spéit erfale loossen. Dat ass net de Fall.

Caroline Mart: De Luc Frieden hat sech am Kader vun de Budgetsdebatten iwwer den Immobilismus vu muncherengem beschwéiert, dee sech géint all Reforme stäipt. Wien hat en dann elo domat gemengt, well en hat dat net gesot? D'Gewerkschaften, d'Patronat, ieren de Koalitiounspartner?

Jean-Claude Juncker: Ech weess normalerweis wat den Här Frieden mengt wann en eppes seet. En hat dat allgemeng formuléiert, an ech mengen, dat ass och allgemeng ze formuléieren.

Mir dinn eis alleguer schwéier eis ze änneren an eis op eng nei, total geännert Situatioun anzestellen. Dat ass och fir Deeler vun der Regierung wouer, dat ass heiansdo fir déi ganz Regierung wouer, an dat ass richteg fir bal jiddwereen am Land. Et gëtt zwar ëmmer gesot, mir sinn dach frou, datt eppes geännert gëtt, mä esoubal wéi ee seet, dat an dat ännere mir elo, dann ass d'Begeeschterung net ganz grouss. Ech mengen, mir sinn alleguer e bëssen agefruer an eisem Denke vu fréier.

Caroline Mart: Déi schwaarz-rout Koalitioun, wéi ass dann do d'Stëmmung? Et war jo net onbedéngt de Mariage d'amour, an da kënne jo och heiansdo emol e puer Krisen optrieden. War 2010 esou e Joer mat esou bëssen Zodi am Stot?

Jean-Claude Juncker: An der Politik fënnt een net wéinst der Léift zesummen. Et fënnt een esouguer ganz oft net wéinst der Léift a senger eegener Partei zesummen. Et fënnt een zesummen, well een an engem bestëmmte Moment zu e puer d’gemeinsam Interessien, nämlech déi vum Land, esou ze gestalten huet, datt Interessewahrung spéider iwwerhaapt nach méiglech ass. Datt et an der Koalitioun an an der Regierung heiansdo Dissonanze ginn huet, dat ass jo net ze verstoppen.

Caroline Mart: Déi ware jo och relativ oppen.

Jean-Claude Juncker: Jo. Dat wat oppen ass, dat kann ee jo schlecht verstoppen.

Dat stéiert mech net fundamental. Eng Regierung ass leschten Enns och eng demokratesch Ariichtung a Ministere mussen och kënne kontrovers mateneen diskutéieren. Dat maache si iwwregens all Freideg, datt et hallt a kraacht.

Mä et ass méi selten, datt een déi ënnerschiddlech Standpunkten no baussen dréit, an een deen dat mécht, deen huet seng Ursaachen, firwat datt en dat no bausse mécht a manner ausgeprägt no banne mécht. An déi Psychologiegäert wëll ech mech net verlafen.

Datt et demokratesch Debatt gëtt, dat ass richteg, mä wann ech gesinn, datt, entgéint deem wat all Mënsch geduecht huet, mir mat alle Stëmme vun der Koalitioun de Budget gestëmmt kritt hunn, dee jo awer e Spuer- a Konsolidéierungsbudget ass, deen net einfach ze vertriede war; wann ech gesinn, datt mir de Steier- a Konsolidéierungspak mat alle Stëmme vun der Koalitioun gestëmmt kritt hunn, a wann ech gesinn, datt mir d'Gesondheetsreform mat alle Stëmme vun der Koalitioun gestëmmt kritt hunn, a wann ech gesinn, datt mir en "Accord Tripartite" a Form vun 2 ze additionéierende Bipartitesaccordë fäerdeg bruecht hunn, da soen ech, insgesamt ass de Bilan vun deem Joer net schlecht.

De Wee dohinner war e bësse knubbeleg. Wann een an der Camionskabinn sëtzt an et huet een de Rescht hannendrun hänken, da spiert een d'Knubbele méi. Ech wëll d'nächst Joer net méi esou vill Knubbele begéinen.

Caroline Mart: Esou radikal wéi LSAP an OGB-L soen, d'Fanger ewech vum Index, esou radikal wiert sech d'CGFP mat Hänn a Féiss géint all Changement. Dir hutt schonn erkläert, Dir wëllt op kee Fall e Sozialkonflikt am ëffentlechen Déngscht. Mä wann awer elo d'Staatsbeamtegewerkschaft op stur weider schalt, an alles deit doropper hin, an Dir wëllt kee Sträit, da gëtt et jo bal nëmmen d'Méiglechkeet, datt den Här Biltgen kleng bäigëtt an déi niddereg Ufanksgehälter an e Bewäertungssystem am ëffentlechen Déngscht vergësst?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll kee Sträit an der ëffentlecher Fonctioun, well ech et net gär hu wann een, ier d'Diskussioune richteg ufänken, een d'Diskussiounen op en Enn féiert a seet, doriwwer schwätze mir net, ech spillen net mat dir am Sand, ech spillen net mat.

Dat ass eng Attitude déi een net dierf hu wann een e responsabele Sozialpartner ass. An et dierf een net de Leit d'Gefill ginn, et géif der Regierung drop ukommen, elo mordicus Sträit mat der ëffentlecher Fonctioun erbäizeféieren. Dat zitt dës Kéier net. Dat wëll ech ganz däitlech soen. Hei ass e Problem ze léisen an dee Problem gëtt och geléist.

Caroline Mart: An Dir akzeptéiert net, datt ee seet, mir diskutéieren net méi.

Jean-Claude Juncker: 1999 hu mir eng Pensiounsreform am ëffentlechen Déngscht gemaach. Do ass dauernd gesot ginn, Dir schwätzt net mat eis, obscho mir dauernd matenee geschwat hunn. Do ass gesot ginn, Dir hutt kee Mandat fir dat ze maachen, well dat stoung net an Ärem Wahlprogramm. Dës Kéier steet dat am Wahlprogramm vun der CSV. Déi huet d'Wahle gewonnen an dat gëtt gemaach.

Caroline Mart: Wat ass dann elo d'Angscht? Wann ech elo richteg verstinn, Dir kënnt mir vläicht soen, datt dat net esou ass, d'Regierung wëll d'Méiglechkeet schafe fir déi Beamten ze belounen déi sech extra druginn an déi schwaarz Schof, déi wéineg déi et da gëtt, fir d'Méiglechkeet ze fannen déi erauszekréien. Ass dat esou? Ass dat mat deem Bewäertungssystem esou geduecht?

Jean-Claude Juncker: Ech géif dat net esou salopp a vereinfacht a verkierzt soen.

Et mécht wéineg Sënn, an den Detail vun deene Reformvirschléi vum Här Biltgen a vun der Madame Modert anzegoen. Mä et geet drëm, datt een en Iwwerbléck kritt iwwer d'Leeschtungsfäegkeet vum eenzelne Beamten. Ech si jo mat dem wat eis Staatsbeamte schaffe ganz zefridden. Ech hunn dat schonn esou dacks gesot, ech kéint iwwerhaapt näischt maachen ouni meng Beamten. An ech hu gutt Beamten.

Datt dann eng Bewäertung stattfënnt, wéi an esou villen anere Privatbetriber och, fannen ech awer net absurd. An et gi ganz vill Länner déi dat hunn. Dat ass jo keen Attentat op de Besëtzstand vun der ëffentlecher Fonctioun. Dat ass keen obszönen Ëmgang mat der ëffentlecher Fonctioun. Dat ass den Normalfall a groussen Deeler vun der Welt an a grousse Fläche vun der Privatwirtschaft.

