Le ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, au sujet de la mort du chef de Al-Qaida, Oussama Ben Laden

Pierre Reyland: Här Asselborn, wat ass dann Är éischt Reaktioun doriwwer, datt d'Amerikaner den Osama Bin Laden elo awer kruten?

Jean Asselborn: Fir d'éischt: dat, wat de President Obama gesot huet, datt de Bin Laden dee gréissten Terrorist war deen et je an der Geschicht vun der Mënschheet ginn huet, an datt e virun allem responsabel ass fir dausenden an dausende vun Doudegen, virun allem an der Majoritéit Moslemen, dat ass engersäits absolut richteg.

Anerersäits muss een awer och wëssen, an d'Aen net zoumaachen: et war och eng Integratiounsfigur fir vill Moslemen. An do dogéint wëll ech vläicht eppes halen, wat ech nach ëmmer am Kapp hunn. Op der Kabul-Konferenz 2010 huet een arabeschen Ausseminister gesot, datt de Kampf géint de bin Laden, de Kampf géint Al-Kaida och e Kampf ass fir den Islam. Ech mengen, dat ass déi richteg Astellung.

A jiddwereen, deen e wéineg oder nëmmen e Quäntchen Rescht huet fir Mënschlechkeet op dëser Welt, deen ass natierlech erliichtert.

Obschonns datt ee muss wëssen, datt Al-Kaida héchstwahrscheinlech éischter ze vergläichen ass mat der Hydra, dat heescht, mat deem Ongeheier aus der griichescher Mythologie, dat jo 9 Käpp hat. A wann ee Kapp ewechgefall ass, da sinn der 2 nogewuess. D'Referenzfigur ass verluer gaangen, dat stëmmt, mä Al-Kaida ass doudsécher net dout.

Pierre Reyland: Dat wollt ech Iech ebe froen, wat sinn d'Konsequenzen? Den Osama Bin Laden selwer hat jo wierklech e limitéierte Spillraum fir terroristesch Aktivitéiten. Et war eng wichteg symbolesch Figur, mä Al-Kaida ass awer nach do, et ginn ëmmer nees nei Warnungen, och an Europa, och fir de Maghreb an esou virun. Dat heescht, et ass net onbedéngt déi supergutt Nouvelle déi ee sech erhoffe kéint?

Jean Asselborn: Neen, et dierf een elo net ze vill wëllen.

10 Joer laang ass dat dote jo gesicht ginn, virun allem vun den Amerikaner, well de Bin Laden huet gesot, et ass eng Obligatioun fir all Moslem fir esou vill wéi méiglech Amerikaner ëmzebréngen, ob et Zivilisten oder Zaldote sinn.

Wat fir mech nach wichteg ass, zumools well ech d'lescht Woch zu Kabul war: éischtens emol herrscht do eng grouss Nervositéit.

An alle Gespréicher, bei alle Ministeren ass ëmmer erëm déi Relatioun komm, déi tëscht Afghanistan a Pakistan existéiert. Déi ass entscheedend fir d'Zukunft, net nëmme vun Afghanistan, mä och fir de Kampf géint den Terrorissem. Hei huet et wierklech geklappt.

Ech mengen, dat ass och eng positiv Astellung, déi een net dierf vergiessen. Et ass eng Zesummenaarbecht gewiescht tëscht Afghanistan, Pakistan, an och den USA, soss wier dat do guer net méiglech gewiescht fir de Bin Landen ze fannen an och fir déi Operatioun dann duerchzezéien. Ech mengen, dat kéint iergendwéi awer e Changement ginn an där Relatioun do.

Dir wësst, datt et effektiv haut nach ganz vill Lagere fir terroristesch Talibane gëtt, esouwuel am Pakistan, wéi och am Iran leider, an datt honnerte vun Talibanschoule selbstverständlech nach ëmmer fonctionnéieren – am schlechte Sënn fonctionnéieren – fir eben déi Gewalttätegkeete weider ze schoulen, fir ausgefouert ze ginn.

An ech mengen, hei ass ee Punkt, wou effektiv déi zivil Regierung, net méi d'Militär, mä d'zivil Regierung, och am Pakistan d'accord war, fir do ze kooperéieren an dat kéint ee wichtege Punkt sinn.

Pierre Reyland: Här Asselborn, eng lescht Fro nach, ganz kuerz: och e Succès fir de Barack Obama, deem seng Popularitéit net esou gutt war? Wann een esou eppes ukënnegt, dat ass fir hie sécher e grousse Succès.

Jean Asselborn: Jo, ech mengen dat ass kloer.

Dir hutt jo och déi Reaktiounen de Moie scho gesinn. Ech mengen, en huet och mat sengem Virgänger geschwat, en huet effektiv do ee Punkt gemaach, virun allem hie perséinlech, selbstverständlech, mä och d'amerikanescht Militär. Et muss een dat esou gesinn, an dat kéint him zu pass kommen, an enger Zäit wou ech léiwer hunn den Obama ass President vun Amerika wéi ee vun der Tea-Party.

Pierre Reyland: Här Asselborn, villmools Merci fir den Interview de Moien.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour