Jean Asselborn au sujet des évolutions politiques en Égypte

Pierre Reyland: An um Telefon begréissen ech elo de Lëtzebuerger Ausseminister a Vizepremier Jean Asselborn. Gudde Moien Här Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Moien Här Reyland.

Pierre Reyland: Gëschter huet et bal sécher geschéngt, datt de Mubarak ee Récktrëtt géif annoncéieren, dat ass net geschitt. Déi Zechdausenden Demonstranten an Ägypten sinn extrem enttäuscht a rosen. Déi Situatioun riskéiert elo geféierlech ze ginn. D'Protester wore bis elo friddlech, mä wat geschitt elo, mengt Dir ?

Jean Asselborn: Jo also gëschter no halwer fënnef, wéi Dir dat richteg sot, ass jo immens vill Hoffnung gewiescht, datt géif, loosse mir mol soen, ee Fräiraum geschafe ginn un der Spëtzt vun Ägypten. Esouguer de Generalsekretär vun der Staatspartei hat dat jo ugekënnegt, d'Militär hat gesot, alleguerten Är Wënsch déi ginn erfëllt, zu de Leit op der Tahrir Plaz. Elo géif ech mengen, datt zwou wichteg Säiten ze kucke sinn. Dat eent dat ass d'Arméi: wat ass d'Roll vun der Arméi. Ech menge si hunn de Schlëssel an der Hand, wat fir eng Kaart spille si. Arméi muss een a mengen An och virun allem an engem Land wéi Ägypten den Ënnerscheed maachen tëscht den Zaldoten an den Offizéier. D'Offizéier déi jo eng ganz wichteg Roll spillen. Esouguer den Här Mohammed El Baradei freet jo eigentlech, datt d'Arméi elo soll iwwerhuelen, fir datt Ägypten net explodéiert. Dat ass déi eng Saach. Déi zweet Saach ass, wéi reagéiert virun allem haut no de Gebieder an de Moscheeën, wou jo Millioune Leit eventuell oder Honnertdausende Leit wäerten op d'Liberatiounsplaz kommen an och ronderëmmer. Gesi si déi Ried éischter, an à première vue ass dat meng Appréciatioun, als eng Provokatioun, als e wéineg realitéitsfriem oder huele si dee paternalisteschen Toun un? De President Mubarak huet vu "mes enfants" geschwat, wou och positiv Elementer dra waren, datt en sech net méi opsetzt, zum Beispill datt d'Verfassungsgesetzreform an d'Wahlgesetzreform sollen agelaut ginn. Mä et ass menger Meenung no awer och e wéineg realitéitsfriem, wann ee mengt, datt duerch déi Ried do géif Ägypten apaiséiert ginn an datt déi Revolutioun domatte géif zu Enn kommen.

Pierre Reyland: Da wär jo am Fong elo genee dee richtegen Zäitpunkt fir ganz kloer ze fuerderen, datt de Mubarak zrécktrëtt. Ech denken do un d'Europäesch Unioun an un d'USA, déi zwar Drock maachen, awer nach bis elo net gefuerdert hunn, datt en zrécktrëtt. Firwat eigentlech net?

Jean Asselborn: Jo also ech wëll Iech elo keng Lektioun ginn iwwert Diplomatie oder iwwert international Politik, mä et huet een an dësem Fall, an dësem ganz sensibele Fall, wéi elo mat Ägypten, wat eng Evolutioun ass, wat eng Entwécklung ass, déi ee wëllt matsteieren, huet een zwou Méiglechkeeten: entweder als Europäesch Unioun oder och déi 27 Länner, et schléit een all Dieren zou, als, ech soen elo mol un der Spëtzt vun engem Land, loosse mir soen Premierminister oder Ausseminister an da sinn déi Dieren zou. Oder et léisst ee sech d'Méiglechkeet op, fir kënnen eis Positioune vun der Europäescher Unioun, fir déi awer trotzdem nach kënnen unzebréngen. Wann een deen zweete Choix mécht, an dee schéngt mir dee richtegen, virun allem och an dëser Phase, da muss een och wëssen, datt et eng aner Aufgab ass, fir Journalisten, déi selbstverständlech fräi an direkt mussen dat fuerdere wat si spieren an eben Aussepolitiker, wann ech esou däerf soen, déi ee gewëssen Spagat musse fäerdeg bréngen, fir och nach kënnen haut a mar an iwwermar den ägypteschen Ausseminister unzeruffen zum Beispill, mat him ze schwätzen. An dann deen, dee Wëllen dee mir jo hunn, datt Ägypten an där Transitiounsphase wou Ägypten elo dran ass, wierklech dat Richtegt mécht. Wa si eis Hëllef wëllen, fir datt fräi Wahle kënnen organiséiert ginn, datt jiddereen, jidder Ägypter aktiivt a passiivt Wahlrecht huet. Ech mengen dat ass deen eenzege Punkt, mat fräie Wahlen, wéi een aus deem Lach an Ägypten erauskënnt. Dat wier a mengen Aen och eng Referenz fir alleguerten d'Länner an der arabescher Welt.

Pierre Reyland: Mä Dir mengt awer och net, datt de Mubarak elo am Interêt vun Ägypten gehandelt huet, a senger Ried gëscht?

Jean Asselborn: Also wann Dir mech esou frot, wann ech an der Haut vum Präsident Mubarak gewiescht wier gëscht, da wier ech ee Schratt méi wäit gaangen, 100%eg. Ech ka mir eigentlech och no där Ried schlecht virstellen, datt ënnert dem President Mubarak, wann en an där Positioun vum President bleift, an enger gewëssener Sérénitéit kann den Dialog mat der Société civile, mat alle politesche Kräften an Ägypte kann zu engem gudden Enn gefouert ginn. Ech mengen net, datt déi Evolutioun do elo schonn zu Enn ass. De President Mubarak huet gëschter gesot, en hätt säi ganzt Liewe sech fir Ägypten agesat. Ech gleewen him dat och op eng gewëssen Aart a Weis, mä wann en dat géif, loosse mir soen, richteg eescht huelen, da misst en agesinn elo, datt de Moment komm wier fir eng aner Decisioun ze huelen. Et däerf een net ausschléissen an dat si jo och international Beobachter, mir hunn och Informatioune vun der hollänescher Ambassade kritt, datt sech och eventuell an de Kulissen, tëscht de politeschen Autritéiten, wann ech däerf soen an de militäreschen Autoritéiten ee Machtkampf ofspillt. Ech hoffen nëmmen an dat muss ee jo och den Ägypter alleguerte wënschen, datt virun allem haut an an den nächsten Deeg net neit Bluttvergéissen dobäikënnt. D'Situatioun ass extrem explosiv a wat sech richteg och gëschter, déi Ried ass jo och ¾-Stonn méi spéit komm, wat sech richteg ofgespillt huet, ech mengen do si mir zwee net an de Geheimnisser dran, fir kënnen do méi genee Analyse ze maachen.

Pierre Reyland: Villmools Merci Här Asselborn fir dës Präzisiounen.

Jean Asselborn: Wann ech gelift.

Dernière mise à jour