Datt ee sech d'Fro stellt ob dat net zu arbitrairen, politeschen Entscheedunge féiert, halen ech fir eng berechtegt Fro. An do sinn och an den Iwwerleeunge vum Här Biltgen a vun der Madame Modert allméiglech Bremsen agebaut, fir datt dat net geschitt. Ech wëll näischt mat der Bewäertung vu menge Beamten ze dinn hunn. Dat wëll ech net maachen, obschonn ech nu wierklech net grad eng parteipolitesch Approche zu mengem Beamtenapparat hunn.

Caroline Mart: Dir hutt d'Gesondheetsreform schonn ugesprach. Dir sidd frou, datt se gestëmmt ginn ass. Ee Moment huet et effektiv net esou ausgesinn. Et war mol op d’mannst eng schwéier Gebuert. Et gouf en Dokteschstreik. Virun 28 Joer, wéi Dir als ganz jonke Staatssekretär ugefaangen hutt, war et eng vun Ären éischten Tâchen. Dat heescht, Dir wësst wéi dat ass wann een tëscht den Acteuren am Gesondheetssecteur vermëttele muss, et ginn der jo genuch, an d'Interessie sinn net déi selwecht. An trotzdem huet een am Kader vun där Gesondheetsreform erstaunlech wéineg vun Iech héieren, an och vun der CSV iwwerhaapt. Ass d'Vertrauen esou grouss an d'Verhandlungsgeschéck an an de Projet vum Mars Di Bartolomeo gewiescht?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn déi Gesondheetsreform am Regierungsrot laang virbereet. Mir hunn dee Gesetzesprojet op de Wee bruecht, a fir mech a fir d'Ministere vun der CSV ass dat eng ganz einfach Saach. Wann eng Décisioun an der Regierung gefall ass, och wann Dir mat eenzelne Saache vläicht net d'accord waart, dann hëlleft een déi duerchzesetzen.

Aner Ministere maachen dat heiansdo anescht. Déi ginn een einfache Wee. Ech hunn a menger Partei däitlech gemaach an e puer Mol an der Ëffentlechkeet, datt déi Reform, esou wéi de Minister se virgeschloen huet, d’Zoustëmmung fonnt huet vun der ganzer Regierung, an da wëll deen elementare Solidarprinzip an enger Regierung, datt een dann dee Minister deen eng schwiereg Reform huet musse maachen, bei dem Duerchsetze vun där Reform stäipt an net no baussen erziele geet, woumat een alles net averstanen ass. An net no baussen ziele geet, dat war net genau esou gesot. Et gëtt der jo genuch déi dat maachen, d'CSV brauch dat net och nach ze maachen.

Caroline Mart: En anere groussen Dossier dëst Joer, d'Pensiounsreform, en Dossier deen Iech ganz um Häerz läit, en Dossier deen op d’mannst esou komplex ass. Wäert et trotzdem méi einfach ginn?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt an enger Hisiicht méi einfach, well déi Pensiounsreform déi dringend noutwenneg ass, déi huet keng kuerzfristeg Leeschtungsofsenkungen zum Inhalt.

Schwiereg gëtt et, well mir da fir déi nächst 15, 20, 30 Joer mussen aner Weeër goe wéi déi déi mir bis elo gaange sinn. An ech ginn dovun aus, datt dat eng ganz schwiereg Debatt gëtt. A kengem Land gi Pensiounsreforme gemaach ouni gréisser Widderstänn. Ech denken, datt et déi gréisser Widderstänn och zu Lëtzebuerg gëtt. Mä am Ausland gi se gemaach an hei och.

Caroline Mart: 2010 gouf et zwou Datze fir Lëtzebuerg, PISA an de Chômage. 2 Saachen déi ganz enk zesummenhänken, op béide Fronte gëtt jo och schonn dichteg reforméiert. Mä wann ee weess, datt ronn d'Halschent vun de Chômeuren iwwerhaapt keen Ofschloss hunn, datt op där anerer Säit d'Halschent vun den neien Jobben déi hei zu Lëtzebuerg ugebuede ginn héichqualifizéiert Akademiker brauchen, da gesäit een, datt et einfach net opgeet. Heescht dat, datt mir eis laangfristeg op e méi héije Chômage mussen astellen?

Jean-Claude Juncker: Ech fäerten, datt dat de Fall ass. Ech mengen, datt dee strukturellen Deel vum Chômage klëmmt an ech fäerten, datt d'Struktur vun eiser Wirtschaft esou ginn ass, datt mir manner Raum zur Verfügung hu fir déi Leit ze beschäftegen déi hallef-onqualifizéiert oder ganz onqualifizéiert sinn.

Mat deem Thema ass sech ze beschäftegen, wéi och mam Thema Laangzäitaarbechtslosegkeet, well déi klëmmt relativ massiv.

An do muss ee mat de Gewerkschaften a mat de Patronatsorganisatiounen en zilorientéiert Gespréich féieren.

Eng vun den Ursaachen, firwat datt mir d'Ofsenke vun de Lounniewekäschten um Niveau vum Mindestloun proposéiert hunn, ass datt een an där Akommeskategorie, déi jo méi niddereg ass wéi d'Moyenne vum Land, genuch Méiglechkeete behält, fir datt Leit kënnen agestallt ginn déi net qualifizéiert sinn. Ech mengen, datt do vill Äntwerten an der Aart a Weis leien, wa mir déi Leit wëlle beschäftegen, wéi mir eis Lohnfindung, wéi eis däitsch Nopere soen, optimal organiséieren, ouni datt dat allerdéngs dann dozou féiert, datt mir an Niddereglounsecteuren auswanderen, oder datt mir an Hartz IV-ähnlech ageriichten Donkelraim eis verlafen. Dat fënnt mat mir net statt.

Ech sinn dogéint, datt Leit déi schaffe ginn net genuch hu fir vun hirem Loun ze liewen. Mir musse kucken, wéi mir dat an engem méi breede Gespréich mat de Gewerkschaften a mat de Patronatsvertrieder hikréien.

Caroline Mart: A PISA? Dir hutt do gesot, dat géing dorunner leien, datt lëtzebuerger eben an 2 Sprooche getest ginn, déi dann och net hir Sprooche sinn, an dem héijen Immigratiounsundeel. Mengt Dir, datt dat déi zwou eenzeg Explikatioune sinn?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn déi 2 Explikatiounen do eigentlech net ganz gär, well dat dozou féiert, datt vill Leit mengen, da bräicht een déi PISA-Etude guer net esou seriös ze huelen, dat géif sech jo erklären, fir wat datt mir schlecht ofschneiden, well mir hu jo schlecht ofgeschnidden.

Ech hätt just gär, datt ee weess, datt d'lëtzebuerger Kanner vu 15 Joer an 2 Sprooche getest ginn, an hir Mammesprooch ass net dobäi, a soss huet keen dat vun deene 65 Länner a Regiounen déi getest si ginn.

Ech hätt gär, datt d'Leit wëssen, datt 52% vun de Kanner déi an eis Schoul kommen, am Ufank vun hirem Schoulwee sinn, aus Stéit a Famillje komme wou net Lëtzebuergesch geschwat gëtt. Dat si Problemer déi mir hunn an déi Problemer musse mir léisen.

Ech lueden d'Responsabilitéit fir dat schlecht PISA-Ofschneiden absolut net bei den Immigranten a bei der Immigratioun of, well mir brauchen déi, fir datt eise Wirtschaftssystem ka fonctionnéieren. Mä mir mussen awer dat am Kapp hunn, wa mir iwwer d'Resultatkommentéierung vu PISA schwätzen.

