Jean Asselborn au sujet de la situation au Japon suite au séisme majeur survenu le 11 mars 2011

Paul Konsbrück: Wéi geet et virun? Wat bedeit d’Situatioun a Japan fir Europa a fir Lëtzebuerg? Wat ënnerhëlt d’Politik? Bei eis am Studio ass elo de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn fir Äntwerten op dës Froen ze ginn. Här Asselborn, gudden Owend.

Jean Asselborn: Gudden Owend, Här Konsbrück.

Paul Konsbrück: Et ass esou, datt zanter e Freideg, also wou deen Tsunami respektiv dat Äerdbiewe war, déi lëtzebuerger Diplomatie scho reagéiert huet. Wéi gesinn déi Reaktiounen elo dësen Ament aus?

Jean Asselborn: Fir d’alleréischt wëll ech soen, datt ee gehofft hat – no de Biller déi een am Dezember 2004 gesinn huet vum Tsunami, virun allem an Indonesien – datt een déi Biller net méi géif gesinn.

Mä déi, déi een hei gesäit sinn erëm horgenee d’nämmlecht. En plus komme jo e puer Faktoren dobäi déi deemools net gespillt hunn, nämlech déi vun der Fro vun nuklearer Verseuchung.

Mir hunn e Freideg, wéi mir déi éischt Biller gesinn hunn, wou mir am Regierungsrot soutzen, direkt selbstverständlech als Ministère esou reagéiert wéi normalerweis reagéiert gëtt: et kuckt ee Kontakt ze kréie mat senger Ambassade. Mir hunn eng Ambassade a Japan a mir hu versicht un d’Leit ze komme wou mir wëssen – also Lëtzebuerger déi a Japan liewen oder do de passage sinn – a fir déi ze kontaktéieren.

D’Telefonë sinn net gaangen, mä mir sinn awer iwwer Internet, iwwer E-mail un d’Leit komm a mir hunn och 33 Feedbacke kritt. Mir sinn also un all déi Leit, déi Lëtzebuerger a Japan komm, déi mir kennen. An enger éischter Phas hu mir hinnen natierlech gesot, datt, wann Dir eppes hutt, mellt iech. D’Ambassade ass déi ganzen Zäiten op fir Iech a mir hëllefen.

Elo, de Mëtteg um 12-13 Auer, hu mir missten en zweete Schratt maachen, wéi och d’Fransousen dat bei hire Leit gemaach hunn, an aner europäesch Länner, a mir halen eis och dorunner, datt mir de Leit déi zu Tokyo liewe gesot hunn, si sollen Tokyo verloossen. Dëst aus 2 Ursaachen: dat eent dat sinn d’Nobiewen, déi héichprobabel sinn an den nächsten Deeg, an zweetens awer och wéint der nuklearer Fro, déi absolut net geléist ass, an déi kann eng Dimensioun kréien, déi ee bis elo vläicht net erwaart huet.

Ech wëll net vun hei aus elo dramatiséieren. Ech mengen, mir hu kloer Uweisunge ginn, datt d’Leit sollen aus Tokyo fort goen an dat gëtt och gemaach. Si mussen net aus Japan fort goen, dat ass de Moment nach net d’Fro. Vill Leit hunn dat scho gemaach, vill Leit hunn dat schonn an d’Wee geleet. Dat ass vläicht och net esou einfach gesot wéi gemaach, mä dat schéngt mir dëse Moment elo déi richteg Uweisung ze sinn. An da bleiwe mir eben, wéi ech gesot hunn, 24 Stonnen a Kontakt.

Eis Ambassade bleift och de Moment op. Et ginn nach keng Diplomaten, och vun aner Ambassaden, zréckgezunn. Mä selbstverständlech, wann dat muss geschéien – mir hunn 2 Diplomaten do, eisen Ambassadeur an och d’Madame Frantzen, dann ass et selbstverständlech, wann d’Gefor géif ze grouss ginn, dass een och déi Schrëtter da misst ënnerhuelen, mä esou wäit si mir net.

Paul Konsbrück: Wat heescht "wann d’Gefor ze grouss gëtt"? Et ass jo elo den Ament esou, datt an enger Rei Atomreaktere Problemer sinn, alt scho vu Kärfusioun geschwat gëtt. Wou ass do den Ament? Wéi gëtt décidéiert, datt ee seet, d’Leit musse Japan effektiv verloossen?

Jean Asselborn: Also, ech géif mengen, haut waren zum Beispill zu Tokyo 2 Koordinatiounssitzunge mat de japaneschen Autoritéiten an allen Ambassadeuren – net nëmmen déi europäesch – wou dann d’Länner informéiert ginn.

