Jean Asselborn, invité de l'émission "Live aus dem Vitarium"

Tom Graas: Gudde Mëtteg aus dem Vitarium hei um Rouscht.

Mäi Gaascht haut ass e Mann, deem seng politesch Fonctioun et mat sech bréngt, datt hie ganz vill ënnerwee ass, an et ass net ëmmer esou einfach fir hien hei zu Lëtzebuerg ze erwëschen. Gëschter Owend koum hien zréck aus Ungarn, a geschwë geet et schonn nees weider a Rumänien.

An et ass fir mech eng besonnesch Freed, no laanger Zäit emol nees eng Kéier mat Iech rondërem ee Mikro ze sëtzen. Gudde Mëtteg, Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Gudde Mëtteg, Här Graas.

Tom Graas: Dir sidd elo zënter bal 7 Joer lëtzebuerger Ausseminister. Sidd Dir d’Liewen aus der Valiss nach net midd?

Jean Asselborn: Also, wann ee bis dee Stadium erreecht huet als Ausseminister, dann huet ee besser, et péckt een net méi aus, et péckt een an. Ech sinn net esou wäit, ech maachen dat nach ëmmer ganz gären.

An och wann et physesch heiansdo net esou einfach ass, ass et eng Aufgab, déi ee mécht am Interessi vun eisem Land. A wann een do A gesot huet, da muss een och B soen, da muss een dowidder goen.

Tom Graas: Okay. E bëssen Innepolitik am Ufank vun dëser Emissioun trotzdem.

Hutt Dir genuch politesch Präsenz hei zu Lëtzebuerg? Ëmmerhi sidd Dir jo Vize-Premier vun enger CSV-LSAP Koalitioun? Iwwerloosst Dir dem Staatsminister net ze vill den Terrain hei zu Lëtzebuerg, oder sot Dir Iech, oh, deen ass och ganz vill op der Rees?

Jean Asselborn: Neen, also, ech mengen, et ass esou, datt, mäin Haaptberuff ass Ausseminister. Dir wësst, datt ech alleng sinn, am Ministère alleng, an deem Sënn, datt ech kee Staatssekretär hunn [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Kee Staatssekretär dobäi ass.

Jean Asselborn: Dat ass e Choix, dee mir gemaach hu wéi mir d’Regierung zesummegesat hunn. An dat heescht, datt ech effektiv ganz vill net hei sinn.

Mä ech mengen awer, datt hei zu Lëtzebuerg, wann ee Vize-Premier ass, wat, loosse mir soen, d’Koordinatioun mat eiser Partei ugeet, well et ass ee jo och e Parteimënsch, do ass awer e vollt Vertrauen, esouwuel an eis Partei, den Alex Bodry, an och an d’Fraktioun, mam Lucien Lux. Do si schonn iwwerall vun der Welt aus Méiglechkeeten, datt ee sech koordinéiert.

An de Premier deen, Dir wësst, ass ganz staark och engagéiert als President vum Eurogrupp.

Mä alles wat mir awer maachen, ech mengen allen zwee, dat ass jo trotzdem versichen ze kombinéieren zu Lëtzebuerg eis Aarbecht esou gutt wéi méiglech ze maachen, mä awer och dat wat Lëtzebuerg, e klengt Land wéi Lëtzebuerg brauch, eng Präsenz ze hunn um europäeschen Niveau, an och um Niveau iwwer Europa eraus.

Tom Graas: Fir dës Emissioun ze preparéieren hunn ech eng ganz Partie rezent Interviewe mat Iech geliest. Déi meescht allerdéngs an auslännesche Medien, bis eriwwer esouguer an d’Jerusalem Post.

Fillt Dir Iech hei zu Lëtzebuerg fir Är Aarbecht genuch unerkannt, oder ass et eben einfach esou, datt de Prophéit eben näischt gëllt am eegene Land?

Jean Asselborn: Ech ka mech wierklech net bekloen hei zu Lëtzebuerg, wat esouwuel déi elektronesch Medien ugeet, wéi och déi geschriwwe Medien. Et huet een eigentlech ëmmer en oppent Ouer.

An all Kéier wann ech och ugesprach gi fir hei meng Meenung ze soen, oder fir de Journalisten, déi ech immens respektéieren, well dat ass jo e Beruff – d’Politik ouni Journalistë géif net bestoen, vläicht ëmgedréint och net – mä do kann ech mech absolut net bekloen.

An datt ee präsent ass, och an net-lëtzebuergesche Medien, dat mengen ech, kënnt net vum Himmel gefall, an deem Sënn, datt ee muss och haart do dofir sech asetzen.

Bon, ech soen ëmmer, ech hat déi grouss Chance, datt mir 2005 direkt d’Presidence haten, dat war nach eng Presidence vu viru Lissabon, wou ech ganz, ganz vill Leit kenne geléiert hunn. Ech hunn iwwer 100 Ausseministeren do perséinlech kannt, ech hunn och ganz vill Regierungsleit kenne geléiert op allen Niveauen. An dat huet mir gehollef.

An ech mengen, no där Presidence hunn ech och versicht, loosse mir soen, dat Kapital wat een da konnt kréien, fir dat och dann ze exploitéieren. An d’nämmlecht ass et och mat der auslännescher Press.

Et muss een natierlech wëssen, wann een ëmmer nëmmen esou schwätzt, datt een näischt seet, da gëtt een net gefrot. Dofir mengen ech, datt och an der Aussepolitik een natierlech ëmmer muss mat de Féiss um Buedem bleiwen, eng gewësse Bescheidenheet hunn, well mir sinn net Frankräich, a mir sinn net England, a mir sinn doutsécher och net Spuenien, oder Italien.

Mä datt een awer versicht an deene Gebidder, wou ee ka schwätzen, net nëmmen als Lëtzebuerger, mä och als Europäer, eng Iddi, déi ee kann argumentativ verdeedegen, datt een dat dann och esou seet, datt d’Leit eppes kënnen domat ufänken, datt dat iergendwéi palpabel ass.

Wann een nëmmen de klasseschen Discours huet, deen een heiansdo héiert, a Saachen Aussepolitik, dann huet een natierlech keng Chance, an et huet een och keng Geleeënheet fir dann zwee Mol gefrot ze ginn.

Tom Graas: An dat ass natierlech méi einfach, wann een aus méi engem klenge Land kënnt?

Jean Asselborn: Jo an Neen. Ech mengen, zum Beispiel dat wat elo a Libyen geschitt ass, wann ee befaangen ass, loosse mer soen et ass e Fransous, oder an Tunesien, huet een och, mengen ech als [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Et ass eng gewëss kolonial Vergaangenheet an deene Länner.

Jean Asselborn: Jo, an dann och déi lescht Reaktiounen, fir déi war et jo och net einfach, fir sech do ze artikuléieren. Et pour cause: Dir gesitt, datt d’franséisch Ausseminstesch doriwwer gestierzt ass.

Mä ech mengen, wat mir kënnen erabréngen, a wat ech och versicht hunn ze maachen, dat ass einfach mech op déi mënschlech Säit ze stellen, a wierklech staark ze condamnéiere wat do geschitt. An ech mengen, dat gëtt vläicht vun engem Land, oder vun engem Politiker, deen elo net national Interessen huet, vläicht besser ofkaaft wéi vu Länner déi implizéiert sinn.

Tom Graas: Iwwer Är perséinlech Erfahrungen, Wënsch an Hobbyë schwätze mir nach herno um Enn vun der Emissioun.

Direkt wëlle mir awer iwwer eng Rei héich aktuell, international Sujeten diskutéieren. Ugefaange mat där fierchterlecher Naturkatastrof natierlech a Japan. Dat Land ass räich, et ass déi drëtt Ekonomie op der Welt, et ass een héichmodernt a gutt organiséiert Land.

Brauch et trotzdem elo Hëllef vu Lëtzebuerg?

Jean Asselborn: Also, esouwäit ech elo am Bild sinn, huet Lëtzebuerg direkt, spontan seng Hëllef ugebueden.

