Jean Asselborn au sujet du retrait de Hosni Mubarak en Égypte

Jean Asselborn: Gudden Owend, Här Ewald.

Eric Ewald: D’Angela Merkel huet viru Minutte vun engem "historesche Changement" geschwat. Gesitt Dir dat d’selwecht? E groussen Deel vun der Populatioun an Ägypten ass ënner 30 Joer al, huet also keen anere President wéi eben den Hosni Mubarak kannt. Ass et eng Zäsur fir Ägypten?

Jean Asselborn: 100%eg. A wat fir mech am allerwichtegsten ass, datt et de Mérite ass, esou e Succès, alleng vum ägyptesche Vollek. Dank där Energie déi si agesat hunn, där Disziplin och déi si agesat hunn, an och deem Savoir-faire fir Honnertdausenden, heiansdo esouguer Milliounen ouni Accrosen, bis op deen een Dag, wou déi Accrosen och orchestréiert ware vun den Autoritéiten.

Dat ass schonn eppes Formidabeles, an et huet een et och gespuert, gëschter, nodeeems de President Mubarak, dee Moment nach President, geschwat hat, datt dat doten näischt wier wat géif appaiséieren. Au contraire, dat war a mengen Aen, ech hunn et och de Moie gesot, realitéitsfriem. An ech mengen och, datt, wéi haut d’Manifestatioune weidergaange sinn, datt d’Autoritéiten, de President Mubarak, keen anere Choix hat. Et muss een elo natierlech wëssen, dat do ass e Schratt an déi richteg Richtung, dee Fräiraum ass geschaf gi vun den Ägypter selwer, et muss een elo kucke wat no kënnt.

Eric Ewald: Gëtt et an Ären Aen elo d’Gefor vun engem Muechtvakuum, oder ass eben dat, wat de Vizepresident Suleiman ugekënnegt huet, datt d’Arméi d’Kontroll iwwerholl huet, de Garant dofir, datt dee Reformprozess, deen elo soll an d’Gäng kommen, datt dee ka viru goen?

Jean Asselborn: Ech hat elo kuerz Kontakt mat der hollännescher Ambassade zu Kairo. An effektiv ass et net auszeschléissen, datt d’Loi martiale, also d’Krichsrecht, kéint declenchéiert ginn. De Mohammad el Baradei huet gesot, et ass de schéinsten Dag vu mengem Liewen, et ass wierklech d’Liberatioun vun Ägypten.

Et muss een hoffen, datt et wierklech eng Liberatioun ass. Wann d’Militär fir Rou suergt, an enger Zäit déi limitéiert ass, mengen ech, ass dat och eppes wat ee ka verstoen, well d’Militär, op jiddwer Fall d’Zaldoten, hu jo sympatiséiert mat de Leit op der Tahrir-Plaz. Ma et ass wierklech ze hoffen, fir déi Liberatioun selwer, datt elo dat a Gang kënnt, wat ee jo brauch an der Substanz, fir datt deen neien Ufank an Ägypten ka geholl ginn.

Wa mir soen, dee kann nëmme geholl ginn duerch fräi a fair Wahlen, da muss dat preparéiert ginn. D’Verfassung muss geännert ginn. D’Wahlgesetzer musse geännert ginn. Alleguer d’Pilierë vun der ägyptescher Natioun misste kënnen d’Käpp zesummestrecken. Ech hoffen, datt dat ka stattfannen, an datt dann esou séier wéi méiglech déi Wahle sinn, fir deen neien Depart ze huelen. A mir als Europäesch Unioun mussen do eng gutt Roll matspillen.

Eric Ewald: Déi fräi Wahlen hutt Dir elo grad ugeschwat. Dat kann an Ären Aen déi eenzeg logesch Suite si vun deem Reform- an Demokratiséierungsprozess, deen elo amgaangen ass?

Jean Asselborn: Ganz richteg, a fir dohinner ze kommen hu mir als Europäesch Unioun, et soll ee jo och vläicht kucke wat mir do kënnen erabréngen. Dat alleréischt ass, et geet net duer, datt mir herno Wahlbeobachter dohinner schécken a soen, déi Wahlen, déi ware fräi a fair, ma datt mir och logistesch, wa mir gefrot ginn, hëllefen déi Wahle preparéieren, an deem Sënn, datt mir logistesch musse prett sinn unzepaken.

An dann dat Zweet, mir ginn, ech hunn et scho gëschter an der Chamber gesot, 150 Milliounen ongeféier pro Joer fir Ägypten aus, als Euopäesch Unioun. Dovu si 50% fir Programmer an der Educatioun, Programmer an der Santé, Programmer am Environnement. Et si 40% fir Ekonomie, an et sinn 10% fir Mënscherechtsprogrammer gewiescht, virun allem d’méi-Gläichstellung vu Fraen. Dat muss verstäerkt ginn a mengen Aen, dat kann och verstäerkt ginn, dee Wëllen ass do, dat hu mir och décidéiert an der Europäescher Unioun, fir ze weisen, mir ginn iech effektiv eng Perspektiv, net alleng fräi Wahlen, net alleng Demokratie vun den Institutiounen, déi dir selwer erkämpft hutt, ma fir datt d‘Demokratie fonctionnéiert, mussen d’Leit eng Perspektiv hu fir kënnen an Dignitéit ze liewen.

Dat heescht, d’Wirtschaft dierf net an den Hänn si vun 1% oder vun 2%, ma datt et eng Repartitioun gëtt vum Räichtum, dee geschaf gëtt. Ägypten ass e räicht Land, datt mir do effektiv kënnen Impulser ginn, déi an déi richteg Richtung ginn.

Eric Ewald: Lescht Fro un Iech, Här Asselborn. D’Jasmin-Revolutioun an Tunesien war deen éischte Schrëtt, elo dat do, an dem bevëlkerungsräichste Land am arabesche Raum. Kéint dat do elo d’Stréifeier sinn, fir datt et an anere Gebidder, spréch am Mëttleren Osten, och zu enger Form vu méi Demokratie kënnt?

Jean Asselborn: Menger Meenung no, vum Maghreb bis an den Noen oder Mëttleren Osten, wéi Dir dat wëllt nennen, ass dat do natierlech, wat an Ägypten geschitt, wat an Tunesien geschitt, eng Referenz.

A wann dat de richtege Wee dréint, wat mir jo alleguer hoffen, wann et op där richteger Schinn ass, da kann et den Usporn sinn, den Impuls, fir datt vill méi Leit an der arabescher Welt kënnen an enger méi grousser Matgestaltung vun hirer Gesellschaft liewen.

An datt och do Reforme kommen, esouguer Revolutiounen agelaut ginn, ass a mengen Aen net ausgeschloss.

Dat ass jo awer och déi universal Mënscherechter, déi mir jo an den 193 Länner vun der UNO, déi mir an enger Charta all Dag helleg schwätzen, déi si jo net nëmmen do fir déi westlech Welt, fir Europa, fir Amerika, fir Japan a fir nach vläicht e puer anerer.

Et gëtt Milliounen a Milliounen, wann net Milliarden, déi net kënnen ënner enger wierklecher Demokratie, wéi mir se kennen, liewen. An dat hei kéint en Usporn si fir dat och fäerdeg ze bréngen. Ech wëll Iech just soen, mir hu selbstverständlech ëmmer bei Ägypten virun allem op Stabilitéit gekuckt, ma wa Stabilitéit Immobilismus gëtt, da muss ee wëssen, datt een do op där falscher Schinn ass.

Eric Ewald: Merci, Här Asselborn, fir dës Reaktioun.

Jean Asselborn: Merci och.

Dernière mise à jour