Jean-Claude Juncker au sujet du règne et de la personnalité de S.A.R. le Grand-Duc Jean

Marco Goetz: Jean-Claude Juncker, de 5. Januar ass den 90. Gebuertsdag vum Grand-Duc Jean. Wat verbannt Dir domat, wat wënscht Dir him?

Jean-Claude Juncker: De Grand-Duc Jean war den 8. Grand-Duc dee mir zu Lëtzebuerg haten. An ech hat d’Éier, Staatsminister ze si während senger Zäit als Grand-Duc.

An ech hunn un deem Grand-Duc Jean e puer Saachen ëmmer bewonnert.

Fir d’éischt emol – dat kann een op Lëtzebuergesch gutt ausdrécken – et ass e gudde Mënsch. Et ass een, dee Kapp an Häerz ophuet fir d’Suergen, fir d’Interessien, och fir d’Freed, awer och fir de Misère vun deenen anere Leit.

Ech hunn esou dacks erlieft, datt hie mir gesot huet, op eenzel Fäll sech bezunn huet, a gesot huet, där Fra oder deem Mann musst Dir hëllefen. D’Gesetz gesäit näischt vir, mä Dir musst eppes fanne fir deene Leit ze hëllefen. En huet och iwweregens ganz oft selwer gehollef.

En ass ganz staark un anere Mënschen interesséiert. De Grand-Duc Jean ass een, deem déi aner Leit net egal sinn. Et ass keen, deen a sengem Palais gesiess hätt, oder elo zu Fëschbëch a sengem Schlass géif sëtzen, an dee sech ofgeschott hätt géint de Rescht vun deem wat am Land an an der Welt lass ass.

Ech hunn ëmmer déi aussergewéinlech héich Opfaassung vu senger Fonctioun déi hien hat bewonnert, dat staark developpéiert Staatsverständnis. Dat sech selwer ëmmer zréckhuelen, a sech hannert d’Interesse vum Staat stellen ass eppes wat hien a senger Zäit ausgezeechent huet als Grand-Duc, ëmmerhin huet hie 36 Joer laang déi Fonctioun gehat.

Mä och schonn als Lieutenant-Représentant an als Grand-Duc héritier, deen hie kuerz virum Ausbroch vum Zweete Weltkrich ginn ass, ëmmer erëm dat sech selwer net wichteg huelen, dat sech selwer zréckstelle virun den Interesse vun der Allgemengheet, där hie sech verflicht fonnt huet.

An dann, wat manner bekannt ass, ech weess net, ob ech dat kann esou formuléieren, e war e Liewe laang Zaldot, am gudde Sënn vum Wuert.

Marco Goetz: A Scout.

Jean-Claude Juncker: Dat geet zesummen. Well dat wat hien am Krich erlieft huet – en huet Krich gemaach, net an der Offizéiersmess wäit hanner der Front, mä do wou déi, déi nieft him waren, ëmgefall sinn, well se erschoss gi sinn. Do huet hie sech dat Flichtgefill untrainéiert, wat hien e Liewe laang ausgezeechent huet. An dat huet jo mam Scoutismus verbonnen, dat Gefill, datt wann een op enger Plaz ass déi ervirgehuewen ass, ee fir anerer méi ka maachen, wéi wann een net op esou enger aflossräicher Plaz ass.

Dat ass e Mann, de Grand-Duc Jean, deen eisem Land trei gedéngt huet, an deen enorm Verdéngschter huet. Wat och erkläert, firwat datt all Lëtzebuerger eigentlech mat der Zäit, esou ass et mir och gaangen, ier ech e perséinlech kannt hunn, eng perséinlech Relatioun zum Grand-Duc opgebaut hat.

En huet iergendwéi an all Haus gehéiert.

Dernière mise à jour