Jean-Claude Juncker au sujet des thèmes abordés lors de la rencontre avec le Président de la République française, Nicolas Sarkozy

Pierre Reiland: D’Stresstester fir d’Atomzentralen, d’Scholdekris vu Griechenland, d’Grenzkontrollen am Schengen Raum, etc. Et goufe vill Diskussiounsujetë gëschter zu Paräis, wou de lëtzebuerger Premier a Chef vum Eurogrupp Jean-Claude Juncker vum franséische President Nicolas Sarkozy emfaange gouf.

An um Telefon begréissen ech elo de Jean-Claude Juncker. Gudde Moien, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudd Moien.

Pierre Reiland: D’Relatiounen tëscht Iech an dem Här Sarkozy waren net ëmmer déi allerbescht vläicht. Wéi war dann d’Stëmmung gëscht?

Jean-Claude Juncker: D’Stëmmung war gutt, mä ech sinn zoustänneg fir d’Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Frankräich op héijem Niveau ze halen. Dat geet iwwer d’Intensitéit vu perséinleche Bezéiungen eraus.

Pierre Reiland: An a Propos déi Relatiounen, Dir hat gesot, Dir géift Iech asetzen, well Frankräich dru geduecht hat, déi franséisch Fudderexporter op Lëtzebuerg ze stoppen. Wat ass dann dobäi erauskomm?

Jean-Claude Juncker: Ech hu gesot, datt dat net ze akzeptéiere wier. D’Stoppe vum Fuddermëttelexport no Lëtzebuerg an och aneren Nopeschlänner wier mat dem europäesche Gedanken net vereinbar. De President vun der Republik huet mir dorops hi gesot, dat géif net stattfannen, Lëtzebuerg géif viru mat Fuddermëttel versuergt ginn.

Pierre Reiland: En anere Sujet, dee Lëtzebuerg direkt betrëfft, ass natierlech Cattenom. D’Atomzentral gëtt elo getest. Wéi eng Versécherunge konnt Dir vum Här Sarkozy kréien, datt deen Test esou gemaach gëtt, wéi Dir et an Ärer Ried zur Lag vun der Natioun gefuerdert hat?

Jean-Claude Juncker: Also, den Här Sarkozy ass net do fir dat ze maachen, wat ech an der Ried zur Lag vun der Natioun soen. Esou fonctionnéieren d’Saachen net. Mä wat ech an der Ried zur Lag gesot hunn, huet u sech dat resuméiert, wat d’Staats- an d’Regierungschefen zu Bréissel décidéiert haten. An dat war, datt déi Tester seriéis ze maache sinn, an dat war och d’Verspriechen notamment vum Här Sarkozy, an dat huet hie gëschter renouveléiert, datt falls esou e Stresstest vun enger Atomzentral géif zur Conclusioun kommen, datt déi absolut net sécher wier, datt déi Atomzentral géif zougemaach ginn.

A wat Cattenom ubelaangt, huet den Här Sarkozy, esou wéi och de franséische Premier mir dat schonn an Aussiicht gestallt hat, nach eng Kéier widderholl, datt Lëtzebuerg Experten op deem Niveau wou déi wëllen, kënne bei deene Stresstester matmaachen.

An ech sinn elo zur Conclusioun komm, wéi ech zeréckgefuer si gëschter Owend, datt ech mech mat de Saarlänner a mat de Rheinland-Pfälzer leschten Enns zesummesetzen, an datt mir kucken, well da fonctionnéiert dat besser, e gemeinsamen Expertenteam op d’Been ze stellen.

Pierre Reiland: De Schengen-Raum, déi fräi Circulatioun vu Persounen, ass ee vun de Käre vum europäesche Gedanken. Frankräich an Italien wëllen nees Grenzkontrollen aféieren. Dänemark huet et scho gemaach. Dat kann Iech jo net ganz gutt gefalen?

Jean-Claude Juncker: Dat gefällt mir iwwerhaapt net, wat ech och gëschter gesot hunn. Et dierft een déi Acquisen, d’Errungenschaften déi een a joerzéngte laangem Opbau vum Europa, besonnesch och vum Europa vun de Bierger, fäerdegbruecht huet, net iwwer Nuecht zur Dispositioun stellen. Et kann net sinn, datt ee Land einfach alleng décidéiert iwwer Nuecht elo erëm Grenzkontrollen anzeféieren, ouni d’Kommissioun ze froen, ouni déi aner Memberstaaten ze froen.

An ech hunn duefir gëschter Owend zu Paräis däitlech gemaach, datt mir ganz pingeleg op där Fro wäerte sinn, datt mir gären hätten, datt et bei der fräier an ongehënnerter Circulatioun vun de Leit an Europa bleift, datt Kontrollen zwar sporadesch kënne gemaach ginn, dat kënne se jo och haut, an datt se méi systematiséiert kënne ginn, wann ee Land, wat fir d’Iwwerwaache vun den Aussegrenzen zoustänneg ass, sengen Aufgaben net nokënnt. Mä da muss dat geschéien an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun, an Zesummenaarbecht mat deenen anere Memberstaaten. Et dierf net sinn, datt ee selbststänneg, alleng décidéiert seng Grenzen zouzemaachen. Dat ass de Géigendeel vun Europa.

Pierre Reiland: Last but not least, Här Juncker, d’Situatioun a Griechenland, déi Iech jo ganz vill beschäftegt als Chef vum Eurogrupp. A Griechenland selwer ass d’Situatioun politesch blockéiert. D’Land muss awer Reforme maachen, fir weider gehollef ze kréien. A wéi wäit kann d’EU dann do iwwerhaapt nach Drock maachen, wa Griechenland innepolitesch selwer net eens gëtt?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Fro, déi wéineger d’Europäesch Unioun als Ganzt, wéi d’Eurogrupp am Speziellen ugeet. Mir hu regelméisseg a lafend, an deeglech Kontakter mat de Griechen, mam Premier, mat der Zentralbank, mat dem Finanzminister. A mir kommen zur Conclusioun, datt mir mussen am Juni eng Äntwert fannen.

Dat setzt viraus, datt Griechenland alles mécht fir seng Budgetsziler, déi et fir d’Joer 2011 an Ugrëff geholl hat, an déi et de Moment net erreecht, awer nach ze erreechen. Dat setzt viraus, datt dee Privatiséierungsprogramm an der Héicht vu 50 Milliarden Euro elo sérieux an Ugrëff geholl gëtt. Dat setzt viraus, datt weider Strukturreformen, déi d’Wuesstemspotenzial a Griechenland no uewe schrauwen, geholl ginn. Dat setzt viraus, datt déi grouss griechesch Parteien, also och déi konservativ Oppositiounspartei, sech mat der Stoussrichtung vun de Reformprogrammer averstanen erkläert, fir datt mir d’Gewëssheet hunn, datt dat op enger breeder demokratesch legitiméierter Basis sech alles ofspillt.

An da kënne mir eis aner Schrëtt iwwerleeën, mä fir d’éischt mussen eis griechesch Frënn a Virleeschtung kommen, well si sinn nach net do, wou si selwer gesot haten, datt se gären em dës Zäit vum Joer wieren.

Pierre Reiland: Vläicht nach kuerz. Hutt Dir keng Suergen, datt d’Leit a Griechenland sech revoltéieren, esou wéi dat vläicht och e bëssen an anere südeuropäesche Länner schonn de Fall ass?

Jean-Claude Juncker: Oh, selbstverständlech hunn ech déi Suerg. An ech versti jo och deelweis gutt, datt d’Leit, déi einfach Leit, déi déi näischt ursächlech mat där Kris ze dinn hunn, an där dat Land sech befënnt, ëmmer méi op d’Strooss ginn, ëmmer méi fannen, datt den Effort ongerecht verdeelt gëtt.

An duefir gehéieren ech zu deenen, déi och méi a Saachen Privatiséierung, wann Dir esou wëllt, och mat der Fauscht op den Dësch schloen, wéi a Saache weideren Ofbau vu Sozialleeschtungen.

Ech stellen allerdéngs fest, datt vill politesch Kreeser och heiheem fannen, et dierft een net a Richtung Privatiséierung goen. Jo, wann een net a Richtung Privatiséierung geet, wann d’griechesch Regierung net déi Zementfabrike ka verkafen, déi hir gehéieren – an eng Regierung brauch keen Zement ze maachen – da mussen erëm weider Spuerprogrammer schlëmmsten Zouschnëttes gemaach ginn. Duefir sinn ech duefir, datt een d’Suen do hëlt wou se sinn, a se net all Kéier bei déi kleng Leit siche geet, well do sinn der net méi vill.

Pierre Reiland: Jean-Claude Juncker, villmools Merci fir den Interview de Moien.

Jean-Claude Juncker: Ech bieden Iech.

Dernière mise à jour