De Ministère

D'internt Reglement vun der Regierung gesäit Folgendes vir: "De Staatsminister iwwerwaacht d'alldeeglech Geschäfter vun der Regierung a garantéiert d'Eenegkeet vun de Prinzipien déi an de verschiddenen Deeler vum Staat applizéiert ginn".

Als Koordinator an als Verantwortleche fir d'Eenegkeet vun der Regierung huet de Premier Minister eng eenzegaarteg Positioun an  der Regierung. Hien ass Responsabel fir d'Kohäsioun vun der Regierung an d'Ëmsetzung vun der Regierungspolitik.

Dofir presidéiert de Premierminister de Regierungsrot a koordinéiert d'Politik tëscht de Ministèren. D'Sekretariat vum Regierungsrot ënnerstëtzt de Premierminister bei der Ausféierung vun dëser Aufgab.

De staatlechen Informatiouns- an Pressedéngscht ass Deel vum Staatsministère an informéiert d'Medien an d'Ëffentlechkeet iwwer d'Aktivitéite vun der Regierung.

Bestëmmte Beräicher ënnerleien der natierlecher Verantwortung vum Staatsminister. Dofir bekëmmert sech de Staatsminister ëm d'institutionell Relatiounen mam Grand-Duc, der Chamber an dem Staatsrot. Den zoustännege Minister fir d’Bezéiungen zum Parlament ënnerstëtzt de Staatsminister bei de Bezéiungen mat der Chamber. Den Zentrale Legislatiounsservice deen den institutionelle Lien tëscht der Regierung, der Chamber an dem Staatsrot mécht, gehéiert och zum Staatsministère. Dëse Service ass och responsbabel fir d'Publikatioun vum Journal Officiel.

D'Remise vun Verdéngschtuerden an Dekoratiounen, d'ëffentlech Zelebratiounen an Zeremonien ginn och vum Staatsministère organiséiert. Weider ass de Premierminister responsabel fir d'Erënnerungsaarbecht. Den Nationalcomité fir d'Erënnerung këmmert sech ëm dës Missiounen.

Den Staatsminister ass weiderhin responsabel fir d'Organisatioun vun de Legislativ- an Europawahlen, wéi och fir d'Referenden.

D'Roll vum Premierminister ass d'Koordinatioun tëschent de verschidden Ministèren.

An de Kompetenze vum Staatsminister läit och d'Staatssécherheet wéi zum Beispill den Héije Kommissariat fir national Sécherheet, de Noriichtendéngscht, de Cybersecurity Board an d'Computer Emergency Response Team.

De Wirtschafts- a Sozialrot an d'Kommissioun fir Wirtschaft a Rationaliséierung sinn och an der Kompetenz vum Staatsminister grad wéi d‘Bezéiungen mat der Zentralbank. Fir dëse lëschte Volet schafft de Premierminister a Consultatioun mam Finanzminister.

D'consultativ Kommissioun fir Mënscherechter, d'Oeuvre National Grand-Duchesse Charlotte an d'Relatiounen mam Mediateur sinn och Deel vum Portfolio vum Premier Minister.

Aner Servicer hänken och vum Staatsminister of.

De Service fir Kommunikatioun a Medien huet d'Responsabilitéit vum Minister fir Kommunikatioun a Medien, a këmmert sech em d'Medien, de Weltraum, elektronesch Kommunikatiounen a Postservicer sou wéi den Dateschutz.

Als Kultusminister këmmert sech de Staatsminister em d'Relatiounen tëscht dem Staat an de reliéise Communautéiten.

Aktualiséiert