Jean-Claude Juncker au sujet des réunions de l'Eurogroupe et du renforcement du fonds de secours financier

Umoderatioun: Den Eurogrupp-President huet gëschter Owend zu Bréissel schëtzeg Verhandlungen iwwer déi definitiv Ausriichtung vum Euro-Rettungsschierm versprach. D’Eurozon wier an enger brenzleger Situatioun, sot de Jean-Claude Juncker no enger Réunioun vun den Euro-Finanzministeren. D’Finanzmäert hätte sech de Moment berouegt, grad dofir misst ee sech elo séier iwwer de Montant an den Aufgabeberäich vum europäesche Rettungsfong eens ginn.

Michel Delage: De Jean-Claude Juncker huet versicht Optimismus ze verspreeën. Zum Beispill konnt Portugal jo d’lescht Woch Suen zu engem relativ raisonnabelen Zënssaz op de Finanzmäert léinen, an awer stelle sech d’Eurozon-Memberstaate selwer ënner Drock.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Mir sinn an enger brenzleger Situatioun, an deem Sënn datt, wa mir et net fäerdeg bréngen innerhalb vun enger raisonnabeler Zäit déi Äntwerten ze formuléieren, d’Finanzmäert erëm ufänke kéinten nervös ze ginn. Déi hu sech fir de Moment e bësse berouegt, wéi alleguer déi Emissioune gewisen hunn, déi déi lescht Deeg gemaach gi sinn. Mä wa mir trentelen, da gerode mir ausser Otem; wa mir eis fläissen, da kënne mir roueg otmen.

Michel Delage: D’EU-Kommissioun hat d’lescht Woch de 4. Februar genannt als Deadline fir en Accord iwwer eng Erweiderung vum Montant a vum Aufgabeberäich vum provisoresche Rettunsgschierm ze fannen. E gudde Mount drop da soll de permanente Stabiliséierungsmechanissem stoen, deen am Prinzip Mëtt 2013 agesat gëtt.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Do ginn d’Meenunge selbstverständlech nach auserneen, ma mir wäerten déi nächst Deeg a Wochen notze fir déi Meenunge méi no beieneen ze féieren, haaptsächlech déi definitiv quantitativ a qualitativ Ausgestaltung vun deem Rettungsschierm vu 750 Milliarden Euro, déi mir den 10. Mee vum leschter Joer an d’Welt gesat hunn.

Michel Delage: Am Virfeld vun der Eurogrupp-Réunioun waren déi 6 Memberstaaten zesumme komm, dorënner Lëtzebuerg , déi am kreditwierdegste sinn: Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg, Éisterräich, Finland an Holland gi vu Rating-Agencë mat engem dräifachen "A" ausgezeechent.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Déi Triple-A Staaten, zu deenen och Lëtzebuerg gehéiert, hunn eng besonnesch Responsabilitéit ze droen, well se eng méi ausgeprägte Bonitéit hu wéi déi aner Staaten. Et muss een einfach sécher goen, datt déi Staaten déi eng besonnesch héich Bonitéit hunn, datt déi grosso modo d’Saachen d’selwecht gesinn. Si gesi si och d’selwecht, grosso modo.

Michel Delage: Zeechent sech do net schonn déi zukünfteg Währungsunioun of, déi am Eeschtfall op e Minimum géing reduzéiert ginn?

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech si géint d’Fraktionéierung vun der Eurozon an Triple-A Staaten an a Staate mat enger manner grousser Bonitéit. Dat huet einfach eppes mat Aarbechtsorganisatioun ze dinn.

Dernière mise à jour