Jean-Claude Juncker au sujet de la démission de Dominique Strauss-Kahn

Jean-Claude Juncker: Vu sengem Standpunkt aus betruecht, a vum Standpunkt vun allen aneren aus betruecht, ass dat ouni all Zweiwel e richtege Schratt gewiescht.

Mir wëssen net, wat d’Wourecht ass. Mir wësse just dat, wat d’Accusatioun iwwer d’Weltpress verbreede léisst. Mä mir schéngt de Mann keng aner Wiel gehat ze hu wéi déi déi hie getraff huet.

Frank Kuffer: Gëtt dat Iech awer ze denken, wou eng Présemption d’innocence nach gëllt? Ass deem Mann seng Carrière domat jo awer elo um Enn?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn an de leschten Deeg, ëmmer wann d’international Press mech gefrot huet, wéi ech dat géif gesinn, zum Ausdrock bruecht, datt ech fir d’éischt traureg wier iwwer dat wat do amgaangen ass sech virun eisen Aen ofzespille. An och iwwer dat, wat sech vläicht ofgespillt huet, mä dat wësse mir net.

Ech hu bis elo ëmmer refuséiert mech u Spekulatiounen iwwer seng Nofolleg ze bedeelegen. Ech hunn all Froen an deem Zesummenhang ëmmer ofgewiert, well ech dat indezent fonnt hunn, an engem Moment wou mir alleguer soen, datt d’Onscholdsvermutung gëllt, mir dann eis gläichzäiteg iwwer d’Nofolleg vun deem Mann ënnerhalen.

Elo huet den Dominique Strauss-Kahn selwer demissionéiert, an elo muss ee sech selbstverständlech mat där Situatioun déi elo agetrueden ass intensiv a proaktiv beschäftegen.

Frank Kuffer: Do ginn elo Nimm genannt, wéi zum Beispill Christine Lagarde. Wier dat eng Léisung, respektiv bleift dee Posten an Europa?

Jean-Claude Juncker: Wéi ech déi leschte Kéier, virun e puer Joer, mat den Amerikaner, mat de Japaner, mat de Chinesen a mat anere verhandelt hunn, fir datt den Här Strauss-Kahn sollt Generaldirekter vum Internationale Währungsfong ginn, ware mir eis eigentlech eens driwwer, datt hie fir eng länger Zäit dee leschten Europäer wier, deen dee Poste kéint bekleeden. Well mir kënne jo net d’Welt an 2 deelen: d’Amerikaner stellen de President vun der Weltbank, d’Europäer stellen de President vum Internationale Währungsfong.

Mä d’Welt ass méi räich, méi komplizéiert, méi villschichteg ginn. An dofir muss ee verstoen, datt och elo a Brasilien, a Südafrika an an aneren Deeler vun der Welt Stëmme sech erhiewe fir ze soen, deen nächste Generaldirekter vum IMF, dat muss en net-Europäer ginn, well d’Welt ebe geännert huet.

Ech mengen awer, toute considération faite, à vu d’Tatsaach, datt den Här Strauss-Kahn säi Mandat éischter opginn huet, a vu datt mir als Eurozon am Epizentrum vun enger weltwäiter Kris stinn, datt ee sech déi Fro muss nei stellen.

An no Gespréicher haut de Moie mat enger Rei vu Regierungschefen a Finanzminstere sinn ech schonn der Meenung, datt et insgesamt am globale Kontext, an am regionalen Euro-Kontext besser wier, wann erëm en Europäer déi Fonctioun géif bekleeden.

Frank Kuffer: Et geet jo och, Dir hutt et selwer gesot, ëm d’Eurozon. Wier dann net de Chef vum Eurogrupp do dee richtege Mann?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen dat net. Fir esou eng Aufgab unzehuelen, muss een éischtens Loscht hu vun do fortzegoe wou een ass. An zweetens muss een esou e grousst technescht a operationellt an operatiivt Wëssen hunn, datt een där Aufgab och gewuess ass. Ech spiere mech där Aufgab net gewuess.

Frank Kuffer: Nach eng Kéier d’Fro nom Christine Lagarde.

Jean-Claude Juncker: Et mécht kee Sënn, datt ee sech elo ëffentlech a Spekulatiounen ergeet, wien déi Aufgab kéint iwwerhuelen.

Et ass evidenterweis esou, datt d’Madame Lagarde an hirer Persoun all Qualitéite géif zesummebréngen, déi ee bräicht fir déi Missioun do z’iwwerhuelen. Mä et mécht elo kee Sënn fir Nimm ze lancéieren a Leit iwwer eng Piste ze joen, op déi se vläicht guer net wëlle goen. Dat muss ee kucken.

Ech hunn zwar mat der Madame Lagarde haut de Moie geschwat, mä ech mengen, et ass awer net de Moment komm wou een nei Nimm an aner Nimm soll ëffentlech berotschloen.

Frank Kuffer: Här Juncker, da soen ech Iech villmools Merci fir déi Erklärungen.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour