Xavier Bettel bei der Commemoratioun zum 75. Joresdag vun der Befreiung vum Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau

De 27. Januar 2020 huet Premier- a Staatsminister Xavier Bettel zesumme mam Grand-Duc un der Commemoratioun zum 75. Joresdag vun der Befreiung vum Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau deelgeholl.

©Sophie Margue / Cour grand-ducale
(vu l. no r.) Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État; S.A.R. le Grand-Duc

D'Iwwerreschter vun den zwee Lagere vun Auschwitz I an Auschwitz II-Birkenau, zesumme mat hire Protectiounszonen, goufen op d'Lëscht vum Weltkulturierwen opgeholl, fir datt dës onmënschlech, grausam a methodesch Beméiungen, fir Mënschen, déi als mannerwäerteg ugesi goufen, systematesch hinzeriichten, ni vergiess ginn.

An dëse Lageren, déi symbolesch fir d'Grausamkeet am 20. Joerhonnert vum Mënsch géintiwwer vum Mënsch stinn, goufen tëschent 1,1 an 1,5 Millioune Mënsche systematesch gefoltert, ermort an verhongere gelooss. Dofir ass Auschwitz haut e Symbol fir ee vun deene grausaamste Genoziden op der Welt.

"De 75. Joresdag vun der Befreiung vun Auschwitz-Birkenau muss eis als Ulass déngen, fir de Männer, Fraen a Kanner ze gedenken, déi hei ënnert dem Nazi-Regime ermort, gefoltert an entmënschlecht goufen, a sech och de Grausamkeeten ze erënneren, déi hei an a ganz Europa stattfonnt hunn. Mir mussen eis un den Holocaust erënneren, fir datt och kee vergësst wat geschitt, wann mir zouloossen, datt den Haass sech ausbreet. Ech hoffen, datt d'Commemoratioun vum 75. Joresdag vun der Befreiung vun Auschwitz-Birkenau de Leit rappeléiert, wéi wichteg et ass sech géint all Form vun Intoleranz, Ausgrenzung an Diskriminatioun ze wieren. Et ass mir eng Éier hei a Presenz vun den Iwwerliewenden op dëser schrecklecher Plaz ze stoen. Si sinn eng direkt Verbindung zu der Vergangenheet, d'Zeien vun dësem grausame Verbriechen", sot de Premierminister um Enn vun der Commemoratioun.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert