Jean Asselborn au sujet de la conférence sur la Libye à Londres

Frank Kuffer: Wat ass dann elo haut bei där Konferenz erauskomm? Respektiv, waart Dir Iech eens, wat dann elo soll geschéien an der Zäit nom Gaddafi, an och mam Gaddafi?

Jean Asselborn: De Gaddafi ass nach ëmmer do. Wat erstaunlech war, dat war déi ganz grouss Unitéit fir d’Resolutioun 1973 vun der UNO anzesetzen. Déi huet jo d’Zil fir d’Populatioun a Libyen ze schützen. D’Libyer sollen herno selwer iwwer hir Zukunft entscheeden. Et steet net an der Resolutioun dran, datt de Gaddafi physesch soll eliminiéiert ginn.

Mä selbstverständlech, alleguer déi Moossnamen, déi geholl gi sinn – Waffenembargo, d’No-Fly-Zone – si Mesuren, déi virun allem och vun der arabescher Welt, déi hei zu London vertruede war, ganz positiv begleet solle ginn.

Déi zweet Saach ass, datt d’NATO elo eigentlech, an der Struktur wéinstens, de Lead iwwerholl huet. Dat ass gutt. Déi allermeescht Länner hunn dat esou gesinn, och d’Fransousen, och selbstverständlech d’Tierken, esou datt net eenzel Länner aus der NATO de Lead hunn, mä datt d’Strukture vun der NATO spillen, wou och all Länner dann ëm den Dësch sëtzen. Dat an der Partnerschaft mat der Ligue arabe.

Dat Drëtt wat een nach ka soen: grouss Eenegkeet och fir d’Europäesch Unioun. Mir hunn als Europäesch Unioun 20.000 Leit – net Europäer – aus Libyen erausgeflunn, déi wierklech a grousser Gefor waren. An d’Europäesch Unioun soll sech virun allem op dat Humanitäert weider konzentréieren, mä och den Dialog sichen, a Libyen selwer, mat deem Conseil national de transition, mä awer och mat der OIC, dat ass d’Organisatioun vun der Conférence islamique, plus och mat der Ligue arabe.

Frank Kuffer: Ech hunn emol gelies op den Agencen, datt ee sech awer net ganz eens war, och wat mam Gaddafi soll geschéien, wa säi Regime dann um Enn ass, ob e soll Asyl iergendwou kréien, oder ob hie soll virun e Geriicht gestallt ginn?

Jean Asselborn: Datt hie viru Geriicht gestallt soll ginn, dozou besteet Eenegkeet. Dat steet schonn an der UNO-Resolutioun, datt e sech misst veräntwerte virun engem internationale Geriicht.

Also a mengen Aen ass et kloer: wann ech gesot hunn, de Gaddafi net physesch eliminéieren, dat wier net d’Zil vun der Resolutioun, dat heescht, och wann de Gaddafi nach am Land wier, an hätt eben net méi d’Mëttelen – d’Waffen zum Beispill – fir säi Vollek weider ze direngelen, wat de Moment nach op ganz, ganz ville Plazen geschitt, datt et dann net d’Zil ka sinn, fir hie physesch ze eliminéieren. D’Zil ass et eben, de Libyer eng Méiglechkeet ze gi fir sech vun deem Regime lasszemaache, a fir hir Zukunft selwer kënnen opzebauen.

Aus menger Siicht, Här Kuffer, hunn ech dat och gesot, ass et immens wichteg, datt hei eigentlech duerch déi Resolutioun eng Allianz geschafe ginn ass tëscht der westlecher Welt an der arabescher Welt géint d’Verletzung vun de Mënscherechter a Libyen.

Kuckt, ech fléien elo vu London an de Burundi an an de Ruanda. Do ass dat net geschitt: d’international Communautéit huet sech net abruecht. Iwwer eng Millioun Leit hunn do hiert Liewe gelooss. Et muss een also wëssen, datt hei e Message vu Solidaritéit un d’libescht Vollek ausgaangen ass. Mä et ass awer och e Message vu Solidaritéit un all arabesch Länner, datt a kengem Land duerch Gewalt kann en arabescht demokratiséiert ginn, datt dat ka gestoppt ginn.

Frank Kuffer: Am Kontext vum Militärasaz a Libyen huet de Staatsminister Jean-Claude Juncker déi lescht Woch gesot, lëtzebuerger Politiker solle sech aus deenen Diskussiounen eraushalen, respektiv eng gewëss Bescheidenheet operleeën.

Also, ech kenne virun allem ee lëtzebuerger Politiker, dee sech am Kontext Libyen relativ vill geäussert huet, an dat waart Dir, Här Asselborn. Ass déi Ausso elo vum Premier eng Zort Maulkuerf fir Iech?

Jean Asselborn: Also wësst Dir, et ass esou: an all Land bestëmmt den Ausseminister d’Linn vun der Aussepolitik, an en huet dës och ze verteidegen, och zu Lëtzebuerg.

Libyen ass Aussepolitik. Also hunn ech d’Aussepolitik, déi mir maachen, ze erklären a mech der Kritik ze stellen. Ech maachen dat an der Chamber, ech maachen dat an der Ëffentlechkeet. Wie soll dat soss maachen? Ech mengen, dat mécht jo net den Inneminister, an och den Tresorsminister. Ech sinn zoustänneg do dofir. Ech mengen do ass e klenge “Mal entendu�?, deen ass awer elo [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Et muss jo awer bal fir Iech gemënzt gewiescht sinn, oder?

Jean Asselborn: Ech mengen, ech war kloer genuch, Här Kuffer.

Frank Kuffer: Gutt, villmools Merci Här Asselborn op London.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour