Jean Asselborn au sujet de la situation en Libye

Gil Goebbels: Am Interview begréissen ech de Moien de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Gudde Moien.

Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Goebbels.

Gil Goebbels: Wat wëllt d'EU maachen, Här Asselborn?

Jean Asselborn: Fir d'alleréischt dat Positiivt: ech mengen Dir hutt et gesot – mir sinn all d'accord – Gaddafi a Compagnie hu keng Legitimitéit méi, och net an Zukunft. Dat kann net méi retabléiert ginn.

Zweetens, Humanitär fuere mir virun: 60 Milliounen Euro sinn engagéiert gi vun der Europäescher Unioun. Iwwregens, dovu sinn eng Millioun Euro vu Lëtzebuerg. Dat ass esou vill wéi d'Belsch a wéi d'Hollänner. Mir wëllen och weider enk zesummeschaffe mat der Arabescher Liga, mat der Afrikanescher Unioun an och selbstverständlech mat der UNO.

Dir hutt d'Fro richteg gestallt, wat geschitt wann?

Mir hoffe jo, reng aus humanitäre Grënn, datt dee Regime Gaddafi geschwënn an d'Knéie geet, net datt nach deeg- oder wochelaang déi Massakere weiderginn.

Allerdéngs, Dir hutt Recht, gëtt et keng Gebrauchsanweisung déi rationell kann opgestallt gi fir zu deem Zil ze kommen.

Wat mir och nach gëschter ugeschwaat hunn, dat ass déi berühmten No-Fly-Zone. Op jiddwer Fall war de Konsens do, datt dëst an allerleschter Instanz nach eng Méiglechkeet muss sinn, mä nëmme wann 2 Conditiounen erfëllt sinn. Dat heescht, éischtens wann eng Demande do ass vun den arabesche Länner, an zweetens wann et e Mandat vun der UNO gëtt. Dat ass jo och ganz wichteg. Och missten d'arabesch Länner net nëmmen en Interessi dorunner hu fir dës No-Fly-Zone ze froen, mä se misste sech och wëllen dru bedeelegen.

Mir wëssen, datt do, Dir hutt dat ugedeit, et vläicht eng Nuance gëtt an der Approche. Mä de Problem – fir mech op jiddwer Fall, wéi ech e gesinn – ass, wann effektiv de Gaddafi elo massiv géif seng Loftwaff asetzen an e géif d'Stied weider bombardéieren, an et géifen Dausenden an Zéngdausenden Doudeger riskéieren dobäi ze kommen, datt mir da gezwonge sinn nozekucken. Wann awer eng Demande do wier vun der arabescher Welt fir eng No-Fly-Zone anzesetzen, datt da menger Meenung no d'Situatioun eng aner wier, och um Niveau vun der UNO, an ech géif esouguer mengen, och wat China a Russland ugeet. Dat soll weider preparéiert ginn. Do gëtt et e gewëssene Konsens fir dat ze maachen.

Allerdéngs, an der Europäescher Unioun, an dat ass och ze verstoen – eng Partie Länner gi vun engem Biergerkrich an deem Land aus – muss dat Mënschlecht iwwerweien. Wann effektiv déi Situatioun kënnt, da muss ee kucken, op Grond vum internationale Recht, dat ze maache wat déi Leit vun eis erwaarden, datt een net nokuckt an net zouléisst, datt déi Massakere nach sech steigeren.

Gil Goebbels: Aus Libyen selwer ginn et ëmmer méi Berichter, datt dem Gaddafi seng Truppe lues a lues nees d'Kontroll iwwer wichteg Stied am Oste vum Land zréck gewannen. Muss net och schnell gehandelt ginn?

Jean Asselborn: Dach, Dir hutt ganz Recht. D'Italiener, déi jo och ganz staark Lienen hu mat der Regioun ëm Bengazi, déi soen, déi ganz Regioun wier ëmzingelt an all Moment kann de Gaddafi zouschloen.

An dat, wat mir jo soen ass, datt dat wat d'Rebellen, d’Opstänneg, eruewert hunn alles erëm zréckgeholl kéint ginn, an da géif vill Blutt vergoss ginn. Déi Gefor besteet. Mä Dir wësst, datt e militäreschen Agrëff nëmme ka méiglech si mat engem Mandat vun der UNO. Firwat? Well soss géif een a mengen Aen do Wonnen oprappen, déi Joerzéngten net géifen heelen.

Ech hoffen, datt et net esou wäit kënnt an ech hoffen, datt och intern a Libyen – wou jo awer net alles Gaddafi a Compagnie ass, mä wou et och Leit ginn déi dat anescht gesinn – datt do och vun hinnen aus, vu bannen eraus, an dat wëlle mir jo och ënnerstëtzen, datt do de Gaddafi-Clan an d'Knéie gezwonge gëtt.

Gil Goebbels: Eng lescht Fro Här Asselborn: gëschter huet de franséische President Nicolas Sarkozy iwwerraschend den nationalen Transitiounscomité, also d'Oppositioun a Libyen, unerkannt. War dat verfréit?

Jean Asselborn: Bis elo hu mir op jiddwer Fall um Niveau vun den Ausseministeren, wat ech weess, déi Gestioun serieux gemaach: esouwuel wat d'Sanktiounen ugeet, selbstverständlech mat de Finanzministeren, wéi och wat déi humanitär Geschicht ugeet, wéi och d’Verhältnis par rapport zum Gaddafi.

Mir dierfen elo net op eemol an Theatralik verfalen.

Zumools, vu Paräis erof si gëschter zwou Saache komm, déi ech eigentlech net richteg verstinn.

Dat eent dat ass, wat Dir gesot hutt, déi Unerkennung. Dat ass wierklech net op Géigeléift gestouss, well dee Mann um Kapp vun dem nationalen Transitiounscomité war 7 Joer laang Justizminister an deen huet zum Beispill och ze veräntweren, datt bulgaresch Infirmièrë joerelaang do agespaart waren. Do misst een eigentlech e wéineg méi virsiichteg sinn.

Dir wësst jo och, datt de Prinzip deen ass, datt Staaten nëmme Staaten unerkennen an net Regierungen oder eng Oppositioun. Dat ass dat éischt.

An dat Zweet dat ass: mir misste bal geléiert hunn, och an Europa, datt nëmmen e Vollek, dat heescht d'Libyer selwer, hir Regierung an hir Oppositioun kënnen unerkennen an net mir hei.

Dat anert, mat Bléck op e militäreschen Agrëff – eng Iddi, déi jo vu Paräis soll eriwwergeschwappt sinn – do kann ech nëmme just soen, datt ech all Respekt hu virum neie franséischen Ausseminister Alain Juppé, dee gëschter mat eis alleguerten e puer Mol betount huet, datt all militäresch Interventioun nëmme kann op Grond vun engem UNO-Mandat geschéien.

Dofir hoffen ech, datt wierklech och haut vu Bréissel aus een alles ënnerléisst wat kann d'Seriositéit an d'Glafwierdegkeet vun Europa a Fro stellen.

Gil Goebbels: Am Interview de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Merci, Här Asselborn.

Jean Asselborn: Merci och.

Dernière mise à jour