Start vun der Phas 3 vun der COVID-19-Impfcampagne

Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 3 vun der Impfcampagne gi viraussiichtlech Enn nächster Woch verschéckt (Woch 11). Weider Informatiounen zu de genauen Datumer ginn nodréiglech matgedeelt.

Wéi schonn no der Decisioun vum Regierungsrot vum 29. Januar ugekënnegt, sinn dat Residenten tëschent 70 a 74 Joer, ugefaange bei deenen eelsten (Phas 3a), a Persounen, déi opgrond vun hirem Gesondheetszoustand signifikant vulnerabel sinn (Phas 3b).

Zu deene Krankheete gehéieren:

  • Persoune mat enger 
    • medikamentéiser Immundefizienz: Immunosuppresseuren, Biotherapie an/oder eng Kortikotherapie op laang Dauer mat immunosuppressiven Dosen
    • HIV-Patiente mat CD4 <200/mm3
  • Schwéier chronesch Longekrankheet
    • Schwéier chronesch obstruktiv Bronchopneumopathie (BPCO), Stadium GOLD 3 a 4, Grupp D*
    • Mukoviszidose
    • Schwéier chronesch Longefibros
    • Schwéieren onkontrolléierten Asthma (Niveau 5 no GINA) mat oraler Kortikotherapie
  • Schwéier kardiovaskulär Krankheet
    • Häerzinsuffizienz Stadium NYHA III oder IV#
    • Onstabil koronar Häerzkrankheeten
  • Staarken neuro-kognitiven Defizit (MMS° < 20)
  • Chronesch Niereninsuffizienz mat Dialys
  • Zirrhos am Stadium B oder C vun der Child-Pugh-Klassifikatioun
  • Fettleibegkeet (Body Mass Index > 40 kg/m2)

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Déi vun der Phas 3a betraffe Persounen, also déi tëschent 70 a 74 Joer, kréien eng Invitatioun vum Gesondheetsministère per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous an engem Impfzenter no Choix ze huelen. Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533

Déi Persounen, déi als signifikant vulnerabel no der Definitioun vun der Phas 3b gëllen, kënne vun hirem Hausdokter oder Spezialist fir d'Impfung ageschriwwe ginn, dat ab Enn der nächster Woch. Si kréien dann eng Invitatioun per Post geschéckt.

D'Invitatioune ginn no an no a Funktioun vun den disponibelen Impfdosisse verschéckt.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert