Nei Versioun vum Regierungsportal

D' Portal www.gouvernement.lu weist sech an engem neien Design an ass a véier Sproochen : Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch.

Dës nei Presentatioun entsprécht Demanden, déi déi verschidden Zilgruppe vum Portal gemaach hunn, an dat, während enger Zefriddenheetsëmfro a Consultatiounen, déi den Informatiouns- a Pressedéngscht am Laf vum Joer 2017 duerchgeféiert huet.  An den nächste Wochen a Méint entwéckelt sech d'Portal stänneg weider, wat den Inhalt an d'technesch Funktiounen ugeet.

De Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel begréisst dës nei Versioun vum Portal gouvernement.lu. Senger Meenung no ass se méi am Aklang mam Digital-Zäitalter an se huet d'Grafik souwéi d'Visibilitéit vun den Aktioune vun der Regierung däitlech verbessert. De Premierminister behaapt, dës nei Websäit wier virun allem méi zougänglech fir déi verschidden Zilgruppen an esou och méi no vun de Bierger. Dozou fënnt hien, datt e Portal a véier Sproochversiounen eng gutt Iddi wier, well dat géif och méi Leit d'Méiglechkeet ginn,  sech iwwert d'Aktivitéite vun der Regierung z'informéieren.

Communiqué vum Staatsministère/ Informatiouns- a Pressedéngscht

Aktualiséiert