Jean Asselborn au sujet de la situation actuelle en Tunisie

Pierre Reyland: Här Asselborn, déi Demonstratiounen hunn, wéi ech elo gesot hunn, eng massiv Envergure ugeholl. Wéi erkläert Dir Iech dat?

Jean Asselborn: Dir hutt dat richteg gesot. Ech mengen, datt d'Origine dovunner deen terribel héije Chômage an deem Land ass: iwwer 30%, bis zu 37% vun den Universitairen hu keng Aarbecht. Da kënnt d'Korruptioun. Mä dat huet sech esou entwéckelt, datt et sech géint dee ganze Régime dréint. Et muss een éierlech sinn: dee Régime léisst wéineg Sputt fir Demokratie. An der Europäescher Unioun, an Amerika ass eng gewësse Bienveillance, wann een esou dierf soe, vis-à-vis vun deem Régime ëmmer un den Dag geluecht ginn, ebe well déi haart Hand eigentlech eng Spär war géint den Integrismus. Mä mir sinn elo an enger Situatioun wou ee Land wat 5 Milliounen Awunner hat wéi et an den 1950er Joeren onofhängeg ginn ass. Elo huet et der 11 Milliounen, an déi jonk Generatiounen erstécken doranner. Si wëlle Perspektiven, si wëllen, datt den Deckel opgeet. An dat deit héchstwahrscheinlech drop hinn, datt mir eréischt um Ufank si vun enger Evolutioun déi ganz ganz vill wéi doe kann. Et gëtt jo elo scho geschwat, datt iwwer 70 Doudeger an de leschten 2-3 Deeg ze verzeechne waren. Et muss een ëmmer drop opmierksam maachen, datt vu Säite vun der Europäescher Unioun – mir hu joeen Accord d'association mat Tunesien am Kader vum Processus de Barcelone – d'Gewalt net kann akzeptéiert ginn, a kenger Hisiicht, an datt déi Demonstranten keng Terroriste sinn, wéi dat de Régime gesot huet, mä Leit déi wëllen an hirem Land Fortschrëtt an e wéineg méi Fräiheet kréien.

Pierre Reyland: Déi Relatiounen tëscht der EU an Tunesien, Dir hutt se elo ugeschwat, wéini gëtt et dann esou, datt d'EU gezwongen ass carrément ze reagéieren an emol vläicht déi Relatiounen eng Kéier ze kucken, och virun allem déi wirtschaftlech?

Jean Asselborn: Et ass esou, datt d'EU jo reagéiert huet. Vun offizieller Säit ass vu Bréissel ganz kloer gesot ginn, et wier eng Disproportioun tëscht där Gewalt déi ugewend gëtt vum Régime an eben dem Recht vun de Manifestante fir op d'Strooss ze goen. Sécherlech wäert dat dote Konsequenze kréien an eise Relatiounen, well et ass och ganz vill Hëllef un Tunesien gaangen. Et muss een ëmmer oppassen, datt een d'Populatioun net strooft, wann een esou Saachen ofbrécht, wann een esou Hëllefen ofbrécht, wat natierlech eng Gefor ass fir d’Stabilitéit am Maghreb, virun allem jo déi 3 Haaptlänner Marokko, Algerien an Tunesien. Wann ee weess, datt tëscht Marokko an eben Algerien eng Grenz vun 2.000 Kilometer ass, déi praktesch hermetesch zou ass a just fir d'Contrebande op ass, gesäit een déi net-Kooperatioun am Maghreb, wou jo och immenst wirtschaftlecht Potential dra wier. Et fonctionnéiert net. All dat muss ménger Meenung no iwwerduecht ginn. Mir hunn dat als EU ëmmer deenen 3 Länner gesot, wa mir am Kontakt ware mat hinnen. Zanter Joerzéngten ass praktesch do e Blockage an dat ass immens schlecht.

Pierre Reyland: Eng lescht méi konkret Fro nach kuerz: Tunesien ass jo eng beléifte Vakanzendestinatioun. Wat sinn dann d'Rotschléi vum lëtzebuerger Ausseministère wat Reesen dohinner ugeet?

Jean Asselborn: Ech hu gëschter Owend mam Direkter vun der Luxair geschwat, mam Här Adrien Ney, an hie sot mir, et si 40.000 Leit, déi vu Lëtzebuerg fortfléien an Tunesien a selbstverständlech och erëmkommen. Dat sinn der immens vill. Djerba, Monastir, Tunis selwer. De Moment sinn nach 89 Leit an Tunesien, déi dann erëmkommen. Den nächste Vol ass e Sonndeg virgesinn. Ech mengen, wann ech richteg verstanen hunn, sinn 172 Leit op deem Vol gebucht. Bis elo si jo d'Touristenzentren net betraff, also alles wat laanscht d'Mier läit – ausser elo Tunis selbstverständlech. Mä et ass esou, datt bis elo och näischt ofgesot gëtt vu Luxair. Mä Luxair, dat huet den Direkter mir awer gesot, géif natierlech bei TUI an bei anere grousse Reesgesellschafte kucken, wéi si sech verhalen. Wann d'Situatioun géif eskaléieren, da si selbstverständlech déi Décisiounen ze huelen, déi dann och um europäesche Plang wäerte geholl gi fir déi Leit déi sollten dohinner goen, esou datt si awer net an eng Gefor do erafléien.

Pierre Reyland: Jean Asselborn, villmools Merci fir dësen Interview.

Jean Asselborn: Merci, Här Reyland.

Dernière mise à jour