Mir hunn du geäntwert kritt iwwer d’japanesch Ambassade hei zu Lëtzebuerg, datt de Moment, op deem Niveau wou mir kënnen hëllefen, dëse Moment, déi Hëllef elo soll am stand-by bleiwen. Dat ass jo och geschitt. An datt mir iwwerhaapt prett si mat enger Équipe dohinner ze goen, mengen ech, dat éiert eist Land, an dat gëtt och vun de Japaner ganz staark appreciéiert.

Ech hunn de Moien nach mat eisem Ambassadeur, mam Här Steinmetz zu Tokio geschwat, an en huet ganz kloer och mir confirméiert, datt dee Geste do héich appreciéiert ginn ass a Japan.

Tom Graas: Wat wësst Dir iwwer d’Situatioun op der Plaz, sinn och Lëtzebuerger direkt concernéiert dohannen?

Jean Asselborn: Also bis elo glécklecherweis net. En huet mir de Moien nach eng Kéier bestätegt: et sinn 33 Leit, déi mir kennen, déi enregistréiert sinn an der Ambassade zu Tokyo, deenen ass allen näischt geschitt. Mir hunn vun deenen 33 e Feedback kritt. Déi meescht, oder praktesch alleguer bis op eng Ausnam, mengen ech, liewen och zu Tokio. Dir wësst, datt dat 250 Kilometer ewech ass vun där Plaz, wou de Reakter effektiv grouss Problemer huet. Et ass och wäit ewech vun där Zon, wou den Tsunami zougeschloen huet.

Mä dat ass also alles, wat mir vu Lëtzebuerger wëssen. Natierlech kënne jo och elo Touriste gewiescht sinn an deem Gebit, oder nach sinn. Et mellt jo kee sech un am Ausseministère, oder an der Ambassade onbedéngt, wann een a Japan eng touristesch Rees mécht.

Mä et ass esou, datt mir dat e wéineg ënner Kontroll hunn de Moment, wat d’Lëtzebuerger ugeet, an datt och eis Ambassade alles mécht, fir de Leit entgéint ze kommen. Mir hu jo eng Hotline direkt agesat gehat, iwwer de Weekend. Ech mengen, do maache mir dat wat mir kënne maachen, fir do iwwer d’Ambassade Präsenz ze hunn.

Tom Graas: Dir hutt et gesot, Jean Asselborn, bei d’Äerdbiewe kënnt och elo eng nuklear Katastrof. Nach ëmmer ass net ganz kloer gewosst, wat genee an deem Atomkraaftwierk zu Fukushima geschitt. De Moie gouf elo gemellt bei zwee Reaktere wier de Kär amgaangen ze schmëlzen. Iwwer 170.000 Leit goufe schonn evakuéiert. Hutt Dir weider méi präzis Informatiounen?

Jean Asselborn: Neen, ech hunn d’Informatiounen och, wéi gesot, de Moie vun eiser Ambassade, awer och wat een hei ka liesen um Spiegel-online, oder esou Saachen, déi komplett aktuell sinn.

Effektiv si jo zwee Reakteren do concernéiert. Deen een ass jo elo, gëtt opgefëllt mat Mierwaasser fir dann ofzekillen. Bon dee Reakter ass sakrifiéiert ginn, do ass Borwaasser och nach dobäi geschott ginn. Bei deem aneren ass et nach ofzewaarden.

Esou wat meng Informatiounë sinn, muss e gewëssene Moment do Drock erausgelooss ginn, da muss een natierlech oppassen, datt keng radioaktiv Strahlen an d’Land ginn [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Dat schéngt op alle Fall awer geschitt ze sinn.

Jean Asselborn: Voilà, mee wéi héich datt dat ass, an datt d’Leit evakuéiert gi sinn an engem Ëmkrees, mengen ech, vun 20 Kilometer oder 25 Kilometer [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Mä europäesch Spezialiste si jo relativ pessimistesch trotzdem, wat déi Saach do ubelaangt. Bon, et gëtt elo net onbedéngt en direkte Verglach gezu mat Tschernobyl, mä trotzdem huet een déi Biller awer direkt nees am Kapp, wann een déi do Saach héiert.

Jean Asselborn: Also, Dir kënnt Iech erënneren, do ware mir allen zwee nach e wéineg méi jonk, mä deen éischte Crash, wann ech elo gutt am Bild sinn, war 1979 zu Harrisburg, an Amerika. Do ass d’Welt nach eenegermoosse mat engem bloen A dovu komm.

Bon, deen, dee mir natierlech am Kapp hunn – Tchernobyl – a wou mir elo nach an der Regierung driwwer geschwat hunn de leschte Freideg, fir eng Delegatioun op déi Festivitéite vu 25 Joer no Tschernobyl ze schécken. Et sinn elo genee 25 Joer am Abrëll, wann ech gutt am Bild sinn [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Jo, Enn Abrëll.

Jean Asselborn: Ech hoffe wierklech, Här Graas, an dat wier vläicht deen eenzege positive Punkt, deen ee bei där schrecklecher Katastroph do kann agesinn – well Äerdbiewen, Seebiewen, an dann Tsunami, an déi Katastroph do an de Reakteren, dat ass immens vill beieneen – mä datt een agesäit, datt d’Natur sech net un d’Gesetzer hält, vun deene mir mengen, wat d’Stabilitéit vun Atomreakteren ugeet, daat géif alles goen iwwerall op der Welt.

Dir hutt gesinn, an dat ass ganz opfälleg – ech verstinn dat op eng Manéier – 25 Joer no Tschernobyl, loosse mir soen, wollt déi éischt 10 Joer kee Mënsch méi Atomreaktere bauen, no 15 Joer ass schonn eng Diskussioun ugaangen, an haut ass eng Diskussioun amgaangen, virun allem am Kader vum CO2, datt ee kéint op Atomenergie erëm ouni Bedenken eriwwer setzen.

Dir gesidd dat esouguer a Länner wéi a Schweden, déi extrem virsiichteg sinn, awer och baltesch Länner an esou weider. Ech hoffen, datt hei e Ruck duerch ganz Europa geet, och an Däitschland.

Tom Graas: Dat heescht, Är Meenung, an och d’Meenung vun der lëtzebuerger Regierung ass kloer, Atomkraaft ass keng Alternativ?

Jean Asselborn: Neen, Atomkraaft ass net nëmme keng Alternativ, mä ech mengen, mir hunn ëmmer dorop higeschafft, an och an eisen Argumenter déi mir zu Bréissel ubruecht hunn, datt wann ee géif all déi Energie, an all dat Potenzial, dat Geld géif asetzen, wat an d’Sécherheet, alleng an d’Sécherheet vun den Atomreaktere gestach gëtt, an et géif een do versiche Programmer vun Alternativenergien, vun erneierbaren Energien, datt et do géif eng immens Palett ginn. Ech sinn elo kee Spezialist dran. Mä Dir wësst dat, och Energieeffizienz, Energiespueren, natierlech en Atomreakter ass d’Solution de facilité ass. All dat anert kann een dann agrenzen.

Mä ech mengen, datt dat hei en Zeechen ass. Och an Däitschland: ech hunn de Moien nach um Deutschlandfunk nogelauschtert, datt zum Beispill a Baden-Württemberg et och Regiounen gëtt, wou där Reaktere stinn, déi och äerdbiewegeféierlech sinn.

Tom Graas: Jo, jo, an domat [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Quitte datt dat net elo 10 op der Skala ass, dat ass jo extrem, ech mengen esou eppes kënnt all 100 Joer eng Kéier vir. Mä och vläicht wann et nëmmen 5 oder 6 ass, nëmmen [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Jo, ëmsou méi wou déi Normen an Europa net onbedéngt esou streng si wéi déi a Japan.

Jean Asselborn: Jo, also Japan si jo, wann Dir mir dat erlaabt, loosse mir soen, déi asiatesch Preisen, elo net am schlechte vum Sënn, mä wat Grëndlechkeet ugeet.

Wann ee gesäit, datt a Japan esou eppes ka geschéien, da kann ee jo awer och sech virstellen datt et soss enzwuech geschitt. Gëschter ware mir nach an Ungarn, an de Guido Westerwelle huet direkt gesot, hien misst zréck, well hien hätt Krisesitzung, also um 6 Auer owes schonn.

Dunn hunn ech héieren, d’Reaktioun dorop wier, dass d’Killsystemer an Däitschland alleguer mussen kontrolléiert ginn. Mä anerersäits gëtt awer gesot, et ass an Däitschland esou sécher, datt mir déi Verlängerunge vun der Laafzäit vun den Atomkraftwierker kënnen ouni Problemer maachen. Mä dat gëtt eng grouss Diskussioun elo do, an net nëmmen am Kader vun deene Landeswahlen.

Mä ech hoffen, datt an Europa, déi Länner – et sinn der e puer – déi wierklech gedréckt hunn an déi Richtung "le tout nucléaire", datt dat wierklech [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Bon, Dir sot et op Franséisch, et ass jo kloer. Eise franséische Noper, Cattenom läit grad un eiser Grenz. Wann een elo de Süden vu Frankräich hëllt, deen ass och eng Zone à risques wat Äerdbiewen ubelaangt, och do ginn et Atomkraaftwierker, dat heescht, esou onméiglech ass déi Situatioun net onbedéngt hei an Europa.

Jean Asselborn: Richteg.

Tom Graas: An et schockéiert ee jo vläicht nach grad méi am Fall vu Japan, well et e Land ass, wou natierlech och déi zwou Stied Hiroshima an Nagasaki leien?

Jean Asselborn: Also, ech mengen, fir dat do kuerz und bündig ze soen, ech sinn net dovunner iwwerzeegt, an d’lëtzebuerger Regierung ass och net dovun iwwerzeegt, an ech mengen zënter Enn der 1970er Joeren waren all lëtzebuerger Regierungen net dovunner iwwerzeegt, datt dat do déi Léisung ass, déi d’Welt brauch, an déi Europa brauch. Ech, och aus lëtzebuerger Siicht, sinn der Meenung, datt d’Atomenergie wierklech eng Energie ass, wou jo immens Potenzial dran ass, mä wou awer och immens Geforepotenzial dran ass.

A wéi gesot, dat hutt Dir virgëschter erëm gesinn a Japan, d’Natur hält sech net un déi Gesetzer. Mat enger Hand ginn déi Gesetzer radéiert, an dann ënner där Angscht, ënner deene Konsequenze fir bestrahlt ze ginn, oder fir radioaktiv Strahlen ofzekréien, mat alle Konsequenzen dovunner, dat ass schonn eppes, dat mir eis sollen erspueren.

Tom Graas: D’Weltwirtschaft hat sech no der Bankekris nees lues a lues erholl. Wäerft déi Naturkatastrof déi international Mäert elo nees a Schwieregkeeten?

Jean Asselborn: Also, wat doutsécher dobäi kënnt, dat sinn d’Energiepräisser déi net erof ginn. Wann een déi ganz Evolutioun an dem arabesche Raum kuckt, déi hei dobäi ass, well um Weltmaart natiirlech och d’Psychologie vill méi héich anzeschätzen ass, wéi dat Rationalt, dat do gëtt eng Flambée, a mengen Aen op jiddwerfalls, wat mëttelfristeg d’Energiepräisser ugeet.

Tom Graas: Effektiv. Themewiessel da wéi gesot mat engem aneren Äerdbiewen, am bildleche Sënn vum Wuert dës Kéier. Zënter dem Ufank vum Joer jot eng Revolutioun déi nächst an der arabescher Welt. De Westen kuckt déi Entwécklung zimlech verdaddert.

Firwat? Hat iwwerhaapt keen domat gerechent? Koum dat esou plëtzlech, waren do keng Spezialisten an der Diplomatie, déi gesot hunn, do ass eppes um Wackelen, do kéint eppes geschéien?

Jean Asselborn: Och do gëtt et keng rationell Gesetzer fir esou eppes virauszegesinn. Do gëtt et kee Seismometer, deen dat moosse kann.

Ech wëll just, och fir d’Leit nach eng Kéier, wann Dir dat wëllt soen, wéi dat ugaangen ass an der arabescher Welt, dat dierf ee jo ni vergiessen. Dat ass ugaange mat engem Student, dee seng Uni fäerdeg gemaach huet an Tunesien, deen do keng Plaz kritt huet a sengem Beruff, als Universitaire, deen dann dunn aus Verzweiwelung fir ze iwwerliewen, e puer Banane kaaft huet an e puer Orangen. Hien huet déi da verkaaft op engem klenge Stand. Du kënnt d’Polizei, well en d’Autorisatioun fir do ze verkafen net hat, dunn hunn déi em alles futti geschloen, a se hunn e mat an de Prisong geholl. An dunn huet dee Jong sech jo immoléiert, also en huet sech verbrannt.

Tom Graas: En huet sech verbrannt, jo.

Jean Asselborn: An dorops hi sinn déi Protester jo ugaangen. Am Dezember [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Dat heescht, dat war déi berühmten Drëps, déi d’Faass zum Iwwerlafe bruecht huet?

Jean Asselborn: Jo, mä dat ass awer en onheemlecht Symbol.

Haut ass an enger grousser däitscher Wochenzeitung, déi muer erauskënnt, ass en immens gudden Artikel doriwwer, wou och d’Mamm vun deem Jong gesot kritt, hei du hues eis e Jong ginn, deen d’ganz arabesch Welt befreit huet. Et muss ee wësse vu wat esou eppes ausgeet.

An dann dat zweet, wat awer elo fir mech dat aller, aller Wichtegst ass. Wësst Dir, mir dierfen eis net virstellen op deem Globus, dee jo awer zimlech kleng ass, wann een e vum Mound kuckt, datt déi eng kënnen a Fräiheet liewen, an esou wéi si sech dat virstellen, an datt se selwer kënnen iwwer hiert Schicksal entscheeden, iwwer déi Regierung déi se wëllen hunn, an déi aner net.

Ech mengen, déi Aspiratioun an der globaliséierter Welt, déi muss een definitiv ad acta leeën. An ob ee Moslem ass, ob ee ganz staark un de Koran gleeft, oder net, oder un d’Bibel gleeft oder net spillt keng Roll. Wësst Dir, dat Metaphysescht ass eent, mä dat ierdescht Liewen, an Dignitéit ze liewen, a Würde ze liewen, a matzebestëmmen an engem sekuläre Staat, deen opgebaut ass op eng Verfassung, an op Gesetzer, dat ass eng aaner Saach. Ech mengen, et kann een et eventuell vergläiche mat deenen Aspiratiounen, déi déi jonk Leit bei eis haten 1968. Et ass ganz kloer e Mouvement, an deen bleift och net stoen.

Tunesien ass eenegermoossen, géif ech mengen, op engem Wee, wou ee ka virukommen.

An Egypten war ech viru 14 Deeg, an ech kann Iech do just soen, do ass een onheemlech grousse Wonsch do fir eis Wäerter mat ze deelen, wëssend datt an Egypten d’Ekonomie, grad wéi an Tunesien, d’Baach erageet de Moment, well net doranner investéiert gëtt. Sozialpolitesch gëtt et immens Trubelen nach an där Regioun. Mä da kënnt de Moment, wou menger Meenung no, duerch d’Wiel vun engem President, oder duerch d’Wiel vun engem neie Parlament, d’Verfassung kann geännert ginn, an datt een dann op e Wee kënnt, wou wierklech déi Despoten keng Chance méi kréien.

An ech géif soen, dat Schlëmmst ass natierlech elo de Moment d’Situatioun a Libyen, wou ee guer net esou wäit ass, a wou nach alles dran ass, esouwuel eng Ouverture, wéi nach e Regime deen d’Leit wäert direngelen während Wochen a Méint nach [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Mir schwätzen nach e bësse méi genee iwwer dat Thema Libyen. Mä kommt mir bleiwen emol bei deene Revolutiounen.

Bon, Dir sot, et ass natierlech eng legitim Aspiratioun vun de Leit fir kënne fraï ze sinn. Mir hunn dat alles hei an Europa, an trotzdem hat een e bëssen esou d’Impressioun, wann een dat aus der zweeter Rei esou nokuckt, datt déi, déi politesch Responsabel an Europa, an den USA, och hiren Alliéierten Israel, zimlech genervt waren, ech soen dat emol esou zwësche Gänseféissercher, besonnesch vu datt de Regime vum Mubarak verschwënnt. Firwat?

Jean Asselborn: Also fir d’alleréischt, Ären éischte Saz, mir hätten dat alles an Europa. Et huet, wann Dir d’Geschicht kuckt, 500 Joer gedauert, bis mir et haten. Ech mengen, dat dierfe mir ni vergiessen, a wat alles do dotëscht war an deene 500 Joer. Gutt. Dofir si mir jo eng Referenz fir déi Länner. Et ass net China an net Russland, dat d’Referenz ass, mir sinn et [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Mir hunn et bei eis, mä mir sinn awer net onbedéngt ganz frou, wann déi aner et och hunn, oder wéi?

Jean Asselborn: Da leie mir falsch, da leie mir falsch [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Mä déi Impressioun hat een awer e bëssen.

Jean Asselborn: Jo, da läit ee falsch. Datt gezéckt ginn ass am Ufank, verstinn ech nach. Mä do muss wierklech dee kloere Wee, deen déi Leit wëlle beschreiden, dee musse mir accompagnéieren, logistesch, an och wirtschaftlech.

Mä elo kommen ech zréck op Är Fro. Also d’Geschicht mat Israel. Et ass evident, an dat ass deene grousse Politiker an der Welt, wéi deene klenge wéi mech och esou gaangen.

Wéi mir 2005 an der Presidence waren, an och nach duerno, ass ëmmer wann een an de Moyen-Orient gaangen ass, oder ee versicht huet am Moyen-Orient eppes virun ze bréngen, och als Europäesch Unioun, waren d’Statiounen ëmmer Jerusalem – evident soss kënnt een néierens, do muss ee sinn, soss kënnt ee weder a Gaza nach a Ramallah, oder ganz schwéier op jiddwerfalls – a da war et d’palästinensesch Autoritéiten, et war Jordanien, de Kinéck vu Jordanien, an et war de Mubarak, de President vun den Egypter.

An et muss ee soen, datt en an deenen éischten – dat soen och d’Egypter – 10, 15 Joer och dat richteg gemaach huet, a gutt gemaach huet, an datt hie sech ëmmer agesat huet fir dee Friddensprozess, wéi och fir den interpalästinenseschen Dialog, fir deen ze relancéieren.

Elo dierf een net soen, dat war alles Schrott wat dee Mann gemaach huet. Mä et huet eng Ministesch mir gesot, viru 14 Deeg zu Kairo, et ass ugaange wéi den, Ufanks 2000, de Mubarak mat sengem Jong komm ass. Wéi hien dat dunn gemaach huet, dat seet jo och haut den Amr Moussa [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Dat heescht, déi hunn eng Zort Dynastie do [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Dat seet den Amr Moussa, net nëmme wéi en d’Verfassung geännert huet, datt hien eigentlech liewenslänglech kéint do bleiwen. Do ass alles ugaangen. Dunn hunn d’Leit sech d’Fro gestallt, bon, wann et vläicht richteg war nodeems de Saddat erschoss ginn ass, datt een dann esou an deem Regime do virufiert, a vläicht net ze vill opmécht.

Mä herno war, mengen ech, eng Klack ëm e Mann wéi de Mubarak. Deen huet iwwerhaapt net méi, an dat ass seng grouss Responsabilitéit, en huet iwwerhaapt net méi gewosst, wat am Land géif geschéien.

An dofir, mat Israel, nach eng Kéier, wa mir dat gemaach hunn, hu mir dat jo net gemaach fir de Prozess ze blockéieren, au contraire, mir hunn et ëmmer gemaach fir de Prozess opzemaachen.

Mä, mir hunn deen nämmlechte Feeler gemaach wéi Israel. Mir hunn eis gehalen un d’Féierer vun de Regimer. A mir hunn net gekuckt wéi mir eigentlech zum Vollek géife stoen. Mir hunn de Regime gekuckt, mä mir hunn d’Vollek net gekuckt. An d’Israelië maachen haut nach deen nämmlechte Feeler, an ech hoffen, datt se och do agesinn, datt dat wat geschitt an der arabescher Welt hinnen d’Liewen net méi einfach mécht.

Wann do d’Parlamenter a Presidenten demokratesch gewielt sinn a wann déi do d’Soe kréien, datt och Argumenter an de Gesellschaften opkommen, gëtt et vill méi schwéier fir Israel fir einfach ze soen, mir maachen eis net op, mir bleiwen op eise Positiounen, egal wat dir sot. Den Drock gëtt da vill méi grouss nach.

Tom Graas: Kommt ech soen et emol e bëssen iwwerspëtzt, Jean Asselborn: ass et méi einfach et huet een en Diktator anzwousch sëtzen, wéi et leeft een d’Gefor, datt en zweet Land wéi den Iran dohinner kënnt? Wéi grouss ass déi Gefor vum islamesche Fundamentalismus?

Jean Asselborn: Jo, elo ass dat déi Kapitalfro.

Ech war elo an der Tierkei. Mat alle Kritiken déi een nach kann hu vis-à-vis vun der Tierkei, well se hir Reforme musse virubréngen.

Mä d’Tierkei ass eng Referenz, géif ech esouguer soen, fir d’Länner an der arabescher Welt, wou ee ka soen, Islam an Demokratie sinn net incompatibel. Dat kann zesumme goen, wann ee wierklech dorunner schafft. Dat dauert an der Tierkei nach 10 Joer, géif ech mengen, bis een déi Mentalitéiten do ewech huet, déi eng Zäit do waren. Mä dann, et ass e sekulare Regime. Den Atatürk hänkt nach an all Büro, esouguer den Erdogan huet e 6 Mol do hänken [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Doheem an der Stuff?

Jean Asselborn: Jo. Et ass wichteg, datt dat e säkulare Regime ass, deen opgebaut ass, net op Theokratie, mä op eng Verfassung.

Bei alle Modificatiounen, a bei alle Changementer déi an der Tierkei nach musse kommen, muss ee sech bewosst sinn, dass de Contraire dovunner den Iran ass, wat en theokratesche Regime ass.

An do muss een elo ganz gutt Uecht ginn. Mir als Europäesch Unioun kënnen natierlech net de Leit elo soen, wat se wëllen héieren. Mä mir kënnen awer soen, dir sidd jo net op d’Strooss gaangen – dat soe se och selwer – fir elo Theokratie do ze verdeedegen [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Mä nach eng Kéier, gëtt et dann eng Gefor [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Si sinn op d’Strooss gaange fir méi Demokratie ze kréien, an net fir manner Demokratie ze kréien. An dofir géif ech mengen, datt déi Gefor net besteet, wa mir och als Europäesch Unioun [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: An Egypten besteet se?

Jean Asselborn: An Egypten net besteet, wa mir als Europäesch Unioun wësse wat mir maachen. Net nëmme Sue musse mir ginn, mä deene Leit Dignitéit ginn, an deene Leit och soen, mir sinn do fir iech, mir hëllefen iech, mir ginn iech keng Rotschléi, mä wann dir eis frot, da soe mir iech wéi mir eis Wäerter gesinn. Natierlech mussen eis Wäerter dann och Wäerter sinn, qui sont purs, déi net dierfen déviéiert sinn.

Tom Graas: Gutt. Kommt mir ginn an d’Nopeschland vun Egypten, Libyen. D’EU huet virgëschter d’Demissioun vum Här Gaddafi gefuerdert. Mengt Dir, dat géif dee Mann impressionéieren?

Jean Asselborn: Also, d’Europäesch Unioun huet genee dat Richtegt gemaach. Mir hu bei verschiddene Saachen, bei verschiddene Krisen ze vill gezéckt, mä hei hu mir alles richteg gemaach, géif ech mengen.

Mir hu gesot, de Gaddafi huet keng Legitimitéit méi. Et ass also keng Zukunft méi méiglech a Libyen mam Gaddafi. Dat ass eng staark Positioun déi do mir hunn. Mir hunn um humanitäre Plang, fir Iech ze soen, ongeféier 120 Milliounen Euro deblockéiert, fir ze kucken, wéi een déi vill auslännesch Aarbechter, déi a Libyen sinn, wéi een déi heem kritt, a Bangladesh, an aner afrikanesch Länner, an esou weider. 120 Milliounen Euro, dovunner sinn der 60 aus der Europäescher Unioun, hei vu Lëtzebuerg 1 Millioun, dat ass esou vill wéi d’Hollänner a wéi d’Belsch ginn hunn, just fir Iech dat ze soen.

Dann um Niveau vun de Sanktiounen. Méi kloer konnt et net sinn. Do si Milliarden agefruer ginn, d’Visaen ebenfalls. Et ass also alles richteg, wat gemaach ginn ass. A mir hunn [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Trotzdem, loosst mech dat just dozëscht soen, huet een awer nees eng Kéier d’Impressioun vun enger gewësser Kakophonie op europäeschem Plang.

Den Här Sarkozy wëllt vill méi wäit goen, dee scho vun enger Militärinterventioun schwätzt, deen eng esou genannten No-Fly-Zone iwwer Libyen wierklech fuerdert. D’Madame Merkel, déi seet, Nee mir wëllen net an e Krich erageroden. Do [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Jo, mä loosse mir schéin der Rei no fueren.

Also, datt et Wahle gëtt, och a Frankräich d’nächst Joer, dat weess jiddwereen, an datt do och ëmmer, loosse mir emol soen, e wéineg Theater bei alles dobäi ass, dat wësse mir och, dat kenne mir, dat dierfe mir awer elo net iwwerbewäerten.

Kommt mir maachen zwee, dräi Punkten, déi d’Leit och verstinn, déi wichteg sinn. Mir hu gesot bei den Ausseministeren, dat ass och confirméiert gi vum Conseil européen, et ass ganz kloer, wann d’arabesch Welt eng No-Fly-Zone fuerdert, datt mir da prett sinn, selbstverständlech dat positiv och ophuelen [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Dat ass jo gëschter geschitt.

Jean Asselborn: Den Amr Moussa huet effektiv gëschter am Numm vun de Länner aus der Arabescher Liga, mat zwou, dräi klengen Ausnamen, mä déi awer net blockéiert hunn, Algerien a Syrien, dat gefrot. Dat fannen ech immens gutt. Si hu gefuerdert, datt een net méi erlaabt, datt dem Gaddafi seng Fligere kënnen d’Leit bombardéieren [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Wéi laang kënnt dat dann elo daueren?

Jean Asselborn: Neen, lauschtert. Mir hu gesot, wann dat do de Fall ass, da muss am Conseil de sécurité geschafft ginn. Mir hu 4 europäesch Länner dran, dat ass Däitschland, et ass Portugal, an et sinn déi zwee permanent, England a Frankräich. Sie sollen op enger Linn schaffen. Bis elo ass dat och anstänneg virbereet ginn.

De Problem dee bei der No-Fly-Zone ass, do huet deen dee seet, elo hänke mir e Schëld dohinner, hei dierf kee méi iwwer Libyen fléien, et dierf kee Fliger méi do starten [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Also an der Praxis bedeit dat jo, et géif vu bausse kontrolléiert ginn, datt dem Gaddafi seng Fligeren net kënne starten, an net kënnen aner Leit bombardéieren?

Jean Asselborn: An ech fannen och dat, wat gesot gëtt vum Amr Moussa – dat ass ganz richteg, dat hu mir jo och gesot – datt een dat wierklech mécht fir d’Leit, déi schonn onheemlech leiden an deem Land.

Elo kënnt awer de Problem: wann dat do sollt décidéiert ginn am Conseil de sécurité, dat muss eng Décisioun si vum Conseil de Sécurité, do ass d’Welt sech och eens, an Europa ass sech doranner eens. Losse mir elo emol dee klenge Firlefanz do ewech loossen. Do ass jiddweree sech eens driwwer.

Elo muss ee kucke wéi positionéiere sech Russland a China? Dat wësse mir de Moment nach net. Mä mir sinn elo an engem neie Film. D’arabesch Welt huet eng No-Fly-Zone.

An da kënnt dat zweet, dat ass wéi deet een dat elo respektéieren? Meng Positioun war wéi mir driwwer diskutéiert hu mat den Ausseministeren, datt wann d’arabesch Welt dat do wierklech freet, wat, wéi ech soen [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: An der Tëschenzäit geschitt ass.

Jean Asselborn: ... fir mech och eppes ganz Wichteges ass, da muss een natierlech och mat der arabescher Welt schwätzen, fir ze kucken, datt et respektéiert gëtt an datt sie sech bedeelegen. Well et gëtt eng ganz performant Aviatioun zum Beispill an den Emiraten, d’Saudien, dat sinn och keng Lappesch doranner, déi hunn och Equipement, déi hunn dat jo och alles kritt, an esou weider, déi kënnen dat.

Tom Graas: A si hu Waffen, déi se aus dem Westen verkaaft kritt hunn.

Jean Asselborn: Jo. Elo muss een nämlech oppassen. Et si jo Leit, déi mengen, "Hëpp, elo ass dat do décidéiert, elo gi mir dohinner", d’Fransousen, oder d’Amerikaner, oder d’Englänner, a si bombardéieren elo. Dat wëll keen, well wa mir kee Mandat hu vun der UNO, da rappe mir Wonnen op, déi kënne Joerzéngten net zougoen.

An dofir ass dee "Schrëtt fir Schrëtt" dee richtegen Wee. D’arabesch Welt ass um richtege Punkt, wou mir och sinn, datt een aus humanitäre Grënn dat do net méi dierf autoriséieren. An elo muss et ëmgesat ginn, an do mussen och d’arabesch Militär mathëllefen dat maachen.

Mä elo kënnt awer nach e Punkt, dee mir [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Mä den Délai Här Asselborn, wéi laang dauert dat Ganzt dann [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Loosst mech just nach eent soen [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: An der Tëschenzäit huet de Gaddafi dee Krich do vläicht gewonnen, dann ass dat alles net méi [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Jo, mä loosst mech eent soen.

D’Gefor ass, datt och a Bengasi, dat elo komplett ëmzingelt ass, datt wierklech – wat den italieneschen Ausseminister nach gëschter gesot huet – datt mat normale militäreschen Operatiounen um Buedem déi ganz Regioun erëm do fale kann, an datt de Gaddafi alles erëm a sengen Hänn hätt. Dat ass eng Méiglechkeet, ouni datt hien iwwerhaapt misst vläicht d’Loftwaff asetzen. Dir kënnt Iech virstellen, wat fir terribel Konsequenzen datt dat do huet.

Esou. Dat wat fest ass, dat ass, datt wann een der arabescher Welt nolauschtert mierkt een, et ass keen eenzege Fändel, weder vun den Amerikaner, nach vun engem europäesche Land verbrannt ginn op de Stroosse vun der arabescher Welt.

Et ass also net, wéi dat dacks de Fall ass, gesot ginn, hei dat do dat sinn déi Westlech, déi wëllen eis hei kritiséieren. Dat ass net geschitt. Et ass also Vertrauen do, an dat Vertrauen do fir déi No-Fly-Zone, wa se muss geschéien, dat muss och zesummen kënne gemaach ginn.

A wann de Gaddafi soll erëm d’Iwwermuecht kréien, muss ee wëssen, datt, wat mir gesot hunn, och an Europa, ech konzentréiere mech op Europa, et keng Zukunft mam Gaddafi gëtt, datt een dann dee Regime do muss esou akesselen, wann ech esou dierf soen. Wierklech. Et dierf ee keng Relatiounen domat méi opbauen. Alles, déi Sanktiounen déi mir décidéiert hunn, déi musse gräifen, an net nëmmen dräi Deeg, mä déi mussen an der Durée gräifen. An da gëtt et keng Alternativ.

Dir wësst, datt de Gaddafi d’accord war fir ee gewëssene Moment zréckzetrieden, ënner där Conditioun, datt hire Revolutiounsrot de Successeur géif designéieren. An dat wier den zweete Jong gewiescht vum Gaddafi, an da wier et nach vill schlëmmer ginn.

Tom Graas: Jo, kloer. Mä nach eng Kéier, leeft d’Zäit net e bësse fort?

Ech zitéieren nach eng Kéier den Nicolas Sarkozy, dee seet, mir kënnen net nokucke wann d’Ziviliste massakréiert ginn. Et ass eng gewëss Urgence trotzdem [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Dat seet dach net nëmmen den Nicolas Sarkozy. Ech weess net firwat datt Dir deen elo zitéiert. Dat soe mir alleguer [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Well hien den Androck mécht, datt e wéilt e bësse méi séier weider goen. An et huet een en aneren [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Här Graas, Dir sitt jo och e Mann, dee weess wat geschitt ass am Joer 2003. Dofir loosse mir do schéi mat de Féiss um Buedem bleiwen, ouni UNO-Mandat ass dat net méiglech. Elo si mir ganz, ganz wäit [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Nach eng Kéier d’Fro no den Delaien. Wéi gesitt Dir dat dann? Sinn dat Deeg, oder sinn et Wochen, oder?

Jean Asselborn: Jo, dat ka ganz séier goen. Fir déi No-Fly-Zone, a mengen Aen, hänkt et natierlech vum Conseil de sécurité of. Ech mengen, wéi d’Diskussioun elo do leeft, wéi sech virun allem China, Russland verhält.

Mä d’NATO kënnt och en Dënschdeg erëm eng Kéier zesummen. Ech gesinn net, datt d’NATO elo ouni Mandat vun der UNO géif handelen. Stellt Iech dat emol eng Kéier vir, datt mir elo do intervenéiere ginn. Et ka jo nëmme geschéien [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Mä et ass wierklech d’Fro nom Délai, et ass wierklech d’Fro nom Délai. Äert Argument ass ganz kloer. Mä wéi séier geet dat?

Wann een elo gesäit, datt d’Arméi vum Gaddafi awer relativ vill Succès um Terrain huet, da kéint ee sech virstellen, an enger Woch ass déi Revolt vläicht eriwwer. An dann, dann ass et jo och eng ganz aner Situatioun, déi sech nees stellt.

Jean Asselborn: Déi Revolt ass net eriwwer.

Ech hu gesot, wann d’Welt net méi dee Regime, an d’arabesch Welt virun allem, dee Regime vum Gaddafi akzeptéiert an dat klasséiert als en despotesche Regime, als eng Diktatur, déi absolut indigne ass, datt e Mann, deen op säin eegent Vollek geschoss huet – an dat ass fir mech ass dat Mord um Vollek, oder Vëlkermord, wéi Dir et wëllt huelen – datt dat net méi kann toleréiert ginn.

Esou wäit ware mir net wéi mir ugefaangen hunn. Esou wäit ass d'Welt jo elo. An ech mengen, do muss een elo kucken. An ech sinn och iwwerzeegt, datt op déi Ufro hi vun der arabescher Welt, datt do och am Conseil de sécurité sech eppes erausschielt.

Wat den Amr Moussa jo mengt, dat ass vläicht e wéineg idealistesch, datt ee mat technesche Moyenë kënnt eng No-Fly-Zone iwwerwaachen an decrétéieren. Also ech sinn elo kee Spezialist doranner. Wann dat méiglech wier, tant mieux.

Tom Graas: Iwwerdeems probéieren dausende Flüchtlingen aus Nordafrika, apart aus Tunesien, eriwwer an Europa ze kommen. Wat kann een dann dogéint maachen?

Jean Asselborn: Dogéint gëtt et nëmmen ee Mëttel en général, par rapport zu der arabescher Welt, oder och Schwaarzafrika, iwwerhaapt de ganzen afrikanesche Kontinent.

Ech ka mech ëmmer nëmme widderhuelen. Mir maachen e kapitale Feeler. Ech war op der Sécherheetskonferenz zu München. Do gouf gesoot, mir kënnen d’Kris, an där d’Welt dran ass, iwwerwannen doduerch datt mir méi investéieren an d’Verdeedegung, d’militäresch Oprüstung. Dat ass fir mech e kapitale Feeler, an deen och a Contradictioun ass eigentlech mam amerikanesche President sengem Zil, fir eng Welt op d’Been ze kréien, vläicht bis d’Enn vun dësem Joerhonnert, wou keng nuklear Waffe méi do sinn, an datt een dat ganzt Potenzial hëllt fir eppes ze maache wat mir bräichten.

Mir missten eis, wierklech och no deem wat geschitt ass an der arabescher Welt, zesumme setzen a kucken, wou kënne mir ofbauen um militäresche Plang, a wou kënne mir opbauen am Erreche vun de Millenium Goals. Pour Rappel: Ziler vum Millenium si fir ze investéieren a méi Gesondheet, a méi Perspektiv, a méi Formatioun.

Här Graas, Dir hutt d’Chance nach net gehat, wéi ech se elo hat, d’Chance ënnert Gänseféissercher, fir ze gesinn, wéi Leit och a Gaza liewen, oder wéi Leit a verschiddene Plaze vun der arabescher Welt ze liewen hunn. Wann Dir opwuesst ouni Schong an ouni Hoffnung, ouni Perspektiv, an ouni Dignitéit, soen ech Iech, da sidd Dir ganz, ganz liicht fir all extremistesch Doten ze kréien.

A wësst Dir, e Mënsch verdréit vläicht, datt hien net all Dag sech kann de Bauch voll iessen, mä e verdréit net, wann en all Dag gewise kritt, a gesot kritt, du bass net ganz vill wäert. Dat ass eppes, dat soen ech Iech, do gëtt op eis gekuckt, do gëtt op d’europäesch Welt gekuckt.

Mir mussen et fäerdegbrénge méi ze deelen. Mir sinn net do fir elo ze bezuelen, wat déi Regimer do alles futti gemaach hunn, mä mir sinn do fir méi ze bezuelen. An dofir soen ech Iech, mir mussen investéieren, datt déi Leit an Afrika, datt déi Leit an Arabien, datt se do kënnen [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Datt se doheem bleiwen.

Jean Asselborn: Jo, datt se doheem bleiwen, ass net dee richtegen Numm.

Tom Graas: Kommt mir huelen emol de Fall, loosst mech dat emol soen. Kommt mir huele ganz konkret de Fall vun den tunesesche Flüchtlingen.

Ech mengen, Tunesien huet elo eng Revolutioun erliewt. An Tunesien ass de Regime amgaangen ze änneren, dat heescht, et ass e Land, wat am Fong geholl nees opgebaut gëtt. Et ass jo schued, wa grad da jonk Leit fort ginn, well se mengen, an Europa géif et hinne besser goen. Déi Jonk wiere jo elo besser do fir ze hëllefen hiert eegent Land opzebauen. Misst een hinnen dat net iergendwéi soen? Misst een net awer iergendwéi dee Moment soen, et ass besser, mir schécken iech direkt nees zréck, do ass är Plaz, an net hei an Europa? Ëmsou méi, well hei an Europa, huet ee jiddwerfalls d’Impressioun, déi ëffentlech Meenung net onbedéngt grouss, nei Flüchtlingsstréim géif akzeptéieren.

Jean Asselborn: Also, ech géif net an de Mond huelen, mir setzen iech erëm an d’Schëff a mir féieren iech zréck. Dat huet jo [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Eng Madame zu Paräis gesot.

Jean Asselborn: Dat wëll ech net soen, an dat kann ech net soen, an dat géif ech och net fäerdeg bréngen ze soen.

Ech kann Iech nëmme just eent soen. Déi Leit, déi eriwwer kommen, Dir sot mat deene schwätzen. Déi, déi eriwwer kommen, déi gi vu Leit guidéiert, déi just gäre vläicht de Rescht vun hire Suen hätten, an hinnen eppes verspriechen, wourunner se gleewen, soss géife se dat do jo net maachen, fir ze mengen, wann een elo 150 Kilometer mam Schëff op en anere Kontinent kënnt, dann ass däi Liewe gerett. Et muss een zwar och soen, ënnert deene Leit déi eriwwer kommen, gëtt et och Europäer déi dobäi sinn. Et gëtt och elo Leit, déi aus deem Regime do erausgeflücht sinn, där waren dobäi. Et war eng däitsch Fra dobäi mat hire Kanner.

Mä dofir loosse mir elo do ganz bescheide sinn. Et ass evident, datt zum Beispill ee wéi de Gaddafi, an ech huelen och un, datt d’Regierung an Italien dat net wosst, datt wa Leit aus Schwaarzafrika, aus dem Niger, aus Mali, aus der Sahelzone eropkomm sinn, da sinn déi blockéiert ginn a si hunn da gesot kritt, et géif eng aner Méiglechkeet, nämlech, mir hunn eng Arméi hei vu Mercenairen, wou 35.000 Leit dra sinn, a par Force si se dann engagéiert ginn an déi Mercenairesarméi. Dat war d’Politik vum Gaddafi, wat hien jo zum Deel benotzt huet – muss ee leider soen – fir eis ze protegéiere vun de Leit, déi aus dem afrikanesche Kontinent eriwwer komme wollten.

Afrika ass menger Meenung no trotzdem nach de Kontinent vun der Zukunft. Et ass en immenst Potenzial an deem Land, an et ass immens vill Hoffnung an deem Land. An déi meescht Leit wëssen och, datt se net dierfen einfach an de Glawe verfalen, elo gees de an Europa, an da kanns de däi Liewen do maachen. Kuckt, mir sinn och konfrontéiert hei [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Mä et ass schwéier ze vermëttelen trotzdem.

Jean Asselborn: Mir sinn och konfrontéiert hei mat deene ganz ville Leit, déi soen, si wiere Roma aus Serbien, déi heihinner kommen. Ech kann Iech just soen, den Nicolas Schmit huet eis an der Regierung gesot, et sinn 100 Stéck komm, 100 Leit, an enger Woch. Dat ass duebel esou vill praktesch wéi déi Zäit wou Krich war.

An dofir muss een trotzdem wëssen den Ënnerscheed ze maachen. An Europa hu mir e Choix wat de Balkan ugeet, ob mir dat wëllen oder net, datt déi Länner an déi Perspektiv déi se hun zënter 2003 un, datt mir déi bis d’Joer 2020 – soen ech elo emol – muss realiséiert ginn. An dann ass dat do jo, dann ass dee Problem geléist.

Deen afrikanesche Problem, dee léise mir net esou. Ech mengen, dee léise mir nëmme just wa mir wierklech kucke méi ze investéieren an Afrika, méi ze hëllefen an Afrika, a virun allem an d’Formatioun vun de Leit.

Kuckt, elo war de Premierminister vun Togo dës Woch bei mir, an dee sot, "Mir si ganz d’accord, mir fannen et wichteg, datt dir Programmer ënnerstëtzt wéi zum Beispill d’Waasser méi propper maachen, an esou weider. Mä wat mir brauchen, dat ass virun allem fir déi jonk Leit, déi mir hunn, 52% vun de Leit an Togo hu manner wéi 25 Joer, dat sinn Formatiounsprogrammer" [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Perspektivë bidden.

Jean Asselborn: Perspektiven ubidden.

Tom Graas: Okay, gutt, esou dat war elo déck hallef Stonn, esouguer eppes méi wéi eng déck hallef Stonn haart Politik. De Cyclist Jean Asselborn. Wéi dacks kommt Dir dann nach op Äre Vëlo?

Jean Asselborn: A bein, Dir wäert Iech wonneren, ech hunn d’lescht Joer nach 9.000 Kilometer gemaach, ech hunn der dëst Joer elo vläicht 1.200 gemaach.

Tom Graas: Huelt Dir e mat, hutt Dir en an der Valiss dobäi?

Jean Asselborn: Neen, also wann ee Moies mat der Zäit opsteet, an Owes och heiansdo mat der Lut fiert, dann ass villes ze maachen, ouni sech elo enger Gefor auszesetzen. Wann et nëmme geet, da fueren ech. Ech mengen, ech fueren net esou well ech gär Vëlo fueren, mä et ass do wou ee Loft kritt, wou een am Sauerstoff ass, a wou ee virun allem och alleng ass.

Tom Graas: Wou kënnt iwwerhaapt hei zu Lëtzebuerg déi Begeeschterung fir de Cyclissem hier? Et seet ee jo ëmmer, et wier esou en typeschen Aarbechtersport, deen also gutt bei en LSAP-Politiker passt, oder wéi?

Jean Asselborn: Also, wann Dir d’Geschicht huelt vum Vëlossport, et ass jo ugaange virun allem och an der Paräiser Géigend am virëschte Joerhonnert, datt ganz vill gewett ginn ass. Et si jo Cyclisten déi si ronderëm gejauft wéi se mat de Päerd fueren. Neen, mä wou kënnt dat hier?

Zu Lëtzebuerg, mengen ech, zum Beispill d’Beispill vum Faber, dee wierklech haart geschafft huet. Et gëtt Fotoen, wou hien d’Kuele schëppt, deen dann och jo gefall ass am Éischte Weltkrich, an "un géant de la route", mat all deem wat dat duerstellt. Dunn herno de Frantze Nic, deen 2 Mol gewonnen huet. Bon, déi grouss Zäit, wann de Krich net komm wier, hätte mir ganz vill faërdegbruecht mat de Clemens Bridder, an esou weider, herno och dunn de Bim Diederich. An dunn ass jo déi ganz Époque vum Charly Gaul komm mam [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Also et waren ëmmer Lëtzebuerger do, déi staark Cyclistë waren [gëtt ënnerbrach]

Jean Asselborn: Et waren ëmmer Leit do, voilà. Mä ech mengen och als Bouf, Nimm wéi den Aldo Bolzan oder de Jempy Schmitz, oder de Marcel Ernzer, ech hunn elo vläicht ee vergiess, mä dat war eppes [gëtt ënnerbrach])

Tom Graas: Well et gi jo awer Sportarten, wou ee wahrscheinlech op méi eng einfach Fassong géif seng Sue verdéngen, wéi grad um Vëlo, well dat deet wierklech wéi.

Jean Asselborn: Jo, dat ass jo héchstwahrscheinlech dat, wat de Charme mécht. Wann ee gesäit wéi Leit am Tour de France capabel sinn ze leiden. Dat muss ee gesinn. Wann ee jee eng Kéier op engem Vëlo soutz, an et weess ee wat dat heescht net e Bierg erop fueren, net emol de Ventoux erop fueren, och net emol d’Alpe d’Huez, mä virdrun och nach dräi anerer gemaach ze hunn [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Wann ech elo frech wier, géif ech soen, et weess ee jo mat wat se sech hëllefe fir d’Bierger erop ze kommen.

Jean Asselborn: Jo, mä ech gleewen net, datt d’Leiden dofir do ass. De Wëlle fir dat ze maachen, deen ass do.

A gleeft mir, déi meescht déi den Tour de France gewonnen hunn, ech ka mir net virstellen, datt se e gewonnen hunn, doduerch datt se net nëmmen Zockerwaasser gedronk hunn, mä datt se wierklech an hirem Kapp de Wëllen haten, fir esou Performancë fäerdegzebréngen, an onheemlech mussen u sech schaffen. Dat verkennt ee vläicht.

Haut mat den Helmer, mat de Brëller, gesäit een net méi an d’Gesiicht vun deene Leit, déi um Vëlo sëtzen, an déi do leiden. Mä fréier war dat méi einfach. Si hate keen Helm op, si hate kee Brëll esou op, si waren net esou verstoppt, an et huet ee gesinn, wéi se ausgesinn hunn.

Ech mengen, fir Lëtzebuerg ass et typesch datt e Land wéi mir, wat kleng an der Populatioun, kleng an der Dimensioun ass, awer wat esou Leit ervirbruecht huet, datt dat schonn eppes ass, virun allem iwwer de Wee vum Wëllen, deen éischten ze sinn [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Elo hu mir erëm Lëtzebuerger.

Jean Asselborn: Dat ass a mengen Aen trotzdem eppes wat ech mir kann esou erklären. Ech weess och wat Dir sot vun den Aarbechter. Mäi Papp deen huet op der Schmelz geschafft, an ech kann Iech soen, déi Zäit do sinn d’Héichuewe stoe bliwwen, wéi de Gaul, loosse mir soen 1958 ongeféier [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Ma haut ass et jo awer net vill aneschtes, loosse mir soen.

Jean Asselborn: Et ass méi ziviliséiert wéi et déi Zäit war. Also déi Zäit, do stoung d’Land. Haut, mengen ech, drécke mir eis Freed anescht aus, wéi et deemools war.

Tom Graas: Mä elo hu mir eng lëtzebuerger Equipe, och nach mat deenen zwee Bridder Schleck. Elo feelt jo am Fong geholl just nach de Maillot jaune op de Champs Élysées?

Jean Asselborn: Jo, also ech géif mengen, datt dat net onméiglech wier, ech mengen esouwuel fir de Frank wéi och fir den Andy. Leider ass de Kim eben duerch déi Krankheet, déi hien huet, net méi dobäi, mä et dierf een och hien net vergiessen. Mä déi zwee, ech géif och mengen, datt de Laurent Didier e ganz ganz valabelen ass. An dann hu mir jo nach e puer Jonker, déi hannendru kommen. De Ben. An et ass net eriwwer. An dofir konzentréiere mir eis elo natierlech op de Frank an op den Andy, oder op den Andy an op de Frank, wéi Dir et wëllt huelen. Et ass dran, datt mir den Tour erëm eng Kéier wannen. An ech mengen, dat wier fir Lëtzebuerg [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Gitt Dir kucken dëst Joer, kritt Dir d’Geleeënheet?

Jean Asselborn: Neen, ech muss meng Aarbecht maachen. Mä ech sinn awer mam Häerz dobäi.

Tom Graas: Bon, mir si bal um Enn vun dëser Emissioun. Bal 7 Joer Ausseminister, Här Asselborn. Wat war da bis ewell esou Äre perséinlechen Héichpunkt als Ausseminister, deen Ament, wou Dir wierklech sot, a hei war ech elo frou, datt ech dat mat erlieft hunn, datt ech do mat dobäi war?

Jean Asselborn: Also, wann ech elo éierlech sinn, da soen ech, mäi schéinste Moment war, wéi ech et fäerdegbruecht hunn an Tunesien engem Mann, dee mengen ech bal 2 Joer am Prisong souz, 4 Kanner hei zu Lëtzebuerg huet, a wou d’Fra och virdru mat mir geschwat hat, fir deen aus dem Prisong ze kréien.

Dat war fir mech eppes, wierklech, wou ech geduecht hunn, du bass net nëmmen do fir grouss Theorien ze maachen, mä du bass och do fir nëtzlech ze sinn. An dat, virun allem elo, wann ee gesinn huet, dat war virun zwee Joer, mengen ech, et ass do wou ee gesäit, wéi déi Leit, ënner wat fir Conditiounen datt een an Tunesien, an esou engem Land konnt an de Prisong kommen, an am Prisong bleiwen. Dat war den Domm erop, an den Domm erof. Dat ass also fir mech eppes, wou ech mir soen [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Dat heescht, wann ee konkret um Terrain eppes ka maachen.

Jean Asselborn: Datt s de dech agesat hues, jo, voilà.

Tom Graas: Wéi eng Perséinlechkeet huet Iech da bis ewell am meeschten impressionéiert, déi Dir begéint sitt an deene leschte 7 Joer?

Jean Asselborn: Ech hunn der jo vill gesinn, vill déi mengen ech och net ëmmer propper Hänn haten, wou ech awer hu missen d’Hand ginn.

Impressionéiert huet mech mengen ech schonn, wann ech elo éierlech sinn, de Joschka Fischer. Wéi ech dohinner komm sinn huet mech seng Astellung zum Moyen-Orient, och zur Tierkei an esou weider, schonn impressionéiert. Dat muss ech soen. En hat och Recht als Ausseminister, e war heiansdo vläicht e wéineg arrogant, mä en huet mir awer impressionnéiert, an deem wat hien ëmmer développéiert huet. An dann herno, mengen ech, wierklech net nëmme wat hie gemaach huet, mä och als Frënd, dat war schonn de Steinmeier, dee mir schonn [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Dee leschten däitschen Ausseminister, dee virum Guido Westerwelle war.

Jean Asselborn: Dee scho wousst, dat kaalt, loosse mir soen, méi pragmatescht, awer trotzdem mat deem Engagement och wat hien hat, an och vläicht déi Präsenz déi hien hat, ech mengen dat war scho wichteg fir mech.

Tom Graas: Kënne Frëndschaften entstoen?

Jean Asselborn: Jo, mä awer och iwwer d’Grenze vu Politik a Familljen ewech. Ech menge Jo, doutsécher.

Do gëtt et den Hollänner, de Maxime Verhagen, ass e Kolleg vu mir, deen huet ganz aner Iddië wéi ech, souwuel am Moyen-Orient, wéi an der Tierkei. Mä mir sinn awer Kollege mateneen, mir schwätze mateneen. Dach, deen deen eng ganz aner Richtung elo ass wéi ech, a wou mir ëmmer immens frou sinn, wa mir eis erëm gesinn. Dat gëtt et alles.

De Problem ass, an dat deet mir heiansdo e wéineg wéi, ech sinn elo 7 Joer dobäi, ech sinn elo dee längsten dobäi, den Doyen, wéi dat genannt gëtt, vun den Ausseministeren. An déi, déi verschwannen, do sinn der, déi gesäit een dann ni méi erëm. Et sinn där dobäi, e geet vun engem Dag op deen aneren fort, vläicht huet ee se dann 4, 5, 6 Joer laang praktesch all Mount 2 Mol gesinn, mä op eemol gesäit ee se net méi. Bon, mä dat ass [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Wéi ass d’Ambiance dann esou, wann d’Dier zou ass? Normalerweis gesäit ee jo just déi Biller, wann déi Reuniounen uginn, a mat zimlech seriöse Minë sëtzen d’Leit dann do, Dir sidd herno dann och nach meeschtens op engem Gruppefoto. Wann déi Dieren da bis zou sinn, wéi ass deen Toun dann do ënnerteneen, op esou engem Sommet?

Jean Asselborn: Also gewéinlech ganz komerodschaftlech. Et geet een op deen aneren zou. Mä et ass do wéi och an der lëtzebuerger Politik, wann een eppes ze soen huet, da seet een et. Et gëtt een ni ausfalend, perséinlech. Zum Beispill, meng Positioun kennen d’Ungaren. An ech hunn hinne se och riicht an d’Gesiicht gesot, wat d’Mediëgesetz ugeet. An ech wäert och net ophalen dat ze soen, well ech fannen dat ass fir d’Bild wat Europa ofgëtt, wat d’Credibilitéit ugeet, net gutt.

Bon, mä awer géif ech soen, den Ëmgank, wann Dir mech frot, deen ass awer elo net krispéiert. En ass, an et gëtt och elo net, ech hunn et op jiddwerfall nach ni erlieft, hei du bass elo e klenge Männi, sief elo emol brav [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Du bass Lëtzebuerger, hal du emol de Mond.

Jean Asselborn: Oder du bass nei, elo bass de emol roueg.

Dat wat ee muss wëssen als Lëtzebuerger, dat ass, datt ee muss um Teppech bleiwen, datt ee muss bescheide bleiwen. Mir kënnen net décidéieren, wat fir Fligere sollen agesat ginn, fir dem Gaddafi seng Fligeren erof ze schéissen. Do solle mir eis zréckhalen, well dat kënne mir net.

Mä mir kënnen eis awer, a mir mussen eis awer engagéieren, fir Linnen, fir eng europäesch Positioun ze kréien, an do mathëllefen.

Tom Graas: Voilà Jean Asselborn, Merci fir dëst Gespréich. Ech wënschen Iech da weider eng gutt Rees, an eng Valiss voll diplomateschem Geschéck, wéi een esou schéi seet.

Dernière mise à jour