Ausserdeem sinn ech der Meenung, datt déi Reformen déi ënnerwee sinn, déi d’Madame Delvaux op de Wee bruecht huet, duerchaus Äntwerten enthalen, och fir déi Strukturproblemer déi mir an der Schoul hunn hëllefen ze léisen. Déi, déi elo getest gi sinn, do war jo nach keen dobäi deen duerch déi Reformen do gaangen ass, déi mir d'lescht Joer virgeholl hunn. Mä déi Reformen déi amgaang si gemaach ze ginn an déi gemaach gi sinn, déi si richteg Reformen.

Caroline Mart: Mä Reforme kënnen nëmmen da gräife wann déi déi se applizéieren och dru gleewen.

Jean-Claude Juncker: Dat ass ëmmer esou, datt ee muss déi Leit, déi um Terrain déi Reformen ëmsetzen, fir déi Reformen animéiert a begeeschtert kréien. Dat ass heiansdo schwéier. Och do gëtt et al Gewunnechten, mä et gëtt awer och bei deenen déi Schoul halen eng onwahrscheinlech Bereetschaft, no ufänglechem Zécken, mat op de Wee vun deene Reformen ze goen.

Caroline Mart: Elo hu mir ganz vill iwwer Lëtzebuerg geschwat. Dir sidd net nëmme lëtzebuerger Staatsminister, Dir sidd och President vum Eurogrupp. Dat huet 2010 ganz vill vun Ärer Energie geholl. Wësst Dir iwwerhaapt nach wéi vill Krisesëtzungen et gouf fir den Euro?

Jean-Claude Juncker: Neen, dat weess ech net, an dat waren der och méi wéi déi iwwer déi an der Zeitung geschriwwe ginn ass.

Caroline Mart: D'Spëtzebanker stinn nach ëmmer, trotz Kris hin oder hir, ganz gutt an hirem Verdéngscht. Hutt Dir eng Kéier Äre Stonneloun ausgerechent, Här Juncker?

Jean-Claude Juncker: Neen, ech hu just eng Kéier zu Frankfurt, wéi den Här Jo Ackermann, de Chef vun der Däitscher Bank, zum europäesche Banker vum Joer ausgezeechent gouf, nodeems ech dat dat Joer virdru war – wat jo beweist, datt d'Bankewelt total duerchernee war, datt si mech geholl hu fir europäesche Banker vum Joer ze ginn – mech am Fliger vun Innsbruck op Frankfurt mat der Pai vum Här Ackermann beschäftegt. An do hunn ech erausfonnt, datt hien an engem Joer esou vill verdéngt wéi ech an 49 Joer géing verdéngen, wann ech Staatsminister wier.

Caroline Mart: An de Stonneloun, do brauche mir guer net driwwer ze schwätzen?

Jean-Claude Juncker: De Stonneloun, esou fonctionnéieren ech net. Ech hunn hei eng Aarbecht. Ech hunn déi Aarbecht z’erfëllen. Dat ass och vill Aarbecht a vill Zäitopwand. Et ass net nëmmen Ierger, et ass och vill Satisfaktioun domat verbonnen.

Caroline Mart: Ech weess, dir hutt d'Fro net gär, gitt meeschtens rose wann een et uschwätzt [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Da stellt mir se net.

Caroline Mart: Dach ech stellen se awer. Déi 2 Kapen, déi 2 Jobben, dat heescht, och wann ee quasi ronderëm d'Auer schafft, wann een net vill Schlof huet, wann d'Privatliewe bal kee Liewe méi ass, sinn déi 2 Jobben, President vum Eurogrupp a Staatsminister esou ze maachen?

Jean-Claude Juncker: Dat ass net einfach. Samschdes a Sonndes kann een och schaffen, an et muss ee jo keng 60 Deeg Congé am Joer hunn. Ech komme mat 15 Aarbechtsdeeg Congé, am Joer aus.

An ech hunn awer fonnt, datt ech meng Aarbecht heiheem gemaach hunn.

Ech hunn d'lëtzebuerger Sozialpartner vun Enn Januar bis Mëtt Dezember insgesamt 19 Mol gesinn, an dotëscht hunn nach vill Gespréicher mat deene selwechte musse féieren. Aner Regierungschefen an Europa fleege keen esou en dichte Sozialdialog wéi ech dat hei zu Lëtzebuerg gemaach hunn.

Da musst Dir gesinn, datt déi aner Premieren an Europa mat där Verscholdungskris vun eenzelnen Eurolänner esou vill beschäftegt sinn, net wéi ech, mä awer bal esou vill. Ech maachen dat jo net alleng. Ech hu jo Sitzungen ze presidéiere wou aner Premiere sinn a wou aner Finanzministere sinn. Ech sinn och net méi Finanzminister. Ech sinn Tresorsminister. Ech hunn doduerch vill Aarbecht manner wéi ech dat nach virun 2 Joer hat. Dat ass heiansdo ganz schwiereg, mä et hëlleft u sech d'Léisung vun de Problemer heiheem ze anticipéieren, well een en Informatiounsvirsprong op ganz vill aner Leit huet, dee wäertvoll ass.

Caroline Mart: Et war méi einfach, Mister Euro ze sinn, esou laang den Euro eng success story war.

Jean-Claude Juncker: En ass nach ëmmer eng success story.

Caroline Mart: Dir sot, en ass nach ëmmer eng success story, et sinn awer oppe Stëmmen, dat hätt ee sech virun e puer Joer net dreeme gelooss, déi spekuléieren, datt den Euro ofgeschaf gëtt. An et sinn net nëmmen d’D-Mark Nostalgiker, et sinn esouguer ganz seriös Wirtschaftsexperten, déi doriwwer diskutéieren.

Ass dat just d’Kris, oder weist et och op e wichtege Gebuertsfeeler vum Euro hin, datt d’Päerd am Fong vun hannen opgesuedelt gouf, datt mir fir d’éischt d’Währung haten, ouni iwwer eng gemeinsam Wirtschaftspolitik ze iwwerleeën?

Jean-Claude Juncker: Déi einheitlech Währung hu mir 1999 kritt, an 1992 am Vertrag vu Maastricht virgesinn. D’Wirtschaftspolitik konnte mir net vereenheetlechen, an dofir ass se national gelooss ginn, mat dem Optrag, d’wirtschaftspolitesch Décisiounë vun de Memberstaate vun der Eurozon maximal ze koordinéieren. Dat hu vill Regierungen net ganz gär. Zum Beispill déi lëtzebuerger Regierung, an d’lëtzebuerger Parlament, an d’Lëtzebuerger selwer, hunn déi dat gär?

Wat awer am Eurogrupp regelméisseg gesot gëtt, a wat de President vun der Europäescher Zentralbank seet, wann dir wëllt d’Wirtschaftspolitik koordinéieren, kann et net sinn, datt déi eng Länner en Indexsystem hunn – et gëtt der nëmmen 2, mir an d’Belsch, an d’Belsch hunn e vill manner wéi mir – an déi aner 14 Staaten an der Eurozon, déi hunn dat net.

Wann déi aner 14 Staaten och eng Indexéierung hätten, dann hätte mir wiesentlech méi eng héich Inflatioun an Europa. Wa mir méi eng héich Inflatioun hätten, dann hätte mir méi héich Zënsen an Europa. Wa mir elo méi héich Zënsen an Europa hätten, well jiddwereen en Indexsystem automatescher a kompletter Natur wéi mir hätten, dann hätt d’Wirtschaft grouss Schwieregkeete fir sech adequat ze finanzéieren.

Dat ass och Koordinéierung vun der Wirtschaftspolitik. Streiden, neen, mir wëllen dat do halen a mir maachen aner Saachen. Dat kléngt esou gutt Koordinatioun vun der Wirtschaftspolitik, mä et muss ee wëssen, datt do all national Gewunnechten op de Métier geholl ginn.

A mir kämpfen do wéi d’Gecken, datt mir deen Indexsystem kënne bäibehalen. Ech wëll deen och bäibehalen, mä da musse mir aner kompetitivitéitssteigernd Moossnamen ergräifen, si mir jo amgaangen ze maachen, fir deen objektiven Handicap vun der Indexéierung, international betruecht, aus dem Wee ze schafen.

Caroline Mart: Mä et ass jo net nëmmen den Index. Et si jo och ganz vill Länner, déi sech géint all Souveränitéitsverloscht wieren. Zu Lëtzebuerg hu mir jo och gutt dovu profitéiert, datt et net eng Harmoniséierung gouf, och zum Beispill wat d’Steierpolitik betrëfft. Dat heescht, all Land huet iergendwou seng Interessen.

Jean-Claude Juncker: Dir musst gesinn, datt eigentlech keen, deen eescht ze huelen ass an Europa, fir eng integral Steierharmoniséierung antrëtt. Gemeinsam mat aneren triede mir dofir an, datt et keng onfair Steiercompetitioun dierf ginn, an datt ee maximal Koordinatioun där Gestalt muss maachen, datt een zum Beispill d’Bemiessungsgrondlag där enger oder där anerer sech unnähere léisst.

Europa ka kee Schmelztiegel ginn, wou alles an enger breeder, bratscheger Mass zesummelieft. Da verléiere mir d’Zoustëmmung vun de Mënschen zu der europäescher Konstruktioun, an déi ass schonn net grouss, wéi mir wëssen. An dofir muss ee mat Verstand a mat Gefill un déi Koordinéierung vun der Wirtschaftspolitik erugoen.

Caroline Mart: Mä wéi geet dat dann? Erkläert eis dat e bëssen, mat deem Verstand a Gefill. Et ass jo kloer, datt ee wéi Dir elo net seet, mir ginn zréck bei d’Nationalwährung. De Wee zréck, dee geet net. Dat wat am Moment ass, geet net duer, d’Schwieregkeeten déi maachen dat ganz däitlech. Wéi vill Zesumme kann et ginn? Op wéi enge Punkten? Wéi kënnt een dohinner, a wien décidéiert dann dee Moment?

Jean-Claude Juncker: Fir d’éischt muss ee sech iwwer d’Grondviraussetzungen eens ginn, déi een dozou bréngen sech fir d’Stabilitéit an der Eurowährungszon anzesetzen, an déi dozou bréngen, fir datt d’Europa, an notamment d’Währungszon, an hire Politiken, an an hiren Ausrüstungen ëmmer méi no beienee réckelen.

Et gëtt zwou Saachen, déi ee muss gesinn.

Dat Éischt, an dëser Kris mierke mir ganz gutt, kee Land, och net dat gréissten an der Europäescher Unioun, gëtt alleng mat de Konsequenzen a mat de Verlängerunge vun där Wirtschaftskris eens. Et gëtt keng grouss Länner méi an enger globaliséierter Welt, mat Ausnahm vu China, vun Indien a vun de Vereenegte Staate vun Amerika, an d’Vereenegt Staate vun Amerika hu wiesentlech méi Problemer de Moment wéi mir der hunn.

An dat Zweet ass, datt ee muss gutt gesinn, datt mir als Europäer ëmmer manner zahlräich ginn. Mir hate weltwäit 20% Europäer um Ufank vum 20. Joerhonnert; um Ufank vun dësem Joerhonnert ware mir nach zu 11%, 2050 si mir nach zu 7%, an 2100 gëtt et nach 4% Europäer, déi an enger Welt musse liewen, an engem Ozean vu Mënschen, vun 9 Milliarden, 10 Milliarde Mënschen. Et gëtt net méi vill Europäer.

An dofir ass de Wee net zréck an den Nationalstaat, zréck a 27 oder 30 Provënz-Ligen. De Wee ass fir ëmmer méi Gemeinsames fäerdeg ze bréngen, wat eis stäerker bënnt a wat eis an der Welt méi staark mécht. An do brauch een och eng gemeinsam Währung, well iwwer de Wee vun der Währung kritt een Afloss op d’Gestaltung vun de Verhältnisser weltwäit.

Mir sinn déi stabilste Währung mat eisem Euro de Moment. A mir sinn [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: An Dir gleeft dorunner, datt e sécher ass?

Jean-Claude Juncker: Den Euro ass eng stabil Währung, en ass méi stabil wéi d’Däitsch Mark an hirem historeschen Duerchschnëtt war. En huet och manner Inflatioun produzéiert wéi d’Däitsch Mark zum Beispill Inflatioun produzéiert huet.

Ech maache mir iwwerhaapt keng Suergen, datt d’Existenz an d’Subsistenz vum Euro a Gefor wier.

Ech kennen och, mat Ausnam vu Spekulanten, keen deen et wierklech fir gutt géif fannen, wann déi grouss weltwäit wierkend Währung a sech selwer zesummefale géif.

Datt et Stëmme gëtt, déi dat gär hätten, datt et op de Finanzmäert Spekulante gëtt, déi hoerschaarf un de Grenze vun der Wirtschaftskriminalitéit probéieren, Millioune vu Mënschen an d’Ongléck ze wäerfen, dat kann ech net verkennen. Précisément dofir setzen ech mech an, datt déi net sech duerchsetzen, well ech sinn net der Meenung, datt déi, déi Milliarde Fric schleefen, automatesch och déi sinn, déi dat Bescht fir d’Mënschheet wëllen. Ech mengen, de Géigendeel wier de Fall.

Caroline Mart: Am Moment huet Europa emol e zollitte Scholdeproblem. Dir hutt eng Léisung virgeschloen, d’Euro-Bonds. Doriwwer ass vill gestridde ginn, Dir hat och Sträit mat der Madame Merkel. Dir schéngt awer esou gudder Déng, datt um Enn, et wier jo net fir d’éischte Kéier, se fir d’éischt Nee seet, an dann awer Jo seet, datt mat der Zäit Är Léisung sech duerchsetzt. Ass dat esou?

Jean-Claude Juncker: Jo, dat ass esou, well ech der Meenung sinn, datt et op Dauer deen eenzege Virschlag ass, an déi eenzeg Léisung ass, déi wëll Spekulatiounswelle ka briechen, an déi eis géifen hëllefen, géife mir dat maachen, datt déi Länner déi héich verschëlt sinn an ënner hirer Scholdelaascht zesummebriechen – ech kucken elo net, firwat dat dozou komm ass – géife besser eens ginn.

D’Iddi ass jo net, fir datt déi Däitsch an d’Éisterräicher, an d’Hollänner, an d’Lëtzebuerger, dat sinn déi mat deem beschten Zënssaz de Moment, datt déi all Scholde vun deenen anere géifen hëllefen ofbauen. Dat ass jo e bësse méi reng de Virschlag.

An et kënnt och net zu engem eenheetlechen Zënssaz. D’Zënsen an Italien, a Portugal, an Irland, a Spuenien, a Griichenland wäerten ëmmer méi héich sinn, wéi dat zu Lëtzebuerg de Fall ass.

Mä et muss een d’Kombinatioun packen aus der Soliditéit – déi Länner mussen hire Budget an hiert Land, an hir Wirtschaft erëm zréck an d’Fassong kréien – an déi aner Länner musse Solidaritéit üben an hinnen dobäi hëllefen.

Ass dat eigentlech esou schlëmm, wa mir elo hëllefen, datt d’Griichen, déi eng Duerchschnëttspai hu vu 600, 700 Euro, an déi elo mussen Affer bréngen drop an derwidder; ass dat esou schlëmm, wa mir aus Grënn vun europäescher Konsistenz a vun dem gudden Erhalen a Gedeie vun eiser gemeinsamer Währung, do eng Hand mat upaken?

Ass et net och esou gewiescht, datt mir och emol schonn hei an eise Géigende vu Leit, déi vu vill méi wäit ewech komm si wéi d’Griichen, gehollef kritt hunn, datt mir erëm aus dem Schlamassel géifen erauskommen? De Marshall, huet deen am Éislek gewunnt, oder war deen aus Amerika?

Caroline Mart: Ee vun den Argumenter dogéint, och wann Dir och elo e ganz vehementen Appel dofir gemaach hutt, dat ass d’Angscht vun deem Moment wou ee weess, datt staark Schëlleren, vläicht net alles opfänken, awer op d’mannst hëllefen, datt elo e grousse Präbbeli do ass, ënner deen ee sech ka setzen; datt d’Incitatioun net esou grouss ass fir selwer de Rimm méi enk ze zéien, fir konsequent ze sinn, datt e gewësse Laisser-aller domat gefördert gëtt?

Jean-Claude Juncker: Wann ech gesinn, wéi schwéier datt mir eis di fir eis Staatsfinanzen an Uerdnung ze bréngen, kann ech jo net ofstreiden, datt do, wou den Duercherneen nach méi grouss ass, an en ass iwwerall méi grouss wéi zu Lëtzebuerg, d’Ustrengungen nach méi wäit musse goen.

Mä kuckt emol d’Griichen, d’Iren, d’Spuenier, d’Portugisen, an ausserhalb vun der Eurozon, d’Letten, d’Litauer, d’Rumänen, wat déi vu Spuermoossname mussen duerchféieren, déi optiounslos sinn. Well wann ee seng Finanzen net an der Rei huet, kann een net als Wirtschaft wuessen. Esou eppes ass net denkbar, et sief dann, et géif een duerch ëmmer méi Schold an ëmmer méi Defizit Wirschaftsukuerbelungsprogrammer finanzéieren, déi dann awer déi nächst Generatiounen ënner der Scholdelaascht erdrécken.

De Stabilitéitspakt deen elo reforméiert gëtt, dee mécht méi Drock op de Spuermechanismus, dee muss sinn. An déi Propositioun vun den Euro-Obligatiounen hätt och méi Drock gemaach. An dofir setzen ech se och enges Daags duerch, well a mengem Virschlag gëtt een Deel vun der nationaler Staatsschold um europäeschen Zentrum gebündelt, a mat europäeschen Obligatiounen, mat europäesche Bonds, mat europäeschen Anleihen bedéngt.

Mä dee gréissten Deel vun der nationaler Schold, dee muss national bedéngt ginn, mat méi héijen Zënse wéi d’Euro-Bonds der hunn. Wann ech also wëll ënner déi méi bëlleg Euro-Bonds kommen, muss ech jo alles maache fir meng Schold, déi ech mat nationalen Obligatiounë finanzéieren, esou kleng wéi méiglech ze maachen.

Dat géif en duebele Spuerdrock ginn an net, wéi dat an Däitschland an op anere Plaze gemengt gëtt, ee sech gemittlech zrécklehnen an der Fotell, an déi aner mat der Regelung vun den eegene Problemer gewäerden ze loossen. Dat ass net esou.

Caroline Mart: Dann ëmgedréint gefrot. Kann de Spuerdrock net ze vill grouss ginn? Kann een net och Länner hunn, déi sech quasi futti spueren? Dir huet d’Ire schonn ugeschwat. Wann een emol net méi amstand ass d’Zënsen zréckzebezuele vu senger Schold, kënnt do net iergendwéini e Moment, wou d’Wirtschaft einfach iwwerhaapt net méi kann?

Jean-Claude Juncker: Et muss ee wëssen, datt an deene Länner, wou esou vill muss gespuert ginn, Griichenland zum Beispill, well virdrun d’Saachen och lafe gelooss gi sinn, datt een do an eng Situatioun kënnt, wou een natierlech eng Zäit laang mat enger Stagnatioun vun der wirtschaftlecher Aktivitéit muss liewen, a wou ee sech eigentlech selwer bal fräiwëlleg an eng rezessiv Phas muss ofrëtsche loossen.

Heiheem ass ëmmer driwwer gelaacht ginn, gespëttelt ginn, wann ech fréier, als jonke Finanzminister, gesot hunn, lues, déi Sue, déi mir elo ze vill kréien, loosse mir déi halen, loosse mir déi investéieren, fir datt mir eppes an der Keess hunn, wann d’Wirtschaft eng Kéier zesummeklappt. Ech hätt ni gemengt, datt se kéint esou zesummeklappe wéi se an de Joeren 2008 an 2009 zesummegeklappt ass.

Mir hunn e Konjunkturprogramm opgeluecht, och hei zu Lëtzebuerg, mä mir hunn eis awer net exzessiv staark verschëlt. Mir hunn eng Verschëldung vun 19% vun eisem Bruttoinlandprodukt. Dat ass de Moment déi nidderegst Verschëldung an der Eurozon. A mir hunn eis net méi musse verschëlden, well mir virdru probéiert hunn anstänneg ze wirtschaften. Dat ass net ëmmer gaangen, mä meeschtens, an an de grousse Linnen ass dat gaangen.

An dofir soen ech, wann ee weess, datt d’Weltwirtschaft zyklesch verleeft, a wann ee weess, datt – obschonn ech mengen, datt eng Kris mat där Gravitéit net méi erëmkënnt – aus dem Dag ka séier Nuecht ginn, muss een och a gudden Zäiten net zu allem Jo soen.

Ech hunn a mengem Liewen als Finanzminister méi dacks mussen Nee soe wéi Jo soen. A wann ech net esou dacks Nee gesot hätt, da géifen d’Leit elo net Jo soen zu all deem, wat da misst geschéien, well dann hätt vill méi misse geschéien, wéi dat, wat elo vun de Leit verlaangt gëtt.

Caroline Mart: Wéi d’Kris esou richteg voll amgaange war, do war e breede Konsens an der Politik bei den Europäer fir ze soen, déi déi schold sinn, déi mussen op d’mannst e gudden Deel vun der Schold matbezuelen, dat Ganzt dierf net um Bockel vum Steierzueler ausgedroe ginn.

Mä bei all konkreter Annonce fir ze soen, elo maache mir och eppes, elo geet et, elo huele mir d’Banke mat an d’Flicht, ass direkt erëm gesot ginn, mir dierfen awer net ze vill maachen; oder, mir dierfen dat elo net direkt maachen; oder, mir mussen oppassen, well d’Marchéë sinn esou nervös. A wann d’Marchéën ze vill nervös sinn, da gëtt d’Spekulatioun nach eng Kéier ugedriwwen, an da gëtt et nach méi schlëmm. Wéi kënnt d’Politik aus där Féckmillchen eraus?

Jean-Claude Juncker: Ech si prinzipiell der Meenung, datt Privatinvestisseuren, Banken, Versécherungen, an anerer déi ze vill héich Risiken iwwerhuelen, datt déi och mussen hëllefen d’Finanzéierung vun der Léisung ze bestreiden.

Caroline Mart: D’Fro ass just, wéi hëllefen?

Jean-Claude Juncker: Do gëtt et vill Méiglechkeeten. Do gëtt et d’Restrukturéierung vun der Schold, do gëtt esou genannten Haircuts, do gëtt et vill Arrangementer ënner de Gläubiger selwer, wéi een aus enger Situatioun kann erauskommen.

Ech si just dogéint, datt een a priori an ex ante seet, all Kéier wann eng Kris entsteet, mussen d’Privatinvestisseuren hëllefen ze bezuelen.

Firwat sinn ech do dogéint? Net well ech elo iwwer Nuecht mech an déi international Finanzwelt verléift hätt, mä well ech einfach gesinn, datt wann d’Méiglechkeet besteet, datt all Kéier wou eppes an engem Land geschitt, och well d’Regierung sech an deem Land vläicht falsch verhalen huet, d’Privatinvestisseurë musse bezuelen, da gi se net méi an déi Länner.

Wéi dat Gespréich opkomm ass, haaptsächlech bedriwwe vun Däitschland a Frankräich, datt elo d’Privatgläubiger, wéi dat am Däitschen heescht, all Kéier missten hëllefe bezuelen, huet sech d’Kapital lues a lues aus deene méi schwaache Länner zréckgezunn. Grad do, wou mir Kapitalzoufuhr brauchen, grad do wou mir Investitiounë brauchen, huet dat Gespréich dozou bäigedroen, datt et zu Offloss an deene Länner komm ass.

Mir musse wësse mat wiem mir et ze dinn hunn op de Finanzmäert. Dat si keng Helleger, dat si knallhaart Jongen. An et muss ee wëssen, wéi deenen hire Reflex- a Reaktiounskostüm ass, an dorop muss ee sech astellen. A si mussen och wëssen, datt d’Politik duerchaus à même ass heiansdo de Rimm unzezéien, wat mir elo e puer Mol gemaach hunn, a wat da seng Wierkung och net verfeelt.

Caroline Mart: Et gëtt jo och vill vun der Irrationalitéit vun de Marchéë geschwat, wéi wann do keng Strategie dohannert wier. Ass et dann net awer och esou, datt eenzel Leit e ganz kloere Kapp behalen a sech eng gëllen Nues mat der Kris verdéngen?

Jean-Claude Juncker: Wann ee verléiert, dann ass een aneren dee gewënnt. An d’Konscht vun der Politik, déi beherrsche mir net ganz, besteet doran, datt déi richteg verléieren an déi richteg eppes bäikréien.

An dofir ass deen Asaz fir déi europäesch Währung a fir déi Politiken, déi vun där Währung an hirem Cortège musse co-determinéiert ginn, e ganz wiesentlechen. Well et geet och ëm e bestëmmtent Gesellschaftsbild, ëm e bestëmmte Wirtschaftsmodell, ëm e bestëmmtent Mënschebild.

Entweder léisst een zou, datt Leit, och vill kleng an einfach Leit – där gëtt et jo vill – total ewechgeschwemmt gi vun der Rücksichtslosegkeet vun deenen, déi op de Finanzmäert d’Soen hunn, oder et probéiert ee lues a lues e System op d’Been ze kréien, wou ee sech erëm Meeschter mécht iwwer d’Welt, statt datt een dem Wëlle vu Finanzhaien ënnerworf ass.

Caroline Mart: Dat ass jo och e Problem vun der Glafwierdegkeet vun der Politik, well d’Onzefriddenheet an Europa – vläicht zu Lëtzebuerg nach net, well mir net déi drastesch Spuermoossnamen zum Gléck hunn – wiisst, an d’Politik gesäit sech och do engem Drock ausgesat, datt iergendwéi d’Belaaschtungsgrenz erreecht ass.

Jean-Claude Juncker: Dat ass déi Haaptsuerg déi mech ëmdreift.

Aus der Finanz- a Wirtschaftskris ass eng Kris op den Aarbechtsmäert ginn, iwwregens net esou grouss wéi mir gefaart haten. An aus der Kombinatioun vun all deem wat net richteg geet kann eng Sozialkris entstoen. An aus Finanz-, Wirtschafts- a Sozialkris kann eng Systemkris entstoen, well d’Leit sech einfach an eiser Aart a Weis fir ze wirtschaften a Politik ze maachen, net méi erëmfannen.

Dat ass schonn eppes wat mech ëmdreift, an dofir ass mäin Ierger och grouss iwwer vill falsch Reflexer am Lager vun deenen, déi en fait duerch hiert irresponsabelt Verhale virun 2 Joer d’Finanzkris ausgeléist hunn, an déi elo erëm monter Bonusse verdeelen, sech un de Profiter déi se maachen ergëtzen, a vill aner Leit musse méi lues trëppelen.

Firwat ass et net méiglech, datt déi Jonge sech normal behuelen? Firwat déi permanent Provokatioun fir am Floribus ze liewen, esou datt jiddwereen et gesäit, déck Paien, déck Bonussen ze kasséieren - at ass eppes, wat mech eigentlech degoûtéiert.

Caroline Mart: Et gëtt en neie Phänomen an Europa, dee sécher net am Sënn vum Erfinder war. Et gëtt eng gewësse Polariséierung, Grouss géint Kleng. An déi Kleng fänken u sech ze wieren.

Wa mir elo zréck kucken, d’EU-Kommissärin Viviane Reding huet sech ugeluecht mam Här Sarkozy wéinst de Roma. Dir sidd zimlech an en oppene Clash gaangen, souwuel mat der Kanzlerin, mä och mam Här Schäuble. An dann huet een och nach [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Mam Här Schäuble net, ma nach en aneren "S".

Caroline Mart: Dat war an Ärer Qualitéit als President vum Eurogrupp. An dann hate mir awer och nach de Jean Asselborn, dee carrément Berlin a Paräis Arroganz virgeheit huet. Dat kléngt esou e bëssen no David géint Goliath. Dat ass jo awer net ouni Risiko?

Jean-Claude Juncker: Dat soll ee jo och alles net iwwerdreiwen.

Onofhängeg vun der Rhetorik déi deen een huet, an deen aneren huet, an déi 2 sinn heiansdo ënnerschiddlech, ass et an engem bestëmmtene Moment drop ukomm, fir däitlech ze maachen, datt kleng Länner och d’Recht hu Propositiounen ze maachen, déi net einfach kënnen ewechgewëscht gi vun engem, oder zwee Grousser, well dat hinnen dee Moment net an hiren innepolitesche Krom passt. Et ass jo eng innepolitesch Agenda, déi vill Wuertmeldunge ganz oft determinéiert.

Ech gehéieren net zu deenen, déi fannen, si géife vun deene Groussen erdréckt ginn. Ech gehéieren zu deenen, déi dat wat déi Grouss soen zur Kenntnis huelen, an déi awer net an e blanne Kadavergehorsam verfalen, just well déi Grouss et gesot hunn, mengen elo misst een dat hëllefe maachen, wat si gär hätten.

Um perséinleche Plang fënnt dat iwwregens och a ganz ziviliséierte Bunne statt. D’Madame Merkel an ech hunn eis gutt ameséiert iwwer déi Karikaturen déi publizéiert gi sinn, wou mir wéi 2 Boxer do an engem Réng stinn, oder wéi Sumo-Ringer do openee lassginn.

Esou dramatesch sinn déi Saachen hei net. Wann ee mat engem gutt ass, a wann och tëscht Länner gutt Relatiounë sinn, muss ee sech heiansdo kënne mateneen huelen ouni Sträit ze kréien.

