Jean Asselborn au sujet de l'enrichissement d'uranium en Iran

Jean Asselborn (O-Toun): Den Iran räichert Uran bis 3% un. Et gëtt vun der internationaler Kommunautéit geschat, datt den Iran ongeféier 3 Tonnen de Moment zur Verfügung huet. Mat 3% Uräicherung vum Uran kann een, loosse mir emol salopp soen, keng Atombomme produzéieren.

Et ass déi zweet Etapp, fir bis 20% Uräicherung ze kommen. Do ass den Iran, dat weess een, amgaangen dorunner ze schaffen. Wann ee bis do ass, bei 20%, dann ass et relativ einfach fir och héichprozenteg Uräicherungen ze maachen, bis iwwer 90%, wou een dann och e Potential hätt fir eben nuklear Bommen ze produzéieren.

Elo geet et awer net duer, datt een uräichert. Et brauch een och de "Fuel", d'Combustibles, dat heescht d'Placken – oder d'Brennstief op däitsch – déi ee muss zur Verfügung hunn. Déi Brennstief sinn eigentlech do fir d'Reaktioun vum Reakter ze kontrolléieren: jee méi Brennstief mat héichugeräichertem Uran een huet, jee gréisser ass d'Potential vum Reakter.

Elo huet den Iran, duerch de jetzegen Ausseminister, dee jo virdrun de Chef war vum iraneschen Atomprogramm, declaréiert – an dat ass jo dat wat nei ass – den Iran wier onofhängeg elo vum Ausland, an am Besëtz vun där neier Technologie, déi se elo selwer entwéckelt hätt.

RTL Radio: Wéi reagéiert Dir dann elo op déi Annonce vum Chef vum iraneschen Atomprogramm?

Jean Asselborn: Wann den Iran seet, si wieren elo onofhängeg vun, zum Beispill, Frankräich oder vu Russland, dann heescht dat, datt si d'Technologie géife maîtriséiere fir eben déi Brennstief hierzestellen. Dir wësst, et ass eng Offer ginn, et gëtt och elo nach eng Offer vun der IAEA, dat ass déi Agence vu Wien. Eng aner Offer war vun der internationaler Gemeinschaft gemaach ginn un den Iran, fir hire liicht-ugeräicherten Uran ze exportéieren, zum Beispill a Frankräich oder a Russland, déi d'Technologie hu fir Brennstief ze bauen, an zesummenzesetze fir dann den Iraner déi Brennstief zréck ze ginn, ënner der Kontroll vun der IAEA. Dat huet bis elo den Iran refuséiert. Heimat wëlle se elo soen, mir brauchen dat net, mir brauchen är Technologie net. Mir bréngen dat selwer fäerdeg fir déi Combustibles selwer ze produzéieren. Dat, wat d'international Kommunautéit eigentlech vum Iran wëll, dat ass, datt zesumme geschafft gëtt mat der Agence vu Wien. Dat ass alles. All Land huet d'Recht fir nuklear Energie fir fridlech Zwecker, fir zivil Zwecker ze benotzen. Mä alles muss ënner dem Contrôle si vun der IAEA.

Ech hu mat eisem Ambassadeur zu Wien geschwat, deen och accréditéiert ass bei der IAEA. Mir hunn och do nogefrot. Et ass esou, datt eigentlech an dem Reaktor zu Teheran d'Agence vu Wien ka kontrolléieren. Et schéngt, wéi wann déi Technologie zu Isfahan, an engem anere Reaktor am Iran, stattfonnt hätt. Dat muss alles elo verifiéiert ginn. Wann dat de Fall ass, datt se déi Technologie hunn, dann heescht dat, datt e weidere Schrëtt gemaach ginn ass vum Iran an eng Richtung déi selbstverständlech en explosivt Potential kann hunn, a wou eben déi Zesummenaarbecht an déi Kontroll vun der IAEA net virläit.

D'IAEA ass eng Institutioun, dat ass en Organismus vun der UNO. An der Charta vun där IAEA stinn natierlech och Sanctiounen dran, wann een net zesumme schafft mat der IAEA. Dir wësst, datt schonn 3 Trainë vu Sanctiounë geholl gi si géint den Iran, an ech mengen, dat dote kéint e Schrëtt sinn, fir datt weider Restrictiounen, och an de kommerzielle Relatioune mam Iran a mat der internationaler Kommunautéit wäerten an d'Diskussioun kommen.

RTL Radio: Här Asselborn, ech soen Iech Merci fir déi Informatiounen.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour