Jean Asselborn au sujet de l'évolution politique en Lybie

Jean Asselborn: De libesche Regime ass extrem komplizéiert. De Personnage deen do uewen ass, deen huet humoristesch Zich, mä virun allem ass et en Diktator.

Wat sech genee ofspillt, ass ganz, ganz schwéier soen. Och hei [zu Bréissel; ndlr], mat den eenzelne Kollegen hu mir jo gëschter Owend driwwer geschwat, an och de Moien: et ass ganz, ganz schwéier erausfannen, wéi grav datt d’Situatioun ass.

Wat ee weess, dat ass awer, datt iwwer 200 Leit sollen hiert Liewe verluer hunn, an datt Scharfschütze mat Mitrailletten op Leit schéissen. Dat kann net ze justifizéiere sinn. Et handelt sech ëm Leit, déi hir Meenung ausdrécken, déi wëllen datt och a Libyen déi Carcasse opflitt vun deem Regime, wou si dra sinn.

Mir wëssen awer och an der Europäescher Unioun – nom Debat gëschter Owend, an och haut spiere mir dëst – datt Länner wéi Italien, wéi Malta, wéi Griichenland, déi ganz nobäi sinn, selbstverständlech deem Chantage vum Regime a Libyen och ausgeliwwert sinn.

Wann d’Grenze komplett opgemaach géife ginn, da kéinten 10.000e Leit aus ganz Afrika, an och aus dem Maghreb eriwwer kommen, mat alle Problemer, déi dat dann och fir eis als Europäesch Unioun, mä virun allem fir déi Länner géif beinhalten.

Ech mengen, bis elo huet d’Diplomatie jo versicht Accorden ze fannen. Wann dat net méi spillt, da gëtt et effektiv ganz, ganz schwiereg. Mä et ka keng Justificatioun sinn, fir datt wann ee Regime op d’Leit schéisst, fir deen iergendwéi, datt een de ka schounen.

Guy Kaiser: Duerno ass ee bekanntlech ëmmer méi gescheit, wéi virdrun. Et weess ee jo awer, de Regime Gaddafi, dat war schonn eppes ganz Spezielles?

Jean Asselborn: Jo, do hutt Dir Recht. Wann een och gesäit, datt hie jo eigentlech keng richteg Fonctioun huet. Et gëtt keng Verfassung an deem Land. Hien huet keng verfassungsrechtlech Fonctioun, de Gaddafi.

Säi Jong schwätzt elo. Et freet ee sech jo och, a wat fir engem Sënn datt hie schwätzt, a fir wien datt hie schwätzt? E gëtt consideréiert, zum Beispill vun den Italiener, als e Reformer. Ech weess net, ob dat net alles ze spéit ass. Dir hutt jo hënnt héieren, och an sengem Discours, datt de Jong vum Gaddafi Reformen elo an d’Spill bréngt. Ass dat net alles vill ze spéit?

Ech mengen, datt d’Leit a Libyen net méi wëllen ënner där do Form vu Regime liewen. A vill vun hinne setzen hiert Liewen op d’Spill fir dat ze soen. Do muss ee vill Respekt virun deene Leit erëm hunn, grad wéi an Tunesien, grad wéi an Ägypten.

An ech hoffen, datt mir als Europäesch Unioun kënnen d’Signal ginn, datt mir hinnen net soe, wat si ze dinn hunn, mä datt mir awer do sinn an och verstinn – an ech menge virun allem ebe verstinn – datt Islam an Demokratie keng 2 Wäerter sinn, déi sech komplett ofstoussen. Och am Islam, a bei aller Interpretatioun, och wann et déi stursten ass vum Koran, ass et kee Klauschter, fir datt d’Leit net un demokratesch Wäerter, u Fräiheet an u Matbestëmmung an där Gesellschaft, wou si dra liewen, gleewen, an dat och ustriewen.

Guy Kaiser: Här Ausseminister, Dir sidd den Ament zu Bréissel, Dir sidd awer zugläich och um Sprong fir eng nächst Rees ze maachen, an zwar geet déi muer an d’Tierkei. Gesitt Dir do eventuell Ähnlechkeete mat anere Länner, oder sot Dir Iech, d’Tierkei ass e stabelt Land?

Jean Asselborn: Neen, d’Tierkei ka ganz au contraire eng immens grouss Roll spillen an esouguer eng Referenz sinn.

E Land wéi Ägypten, wou jo elo d’Verfassung soll geännert ginn – wa mir wëllen, an dat ass jo eist Zil, datt mir mathëllefen, esou datt et eng Regierung gëtt déi net ofhänkt vun engem sturen Integrismus oder Islamismus, wéi Dir dat wëllt nennen, da kéint d’Tierkei effektiv eng Referenz sinn. Déi Roll ass och vu ville vu menge Kollege gëschter Owend, a gëtt och haut doutsécher ënnerstrach.

Et ass also wichteg fir den Ënnerscheed ze maaachen. D’Tierkei ass ee Wee gaangen, den Iran ass en anere Wee gaangen.

Mir hoffen, datt alleguer déi Länner aus dem Maghreb an am Moyen-Orient, wou déi Evolutiounen elo amgaange sinn – wat Revolutiounë sinn a méngen Aen – awer zu enger säkulärer Regierung féiert, an eben net zu enger Regierung, déi vun Integrismus an Islamismus dominéiert ass.

Dernière mise à jour