Jean Asselborn au sujet des manifestations en Égypte

Dany Rasqué: D'Situatioun an Ägypten ass den Ament sécherlech net einfach. Wéi grouss ass dann d'Gefor, datt d'Situatioun an der ganzer Regioun eskaléiert?

Jean Asselborn: Zanter Tunesien weess d'arabesch Welt, datt hir Bierger déi do liewen, datt déi d'Aspiratioun hunn, méi Demokratie wëllen ze kréien, méi Participatioun, politescher, ekonomescher, sozialer. An Egypten gëtt dat jo nach massiv verstäerkt.

Mir an der Europäescher Unioun, et muss een et esou gesinn, mir exportéiere jo keng Revolutioun, mir stiwwelen och keng Revolutioun un. Mir kënne just Wäerter ubidden, dorënner d'Mënscherechter virun allem, mä awer och Wäerter wéi d'Pressefräiheet zum Beispill, a mir dierfen net elo de Feeler maache wéi beim Euro, datt een elo op eemol wett, wat ass dat nächste Land wat drukënnt.

D'Araber selwer si capabel hiert Schicksal an hirem Land, an hire Länner an d'Hand ze huelen, an hirer ganzer Regioun. Mir als Europäesch Unioun kënne positiv Ënnerstëtzung ginn, fir jiddwereen dee guddes Wëllens ass, fir sech anzesetze fir op d'Ondeelbarkeet, wann ech esou dierf soen, vun den universelle Mënschewäerter, -rechter och, déi an der Charta vun den Nations unies stinn.

Dany Rasqué: Mä gëschter hutt Dir gesot, d'EU hätt vläicht e bësse vergiess, datt a Länner wéi Tunesien an Egypten Leit liewen, déi matbestëmme wëllen. Wéi een Zeeche wëllt Dir deene Leit dann elo ginn, oder wéi wëllt Dir si ënnerstëtzen?

Jean Asselborn: Dat ass och e Fait, dat ass eng Tatsaach, datt mir an der Europäescher Unioun, mä awer och vläicht an Amerika, a Russland an a China méi d'Regimer gekuckt hunn, wéi d'Mënschen déi an deene Länner liewen.

Egypten, an zurecht, wéi zum Beispill Jordanien, ass ugesi ginn als e moderat Land, wat gehollef huet Rou a Stabilitéit z'assuréieren an där Regioun, a wann ech Stabilitéit soen, ass dat net Krich, dat heescht Stabilitéit.

Mir hunn de President Mubarak do während Joerzéngten an Egypten jo gehat, deen an der Linn vum President Saddat, dee jo erschoss ginn ass, dee wierklech fir vill Moderatioun gesuergt huet, fir och eng Mediatioun gesuergt huet all Kéier, wann net wichteg war. De Friddensvertrag mat Israel huet zwou Intifadaen iwwerstanen, och zwee Kricher tëscht Israel an dem Libanon.

Mä ech mengen elo, dat ass jo och déi wichteg Fro déi sech elo stellt, wat kann d'Europäesch Unioun ubidden? Déi Leit déi op d'Strooss gaange sinn, déi si jo net op d'Strooss gaange fir eng Militärdiktatur ze kréien oder fir en integristesche Regime ze kréien, mä déi sinn op d'Strooss gaange fir méi Demokratie ze kréien. A méi Demokratie kréien, a mengen Ae gëtt et nëmmen ee Wee, dat ass datt esou séier wéi méiglech fräi Wahle stattfannen, wierklech fräi Wahlen, esouwuel fir d'Presidentschaft wéi och fir d'Parlament, an dann och indirekt fir eng nei Regierung. En neien Depart kann nëmmen duerch Neiwahle kommen.

Mir hunn dat an eiser Deklaratioun, op jiddwerfalls hu mir eis zu e puer do ganz staark dofir agesat, datt dat drakënnt, dat steet och dran. Dat schéngt mir deen eenzege Wee ze sinn.

Wat mir och aus der Europäescher Unioun eraus kënnen dem egyptesche Vollek soen, datt eben hiert Recht op Autodeterminatioun nëmme ka goen iwwer fräi Wahlen. Déi sollen esou séier wéi méiglech kënne stattfannen.

Dany Rasqué: Déi Wahle sollen am Hierscht sinn, mä kéinten elo méiglecherweis virverluegt ginn, ebe wéinst deem villen Drock deen d'Leit maachen. Genee wéi Tunesien ass Egypten awer och e Land an deem den Ament vill Touriste sinn. Wéi geféierlech ass d'Situatioun da fir si, och en vue vum Generalstreik an dem Masseprotest haut zu Kairo?

Jean Asselborn: Et ass esou, datt d'Luxair net op Kairo flitt. D'Luxair flitt op 3 Plazen, wann ech richteg am Bild sinn, um roude Mier, am Sinai. An do ass jo bis elo nach keng Gefor gewiescht.

Ech sinn a permanentem Kontakt mat dem Direkter vun der Luxair. Mir kucken tëscht Luxair an dem Aussseministère ëmmer déi bescht Rotschléi un d'Leit ze ginn. Dir wësst, datt mir jo elo gesot hunn, et soll kee méi an Egypten areesen, an en huet mir och gesot, den Direkter, datt en Donneschden nach 140 Leit erëmkommen, an datt dann nach eng 150 Leit nom Donneschden, also Lëtzebuerger déi hei fortgeflu sinn, an Egypte sinn.

Esoubal wéi mir mierken, vläicht schonn um Dag vun haut, datt d'Onrouen och ausserhalb vun de Stied, datt déi do kéinten ausbriechen, da maache mir dat wat mir och an Tunesien gemaach hunn, da maache mir alles, fir datt déi Leit déi wëllen erëmkommen esou séier wéi méiglech erëmkommen. Mä mir mussen dat Stonn fir Stonn matenanee kucken, an ech mengen och haut gëtt e wichtegen Dag doranner.

Dany Rasqué: Jean Asselborn, ech soen Iech villmools Merci fir dëst Gespréich.

Dernière mise à jour