Caroline Mart: Dat ass dat Perséinlecht.

Op där anerer Säit huet een awer d’Gefill, datt et vläicht trotzdem, a grad wann et méi schwiereg gëtt, se net alleguer gläich sinn. Well wann Dir als President vum Eurogrupp schwätzt, oder d’Madame Reding als Kommissärin, da gëtt gesot, Lëtzebuerg huet gesot. Wann den Här Barroso eppes seet, als President vun der Kommissioun, da gëtt net gesot, Portugal huet gesot.

Jean-Claude Juncker: Dat gëtt ganz oft gesot a ganz oft geschriwwen, wann och net onbedéngt hei.

Domat muss ee liewen. Mir soe jo och, wann d’Madame Merkel eppes seet, Däitschland huet gesot. Wann d’Madame Merkel eppes seet, huet jo net ganz Däitschland eppes gesot. A wann den Här Sarkozy eppes seet, huet ëmmer ee manner groussen Deel vu Frankräich et gesot, wéi een dat misst kënnen unhuelen, wann e Staatspresident schwätzt.

Caroline Mart: Dat heescht, et ass net méi schwéier gi fir déi kleng Länner an Europa?

Jean-Claude Juncker: Et ass méi schwéier gi fir d’Länner alleguer. Et gëtt mat méi haarde Bandagë sech unenee geriwwen.

Mä an Europa geet et jo net drëm ëmmer erauszefanne wie sech duerchgesat huet, wie gewonnen huet. Déi Leier do, déi éiweg Nachgipfel-Oper, datt jiddweree muss beweisen, datt e sech duerchgesat huet, obscho ganz oft näischt duerchzesetze war, dat ass eppes Lächerleches.

Kuckt emol dee leschten europäesche Sommet. Do hunn eenzel Leit sech duerchgesat, hu se gesot, fir de permanente Krisemechanismus am Dezember ze décidéieren.

D’Finanzminister vun der Eurozon haten e schlësselfäerdeg den 28. November dohinner geluecht, an en ass a kengem Milimeter verännert ginn. An d’Eurofinanzminister stinn elo am Optrag bis an de Mäerz dee System do esou unzesträichen, datt dat e Vehikel gëtt, deen och vu jiddwerengem als gutt a schéin ëmfonnt gëtt. Also, déi Duerchsetzerei ass eppes strikt Lächerleches.

Caroline Mart: D’Bild vun Europa ass vläicht net onbedéngt dat alleragreabelst gewiescht. Wann een elo kuckt, déi lescht 6 Méint ass Europa presidéiert gi vun engem Land ouni Regierung, der Belsch. Elo iwwerhëllt e Land ouni Pressefräiheet, dat ass Ungarn.

All dat Gestreids, dat Hin an Hier, wann och aus innepolitesche Grënn, geet natierlech och no baussen. Ass dat gutt fir den Image vun enger Unioun, déi am Fong wëll als grouss Wirtschaftsmuecht vu 500 Millioune Mënschen do stoen, a Konkurrenz mat de Chineesen, mat den Amerikaner, mat den Inder?

Jean-Claude Juncker: Déi belsch Regierung huet gutt presidéiert, huet Europa net geschued an hat iwwregens och Zäit fir dat ze maachen.

An dann hu mir Europa anescht opgestallt. Mir hunn e permanente President vum Conseil, den Här Van Rompuy, esou datt de belsche Premier näischt mat där Presidence um ieweschten Niveau ze dinn hat. Mir hunn eng permanent Ausseministesch, mir hunn e permanente President vum Eurogrupp.

Also fonctionnéieren d’Institutiounë lassgeléist vun der nationaler Identitéit vun där Regierung, déi dee Moment am Stull vun der Presidentschaft sëtzt. Well d’Presidentschaft ass esouwuel fir d’Premieren, wéi fir d’Ausseministere wiesentlech manner ustrengend wéi dat virdrun de Fall war.

An Ungarn hu mir en anere Problem. Dat ass deen, datt de Verdacht als berechtegt erschéngt, datt do d’Pressefräiheet an Etappen no ënne revidéiert gëtt. Dat ass natierlech en Zoustand, deen een esou net kann akzeptéieren, mat deem sech och ze beschäftegen ass, esou wéi sech och mat dem geneeën Inhalt vun deem Gesetz ze beschäftegen ass. Vill schwätzen iwwer dat Gesetz, ouni et jeemools eng Kéier och nëmme vu wäit gelies ze hunn.

Caroline Mart: An dat Bild elo, wann ee kuckt, wéi gëeent ass Europa, wann een elo kuckt, d’Chineesen déi hëllefen zum Deel massiv andeem se opkafen, andeem se finanzéieren a Griichenland, an Irland, a Spuenien. Dat ass jo net nëmmen aus Eegennotz?

Jean-Claude Juncker: Ech hat am leschte Joer dräi intensiv Gespréicher mam chineesesche Premier a menger Qualitéit als President vum Eurogrupp. A fir mech ass alles dat un Ënnerstëtzung, wéi d’Chineesen dat soen, fir déi méi schwaach Eurolänner net mat engem Element vun Iwwerraschung behaft.

Caroline Mart: Dee Mann, deen dat éischt Gesiicht vun Europa ass, Dir hutt e schonn ugeschwat, den Herman Van Rompuy, ass wahrscheinlech relativ onbekannt awer, wann een elo géing an Europa eng Ëmfro maachen. Dir sot, Dir sitt zwar net de leschten Europäer, mä awer sécher ee vun den iwwerzeegsten, wann net deen Iwwerzeegsten an deen Ausgezeechensten. Wier et dann anescht ënner engem President Juncker?

Jean-Claude Juncker: Vläicht wier mäi Gesiicht méi bekannt ginn. Heiansdo froen ech mech, wann ech dat hätt kënne maachen, op den Duercherneen net méi grouss gi wier.

Firwat hat ech Schwieregkeeten an där Fro? Well ech och de Kollegen erkläert hunn, notamment engem, wéi ech dat géif gesinn, datt de President vum Europäesche Conseil muss soen, hei ass d’Richtung, an déi gi mir elo, an elo schaffe mir do drun. An dat war jo eng Positioun, déi eigentlech net spontan Zoustëmmung vu jiddwerengem fonnt huet.

Den Här Van Rompuy mécht dat anescht. Dee léisst d’Saache mautschen an e faasst se herno zesummen, an e presentéiert dann e Resultat wat hie kritt huet. Vläicht ass dat eng méi adequat Fassong fir an Europa eens ze sinn. Net ze soe wat ee selwer denkt, net ze soe wat ee selwer wëll, mä d’Saache sech beienee setzen ze loossen, an dann doraus e Gesamtkunstwerk ze maachen.

Ech kann dat net. Fir meng Meenung net ze soen, dat gëtt näischt. Ech bréngen et scho fäerdeg fir se net ëmmer ze soen, an dat kascht mech scho schrecklech Ustrengung.

Caroline Mart: Dir kënnt awer eppes, wat nach ganz wéineg europäesch Politiker kënnen, dat ass, ëmmer erëm drun erënneren, datt Europa, dee groussen historesche Projet, eng Fro vu Krich a vu Fridden ass, an datt et eis de Fridden, dee längste Fridden an Europa ginn huet. Et ass en Discours, deen net oft gär gehéiert gëtt, oder wou Muncher soen, dat sinn al Kamellen.

Wann Dir elo d’Entwécklung an Europa kuckt, kritt Dir do heiansdo awer e bësselchen en ongutt Gefill wat de Fridde betrëfft? Wann een d’Opkomme vun extrem Rietsen gesäit, net wäit vun eis ewech, an der Belsch, an Holland, Ungarn hu mir schonn ugeschwat.

Och wann Dir sot, et beschäftegt ee sech net mat deem Gesetz, do sinn awer kloer rassistesch, xenophob an antisemitesch Aussoen, déi kënnen einfach esou gesot ginn.

Jean-Claude Juncker: Passt op, wat Dir elo sot. Wéi ech mam ungaresche Premier iwwer säi Pressegesetz telefonéiert hunn, dunn huet hie mir gesot: “Du weess jo, wéi vill antisemitesch Presseorganer datt et an Ungarn gëtt, dir sitt also do dogéint a Westeuropa, datt mir den Antisemitismus bremsen.�? Et kann een d’Saachen also ëmmer dréinen wéi ee wëll. Ech [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Mä d’Hemmschwell ass erofgaangen. Wann ee kuckt, an Däitschland d’Sarrazin-Debatt, a Frankräich wéi et mat de Roma war – et ass eng Tendenz erëm do, datt Téin opkommen, déi et fréier net gouf.

Jean-Claude Juncker: Jo, ëmmer wann déif Krisen d’Wirtschaft an d’Soziallandschaft auszeechnen, kënnt et zu simplisteschen, populisteschen, net nëmmen Entgleisungen, mä systematesch opgebaute Gesamtdiskursen an der Breet.

Caroline Mart: Wéi geféierlech sinn déi elo?

Jean-Claude Juncker: Dat halen ech fir ganz geféierlech.

An eigentlech ass d’Europäesch Unioun, op Grond vun deene Wäerter op déi se opsetzt, eng gutt Ofwier géint déi Tendenzen.

Wann d’Ungarn zum Beispill net an der Europäescher Unioun wieren, da kéint jo keen eppes maachen. D’OSZE ka soen, dat do ass net gutt, de Conseil de l’Europe kann de Fanger maachen, d’Europäesch Unioun huet ganz aner Awierkungsméiglechkeeten. D’Europäesch Unioun ka sech ganz séier zu enger Aart Tribunal fir jiddwereen entwéckelen, dee sech muss veräntwerte fir bestëmmte Saachen déi e gemaach huet, ansonsten e sech an där Europäescher Unioun net ka fräi, a gutt, an zilstrebeg beweegen.

Mä ech ënnerschätzen déi Tendenzen absolut net. Ech soe jo och ëmmer heiheem, wann déi Leit, déi fir extrem riets Gedanken zougänglech sinn eng Kéier eng politesch Figur fannen, déi dat richteg kann ausdrécken, da wäerte mir emol gesinn, wéi vill Zousproch datt esou en negativt Denken, och an enger berouegter Gesellschaft wéi där Lëtzebuerger, fënnt.

Caroline Mart: Et brauch een nëmmen d’Marine Le Pen ze kucke bei eisen Noperen.

Jean-Claude Juncker: Ech si frou, datt mir keng Damm vun där Zort hei hunn, mä et gëtt se heiansdo awer och als Männer. An da si se och mindestens esou geféierlech wéi d’Madame Le Pen am Frankräich.

Wann d’Saache schwiereg sinn, wann d’Saache komplex sinn, wann d’Saachen oniwwersiichtlech sinn, wann een net gutt gesäit wat geschitt, da fannen déi einfach Sloganen ëmmer deen einfache Wee, a fannen och déi gréissten Zoustëmmung.

Dofir ass deen Hiwäis drop, dee mir periodesch entwutscht, fir ze soen, Europa ass méi wéi Ekonomie, Europa ass méi wéi den Euro, Europa ass méi wéi gemeinsam Agrarpolitik. Dat ass wichteg, well Europa ass een, an d’praktesch Politik iwwersatent Bild vum Mënsch a vun der Gesellschaft, an iwwerhaapt vun der Welt. An dozou gehéiert, datt ee muss eng douce Politik maachen am Ëmgang mat deenen, mat deenen een net enger Meenung ass.

An dofir ass dee gréissten Erfolleg a mengen Aen ëmmer nach, datt d’europäesch Integratioun et fäerdeg bruecht huet, datt mir e Kontinent vum Fridde bliwwe sinn. Wat net esou war virdrun, a wat op ville Plazen an Europa och net an deene leschten 10, 15 Joer esou war. Am Kosovo hate mir virun 10, 12 Joer Krich, do si Kanner doutgeschloe ginn, do si Frae vergewaltegt ginn, do ass gefoltert ginn, an dat matten an Europa. Dat ass annerhallef Flugstonn vun hei ewech.

Mir solle ganz gutt op déi al Dämonen oppassen, a léiwer méi Europa, och wann een heiansdo d’Flemm kann domat kréien, wéi elo op déi europäesch Solidar- an Toleranzflicht ze verzichten, just well et heiansdo schwéier ass, gedëlleg déi déck Brieder do ze bueren.

Caroline Mart: Dir hutt d’Flemm ugeschwat. Ofschléissend, Hand op d’Häerz, kënnt Dir nach soen, den Job mécht Spaass, oder ass et reng Flichtbewosstsinn?

Jean-Claude Juncker: Dat ass méi Flicht wéi Spaass. Esou geet et awer, mengen ech, bal deene meeschte Leit déi schaffe ginn. Et ass jo vill Flicht dobäi, dat wat ech hei ze maachen hunn ass net vergnügungssteierflichtig. An esou richteg Spaass mécht dat jo och net ëmmer. Mä et ass awer och eng ongewéinlech Chance, déi een am Liewen huet, fir op där Plaz ze sinn, och schonn eng relativ laang Zäit laang, d’Gefill ze hunn, datt awer vill Leit engem Vertraue maachen, an ze probéieren déi Saach gutt ze maachen. Dobäi muss ee jo net ëmmer Spaass hunn.

Et ass jo net spaasseg, wann ee muss hëllefe Banke retten; et ass jo net lëschteg, wann d’Situatioun um Aarbechtsmaart sech ëmmer méi negativ entwéckelt. Et ass jo net schéin ze gesinn, datt et vill Leit gëtt – kleng Leit, vun deenen ni vill geschwat gëtt, mä déi et awer och zu Lëtzebuerg gëtt – déi ganz no un de Grenze vun enger Aarmutssituatioun sech. Et mécht kee Spass fir mat anere Staatspresidenten, Premieren, a Kanzleren ze streiden iwwer dee richteg Wee. Et muss awer gemaach ginn. An dat ass dann awer méi wéi Flicht. Et mécht jo awer e bësse Freed.

Caroline Mart: Ech soen Iech villmools Merci. A fir Iech Freed ze maachen, zum Schluss eppes Agreabeles. Dir dierft dann als Staatsminister dem Staatschef, dee jo och en extrat Joer hat 2010, mat engem éischte Jubiläum vum éischte Joerzéngt, da wënschen.

Jean-Claude Juncker: Richteg ass et, datt de Grand-Duc Henri 10 Joer eise Grand-Duc ass, an dofir géif ech him, an der Grande-Duchesse, an de Kanner vun der grousshäerzoglecher Koppel gären all Guddes wënsche fir d’Joer 2011. A besonnesch dës Kéier dem Grand-Duc Jean, deen de 5. Januar säin 90. Gebuertsdag feiert. Ech wëll him elo schonn all Guddes fir säi Gebuertsdag wënschen. An iech alleguer dat Bescht.

Caroline Mart: Merci, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour