Start vun der Impfcampagne géint de COVID-19 an de Spideeler

No der Liwwerung vu 4.875 neien Dosisse vum BioNTech/Pfizer-Impfstoff den 11. Januar, hunn déi véier Spideeler CHdN, CHEM, CHL an HRS, sou wéi den CHNP mat der Impfung vum Gesondheets- a Fleegepersonal, sou wéi dem Rescht vum Personal an de Sous-traitantë bannent de Strukturen, ugefaangen.  

  1. © SIP / Julien Warnand

    Illustration
  2. © SIP / Julien Warnand

    Illustration
  3. © SIP / Julien Warnand

    Vincent Leick, Infirmier (gauche)
  4. © SIP / Julien Warnand

    Anne Otto, pharmacienne, responsable pharmacie HRS
  5. © SIP / Julien Warnand

    Premières vaccinations contre la COVID-19 dans les établissements hospitaliers du Luxembourg, le 12 janvier 2021

    Premières vaccinations contre la COVID-19 dans les établissements hospitaliers du Luxembourg, le 12 janvier 2021

    Dr Suzanne Koy (gauche)
  6. © SIP / Julien Warnand

    Anne Otto, pharmacienne, responsable pharmacie HRS
  7. © SIP / Julien Warnand

    Dr Suzanne Koy (droite)
  8. © SIP / Julien Warnand

    Dr Suzanne Koy (gauche)
  9. © SIP / Julien Warnand

    Anne Otto, pharmacienne, responsable pharmacie HRS
  10. © SIP / Julien Warnand

    Illustration
  11. © SIP / Julien Warnand

    Illustration
  12. © SIP / Julien Warnand

    Illustration
  13. © SIP / Julien Warnand

    Dr Suzanne Koy (gauche)
  14. © SIP / Julien Warnand

    Vincent Leick, Infirmier (gauche)

975 Dosisse vum Impfstoff goufen direkt an all 4 Spideeler an un den CHNP geliwwert, déi dat néidegt Ekipement fir de Stockage vum Impfstoff ënnert deenen néidege Konditiounen installéiert hunn. Eng nächst Liwwerung vun 975 Dosissen ass fir den 18. Januar virgesinn. Sou kënne bal 3.900 Mataarbechter an de nächsten 2 Wochen déi éischt Dosis vum SARS-CoV-2-Impfstoff kréien. Déi 2. Dosis vum Impfstoff gëtt no 3 Wochen aginn.

D'Impfung vum komplette Spidolssecteur, also och déi sekundär Standuerter, oder och aner Strukturen - wéi de Centre François Baclesse, de Rehabilitatiounszenter am Kolpecher Schlass, den INCCI, den HIS, d'Haus Omega an de Rehazenter - gëtt an Zesummenaarbecht mat de Spideeler organiséiert, déi eng eegestänneg Impfprozedur opgestallt hunn. Den Oflaf an dësen Impfstrukture wäert op déi selwecht Manéier organiséiert ginn, wéi an den Impfzenteren (Ophuele vun den Donnéeën, medezinesch Consultatioun, Agi vum Vaccin).

Et ass all Spidol fräi iwwerlooss, wéi eng Servicer prioritär geimpft ginn, déi dem Coronavirus am meeschten ausgesat sinn oder als "à risque" gëllen.

Et sief ugemierkt, datt dat komplett Personal aus de Spideeler (ongeféier 12.000 betraffe Persounen) an de kommende Wochen an de Spideeler geimpft ginn. Déi éischt Impfunge vum medezinesche Personal goufen den 28. Dezember am Impfzenter an der Victor Hugo Hal gemaach.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert