Jean Asselborn au sujet de la déclaration d'indépendance du Sud-Soudan

Paul Konsbrück: De Süd-Sudan ass zanter haut offiziell een eegene Staat. D'Regioun huet sech vum Norde lassgeléist an eng onofhängeg Republik gegrënnt. Dausende Mënsche waren dobäi, wéi an der neier Haaptstad Juba de sudanesesche Fändel erofgeholl an duerch een neien ersat gouf. De Süd-Sudan gëtt vun deene meeschte Staaten offiziell akzeptéiert. Och Lëtzebuerg huet am Nomëtteg d'Land offiziell unerkannt. D'Onofhängegkeetserklärung vum Süd-Sudan wier een extrem wichtege Schrëtt fir d'Regioun, seet de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn am RTL Interview.

Jean Asselborn: Ganz kloer, well d'Afrikaner selwer dës Kéier decidéiert hu wéi hir Grenzen ausgesinn. Dir wësst, datt mir als Europäer mat ganz vill Demut musse feststellen, datt mir jo am 19. Jorhonnert eigentlech mat enger ganz grousser Arroganz den Afrikaner gesot hu wéi hir Länner géifen geographesch ausgesinn. Hei ass eigentlech déi alleréischte Kéier, datt d'Afrikaner selwer an engem demokratesche Prozess, duerch Referendum, an engem grousse Land decidéieren, datt et een Norde gëtt an datt et ee Süde gëtt an datt et elo een Nord-Sudan gëtt an datt et ee Süd-Sudan gëtt. An dat ass fir mech eppes wat ganz wichteg ass. Et ass een demokratesche Prozess gewiescht vun Ufank un. Dir wësst, datt tëscht dem Norden an dem Süden terribel vill Leit hiert Liewe verluer hunn. Datt dunn 2005 ee generelle Friddensaccord ofgeschloss ginn ass an do war ebe matdecidéiert ginn, datt duerch Referendum, dee jo stattfonnt huet Uganks vun dësem Joer, d'Leit am Süde sollen decidéieren ob si wëllen am Sudan bleiwen oder ob se wëllen een onofhängegt Land ginn.

Paul Konsbrück: De Sudan bleift awer eng Kriseregioun, seet de Jean Asselborn. Permanent ginn et Nouvellen iwwert Onrouen. Dofir géif déi international Communautéit dann och aktiv bleiwen an dobäi net alleng op de Süde bauen.

Jean Asselborn: Et sinn 4000 äthiopesch Zaldoten elo deployéiert an déi Regioun vun der UNO. Mä mir musse wëssen, datt bei alle Problemer déi et an där Regioun gëtt – och den Darfour, dat ass och de Sudan – datt et hei wierklech fäerdeg bruecht ginn ass fir een demokratesche Prozess duerchzezéien. A wéi gesot, dat kann awer Selbstvertraue ginn an datt een och vläicht versicht elo net nëmmen alles ze fokusséieren op de Süde vum Sudan, mee datt een awer och trotz dem Béchir feststellt, datt den Norden dat do akzeptéiert huet. Keen hätt geduecht, datt de Referendum iwwerhaapt kéint stattfannen, ouni grouss Onrouen an datt och den Norde géif dat Resultat hei akzeptéieren. Dat ass geschitt an dofir muss een, och mengen ech als Europäesch Unioun, elo kucke fir dem Norden, trotz dem Béchir, dee jo condamnéiert ass vun der Cour pénale internationale, datt een do och Hëllefleeschtung ubitt.

Paul Konsbrück: An déi ganz Europäesch Unioun huet de Süd-Sudan unerkannt. Lëtzebuerg wëll ganz geschwënn diplomatesch Bezéiunge mat deem Land ophuelen.

Dernière mise à jour