Jean-Claude Juncker au sujet de la situation financière de la Grèce et de la réunion du Benelux à La Haye

Max Theis: De Premier a Chef vum Eurogrupp ass nees vill ënnerwee dëser Deeg. Virgëschter war hie bei der Bundeskanzlerin zu Berlin, a gëschter bei sengen Homologen aus de Benelux-Länner. Mir maachen elo de Point iwwer dës Gespréicher. Jean-Claude Juncker, gudde Moien.

Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.

Max Theis: Här Juncker, zu Berlin ass et an der Haaptsaach ëm Griichenland gaangen. Do gi jo weider Konsolidéierunsgmesurë gefuerdert, an Dir hutt Privatiséierungen iwwer den Treuhand-Modell an d’Spill bruecht. Wéi ass déi Iddi dann zu Berlin ukomm, wou ee jo Erfahrungen domat huet?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn an der gesamter Eurozon der Opfaassung, datt weider Konsolidéierungsmoossnamen a Griichenland musse getraff ginn, fir datt Griichenland seng Budgetsziler, déi et am Moment amgaangen ass ze verfeelen, fir d’Joer 2011 kann erreechen.

Do brauch een also zousätzlech Spuermoossnamen, do brauch een Aktiounen op der Akommessäit vum Budget, an et brauch een dann eben och an deem Zesummenhang eng méi breet ugeluechte Privatiséierungswell wéi déi déi a Griichenland amgaangen ass gemaach ze ginn. Griichenland huet effektiv net ugefaangen ze privatiséieren. Griichenland muss dat elo maachen. A fir datt dat e Succès gëtt, fir datt wierklech eppes an d’Keess erakënnt, fir datt wierklech mat deem wat an d’Keess erakënnt d’Scholde kënnen ofgebaut ginn, muss ee menger Aschätzung no eng Treuhandgesellschaft, e bëssen no däitschem Virbild, bauen. An och sech berode loosse vun anere Leit aus anere Länner, déi Privatiséierungserfahrungen hunn. Well et geet net duer fir ze soen, mir privatiséieren, et muss een och wësse wéi een dat mécht.

Max Theis: Berlin ass op fir déi Iddi?

Jean-Claude Juncker: Jo, Berlin ass op fir déi Iddi. Déi Däitsch fannen alles gutt wat esou ausgesäit, wéi wann ee sech un hire Modeller géif inspiréieren.

Max Theis: Dir hat jo och eng douce Ëmschëldung fir Griichenland an Aussiicht gestallt. Bleift et bei deene Pläng?

Jean-Claude Juncker: Et muss ee gesinn, datt ronderëm déi Iddi vun der doucer Ëmschëldung, vum ‚Reprofiléieren‘ wéi ech dat genannt hunn, vill Onkloerheeten entstane sinn, well eenzel Leit déi Iddi esou duerstellen, wéi wann ech hätt wëlle soen, Griichenland brauch net ze spueren, Griichenland brauch net ze privatiséieren, Griichenland brauch keng Strukturreformen ze maachen, et geet duer wa Griichenland d’Lafzäit vu sengem Scholdenzréckbezuele verlängert kritt.

Dat wëll ech net. Ech wëll, datt gespuert gëtt, datt ëmstrukturéiert gëtt, datt privatiséiert gëtt. An da kann een, am Kader vun engem eventuellen neien Zousazprogramm fir Griichenland, och iwwer Reprofiléieren an iwwer eng liicht Ëmstrukturéierung schwätzen. Fir d’éischt Moossnamen, dann d’Konsequenzen, net ëmgedréint. An et ass keng Alternativ zu méi praktesche Moossnamen.

Max Theis: Äre Benelux-Rendez-vous dann. Wéi eng Impulser krut Dir dann zu Den Haag a Saachen Euro?

Jean-Claude Juncker: D’Meenungen zu Den Haag sinn a Saachen Euro net wiesentlech verschidde vun de Meenungen déi een zu Berlin kann asammelen. Holland ass ganz oft op deene selwechte Linnen ënnerwee wéi Däitschland.

Ech hunn dem Här Rutte, dem hollännesche Premier, an dem Här Leterme, dem belsche Premier, laang a breet déi griichesch Saach, déi mir elo mussen ugoen, ausernee geluecht.

Ech hat gëschter Owend och nach e ganz laangt Gespréich mat dem Här Trichet, mam Här van Rompuy a mam Här Barroso fir ze kucken, wéi mir a Saache Griichenland virufueren.

Déi 3 Benelux-Premierë sinn hefteg op der Linn engagéiert, datt alles gemaach gëtt fir d’Stabilitéit an der Eurozon sécherzestellen. Dat kann och en Zousazprogramm fir Griichenland, ënner strengste Konsolidéierungsoplagen, bedeiten. Dat muss een an den nächste Woche gesinn. Méint hu mir keng méi, mir hunn nach Wochen Zäit fir déi Situatioun do erëm an de Grëff ze kréien.

Max Theis: Dat heescht, dat ass eng décisiv Phas, elo am Moment?

Jean-Claude Juncker: Et ass eng kruzial a vital Phas am Moment.

Max Theis: Dir hutt och nach eng Partie aner europäesch Sujeten ugeschwat gëschter, dorënner d’Stresstester fir Atomkraaftwierker. Loossen d’Belsch sech do an d’Kaarte kucken?

Jean-Claude Juncker: Ech hat och déi Fro mat der Madame Merkel diskutéiert, a gëschter och an der Benelux-Reunioun, well ech ausdrécklech der Opfaassung sinn, datt Fligerakzidenter mussen an déi Stresstester agebonne ginn.

Ech sinn d’accord, datt terroristesch Akten an och Flijerakzidenter net kënnen an der Ëffentlechkeet diskutéiert ginn. Mir kënne jo net Etudë publizéieren, wou mir den Terroriste weisen, a wat fir engem Wénkel datt een Atomzentrale soll ufléie fir méiglechst grousse Schued ze maachen. Mä datt dat awer gekuckt gëtt ass wichteg.

An de belsche Premier, mat deem sinn ech mir eens ginn – wéi och schon 2 Woche virdru mam franséische Premier – datt lëtzebuergesch Expertë kënnen un der Evaluatioun vun de Resultater vun de belsche Stresstester matmaachen. Mir hu jo net nëmme mat Cattenom ze dinn, mir hu jo och mat 2 belschen Atomzentralen ze dinn, déi engem aneren Deel vum Land grad esou no sti wéi Cattenom dem südlechen Deel.

Max Theis: Ganz kuerz nach: d’Belsch ass jo nach ëmmer ouni Regierung. D’Rating-Agencë reagéieren ëmmer méi dorop. Wéi zouversiichtlech ass den Här Leterme dann, datt den Ulaf vum Elio di Rupo dës Kéier eppes gëtt?

Jean-Claude Juncker: Den Här Leterme ass der Meenung, datt et gutt wier, wann d’Belsch esou séier wéi méiglech eng Regierung géif kréien.

Woubäi mir alleguer der Meenung sinn, datt d’Rating-Agenture leschtendlech och e bëssen iwwerdreiwen. D’belsch Budgetssituatioun ass gutt. D’Belsch huet e primären Haushaltsiwwerschoss deen ech mir fir aner Länner géif wënschen. D’Konsolidéierung vun de belsche Staatsfinanze kënnt gutt virun. D’Schold ass natierlech an d’Lut gaangen duerch déi Konjunktur- a Relanceprogrammer déi jo och an der Belsch hu musse gemaach ginn. Ma ech maache mir iwwer d’belsch Gesamtstaatsfinanzen net déi selwecht Suerge wéi iwwer d’Gesamtstaatsfinanze vun anere Länner an der Eurozon.

Max Theis: Jean-Claude Juncker, ech soen Iech merci fir d’Gespréich de Moien.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech merci.

Dernière mise à jour