Le Premier ministre Jean-Claude Juncker invité de l'émission "Background"

Guy Kaiser: Et ass jo net, wéi wann et dem Staatsminister déit langweileg ginn. Am eegene Land bleift villes ze maachen, idem an Europa a virun allem als Chef vum Eurogrupp huet e vill Aarbecht. Här Jean-Claude Juncker, e schéine gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Guy Kaiser: Schéin, datt Dir bei eis sidd, op dësem, wéi soll ech et soen, Bréckeweekend vun Nationalfeierdag.

Dir reest vill duerch d'Welt, hutt Verflichtungen hei am Land an ëmmer méi an Europa, wéi déi lescht 2 Deeg mam Sommet. Déi lescht puer Deeg waart Dir e bësselchen hees, hutt Dir mir gesot. Alles an allem awer hutt Dir eng Bommegesondheet, wann ech esou ka soen. Wéi hält een esou kierperlech Belaaschtungen iwwerhaapt aus?

Jean-Claude Juncker: Et muss ee schlofen, wann ee schlofe kann. Ech ka gutt schlofen an ech kann iwwerall schlofen, am Auto, am Zuch, am Fliger. An esou tëschenduerch 10 Minutten d'Aen zou ze maachen, dat hëlleft engem duerch den Dag ze kommen.

Guy Kaiser: Dat hutt Dir de Moie gemaach, wéi Dir um Wee waart vu Bréissel zréck op Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Genau dat, jo.

Guy Kaiser: Dat ass natierlech eng fantastesch gutt Ulag déi een dann do huet, well dat kann net jiddwereen.

Jean-Claude Juncker: Ech behaapten, datt dat keen Naturtalent ass, mä datt een dat übe kann.

Guy Kaiser: Ah sou? Da musst Dir mir do eng Kéier soen, wéi dat geet.

Jean-Claude Juncker: Ech huelen Iech emol mat op d'Rees.

Guy Kaiser: Dir musst vill Interviewe ginn, Här Juncker. Wéi dacks krut Dir elo an de leschte Wochen d'Fro gestallt, ob Dir dat 8. Gebot kennt?

Jean-Claude Juncker: Oh dauernd, an haut och, wéi et schéngt.

Guy Kaiser: Jo, wéi et schéngt.

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Saach, déi mech am Ufank ameséiert huet an déi mir elo lues a lues ufänkt op de Wecker ze goen – also net Är Fro elo, mä déi Tatsaach u sech.

Ech hunn no enger Ried zu Bréissel op eng Fro aus dem Publikum hi gesot – ee Mann dee mech gefrot hat, firwat datt d'Eurogrupp net ëffentlech géif tagen – iwwer Währungspolitik an iwwer Geldpolitik kéint een net ëffentlech schwätzen, well dat vill Duerchernee bréngt. An dunn hunn ech erzielt, datt fréier, wéi mir nach den Europäesche Währungssystem haten a wéi ech Finanzminister war, mit all 2-3 Méint Freides mëttes ugeruff si ginn a gesot kritt hunn, mir solle Sonndes moies op Bréissel kommen, fir iwwer d'Verhältnis tëscht der däitscher Mark an dem franséische Frang, oder dem Gulden oder dem belsche Frang ze schwätzen.

An do war d'Regel, datt all Finanzminister Freides mëttes, well d'Finanzmäert nach op waren, hu musse soen, et ass keng Sitzung. An do hunn ech gesot, wann net seriös gëtt, muss een och léie kënne. Elo gëtt esou gemaach, wéi wann ech prinzipiell gesot hätt, an der Politik misst een emol léie wann et géif eescht ginn. Dat ass net esou, mä dat leeft mir elo no. Mä ech lafen awer erëm fort.

Guy Kaiser: Mä déi Fro war jo gestallt ginn, wéinst enger Reunioun zu Senneng am Schlass.

Jean-Claude Juncker: Neen, ech hat dat ee Mount virdru gesot an elo maachen d'Zeitungen esou, wéi wann [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Et gëtt awer [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, esou sinn d'Journalisten – Dir net – déi zwou Saachen déi näischt mateneen ze dinn hate beieneeleeën, fir datt et eng gutt Geschicht gëtt.

Guy Kaiser: Mä déi Reunioun zu Senneng, déi hat Dir een Ament geleegent, an Dir hutt herno gesot, ech hu se musse leegnen, et goung ënner anerem ëm Griichenland, an Dir wollt net der Ëffentlechkeet soen, datt déi Reunioun effektiv war, eben aus Angscht, datt d'Finanzmäert géifen dorop negativ reagéieren. An dëser Logik Här Staatsminister, [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Mä mir haten um 5 Auer eng Sitzung an 10 op 5 huet Spiegel Online gemellt, den däitschen, de franséischen, den italieneschen an de lëtzebuerger Finanzminister, respektiv Eurogruppechef, géife mam Här Trichet zesummesëtzen, fir iwwer den Austrëtt vu Griichenland aus der Eurozon ze schwätzen.

Esou laang wéi d'Finanzmäert op sinn, muss ee soen, déi Sitzung fënnt net statt. Well wann ee seet, déi Sitzung fënnt statt an d'Finanzmäert mengen et géif een iwwer déi dramatesch Fro schwätzen, ob Griichenland sollt austrieden oder net, da geschéien onwahrscheinlech Turbulenzen déi nächst Stonnen. An do huet ee keen anere Choix, wéi ze soen, déi Sitzung fënnt net statt. Well ech hat keng Zäit fir laang Interviewen ze ginn, fir ze soen, wourëms et an där Sitzung géif goen.

Dat ass esou. Ech kann dat net änneren. Dat ass net schéi fir mech, dat ass net schéi fir d'Leit, mä esou ass dat.

Guy Kaiser: Ech si mir bewosst, datt ech Iech mat där doter Fro op d'Nerve ginn.

Jean-Claude Juncker: Neen, eigentlech net.

Guy Kaiser: Wéi gesot, Dir hutt se dacks genuch gestallt kritt.

Jean-Claude Juncker: Ech sinn emol frou, eng Kéier de Leit heiheem kënnen z’erklären, wat eigentlech hanner deene Saache stécht.

Guy Kaiser: Mä an dëser Logik, Här Staatsminister: d'Finanzmäert hunn Iech jo da quasi zum Léie gezwongen, dat heescht, d'Finanzmäert diktéieren d'Politik.

