Nationale Commemoratiounsdag 2020 – Proklamatioun vun der Regierung

D'Erliichterung war viru 75 Joer immens grouss, wéi den Zweete Weltkrich op en Enn gaangen ass. No bal fënnef Joer ass Veianen den 12. Februar 1945 als lescht Stad zu Lëtzebuerg befreit ginn.

© SIP / Charles Caratini

 

Et ass wouer, datt et dacks Männer waren, déi an der Resistenz géint déi däitsch Besatzung gekämpft hunn, déi forcéiert goufen, fir d'Nazien an de Krich ze zéien, an déi mat hire Familljen ëmgesidelt oder deportéiert goufen. D'Roll vun der Fra, déi d'Laascht vun deem Krich meeschtens eleng huet missen droen, ass leider an der Geschicht oft ze kuerz komm. Dofir wëlle mir dëst Joer ganz besonnesch de Fraen, Mammen a Meedercher gedenken, déi an de schwéiere Krichszäiten d'Familljen, awer och d'Gesellschaft insgesamt zesummegehalen hunn. Ouni Frae wier et net méiglech gewiescht, d'Resistenz op deem deemolegen Niveau oprechtzeerhalen, d'Famillje vun den zwangsrekrutéierte "Jongen a Meedercher" wieren heefeg um Leed an un der Angscht ëm hir Kanner zerbrach. An et waren déi deportéiert jüddesch Fraen, déi ze vill dacks hu missen hire Léifsten Trouscht schenken.

De Courage vun dëse Frae soll eis all als Virbild déngen, besonnesch och a méi schwéieren Zäiten. Och haut musse mir Zivilcourage opbréngen an eis fir gemeinsam Wäerter engagéieren. Déi zukënfteg Generatioune wäerten ons virun allem dorunner moossen.

Am Kader vum nationale Commemoratiounsdag gëtt dëst Joer ganz besonnesch un "Ons Meedercher", also un déi jonk Frae geduecht, déi als Zwangsaarbechterinnen an de "Reichsarbeitsdienst – RAD" forcéiert goufen. Zum gréissten Deel goufe si vun der Gare Lëtzebuerg aus an Däitschland transportéiert. 58 Frae sinn an der Friemd gestuerwen. Op der Gare gëtt eng Plack um nationale Commemoratiounsdag ageweit, fir un déi vill Schicksaler z'erënneren.

 

D'Membere vun der Regierung

 

Xavier BETTEL, Dan KERSCH, François BAUSCH, Jean ASSELBORN, Romain SCHNEIDER, Pierre GRAMEGNA, Claude MEISCH, Corinne CAHEN, Carole DIESCHBOURG, Marc HANSEN, Claude TURMES, Paulette LENERT, Sam TANSON, Taina BOFFERDING, Lex DELLES, Henri KOX, Franz FAYOT

Aktualiséiert