Jean Asselborn au sujet de l'intervention militaire en Libye

Marco Goetz: Déi eng wëlle strikt eng politesch Léisung mat méi Drock a Sanktiounen, an anerer wëllen déi Léisung eng Grëtz méi militäresch begleeden. Eens, esou präziséiert de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, ass ee sech awer zu 27.

Jean Asselborn: Nämlech d’Populatioun a Libyen ze schützen virun deene Geforen, déi Dir kennt. Virun allem virun engem Leader, deen net scheit fir Scharfschützen anzesetze fir op seng Leit ze schéissen, a fir seng Fligeren anzesetzen, net fir op aner Nationalitéiten ze schéissen, mä fir op seng eege Leit ze schéissen. Et geet also net drëm fir hei de Gaddafi ewech ze kréien, et geet drëm fir de Gaddafi – ech soen et nach eng Kéier, och op lëtzebuergesch – onschiedlech ze maachen, datt en net méi ka säin eegent Vollek esou massakréieren, wéi dat bis elo geschitt ass.

Marco Goetz: Haut war och e Vertrieder vum libeschen Iwwerganksconseil, also vun deenen, déi géint de Regime Gaddafi kämpfen hei zu Lëtzebuerg um Conseil dobäi.

Jean Asselborn: An dee sot, datt d’Nouvellen, virun allem vun der Stad Misurata, katastrophal sinn um mënschleche Plang, um humanitäre Plang. Et maachen do 10.000de, wa keng 100.000de Leit maache ganz, ganz Schlëmmes mat. Et kann ee sech eigentlech virstellen, datt zwou Arméien do géint enee ginn. Dat eent dat si Scharfschützen, a Mercenairen. Bei de Scharfschütze si Leit dobäi aus Kolumbien! Et sinn der vu ganz wäit hierkomm, déi do fir de Gaddafi engagéiert sinn. An op där anerer Säit sinn et Bierger aus Libyen, déi selbstverständlech net kënne mat Waffen ëmgoen, well se net forméiert sinn.

Marco Goetz: Wann déi wichteg Stad Misurata fällt, da riskéiert Libyen an zwee Deeler ze zerfalen, an d’Hoffnungen op ee méi demokratesche Leadership zerfale mat, esou de Jean Asselborn. D’EU preparéiert iwwerdeems elo emol d’Ofsécherung vum humanitären Asaz a Libyen. Eng Demande vun de Vereenten Natiounen duefir gëtt et bis ewell awer nach net.

Dernière mise à jour