Jean-Claude Juncker: Neen. D'Politik muss wëssen, datt d'Finanzmäert se genau observéieren. A wann ee Chef vun der Eurogrupp ass, da muss een, wann een de Mond opdeet, wëssen, datt vill Leit engem nolauschteren.

Et lauschteren déi aner Regierungen an Europa no, et lauschteren d'Finanzmäert no, et lauschtert d'griichesch Regierung am besonneschen no.

Ech muss ganz anescht mat de Griiche schwätzen, wéi mat deenen aneren. A wann ech mat deenen anere schwätzen, mussen d'Griichen et och verstoen.

Dat heescht, et huet een esou een Erwaardungsdrock, esoubal wéi een de Mond opdeet, ënnerschiddlech Erwaardungen, an et muss ee se alleguer korrekt bedéngen. An dat mécht d'Kommunikatioun extrem schwiereg, well mir jo ganz oft amgaange sinn no enger Léisung ze sichen. An ech kann och net dauernd soen, mir wëssen nach net wat mir solle maachen, och wa mir heiansdo nach net wësse wat mir solle maachen. Well an der Politik ass et jo entretemps esou, datt een nëmmen net dierf soen, ech kann Iech dat elo nach net soen, well ech sinn nach amgaangen nozedenken. Da gesäit ee jo bal lächerlech aus wann ee seet, et géif een nodenken. Ech denken awer heiansdo no.

Guy Kaiser: Här Staatsminister, ass dat doten nach Är Welt, fir et emol banal ze formuléieren? Leit oder Institutiounen, déi d'Täsche voller Suen hunn, déi lauschteren Iech no oder engem Trichet, respektiv engem amerikanesche Präsident. Je nodeem wat si soe gëtt den Telefon geholl. Computer maache Milliounen- oder Milliarden-Transaktiounen a bannent Minutten ass d'Welt schonn eng ganz aner.

Jean-Claude Juncker: Ech probéieren esou ze schwätzen – an och nëmmen dann eppes ze soen, wann ech menger Saach sécher sinn – datt deenen normale Leit, deene klenge Leit an deene mëttelschwéiere keen Ongléck geschitt. Ech kann net ëmmer soen, datt ech optimal mat de Finanzmäert ëmginn, mä ech probéieren esou ze schwätzen, datt op de Finanzmäert näischt geschitt, wat deene ka schueden déi sech net kënnen hëllefen.

Ech fille mech zoustänneg, wann ech dat e bësse pathetesch dierf formuléieren, fir déi ze schützen déi ech besonnesch gär hunn.

Guy Kaiser: Dat heescht awer in fine, datt d'Finanzmäert trotzdem eng Auswierkung hunn, wéi soll ech et nennen, op Är Kommunikatiounspolitik?

Jean-Claude Juncker: Dat kann ech net ofstreiden. Ech muss ganz genau oppassen, wann ech schwätzen, wat fir Reaktiounen – dat kënnt mir e bësse vir, wéi wann ech mech géif bretzen – weltwäit entstinn, wann ech als Chef vun der Eurogrupp eppes soen.

Ech hu laang Zäit gebraucht fir mech dorun ze gewinnen, an dat gefält mir en fait net ganz gutt. Well déi Finanzindustrie huet jo mat der realer Wirtschaft, mat dem eigentlechen Aarbechtsliewe vun de Mënschen, nach kaum eppes ze dinn. Et ass eng Distanz entstanen, eng riseg grouss Distanz, tëscht der eigentlecher Aarbecht vun de Mënschen an dem Spill, an dem Gespills wat d'Finanzmäert heiansdo maachen.

An déi Welt hunn ech u sech net gär, mä si ass esou wéi se ass. D'Politik fänkt mam Betruechte vun der Wierklechkeet un. An d'Wierklechkeet ass, datt d'Finanzmäert, dat mierke mir jo och hei am Land a mir profitéiere ganz oft dovun, no hirer eegener Logik, wat keng Logik ass, fonctionnéieren.

Guy Kaiser: Et geet jo schonn duer, datt eng eenzeg Ratingagence zu der Conclusioun kënnt, e Land wéi Griichenland hätt nach just Schrottwäert, fir datt alles an de Koup fält.

Jean-Claude Juncker: Neen, déi Ratingagencë soen net, Griichenland wier Schrott, déi soen, déi griichesch Staatspabeieren [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Ech hunn et salopp formuléiert, jo.

Jean-Claude Juncker: Jo, wann ech elo géif soen, Griichenland ass Schrott, da kléngt dat anescht , wéi wann Dir dat sot. Griichenland ass e Land, wat ech enorm respektéieren an och d'Griiche selwer. A mir sollten emol gesinn, datt déi Leit sech onendlech vill ustrengen, fir aus där Situatioun erauszekommen an där net si sech bruecht hunn, mä un där si awer och net ganz onschëlleg sinn.

An eng Ratingagence, déi mécht eng einfach Aarbecht. Déi ass zoustänneg dofir, fir hire Clienten an och dem Rescht vun der Welt Informatiounen doriwwer ze ginn, ob et sech lount oder net lount an engem bestëmmte Betrib oder an enger bestëmmter Wirtschaft, an engem bestëmmte Land z'investéieren. A wann ee Land bal um Punkt ass keng Sue méi ze hunn, da muss déi Ratingagence dat soen. Ech fannen heiansdo soe se ze séier ze vill, mä wann eng Ratingagence seet, a Griichenland fonctionnéiert net alles, dat kann een net esou direkt ofstreiden.

Guy Kaiser: An dësem Kontext ass et ze verstoen, datt den esou genannte Mann vun der Strooss sech ëmmer méi als Affer gesäit, an datt hien zugläich säi Glawen un d'Politik verléiert. Radio Lëtzebuerg hat gëschter Moien d'Antenn opgemaach fir seng Nolauschterer an do koum dat heiten eraus:

Nolauschterer: Ech fannen dat einfach net richteg. Si solle kucken, datt si eens ginn, si hunn hiert Lach jo gemaach, da solle si kucken, datt si erauskommen, esou einfach ass et.

Nolauschterin: Ech fannen et zwar gutt, datt eise Staat Griichenland hëlleft, mä ech weess net, ob si eisem Staat eng Kéier géifen hëllefen. Do gleewen ech net drun.

Nolauschterer: Ech si voll a ganz do dogéint, well si krute jo schonn eng Finanzsprëtz, an do ass kee gewuer gi vun hei, wat mat deene Sue geschitt ass, wou déi higefloss sinn, an hei an do. An da solle si elo nach 120 Milliarde kréien.

Nolauschterin: Dem Vollek säi gesonde Mënscheverstand kënnt bei de Politiker hirem Gewurschtels net méi no.

Nolauschterer: Ech mengen, et géif Zäit ginn, datt den Här Juncker de Mikro géif an de Grapp huelen a sech bei all de Lëtzebuerger géif entschëllegen, fir dat wat hien eis viru Joeren erzielt huet iwwer Europa. Alleguer déi déi géint Europa waren, déi hate Recht, déi eis gesot hunn, et géif eis guer näischt bréngen, fir eis géif alles vill méi schlecht ginn.

Nolauschterer: Et géif emol Zäit, datt an Europa no de Korruptioun géif gekuckt ginn an net, datt de Juncker d'Geld duerch d'ganz Welt schéisst. Dat geet net.

Nolauschterer: Mir hunn haut e Land, wéi Griichenland, wat riskéiert zahlungsonfäeg ze ginn. Wann dat zahlungsonfäeg gëtt, da kréien d'Banken hir Suen net méi erëm, an an deene Banken hunn alleguerten déi kleng Leit, wéi een esou schéi seet, hir Spuerpäckelcher opgeriicht. Déi kréie si net méi erëm an deem Fall. Dat heescht, déi Kris déi geet dann a ganz Europa eriwwer. Mir fannen haut kee Politiker deen eng Kanéngchen aus dem Hutt hëllt, leider Gottes net. Mä mir hunn awer e ganze Koup gutt Politiker déi wierklech dofir wëlle suergen, datt d'Kierch am Duerf bleift ,an datt Stabilitéit bestoe bleift. Fréier hätte mir an esou enger Situatioun wéi hei Krich gehat, well ee Land ugefaangen hätt iwwer d'Grenzen eraus ze kucken, wou et da kann eppes ewechhuelen. Et ass schrecklech wann ech héieren, datt jiddweree kuckt fir ëmmer nach méi ze kréien an net realiséiert, datt mir de Rimm definitiv musse méi zouzéien.

Guy Kaiser: Zimlech hefteg Reaktiounen. Just dee leschten Här war méi moderéiert. Här Staatsminister, kënnt Dir esou Reaktiounen aus dem Vollek novollzéien?

Jean-Claude Juncker: Ech versti se, mä ech froe mech heiansdo, wann ech déi Saachen héieren, da soll een aneren dat maachen, wann et esou einfach wier wéi eenzel Leit sech dat maachen. Mir wäerfen de Griiche jo keng Suen no.

Mir hu bis haut als lëtzebuerger Staat, op deem wat mir Griichenland zur Verfügung gestallt hunn Zënse kritt a Suen verdéngt. D'Griichen hu Scholden a mir verdénge Suen domat, doduerch datt mir hinnen hëllefen. An et gëtt an enger Währungsunioun keen anere Wee, wéi datt d'Länner solidaresch zesumme stinn. A wann een a Schwieregkeete kënnt, da muss een deem Land hëllefe seng Schwieregkeeten ze bewältegen, an da muss ee vorübergehend solidaresch sinn. Ouni datt déi eege Leit dorënner leiden.

Wann ee géif Griichenland ënnergoe loossen, mat Europa oder ouni Europa, mat Währungsunioun oder ouni Währungsunioun, mat Euro oder ouni Euro, dann dierf een net mengen, an enger globaliséierter, staark vernetzter Welt, dat géif eis an de Konsequenzen net erreechen.

Kuckt emol, de 15. September 2008 ass eng Bank an Amerika faillite goe gelooss ginn, Lehman Brothers. An doduerch hu mir eng risegrouss, schrecklech Finanz- a Wirtschaftskris erlieft. Dat war net de Juncker an net Europa, déi déi ausgeléist hunn.

A wa mir Europa net gehat hätten an d'Währungsunioun net gehat hätten, da géifen och déi, déi elo esou déck getéint hunn an hirem Portemonnaie mierken, datt si dann nach ganz genau d'Halschent dran hätten. Si solle frou sinn, datt et Europa gëtt, an datt et den Euro gëtt.

Guy Kaiser: A Länner wéi Griichenland a Spuenien ginn d'Leit jo op d'Strooss. Et waren der och knapp 10.000 op Lëtzebuerg komm fir no engem méi sozialen Europa ze jäizen. Hei en Zesummeschnëtt vun en Dënschdeg. D'Bernadette Segol vum EGB an de Patrick Dury vum LCGB.

Bernadette Segol (O-Toun): Nous disons non au programme d'austérité, qui est sur la table du Conseil et sur la table du Parlement. Ce n'est pas un progrès social. C'est de la régression sociale. C'est un programme de flexibilisation des salaires, de pression vers le bas pour les salaires, de pression sur les services publics et sur la protection sociale. Et nous disons non au dumping social. Nous ne voulons pas qu'on touche à l'indexation des salaires.

Partick Dury (O-Toun): Och a Lëtzebuerg bléist méi e kale Wand. Mir stinn haut hei ze manifestéiere fir méi e soziaalt Europa, an domat och e Lëtzebuerg wat mir nach erëmkennen an e puer Joer; e Lëtzebuerg wat säi sozialen Niveau kann halen; e Land wou Solidaritéit a sozial Gerechtegkeet net nëmmen eidel Wieder sinn, mä wou esou Prinzipie weider héichgehale ginn.

Guy Kaiser: E méi soziaalt Europa gëtt gefrot, fir eng méi sécher Heemecht fir Lëtzebuerg. Si mir op deem Wee no hannen oder wou gesitt Dir eis?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn an der Mëtt vun engem Prozess, dee sech ganz schwéier maache léisst. Wann een iwwer sozial Solidaritéit schwätzt, an iwwer Gerechtegkeet, an iwwer sozial Gerechtegkeet, dann ass dat ni nëmmen eng Fro déi just déi betrëfft déi dee Moment liewen. Dat ass och eng Fro, déi déi betrëfft, déi no eis kommen. Et ass eng Fro déi déi Jonk betrëfft. An et muss een d'Politik esou ausriichten, datt mir haut esou eens ginn, datt déi déi muer kommen och nach eens ginn.

An do ënnerscheede sech d'Meenungen heiansdo ganz drastesch tëscht engem deen an der Regierung ass an engem deen op ëffentleche Plaze Rieden hält. Et muss een ëmmer och déi nächst Generatioun am Bléck hunn, a bei allem wat ee mécht ëmmer drun denken, datt et och nach duergeet fir déi déi no eis kommen.

Guy Kaiser: "Vor der Scheidung" ass haut den Editorial vum Alvin Sold am Tageblatt iwwerschriwwen. Hien ass och der Meenung, datt d'Wirtschaft an der Tëschenzäit d'Soen huet, an net méi d'Politik. A wat Lëtzebuerg betrëfft, Europa géif eis elo d'Casse sociale recommandéieren. Den Här Sold wäerft d'Fro op, ass no all dësem Bedruch den Divorce net iwwerfälleg? Solle mir eis net trenne vun dësem liberalen a konservativen Europa? Ass keng Plaz fir e soziaalt Europa?

Jean-Claude Juncker: Ech fannen, datt déi Terme liberaalt a konservatiivt Europa éischtens näischt heeschen an zweetens keng Applikatioun fannen. Wann ech déi dräi Länner kucken, déi déi gréisste Schwieregkeeten hunn – Griichenland, Portugal an Irland – da muss ech soen, wann ee Spuenien och nach dobäi rechent, datt an 3 vun deene Länner bis elo sozialistesch Premierë waren. Also wat doru liberal a konservativ soll sinn, dat entgeet mir am Moment.

Mä richteg ass et, datt mir op engem Punkt ukomm si wou mir villes mussen iwwerpréiwen, am Liicht iwwregens vun deem wat ech virdru gesot hunn. Et geet net – an ech sinn och dogéint, datt dat géif goen – datt mir haut den Teller botzen an oflecken, an datt mir näischt méi hu fir deenen dropzeleeën, déi no eis kommen. An dofir muss een eng ofgestufte Politik maachen.

Kuckt emol, hei am Land geet et deene meeschte Leit gutt. Et gëtt och vill Leit deenen et net gutt geet. Mä deene meeschte Leit geet et gutt. Ass d'Politik elo fäerdeg mat hirer Aufgab, wa si dofir suergt, datt déi déi alles hunn ëmmer méi kréien, an datt déi déi näischt hunn näischt bäikréien? Geet et duer fir einfach esou ze maache wéi wann an der Welt näischt passéiert wier?

Mir sinn an der gréisster Wirtschafts- a Finanzkris zanter dem Ufank vun den 1930er Joere vum leschte Jorhonnert, an da gëtt gemengt, et kéint een einfach virumaache wéi wann näischt geschitt wier. Neen, do muss ee bereet sinn och emol heiansdo ze verzichten ouni op den Noper neidesch ze ginn.

Mir ginn zu Lëtzebuerg an engem totalen Näid ënner. Ee kuckt op deen aneren, a jiddwereen hätt gär wat den Noper huet, an en hätt dat gär méi. An ech fannen, datt dat eng Astellung ass, déi net gutt ass. Heiansdo hunn ech mir scho geduecht, et wier gutt wa mir eng Näidsteier zu Lëtzebuerg géifen aféieren, da géife mir an de Suen ënnergoen.

Guy Kaiser: Uganks der Woch, Här Staatsminister, hunn d'Finanzministere 4 Recommandatiounë fir de Grand-Duché ugeholl. Do ass eng nawell déi derwäert ass: mir missten oder mir sollte schonn dat anert Joer de Staatsbudget am Equiliber hunn. Dat ass net grad nom Gusto vun Ärem Finanzminister.

Luc Frieden (O-Toun): Ech mengen net, datt mir dat fäerdegbréngen. Eist Zil ass 2014, well mir och d'Investitiounspolitik an d'Sozialpolitik op engem raisonnabelen Niveau wëllen halen. Mä et kann een net alles maachen. Dofir gëllt d'Budgetsdisziplin, och fir déi nächst 3 Joer, als Merkmal vun der lëtzebuerger Finanzpolitik.

Guy Kaiser: Ech ginn emol dovun aus, de Staatsminister deelt d'Meenung vum Luc Frieden. Ass dat och de Fall fir de President vum Eurogrupp?

Jean-Claude Juncker: Zu Bréissel huet keen eis gesot, mir misste schonn am Joer 2012 an enger Situatioun vu staatlechem net-Defizit sinn. Et ass gesot ginn zu Bréissel, wa mir méi Sue géifen erakréie wéi mir erwaart hätten, da misste mir déi Suen huele fir eis Defiziter ze decken an net nei Ausgaben ze maachen. Dat ass u sech wat d'Kommissioun a wat de Ministerrot eis ugeroden hunn.

Ech si mam Här Frieden d'accord, datt et, esou wéi mir d'Chiffere kennen, iwwerhaapt net zur Situatioun kënnt, datt mir iwwerhaapt kéinten am Joer 2012 keen Defizit hunn, well esou vill méi Sue kommen net eran.

Guy Kaiser: Eng aner Recommandatioun ass jo den Index ze reforméieren. Ech mengen, d'Land huet an der Tëschenzäit verstanen, datt dës Regierung dat gliddegt Eisen wëll upaken, op déi eng oder op déi aner Manéier. Eng vun de Méiglechkeete wier jo, de Pëtrol aus dem Indexwuerekuerf erauszehuelen, mam Argument, wann iergendwou op der Welt e Pëtrolsscheich sech de Batti stellt an doduerch d’Pëtrolspräisser klammen, dann erfält zu Lëtzebuerg nees eng Indextranche, an dat ass da schlecht fir eis Kompetitivitéit.

Emol ugeholl, Här Juncker, mir huelen de Pëtrol aus dem Index eraus – wat bleift ass, datt d'Pëtrolspräisser trotz allem eng Auswierkung hunn op d'Inflatioun. Eng Präisentwécklung déi eis op laang Siicht da méi aarm mécht, an dat féiert dann nawell zu soziale Spannungen, oder?

Jean-Claude Juncker: Da si jo alleguer déi aner Leit an der Welt aarm, well et gëtt just 2 Länner an Europa déi d'Indexéierung, déi automatesch, vun de Léin a vun de Gehälter hunn, dat ass d'Belsch an dat ass Lëtzebuerg. A wann [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dofir ass awer och an deene Länner méi Drock op de Kollektivvertragsverhandlungen.

Jean-Claude Juncker: An deenen anere Länner?

Guy Kaiser: Jo.

Jean-Claude Juncker: Ech si jo e Mënsch dee jo dogéint wier fir den automateschen Index ofzeschafen. Ech hätt just gär, datt mir en intern esou stéckelen, datt mir am Direktverglach mat eisen Nopere mat eiser Wirtschafts- a Sozialpolitik nach eens ginn.

An dofir hätt ech gär gehat, datt d'Pëtrolsprodukter erausgeholl gi wieren, wéi dat iwwerall ass, wéi dat och an der Belsch zu engem groussen Deel ass.

Dir musst gutt verstoen, datt wann d'Pëtrolspräisser explodéieren, wéi dat viru Wochen de Fall war, an e klenge Betrib – och e groussen – e Bäcker oder e Metzler, dee mat 2 Leit schafft, dee muss dann d'Paien ëm 2,5% an d'Lut setzen, ouni datt e méi verkaf huet, ouni datt e méi produktiv gi wier. Dat ass eng Illogik am System déi ee muss, wann ee se net wëll eliminéieren, a ganz kënne mir se net eliminéieren, esou begleeden, datt déi kleng Betriber, virun allem déi kleng Betriber eens ginn.

Guy Kaiser: An enger Carte blanche économique huet den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza, leschte Mëttwoch op eiser Antenn déi heite Propos gemaach, wat den Index betrëfft:

Serge Allegrezza (O-Toun): D'Regierung chargéiert en Expertëgrupp, ënner der Leedung vun der Uni Lëtzebuerg, mat der Ausaarbechtung vun engem neie Lounsystem, wou d'Kollektivverhandlunge méi eng grouss Roll spillen, a wou d'Regierung de makroekonomesche Kader géif liwweren, un dee sech jiddwereen ze orientéieren hätt. Un de Sozialpartner wier et dann, hir Verantwortung z'iwwerhuelen, fir Kompetitivitéit a Kafkraaft openeen ofzestëmmen.

Guy Kaiser: Do kommen ech dann op dat zréck wat ech virdru gesot hunn, Här Staatsminister: d'Fuerderunge vun de Gewerkschafte wäerte sech jo dann an de Betriber op déi eng oder aner Manéier änneren, well mam ablackleche System vum Index sinn d'Syndikater jo dach éischter moderat?

Jean-Claude Juncker: Déi automatesch Indexéierung, esou wéi mir se kennen, an och wann ee se liicht géif änneren, géif ëmmer de Virdeel behalen, datt en Inflatiounsausgläich stattfënnt an dann hëllt effektiv deen Inflatiounsausgläich, deen d'Indexéierung sécherstellt, Drock vun de Kollektivvertragsverhandlungen ewech.

Länner déi den Index net hunn, mä alles iwwer Kollektivverträg maachen, wéi Däitschland, deenen hire Loun ass vun 1999 bis 2010 ëm 12%-13%-14% an der Somme an d'Lut gaangen, eisrn awer ëm iwwer 50%. Do ass zwar Drock op de Gewerkschaften an op den Tarifparteien, mä déi behuele sech awer séier responsabel, och ouni Index.

An dofir muss een d'Saache richteg trennen. Och wann, wéi den Här Allegrezza virschléit, mir géifen an e System erakomme, wou d'Regierung déi grouss Linne géif fixéieren, an eigentlech d'Sozialpartner géif aspären an e Kader dee politesch fixéiert gi wier. Ech hale méi dovun, datt d'Kollektivvertragsverhandlunge fräi bleiwen, an datt, wat si am Regelfall maachen, d'Sozialpartner sech op engem responsabelen Niveau géifen eens ginn

Guy Kaiser: Här Staatsminister, Merci bis ewell. Den éischten Deel vun der Emissioun ass erlaanscht. Den zweete kënnt gläich no dësen Neiegkeeten.

[Noriichteniwwerbléck vum Frank Kuffer]

Guy Kaiser: Mam Regierungspresident gi mir an den zweeten Deel.

Här Juncker, an Ärer Ried fir Nationalfeierdag hutt Dir e Mëttwochowend gesot: "Mir vergiessen, datt mir zu Lëtzebuerg op der Sonnesäit vum Planéit liewen. Dacks streide mir iwwer Klengegkeeten, heiansdo och iwwer Dommheeten." U wat fir Dommheeten hutt Dir dobäi geduecht?

Jean-Claude Juncker: U villes. Klengegkeeten an Dommheete muss een eigentlech an engem Begrëff zesummeféieren. Wann ech heiansdo kucken, mat wat fir Riseproblemer datt d'Welt, an och eist Land eigentlech, konfrontéiert ass, dann diskutéiere mir heiansdo iwwer Themen, déi jo mat der eigentlecher Themelag näischt ze dinn hunn.

Ech ginn emol ee Beispill: elo si mir, ech weess net wéi vill Joer amgaangen eng Plaz ze siche wou mir den Agrarzenter sollen hisetzen. Elo kënnt en, wann ech dat richteg gelies hunn, déi aner Säit vun der Musel op Perl. Mir hu se net méi all.

Guy Kaiser: Do hate mir gëschter en Interview mam zoustännege Minister. Hie mengt awer elo net, datt déi Décisioun geholl gi wier, ebe wéinst dem Gestreids aus de leschte Joeren.

Jean-Claude Juncker: Ech stelle just fest, wa mir virun e puer Joren décidéiert hätte wou e géif hikommen, da géif e schonn laang stoen, anstatt datt en op déi däitsch Säit vun der Musel stoe kënnt.

Guy Kaiser: Där doter Saachen hu mir méi dacks, och am Kader vun der Simplification administrative. Gi verschidde Saache net séier genuch?

Jean-Claude Juncker: Dat ass en Thema wat mech dauernd ëmdreift an och undreift.

D'Madame Modert, déi zoustänneg ass fir d'administrativ Vereinfachung, huet eng Hellewull vu Saachen op de Wee bruecht. Domat huet sech villes gebessert, och wat kommunal Bautegeneemegungen an esou virun ubelaangt. Den Aménagement communal, wéi dat esou schéin op Lëtzebuergesch heescht. Mä mir probéieren heiansdo d'Ham an der Mëllech ze kachen, an dat ass déi lëtzebuergesch Fassong, fir datt et besser schmaacht, mä heiansdo kritt een dann näischt op den Teller.

Guy Kaiser: Dir hutt an Ärer Ried e Mëttwochowend och den Näid ënner dem Vollek un de Pranger gestallt. Mir sollte méi solidaresch ginn. U war fir enger Solidaritéit feelt et? Un där nationaler, dat heescht d'Regierung mat de Sozialpartner? Hutt Dir doru geduecht?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn doru geduecht, mä ech hu virun allem doru geduecht, datt mir alleguer eis ugewinnt hunn ze kucken, wéi et beim Noper ass, statt eis ëm eis selwer ze bekëmmeren.

An ech hu virun e puer Woche gesot, mir hätten e Problem vu wuessender Aarmut hei am Land. An d'Madame Jacobs géif doru schaffen, am Hierscht nei Virschléi ze maache wéi mir deenen, déi wierklech ganz schlecht dru sinn hei am Land, kënnen hëllefen. Wann ech Iech géif déi Bréiwer weisen, déi ech dorops hi kréien, wou d'Leit soen, si solle schaffe goen; mir sinn net do fir déi mat duerchzehuelen, déi Lidderhanesse sinn – kuckt emol, ech hunn a mengem Liewen, ech war jo laang Aarbechtsminister a gär, esou vill Leit begéint, déi mir op Versammlunge gesot hunn, et ass onerhéiert mat Ärem Chômage, Dir entschiedegt de Chômage ze héich, an déi solle schaffe goen, déi Lidderhanessen. An e puer Méint duerno ware si selwer am Fall. Dann hunn ech gesot, wësst Dir nach wat Dir mir gesot hutt virun 3 Méint?

Also ech fannen, datt mir de Feeler maachen hei am Land, datt déi Leit deenen et eigentlech gutt geet gär ëmmer méi hätten, an datt mir net genuch fir déi maachen déi näischt hunn.

Guy Kaiser: Wourunner läit et dann, Här Staatsminister, datt ëmmer méi leit aarm ginn zu Lëtzebuerg? An dem räiche Lëtzebuerg, am "Happyland"?

Jean-Claude Juncker: Dat dierf een net statistesch kucken, well d'Definitioun vun der Aarmut ass eng gelungen: wann ee manner wéi 60% vum Duerchschnëtt huet, dann ass een am Aarmutsrisiko. Dat heescht, an deem Mooss wéi d'Paië vun deenen déi scho vill hu séier wuessen, an deem Mooss hëllt statistesch d’Zuel vun deene Leit, déi relativ betruecht aarm sinn zou, ouni datt si méi aarm gi wieren.

Mir hunn e Problem vum Wunnen zu Lëtzebuerg, dee kréie mir jo erkennbar net am Handëmdréien geléist. Obschonns d'Lëtzebuerger, wann ech dat internationaalt statistescht Material zu Grond leeën, relativ wéineg fir d'Wunnen ausginn, am Direktverglach mat eisen Nopeschlänner. E Lëtzebuerger Stot gëtt am Schnëtt 17,3% fir säi Wunnen aus.

Guy Kaiser: Huet dat net eppes domat ze dinn, datt ebe bei eis och d'Léin méi héich sinn?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt eng Wiesselbezéiung. Wann natierlech d'Léin zu Lëtzebuerg net esou héich wiere wéi se sinn, da wier d'Wunnen och net esou deier wéi et ass. Mä ech kann awer elo net higoen an eng Politik entwäerfe wou ech soen, elo musse mir d'Léin erofsetzen, fir datt d'Wunne méi bëlleg gëtt, well da bleift et relativ betruecht jo nach ëmmer an deem selwechte Verhältnis. Mä en héije Liewensniveau, an deen hu mir zu Lëtzebuerg, deen dreift natierlech och d'Terrainspräisser. An un den Terrainspräisser verdéngen déi eng an déi aner musse se bezuelen.

Guy Kaiser: A Wunnen a Baue wäert och an Zukunft kaum méi bëlleg ginn. Wann ech och elo bedenken, déi Décisiounen déi geholl goufen, zu Gonschte vun der Ëmwelt, déi jo och an der Rei sinn, déi maachen d'Wunnen net méi bëlleg.

Jean-Claude Juncker: Wann een d’Lëtzebuerger freet, wat hir gréisste Suerg wier, da soe si ëmmer d'Ëmwelt. Wann een da méi streng Ëmweltregele mécht, déi och eppes kaschten, da ginn d'Leit rosen.

Guy Kaiser: Fir nach eng Kéier op d'Solidaritéit zréckzekommen, Här Staatsminister. Et stellt ee jo fest, spéitstens zanter der leschter Tripartite, datt d'Gewerkschaften extrem op stur schalten. Index, Pensiounsreform, Leeschtungsprinzip an der Fonction publique – et kéint een nach aner Saachen dobäi opzielen. Et ass schwéier, d'Syndikater un een Dësch ze bréngen.

Jean-Claude Juncker: Et ass net schwéier si un en Dësch ze kréien, mä et ass schwéier si um Dësch ze behalen.

Ech versti jo och, datt an der Aarbechtswelt vill Stress ass an och vill Mobbing ass, an ech verstinn d'Gewerkschaften, datt si sech géint onnéidege sozialen Ofbau wieren. Ech fanne just, datt wann een zu Lëtzebuerg Reforme mécht, een net direkt déif an d'rhetoresch Këscht dierf gräifen, an alles zu sozialem Ofbau erkläre wat eigentlech en Ëmbau ass am Interessi vun den zukünftege Generatiounen.

Mir kënnen natierlech virufueren, eis Paië wuessen ze loossen, ouni datt d'Produktivitéit vun eise Betriber wiisst. Mir kënne virufueren, e Rentesystem um Liewen z’erhalen, vun deem mathematesch feststeet, datt dat eng Kéier an d'Mauer geet, dat ass déi berühmte Rentemauer, an datt déi déi no eis kommen net méi wësse wéi si dat alles solle finanzéieren.

Wann ee regéiert, da muss ee sech froen, regéieren ech elo esou, datt d'Leit mat mir zefridde sinn, andeems ech einfach näischt maachen, oder probéieren ech d'Saache esou unzeleeën, datt si och zukunftswierksam bleiwen? An dat ass en éiwege Konflikt, deen een huet. Wann een Décisiounen hëllt an der Regierung, da muss ee sech froen, wéi wierkt dat sech an 20 Joer aus? A wann een eng Décisioun net hëllt, da muss ee sech froen, wann ech déi Décisioun elo net huelen, wéi wierkt déi net-Décisioun sech an 20 Joer aus? An et ass ganz schwéier mat de Leit, och mat de Gewerkschaften, an e Gespréich driwwer ze kommen, wéi eng richteg Politik een haut muss maachen, fir datt muer alles an der Rei bleift.

Guy Kaiser: Fir nach eng Kéier op d'Griichen zréckzekommen: do gouf een dach als eenzelne Mënsch an d'Kris erajauwe gelooss. D'Kapital, an och d'Politik hunn d'Leit gleewe gedoen, et ass alles an der Rei, du kanns Sue léinen, du kanns op eng flott Zukunft opbauen. An dann, vun engem Dag op deen aneren ass alles net méi wouer, d'Léin mussen dann drastesch gekierzt ginn. Aus dem Bauch eraus kann een de Griich verstoen, dee sech da seet, ech gouf ugeschmiert. Si mir hei zu Lëtzebuerg net an enger ähnlecher Situatioun, wou mir u sech misste soen, och bei eis ass eventuell scho villes op Sand opgebaut?

Jean-Claude Juncker: Griichenland huet déi lescht 20 Joer net dat gemaach wat Griichenland hätt misste maachen, fir datt et haut géif besser do stoen.

Wann ech alleng d'Lounentwécklung a Griichenland kucken, da muss ech soen, datt d'Léin a Griichenland vun 1999 bis 2010 ëm 106% an d'Lut gaange sinn, während déi griichesch Wirtschaft iwwerhaapt net gewuess ass. Dat heescht, et gëtt Paië servéiert, déi net mat der wirtschaftlecher Realitéit iwwertenee stëmmen. An do muss ee ganz genau oppassen, bei der Aart a Weis wéi een d'Lounpolitik ausriicht, datt déi net aus dem Rythmus geréit par rapport zur wirtschaftlecher Entwécklung. An do ass all Land gefuerdert, mir och.

Guy Kaiser: Et ass op deen dote Punkt wou ech wollt erauskommen. Kënnt dee Message zu Lëtzebuerg richteg un? Ech mengen, et héiert ee Regierungsvertrieder, dat sidd Dir, dat ass de Minister Frieden, et sinn och anerer, déi soen, mir musse Fouss beim Mol halen. An dann héiert een déi aner Stëmmen, déi just an déi entgéintgesate Richtung ginn.

Jean-Claude Juncker: Mir sinn an engem System ukomm, an enger Situatioun, éischter gesot, vu Sprachlosegkeet. Déi eng kënne bal net méi mat deenen anere schwätzen. A wann d'Regierung, de Minister Krecké, de Minister Frieden oder ech selwer soen, maacht emol lues, passt op, et kann eis enges Daags och méi schlecht goen, da gëtt ee beschriwwen als een deen de Leit es schlecht wëll. Esou wéi wann d'Leit eigentlech Loscht hätten nach just déi ze stëmmen déi d'Wourecht net soen.

Guy Kaiser: Esou ass et Iech, an och Anere jo och ergaange mat der esou genanntener Rentemauer, déi Dir plus minus virun 10 Joer an d'Gespréich bruecht hutt.

Jean-Claude Juncker: Jo, a si réckelt ëmmer méi no.

Guy Kaiser: Virun exakt engem Joer waart Dir och bei eis am Studio, an deemools hu mir iwwer d'Tripartite geschwat, déi net grad dee grousse Worf war, fir et emol esou auszedrécken. Dir hat deemools vu Kommunikatiounsproblemer vun der Regierung geschwat. Sinn déi elo vum Dësch, oder mengt Dir, op der nächster Tripartite am Hierscht géing alles nees vu vir lassgoen?

Jean-Claude Juncker: Déi Kommunikatiounsproblemer, déi ech als eng suboptimal Leeschtung vun der Regierung beschriwwen hunn, sinn doduerch entstanen, datt op eemol an der Regierung selwer Dissonanzen opgetruede sinn, déi an der Regierung selwer, wéi mir dat alles virbereet hunn, esou net formuléiert gi sinn. Wann ech elo kucke wéi mir eis op déi Gespréicher am Hierscht virbereeden, a wéi mir d'Politikausriichtung amgaange sinn virzebereeden, mierken ech vun dissonante Stëmmen näischt.

Guy Kaiser: Problemer goufen et awer déi leschte Méint beim Koalitiounspartner. Dee méi lénke Fligel wäerft der eegener Partei vir, komplett no der Päif vun der CSV ze danzen. Déi Situatioun huet sech zwar an der Tëschenzäit berouegt, ma d'Tëschefäll hunn dach bewisen, datt d'LSAP an dëser Krisenzäit staark strapazéiert gëtt.

Jean-Claude Juncker: Ech halen déi Beschreiwung, datt d'LSAP géif dauernd virun der CSV kusche fir eng grotesk Szenenopnam vum Moment. Ech regéieren zesumme mat der Sozialistescher Partei, an ech stellen iwwerhaapt net fest, datt deen ee Koalitiounspartner, well e méi grouss wier, deen aneren, well dee méi kleng wier, géif dauernd iwwer den Dësch zéien.

Ech hu gesot, wéi mir dës Regierung ugefaangen hunn, mir géifen net géintenee regéieren, mä matenee regéieren. An an der CSV weess jiddwereen, datt et net meng Aart a Weis ass, aus der Tatsaach, datt d'CSV 2 Mol esou vill Deputéierten huet wéi d'Sozialistesch Partei d'Schlussfolgerung ze zéien, et géif op d'Sozialistesch Partei net ukommen. Mir sinn eng méi staark Partei wéi déi aner Parteien hei zu Lëtzebuerg, mä d'Land gehéiert eis net a mir hu wann ech gelift Rücksicht ze huelen op aner Meenungen, wann et se da gëtt. Et gëtt awer net ëmmer fundamental Ënnerscheeder an der Politikopfaassung vun der CSV a vun der Sozialistescher Aarbechterpartei. Well et ass nämlech eng Politikopfaassung déi sech aus de Beiträg vun den zwou Parteien ergëtt.

Guy Kaiser: A wat ass fir Iech e richtege Sozialist?

Jean-Claude Juncker: Een deen de Leit net virgaukelt, datt alles kann esou bleiwe wéi et ass. Sozialismus war fréier ëmmer den Inbegrëff fir de Fortschrëtt. Ech hätt gär, datt d'Sozialistesch Partei zu Lëtzebuerg, wat grouss Deeler vun der Sozialistescher Partei och maachen, duerch hire Reformwëllen opfält, an net duerch e Strukturkonservatismus, dee schlecht ass fir eist Land.

Guy Kaiser: Gitt Dir dovun aus, datt Dir fir dat nächst Mandat nach eng Kéier kënnt weiderfuere mat der LSAP als Koalitiounspartner?

Jean-Claude Juncker: Dat hänkt vu de Leit of. D'Leit gi wielen, an ech kann de Leit jo net virschreiwe wéi si ofzestëmmen hunn, wa si an hirer Kabinn stinn. Mä ech fille mech an dëser Regierung ganz wuel.

Guy Kaiser: Nach e bësselche Privates um Enn, Här Staatsminister. Sonndes-Méindes Eurogrupp a Finanzministeren, Mëttwochs-Donneschdes Nationalfeierdag, Donneschdes-Freides dann Eu-Sommet, tëschenduerch vill Rendez-vousen, dann Interviewen, haut zum Beispill bei eis, muer dann op TV5. An da geet et schonn nees an déi nächst Woch eran. Do bleift eigentlech keng Zäit fir Privates, oder?

Jean-Claude Juncker: Vill Zäit fir Privates bleift net, an ech bedaueren dat och. Mä ech arrangéiere mech esou, datt ech awer vill liese kann, well wann een nëmmen Dokumenter studéiert an net déi richteg Bicher liest, wann ech dat kann esou soen, da verdréchent een. Ech hunn net wëlles an der Politik ze verdréchnen.

Guy Kaiser: Also, Dir liest net nëmmen europäesch Direktiven?

Jean-Claude Juncker: Neen, ech liesen och Gedichter an ech liese Romaner, an ech wëlle net d'Affer vun der Politik ginn. Et gëtt och e Liewen nieft der Politik a virun allem e schéint grousst Liewen no der Politik.

Guy Kaiser: Wéi ass et da mam Flipper am Keller? Spillt Dir nach domat, oder flippt Dir genuch an der Politik?

Jean-Claude Juncker: Ech flippe jo, dat kréien d'Leit jo periodesch mat, och esou am Dag nawell relativ dacks aus. Mä ech hunn dëse Wanter eigentlech – well ech spillen am Wanter Flipper, dat ass kee Summerinstrument bei mir, et steet an der Garage – net esou vill geflippert, well Samschdes a Sonndes awer déi lescht Méint vill gebraucht gi si fir déi europäesch Dossiere virzebereeden, dat muss ech zouginn. Mäi Flipper ass guer net mat mir zefridden de Moment.

Guy Kaiser: Ouni elo nach eemol wëllen dat 8. Gebot eropzebeschwieren [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech wousst guer net, datt Dir esou klerikal getrimmt wiert hei.

Guy Kaiser: Ech hu se nogelies.

Jean-Claude Juncker: Jo, dann haalt Iech och drun hei am Haus. Dat 8. Gebot, do steet dran, et soll een net léien. Dat ass eng wichteg Regel fir d'Journalisten.

Guy Kaiser: Dat probéiere mir esou gutt wéi méiglech nozegoen, där Saach. Mä, goung op Äre Reuniounen – well mir jo hei op Radio Lëtzebuerg ënner eis sinn – mat den europäesche Finanzministere wierklech nach ni Rieds dovun, Griichenland aus der Eurozon erauszehuelen?

Jean-Claude Juncker: Neen, zu kengem Moment, well dat wier eng Katastrof. Allerdéngs wëssen eis griichesch Frënn ganz gutt, datt wa si mat eiser Hëllef hir Problemer net an d'Rei kréien, datt sech da fir dat Land dramatesch Froe stellen.

Guy Kaiser: Wou ass dann elo an där ganzer Kris d'Europaparlament bliwwen? Déi Fro ass berechtegt. D'Madame Lulling sot de leschte Mëttwoch zu Bréissel an hirer Ried: "Le Parlement européen est resté inaudible dans la crise grecque. Cette crise existentielle semble nous laisser sans voix." Déi verschidde Regierunge wieren also Cavaliers seuls an deem Ganzen?

Jean-Claude Juncker: Neen, dat gesinn ech net esou, an ech weess och net ob d'Madame Lulling dat esou gemengt huet. Ech si relativ regelméisseg am Europäesche Parlament, stelle mech deene respektive Kommissiounen, notamment der Wirtschafts- a Währungskommissioun, hunn also do e lafenden Dialog mat en Europaparlamentarier. An déi maache schonn Observatiounen, déi richteg sinn.

Guy Kaiser: Et huet een net vill héiere vun hinnen.

Jean-Claude Juncker: Dir gitt jo ni mat an déi Kommissiounen, si sinn awer [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dat ass richteg.

Jean-Claude Juncker: Déi ginn esouguer ëffentlech um Internet direkt iwwerdroen. Dat kann een alles engem gréissere Publikum zougänglech maachen. Dat wier perfekt méiglech. An d'Madame Lulling ass iwwregens meeschtens och an där Kommissioun.

Guy Kaiser: Dat ass an der Rei, mä ech mengen, d'Parlament selwer, als grousse Message, esou wéi d'Madame Lulling et och sot, dat blouf awer [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech ka mech iwwer d'Froen déi ech am Europaparlament iwwer Griichenland gestallt kréien net bekloen, well et ginn der vill gestallt, an dës Woch ass zum Beispill geschitt am Europaparlament, datt d'Europaparlament d'Finanzministere blockéiert huet mat de Propositiounen, déi déi selwecht Finanzministere gemaach hate fir de Stabilitéitspakt ze reforméieren, well d'Parlament gär hätt, datt am Fall wou e Land wierklech ze vill Suen ausgëtt an net oppasst, dat automatesch Sanktioune kritt. Doduerch konnte mir um Europäesche Conseil gëschter a virgëschter déi Saach net definitiv ofschléissen, déi Reform vum Stabilitéitspakt.

Dat heescht, ech muss awer feststellen, datt d'Parlament sech duerchaus zu Wuert mellt. Et ass fir d'éischt an enger wichteger Saach, datt d'Europaparlament d'Regierunge gestoppt huet.

Guy Kaiser: An domat, Här Staatsminister, si mir um Enn ukomm. Viru Joeren hutt Dir Iech op dëser Plaz e Lidd gewënscht gehat, dat war I did it my way. Déi Kéier konnte mir Iech ëm kee Lidd froen, wéinst dem Europasommet, mir wollten Iech dowéinst net weider stéieren. Dat huele mir dann déi nächste Kéier no.

Här Staatsminister, ech soen Iech Merci fir d'Gespréich a wënschen Iech an eisen Nolauschterer nach e schéine Weekend.

Dernière mise à jour