Jean-Claude Juncker au sujet de sa rencontre avec la chancelière fédérale Angela Merkel.

Carine Rippinger: E Pakt, et an deem fir Lëtzebuerg d’Fro vun der Indexéierung am Mëttelpunkt steet.

Däitschland a Frankräich haten an hirer Propos fir eng méi koordinéiert Wirtschaftssteier an der EU ënner anerem fir d’Ofschafe vum Indexmechanissem plädéiert. No Gespréicher déi lescht 2 Woche mam EU-Rotspresident Herman Van Rompuy hätt hie schon Ursaach gehat dovun auszegoen, datt d’Zopp a Saachen Index net esou waarm giess gëtt wéi se gekacht gëtt, esou de Jean-Claude Juncker. Eng Meenung, vun där de lëtzebuerger Premier no senger Reunioun mam Angela Merkel nach méi iwwerzeegt ass.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech hunn et däitlech gemaach, datt mat mir eng Ofschafung vum Index net a Fro kënnt. Si huet dat zur Kenntnis geholl a si ass domat d’accord, datt ee seet, datt een do wou et Indexsystemer gëtt – dat ass an der Belsch, dat ass zu Lëtzebuerg de Fall, et ass an eenzel aner Länner, mä méi klengt bemoossen, de Fall - et just zu Adaptatioune kënnt wann ee Produktivitéitskanäl verléisst. An déi Positioun setzt sech och duerch.

Carine Rippinger: A weider:

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Kee wäert den 11. Mäerz, also haut an enger Woch, den nächste Freideg verlaangen, dass Lëtzebuerg säin Index ofschaaft.

Carine Rippinger: Dat kéint och doru leien, datt den EU-Rotspresident der däitscher Noriichtenagence DPA no amgaangen ass, eege Proposë fir de Spezialsommet ze preparéieren. Dora wier keng Rieds méi iwwer d’Ofschafe vun der automatescher Lounindexéierung.

Beim Treffen an enger Woch zu Bréissel geet et ëm e Gesamtpak fir d’Stabiliséierung vun der Eurozon; nieft dem Kompetitivitéitspakt sollt deen aus enger Verschäerfung vum Stabilitéitspak bestoen, aus Changementer um aktuellen Euro-Rettungssystem an dem Aféiere vun engem permanente Rettungsmechanissem.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Fir deen hunn ech, als President vum Eurogrupp, 500 Milliarden Euro Geldmëttele virgeschloen. Doriwwer besteet Accord mat der däitscher Bundeskanzlerin, et muss ee just nach klären, wéi vill Milliarden datt direkt abezuelt ginn, a wéi vill Milliarden datt zur Verfügung stinn, déi kënnen ofgeruff gi fir de Fall wou een déi Sue bréicht.

Carine Rippinger: Déi däitsch Kanzlerin huet no der Reunioun mam Jean-Claude Juncker gesot, si géif sech vum Sommet déi nächst Woch en däitlecht Signal un d’Finanzmäert erwaarden. D’EU an den Eurogrupp misste weisen, dass se zu hirer Währung stoe géifen, esou d’Angela Merkel. Um Wee bei déi geplangten Eurostrategie wier allerdéngs nach vill Aarbecht néideg.

Dernière mise à jour