Jean Asselborn au sujet de la déclaration d'indépendance du Sud-Soudan

Umoderatioun: Haut an der Mëttesstonn huet d’Republik vum Süd-Sudan an der neier Haaptstad Juba offiziell seng Onofhängegkeet déclaréiert, a gëtt domat dat neitst Land op der Welt. Daat ostafrikanescht Land zelebréiert eng Onofhängegkeet, déi duerch de Friddensprozess, deen zanter 2005 am gaangen ass, erméiglecht gouf. Zéngdausende Leit ware bei der grousser Feier zu Juba dobäi, wéi fir d’éischte Kéier de Fändel vum Süd-Sudan eropgezu gouf. Den éischten an neie President Salva Kiir huet dann och Eed ofgeluegt, an d’Constitutioun ënnerschriwwen.

Zu Besuch zu Juba waren haut ënnert anerem de Generalsekretär vun der UNO, de Ban Ki-moon, d’EU-Chefdiplomatin Catherine Ashton, an iwwerraschenderweis de President vum Nord-Sudan, den Omar Al-Bashir, géint deen et nach ëmmer en internationalen Haftbefehl gëtt. Ma de Nord-Sudan war awer och dat éischt Land, dat de Süd-Sudan offiziell haut unerkannt huet, trotz Tentiounë ronderëm d’Grenzregiounen a ronderëm de Pëtrol. De Süd-Sudan huet déi gréisste Pëtrolsreserven op hirem Territoire, mä awer keen direkten Accès zum Mier.

D’international Communautéit huet och zum groussen Deel déi nei Republik unerkannt, dorënner och Lëtzebuerg. Den Ausseminister Jean Asselborn huet sech gefreet, datt dës Onofhängegkeetserklärung een demokratesche Prozess war.

Jean Asselborn: Dir musst wëssen, datt mir als Europäer solle do eng ganz grouss Demut op den Dësch leeën. Am 19. Joerhonnert, oder d’Mëtt vum 19. Joerhonnert huet Europa diktéiert, wéi Afrika soll ausgesinn, wéi d’Grenze sollen ausgesinn, mat alle grousse Problemer déi dat bedeit. Net alleng, datt mir d’Arroganz haten, fir den Afrikaner dat ze imposéieren, mä et ass déi éischte Kéier, datt d’Afrikaner selwer décidéiert hu wéi hir Grenzen ausgesinn, och erëm mat alle Geforen, déi dat implizéiert.

Et gëtt Länner an Afrika, déi selbstverständlech dat net mat engem, loosse mir soen, mat engem laachende Mond gesinn hunn, wat am Sudan geschitt, well si fäerten, datt hir Länner och an eng Situatioun kéinte kommen, wou si géifen d’Unitéit verléieren.

Mä trotzdem, et muss een ëmmer erëm wëssen, firwat huet d’Europäesch Unioun, firwat hunn déi meescht Länner vun der internationaler Communautéit dee Prozess do positiv begleet. Dat ass eben, well et een demokratesche Prozess war, an duerch Verfeindung zustane komm ass.

François Aulner: De Jean Asselborn huet och nach op déi grouss Erausfuerderunge vun der jonker Republik higewisen, d’Problemer vun de Leit wiere mat der Onofhängegkeet nach net geléist, esou den Ausseminister.

Dernière mise à jour