Jean-Claude Juncker au sujet de l'entrevue avec le président de la République française, Nicolas Sarkozy du 30 mai 2011

Max Lemmer: De Premier Jean-Claude Juncker war gëschter op Visite zu Paräis. Um Programm stoung eng Entrevue mam franséische President Nicolas Sarkozy am Elysée. Riets goung iwwer déi bilateral Relatiounen. D’Fransouse waren an der Lescht jo bei de lëtzebuerger Baueren e wéineg an d’Kritik geroden, well si wëlles haten, wéinst der akuter Dréchent, eventuell keen Déierefudder méi ze exportéieren. Op deem Punkt gouf et gëschter aus lëtzebuerger Siicht gekuckt, Satisfactioun, sot de Moien am DNR-Interview de Premier Jean-Claude Juncker.

Jean-Claude Juncker: Op deem Punkt ass erausgesprongen, dat wat de gesonde Mënscheverstand engem noleet, Frankräich wäert seng Grenzen net zoumaachen, an d’Versuergung vu Lëtzebuerg gëtt net entaméiert duerch eng franséisch Restrictioun.

Max Lemmer: En anere Sujet war d’Scholdekris a Griechenland. Do soll bis Enn Juni, Ufank Juli deene Scholdeproblemer en Enn gesat ginn, eng Léisung fonnt ginn. Wéi genee soll dat da geschéien?

Jean-Claude Juncker: Mir waarden elo op ee Bericht vun der sougenannter Troika, vun der Europäescher Zentralbank, vun der Kommissioun a vun dem internationale Währungsfong, déi sech den Ament zu Athen ophalen, fir d’Situatioun genee ze studéieren, an eis hir Aschätzung ze ginn iwwer Méiglechkeeten, déi et fir Griechenland gëtt, sech am Laf vum Joer 2012 ze finanzéieren. Dee Bericht waarde mir of.

Mä mir sinn allen zwee fest décidéiert, fir a) Griechenland net falen ze loossen, a b) Hëllefsprogrammer mat deenen Oplagen op de Wee ze schécken, déi et brauch, fir datt déi Situatioun sech erëm stabiliséiert. Mä et ass ze fréi, fir doriwwer Detailer ze ginn.

Max Lemmer: Da war e weidere Sujet natierlech de Schengen-Accord, wou d’Fransousen, zesumme mat den Italiener deen Accord jo e wéineg wollte verwässeren. Wat hutt Dir do an deem Gespréich dem Nicolas Sarkozy mat op de Wee ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn dat gesot, wat ech déi lescht Wochen ëmmer erëm soen, nämlech, datt een net liichtfankeg mat deenen Errungenschafte soll emgoen, déi mir an Europa, besonnesch am Beräich vum Europa vun de Bierger, erreecht hunn. Et kann een net iwwer Nuecht Grenzen zoumaachen an deem Europa wat mir hunn.
Mä ech sinn d’accord, datt een driwwer nodenkt, datt wann ee Land, wat zoustänneg ass fir de Schutz vun den Aussegrenzen, dat heescht och vun eise Grenzen, a sengen Aufgabe verseet, dat net fäerdegbréngt, datt een da vorübergehend erëm ka Kontrollen aféieren, fir dat Land dozou ze bréngen, sengen Aufgaben nozekommen. Dogéint sinn ech net. Mä dat dierf een nëmme maachen, wann d’europäesch Kommissioun d’accord ass, a wann déi aner Memberstaaten dat och esou gesinn. Dat dierf een net eesäiteg kënnen décrétéieren.

Max Lemmer: Wéi huet den Här Sarkozy dann dorop réagéiert?

Jean-Claude Juncker: Hien huet nogelauschtert.

Max Lemmer: Dir hutt och iwwer d’Stresstester geschwat, wat Cattenom ubelaangt. Wéi gesäit et do elo aus? Bleift et dobäi, datt lëtzebuerger Experten do dierfe mat dobäi sinn?

Jean-Claude Juncker: Ech hat dat ofgemaach mam franséische Premier Enn Abrëll, an de President vun der Republik huet gëschter un déi Ofmaachung erënnert, an eis gefrot, eis Nimm op Paräis ze schécken, fir datt eis Leit kënne bei deene Stresstester matmaachen.

Max Lemmer: Lescht Fro, Här Juncker. Ärt Verhältnis zum Nicolas Sarkozy gëlt allgemeng als e wéineg gespaant. Wéi war gëschter allgemeng d’Atmosphär vun Ärem Gespréich?

Jean-Claude Juncker: D’Atmosphär war gutt, déi war frëndlech. Mä wann et em d’Bezéiungen tëscht Staate geet, da sinn dat méi wichteg Froen, wéi déi Froen déi nëmmen d’Bezéiungen tëschent zwee Mënschen betreffen.

Dernière mise à jour