Allerdéngs muss ee wëssen, datt och a Japan dat iwwerweit wat een dacks bei Katastrofe gesäit, datt ee selbstverständlech als Regierung a Japan wëll d’Impressioun ginn, datt een d’Saachen dominéiert. An dat ass ebe just dee grousse Problem. Dir wësst, datt deen ee Reakter mat Mierwaasser gefëllt ginn ass fir ofzekillen. Deen ass also geaffert ginn, dat ass jo och weider net schlëmm, mä do ass eng Dispositioun geholl ginn. Deen anere riskéiert nach ëmmer, wéi Dir dat jo ugedeit hutt, datt do effektiv déi Stief schmëlzen, an datt dann eppes entsteet wat héich, héich geféierlech ka sinn.

D’autant plus, datt an engem vun de Reakteren net alleng Uran dran ass, mä och Plutonium, wat nach vill méi aggressiv ass fir zum Beispill Krankheeten ze kréien, déi een herno net méi meeschtert. Also, dat ass net rationell elo, loosse mir soen, a Grenzen de Moment nach anzeuerdnen.

Paul Konsbrück: Dir hutt et selwer gesot, et ass eng geféierlech Situatioun wéinst där Explosioun, respektiv wéinst der Situatioun déi een a Japan huet. Et ass och den Ament fir d’Atomenergie grondsätzlech a Fro ze stellen. Dat gëtt verschiddentlech gemaach; wéi ass do Är Positioun?

Jean Asselborn: Also, meng perséinlech Positioun ass elo vläicht komplett deckungsgläich, 100% deckungsgläich mat där vun de lëtzebuerger Regierungen zanter Joerzéngten.

Mir hunn ëmmer virdru gewarnt, datt een effektiv an där Zäit no Tschernobyl, wou et jo ugefaangen huet, dat ass elo 25 Joer hir, e wéineg méi large domat ëmgaangen ass. Mir hunn ëmmer gewarnt, och elo an deene leschte Joeren an der Europäescher Unioun, wéi mir iwwer 2020 geschwat hunn, datt een net soll an d’Fal erafale fir eben erëm alles op den Taux nucléaire ze setze fir ze soen, bon, dat ass déi einfachst Léisung fir ëm d’Fro vum CO2 ze kommen.

An et ass och eng Léisung déi effektiv immens vill Potential un Energie bréngt, mä et ass eng Solution de facilité. Wann alleguerten déi Suen, déi Potentialer géife geholl ginn déi an d’Sécherheet alleng vun den Atomzentrale gesat gëtt, do kéint een immens vill maachen an den nächste Joeren, wat Energieeffizienz ugeet, Energie spueren, awer och nei Energien an och Alternativenergien opbauen. An ech mengen, dat misst de Wee sinn.

Paul Konsbrück: Dat heescht, Dir plädéiert effektiv fir eng Sortie aus der Atomenergie?

Jean Asselborn: Also, ganz kloer, ech mengen, mir hunn dëst Atomenergie ni als eng Energie gesi wou ee soll d’Zukunft drop opbauen. A genau dëst war jo a ville Länner de Fall.

Frankräich, loosse mir soen, huet de Lead. Verschidde Länner an der Europäescher Unioun, Här Konsbrück, sinn och, niewent de Fransousen an deene leschten 2-3 Joeren oft op den nämmlechte Wee gaangen, wann ech et esou dierf soen, an hunn och gemengt, se missten op esou eng Léisung goen.

Mir hoffen elo, datt dat wat hei geschitt ass definitiv de Beweis ass, loosst mech dat nach vläicht soen, datt weder Gesetzer nach Technik kënnen eng Garantie ginn, datt een dominéiert wat kéint mat Atomkraaftwierker geschéien. Mir soen elo, dat ass eng Magnitude op der Richterskala vun 9, mä och scho vläicht bei enger vu 5 kéinten och an eise Regiounen d’Killsystemer zesummebriechen an esou Katastrofe provozéieren. Well et sinn d’Killsystemer déi a Japan zesummegebrach sinn, et huet näischt ze di mat der Stäerkt vum Äerdbiewen. Et ass einfach, datt d’Generatoren ausgefall sinn an datt doduerch eben dat geschitt ass wat sech produzéiert huet.

Paul Konsbrück: E Sujet op dee mir bestëmmt an den nächsten Deeg nach e puer Mol wäerten zréckkommen. Här Asselborn, ech soen Iech Merci fir de Besuch am Studio.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour