Jean Asselborn au sujet de la crise politique en Égypte et de ses répercussions sur la région

Radio 100,7: Lëtzebuerg gouf zu München duerch den Ausseminister Jean Asselborn vertrueden, deen der Meenung ass, datt d'Ägypter eegestänneg iwwert hiert Land decidéiere sollen.

Jean Asselborn: Wat méng Aschätzung ugeet, och nodeems ech mat verschidde Leit konnt schwätzen, daat ass fir d'alleréischt mol, datt ee bei Ägypten – vläicht och mar an anere Länner vun der arabescher Welt – muss eng gewëssen Demut ubréngen als westlech Welt. Mir hunn net, wann ech esou däerf soen, "mir", d.h. weder d'Europäesch Unioun, nach Amerika, nach Russland, nach Japan, hunn de Lead vun deem, wat do geschitt. An et ass och ménger Meenung no net Facebook oder Twitter, déi dat doten ausgeléist hunn. Et ass d'Aspiratioun vun deene Leit fir méi eng grouss demokratesch Participatioun um Schicksal vun hirem Land ze hunn, a si wëlle sech och Perspektiv schafen. Si hu Facebook an Twitter benotzt, mä den Ausgangspunkt ass, datt si wëllen eng ganz aner Optik an Zukunft entwéckelen vun hirer Gesellschaft an där si liewen.

Wat d'Europäesch Unioun ugeet, och vläicht Lëtzebuerg. Ech mengen et ass evident, mir mussen et dauernd fäerdeg bréngen e Spagat ze maachen tëschent op der enger Säit deem, wat richteg ass, nämlech dass d'Ägypter selwer ze entscheeden hunn. Mir hunn net fir d'Ägypter z'entscheeden. Mä op déi aner Manéier sinn déi Kreesch vun deene Leit déi op der Strooss sinn net ze iwwerhéieren. Déi wëllen ee Changement, si wëllen en elo, si wëllen en net an 200 Deeg. Ech hunn en Donneschdeg ganz laang konnte mat méngem ägyptesche Kolleg, den Ausseminister Ahmed Aboul Gheit schwätzen an hie sot mir, mir brauchen 200 Deeg, fir effektiv déi Wahlen z'organiséieren. De President Mubarak huet dat jo och gesot. Hien trëtt of wa säin Terme eriwwer ass, dat ass jo och normal, dat wier am September. Virdru musse Wahlen organiséiert ginn. Fir Wahlen z'organiséiere brauche mir eng Reform vun der Verfassung. Mir brauchen eng Reform vum Wahlgesetz a just do ass jo de Punkt. Ech ka mir dat wierklech net virstellen. An ech wëll mech an ech ka mech net do amëschen, mä, wa keng Fräiräim geschafe ginn wéi dat jo elo an Tunesien de Fall ass nom Récktrëtt vum Ben Ali, ass et schwéier deen Débat ze féieren an der Gesellschaft, wat fir eng Optioun, wat fir eng Perspektive datt ee sech gëtt an deem Dialog och mat der Oppositioun, fir eben déi Reformen ze maachen déi néideg si virun den nächste Wahlen.

Radio 100,7: Mä wéi eng Auswierkungen huet déi Situatioun dann op d'Ausland, virun allem vläicht och op d'Regioun? Den Noostquartett war gëschter och beieneen. Ass d'Situatioun am arabesche Raum eng Chance fir de Friddensprozess oder mécht dat d'Verhandlungen nach vill méi schwiereg?

Jean Asselborn: Wësst Dir, ech mengen dass bis elo, wann ee "Moyen Orient" gesot huet, dann huet ee fir d'éischt mol un de Friddensprozess geduecht. Et huet een dann och u Länner geduecht, déi ebe moderat waren, sougenannt moderat Länner, ewéi Ägypten a Jordanien. Et huet een u Länner geduecht déi elo kooperéieren, wéi Saudi Arabien, an et huet een u Länner geduecht un déi, déi et extrem schwéier maachen, vläicht wéi Syrien, wéi de Libanon, wou et schwéier ass den Duerchbléck ze hunn. An elo geet et jo effektiv drëm, datt éischtens mol dee Friddensprozess net verluer geet an zweetens geet et drëm ze kucke wat fir eng Auswierkung eng méi demokratesch Gesellschaft an Ägypten huet – wouvnner ech hoffen datt déi zustane kënnt – op de Friddensprozess.

Also laang virun deem Prozess an Ägypten war eng Réunioun vum Quartett virgesinn. Déi Reunioun vum Quartett ass eigentlech just an engem Kontext ze gesinn, an zwar folgenden, nämlech nodeems am September 2010, Dir kënnt Iech erënneren, jo zu Washington een neien Elan sollt geholl ginn. Deen Elan ass awer komplett ofgewiergt ginn fir d'Négociatiounen erëm opzehuelen. Dir wësst firwat, well eben d'Siedlungspolitik vun den Israelien weidergefouert ginn ass. Dat ass an dat bleift den Haaptproblem. De Quartett huet jo kloer gemaach, datt effektiv déi zwou Parteien erëm mussen un en Dësch kommen. An an deem Kontext wëll ech och soen, datt zu New-York eng Resolutioun am Ëmlaf ass, wou elo schonn iwwert 120 Länner signéiert hunn, wou och bis virun e puer Deeg keen europäescht Land nach signéiert hat, well mir an der Europäescher Unioun, wéi dacks bei Israel a Palästina, eng onheemlech schwéier Debatte ze féieren hunn, well verschidde Länner do carrément ëmmer blockéieren. Mä et ass esou, datt Portugal elo virgeprescht ass, wat och ménger Meenung no richteg war, well si am Conseil de Sécurité sinn. Si hunn als éischt Land vun der Europäescher Unioun ënnerschriwwen, duerno hu sech eng Zuel vu Länner hannendru gebild an ech si frou, datt déi och wiisst. Dat ass Malta, Zypern, et ass awer och Slowenien, et ass Irland, et ass elo Schweden, et ass Finnland a Lëtzebuerg. Mir waren och vun Ufank un do dobäi. An der Resolutioun steet näischt anescht dran, wéi datt d'Grenze vu 1967 mussen unerkannt ginn, an datt Israel soll ophale Siedlungen ze bauen op Territoire déi hinnen net gehéiert. An drëttens eben, datt d'Parteien erëm mussen un en Dësch kommen.

Et muss ee kucken op deen Impuls vu München, ob deen och zielt. Ech hoffe just, datt de Friddensprozess eigentlech net zweetrangeg gëtt, an datt do ee ganz aneren Débat erëm opkënnt, och am Kontext vum Iran. Dat wier immens schiedlech. Denkt dru fir déi vill Leit, net nëmmen a Gaza, mä och a Palästina, déi sech wierklech erhoffen, datt bis September – dat ass jo d'Zil vun der internationaler Gemeinschaft an dat huet de President Obama jo och gesot – am September op der UNO een neie palästinensesche Staat wëllt begréissen. Dat ass d'Zil och vum Treffen vum Quartett gëschter, dat ass nach eng Kéier widderholl ginn an doropper muss geschafft ginn.

Dernière mise à jour