COVID-19: Den interministerielle Krisestab faasst déi aktuell Situatioun zesummen

De Premierminister huet, an Ofstëmmung mat der Gesondheetsministesch an dem Héije Kommissär fir national Sécherheet, de Krisestab "Pandemie" zesummegeruff.

De Krisestab koum ënnert dem Virsëtz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert zesummen an huet all déi concernéiert Ministèren an Administratioune versammelt, fir de Point iwwert d'Situatioun ze maachen a Mesuren ze huelen, déi un d'Entwécklungen zu Lëtzebuerg an an Europa adaptéiert sinn.

Opgrond vun der progressiver Verbreedung vum Virus hei am Land an an eise Grenzregiounen huet de Krisestab en Iwwergang an Etappen vun der Agrenzungsstrategie bis hin zu weidere Mesurë virbereet. An deem Kontext hu sech d'Membere vum Krisestab iwwert de Schutz vun fragille Bevëlkerungsgruppen, déi och vu schwéiere Komplikatioune bedreet sinn, ausgetosch.

De Krisestab huet d'Decisioune, déi de Regierungsrot de Moien ugeholl huet, Revue passéiert.

D'Gespréicher sinn och engersäits iwwert d'Erhéijung vun de Kapazitéite fir d'Ënnerbréngung vu kranke Persounen gaangen an anerersäits iwwert d'Pläng fir d'Weiderféiere vun den Aktivitéite vum Staat.

Den Austausch huet et och erlaabt déi aktuell an zukünfteg Funktiounsweis vun der Hotline 8002 8080 z'analyséieren. Mat méi wéi 650 Uriff pro Dag war hei d'Demande an deene leschten Deeg ganz héich.

D'Ëffentlechkeet ass gebieden den FAQ um Site www.gouvernement.lu/coronavirus fir allgemeng Informatiounen an d'Preventiounsmoossnamen ze consultéieren.

De Krisestab wäert d'Situatioun weiderhi genau suivéieren an d'Ëffentlechkeet reegelméisseg iwwert d'Entwécklung vun der Situatioun an déi nei Mesuren informéieren.

Communiqué vum Gesondheetsministère / Héije Kommissariat fir national Sécherheet / Service fir Krisekommunikatioun

Aktualiséiert