Jean-Claude Juncker au sujet du 90e anniversaire de S.A.R. le Grand-Duc Jean

Carlo Link: Wéi hien de Grand-Duc Jean als Persoun aschätze géif, wollte mir vum Premier wëssen.

Jean-Claude Juncker: Ech wëll fir d’éischt eppes iwwer de Grand-Duc Jean als Mënsch soen.

Mir ass ëmmer d’Observéiere vun engem Charakterzuch deen hien huet nogaangen. Et ass e gudde Mënsch, een dee fir sech fir aner Mënschen interesséiert, net een dee sech an e Palais oder an e Schlass zréckgezunn hätt a Gottes Waasser iwwer säi Land lafe gelooss hätt, ma een deen ëmmer no bei de Leit war.

Et sinn esou vill Szenen an Erënnerung, wou hien ugeruff huet, oder wou hie mech komme gelooss huet, oder bei senge regelméissegen Audienzen déi ech konnt bei him hunn, wou hien eenzel Schicksaler thematiséiert huet, wou manifestement dat soziaalt Sécherheetsnetz net duergaangen ass fir perséinlech Dramen ze verhënneren

An dann huet hie mech ëmmer regelrecht ermahnt fir fir déi Leit eppes ze maachen. Hien huet och ganz oft selwer eppes fir déi Leit gemaach, aus senger Privatschatull, wann ech dat esou despektéierlech dierf soen.

Et ass een, deen anere Mënschen, och anere Kulturen, e spontaant Interessi entgéint bréngt. Et ass een, dee sech net zefridde gëtt mat sech selwer, deen net ëm sech selwer dréint, ma dee mat de Leit zesumme gedréint huet, an ëmmer nach, wéi ech weess, dréint.

An dann huet mech an eise méi institutionelle Relatioune déi aussergewéinlech héich Opfaassung, déi e vu senger Fonctioun hat staark beandrockt. An dee Wëllen deen en hat, seng Saach ënner allen Ëmstänn gutt ze maachen. Sech selwer och ëmmer zréckgeholl huet, par rapport zu deem wat hien als seng national Aufgab ëmfonnt huet.

Een, dee sech et net einfach gemaach huet, an deen alles wat him gehéiert huet, seng Fräizäit, seng Interessien, seng Hobbien, deem ënnergeuerdent huet, wat en dee Moment ze maachen hat, wat seng Aufgab war. E moderne Staatschef an deem Sënn, datt en awer probéiert huet, esouguer wann et him schwéier gefall ass, mat der Gesellschaft, mat hire Stréimungen, mat hire Plien, mat hire Verwäerfunge matzewuessen, andeems hie probéiert huet ze verstoen, wat aner Mënsche géif ëmdreiwen. Een deen eng grouss Faculté d’écoute hat, een deen nolauschtere konnt.

Ech hu mech ëmmer wuelgespuert wann ech mat him zesumme war.

Carlo Link: De Grand-Duc Jean war jo och e Familljepapp. Hutt Dir hien och privat kenne geléiert?

Jean-Claude Juncker: Jo, ech hunn e privat gutt kenne geléiert, well hie mech heiansdo invitéiert huet, Heem bei sech op Colmar-Bierg, an ech hunn hien och heiansdo Heem bei mech op d’Cap invitéiert.

An ech wäert ni vergiessen, mat wat fir enger Dignitéit, mat wat fir enger grousser Besuergnis hien op d’Akzident vu sengem Fils, dem Prënz Guillaume reagéiert huet. Dir kënnt Iech vläicht erënneren, datt den Trounwiessel jo fir den 28. September geplangt war, an dunn hu mir deen op de 7. Oktober misste verréckelen, well de Prënz e ganz schwéiert Akzident hat, an en net gutt dru war. Dunn hunn ech hien als Papp erlieft.

An ech hunn en och erlieft am Schëllerschloss mat senger Fra, mat der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte, mat deenen ech vill geschwat hunn, déi Deeg an déi Wochen.

D’Liewen ass fir jiddwereen d’selwecht, a wann ee Misère huet, dann huet ee Misère, do gëtt et keng grousshäerzoglech Aart a Weis domat ëmzegoen, do gëtt et just eng déif mënschlech.

Ma hien huet mir och eng Kéier gesot, obschonn ech net gär aus Gespréicher mam Grand-Duc schwätzen: "Kuckt emol, elo ass d’ganzt Land interesséiert un deem Misère deen ech hunn, an esou vill Leit hunn all Dag dee selwechte Misère, ouni datt d’ganzt Land dorun Undeel hëllt." Mä hien huet dat awer als groussen Trouscht ëmfonnt, als Zuwendung vu senge Leit.

De Grand-Duc war net nëmme Grand-Duc, hie war net nëmme Chef vun enger Famill, hie war och Familljepapp, een dee seng Kanner gär huet, dee frou war mat senger Fra, a seng Fra huet a sengem Liewen eng exzeptionell grouss Roll gespillt. Ech hat eng Kéier an der Chamber gesot, wéi d’Grande-Duchesse gestuerwen ass, hien hätt d’Prinzessin vu sengem Liewe verluer, an dat war och esou. Dat war eng co-substantiell Koppel, wou een deem aneren eppes ginn huet. Wéi seng Fra gestuerwen ass, huet hien och do mat enger exzeptioneller Dignitéit drop reagéiert. Hie war traureg, déif-traureg.

Carlo Link: Här Staatsminister, op den Dag wou de Grand-Duc Jean sengem 90. Gebuertsdag, a wéi enge Wieder wënscht Dir him?

Jean-Claude Juncker: Ech géif gär op sengem 90. Gebuertsdag an enger ongewéinlecher Wonschform wënschen, nämlech him Merci soe fir dat wat e gemaach huet an och e Merci soe fir déi Aart a Weis mat där en dat gemaach huet, mat grousser Dignitéit, esouwuel heiheem wéi dobaussen, mat enger reeller Suerg ëm d’Leit deenen et net gutt gaangen ass.

Ech géing him Merci soe fir déi gutt Rotschléi déi hien engem, dann awer nach jonke Staatsminister ginn huet, wéi ech et bis gi war a wéi e mech vereedegt hat. Ech vergiessen ni, datt ech deen eenzege Staatsminister sinn, dee vum Grand-Duc Jean vereedegt ginn ass, deen däitlech nom Zweete Weltkrich gebuer ass; deen eenzegen och, ma dat ass elo wierklech e bal lächerlechen Detail, deen an der Villa Vauban huet musse vereedegt ginn, well de Palais amgaange war ëmgebaut ze ginn.

An och déi Emotioun déi hien hat an ech hat, well fir d’éischt am Op an Of vun der Geschicht vun eisem Land, een deen am Krich war ee vereedegt huet deen nom Krich gebuer ass. An hien huet deemools zu mir gesot: "Esou kommen d’Saachen dann op eemol beieneen."

A sou si si och beienee komm.

Dernière mise à jour