Jean-Claude Juncker au sujet du plan de sauvetage pour la Grèce

Pierre Reyland: An um Telefon begréissen ech elo de Jean-Claude Juncker. Gudde Moien.

Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.

Pierre Reyland: Fir d'éischt, wann Dir wëllt, Här Juncker, d'Affär Dominique Strauss-Kahn. Wat haalt Dir vun der Verhaftung vum Här Strauss-Kahn?

Jean-Claude Juncker: Et ass eng Saach déi mech ganz traureg mécht. Ech si mam Här Strauss-Kahn befrënd. Ech sinn entsat iwwer déi Biller déi ech gesinn hunn, iwwer dat wat bericht gëtt. Dat mécht mech traureg. Aner Kommentaren hunn ech doriwwer net ze maachen.

Pierre Reyland: Dann zum Sujet Griichenland. Den ablackleche Rettungsplang geet net duer, dat ass kloer. Dir schléisst elo eng douce Ëmstrukturéierung vun de Scholden net méi aus. Do waart Dir awer ëmmer kathegoresch dogéint. Geet et dann net anescht?

Jean-Claude Juncker: Ech war géint eng grouss Ëmschëldung, ech bleiwe géint eng grous Ëmschëldung, well ech dat mat grousse Risike behaft gesinn.

Wat ech mat enger doucer Ëmschëldung mengen, dat ass eppes ganz anescht. Do geet et ëm e puer Saachen. Griichenland muss fir d'éischt nei suplementar Moossnamen huele fir säi Budgetszil am Joer 2011 z'erreechen. Griichenland muss de Volume vun de Privatiséierungen déi et envisagéiert wiesentlech no uewe schrauwen a méi séier duerchféieren. Griichenland muss sech engagéiere grouss Strukturreforme virzehuele fir säi Wuesstemspotential ze steigeren. Griichenland muss eis en Text zoukomme loossen deen net nëmme vun der Regierung gedroen ass, mä och vun der gréisster Oppositiounspartei, fir datt mir d'Sécherheet hunn, datt dat op enger breeder, majoritärer Basis ka gemaach ginn.

An nëmme wann déi Conditiounen erfëllt sinn, an dat sinn hefteger a kräfteger, kann een drun denke fir eng esou genannten douce Ëmschëldung ze maachen.

Déi géif dora bestoen, wann ee géif zu deem Resultat kommen – dovu si mir nach wäit ewech – fir d'Lafzäit vum Zréckbezuele méi laang ze maachen a fir d'Zënsen déi mir de Griichen froen erofzesetzen.

Dat sinn also e puer Punkte méi wéi nëmmen deen einfache Saz, datt een elo fir eng douce Ëmschëldung wier. Déi douce Ëmschëldung setzt viraus, fir datt se iwwerhaapt kann envisagéiert ginn, datt ganz zollitt weider Moossname getraff ginn.

Pierre Reyland: Eng aner Optioun wir dann en zousätzlechen Hëllefspak fir Athen. Dat sinn dann awer nach méi Scholden déi d'Land misst zréckbezuelen. Ass dat dann eng gutt Iddi, am Kontext vun de Problemer déi Griichenland elo schonn huet fir zréckzebezuelen?

Jean-Claude Juncker: Griichenland huet d'Schwieregkeet sech op de Finanzmäert ze finanzéieren, besonnesch am Joer 2012. Mä och schonn elo Enn Juni 2011. A wann déi soforteg Moossnamen déi getraff ginn net duer ginn, a well Griichenland jo awer Sue brauch fir de Staat ze finanzéieren, kënnt ee wahrscheinlech net dolaanscht – mä och dat hu mir nach net décidéiert – fir e weideren Hëllefsprogramm opzeleeën.

An a Kombinatioun mat enger Streckung vun de Lafzäiten, a mat enger Senkung vun den Zënssätz misst et méiglech sinn, och wann ech net iwweroptimistesch sinn, e Griichelandpak ze schnüren deen d‘Streck géif halen.

Pierre Reyland: Jean-Claude Juncker, villmools merci fir den Interview de Moien.

Jean-Claude Juncker: Merci Iech.

Dernière mise à jour