Temporäert Aussetze vun der Impfung mam COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca

Nodeems verschidden EU-Memberstaaten, dorënner Frankräich an Däitschland, sech fir en temporäert Aussetze vun den Impfunge mam COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca entscheet hunn, huet Lëtzebuerg decidéiert sech deem unzeschléissen.

Et handelt sech heibäi ëm eng Precautiounsmesure, bis déi europäesch Medikamentenagence (EMA) hir Analysen zu enger Rei vun Opfällegkeeten am Blutt ofgeschloss huet, déi bei Persounen opgetruede sinn, déi mam AstraZeneca geimpft goufen.

D'Impfunge mam COVID-19 Impfstoff vun AstraZeneca ginn zu Lëtzebuerg temporär ausgesat, bis de PRAC (Pharmacovigilance Risk Assessment Committee), de Sécherheetskommitee vun der europäescher Medikamentenagence (EMA), seng Analysen ofgeschloss huet. Déi Decisioun vun haut betrëfft souwuel déi 1. wéi och déi 2. Impfdosis. D'Evaluatioun vun der EMA gëtt fir Enn dëser Woch erwaart.

An hirem haitege Communiqué bleift d'EMA awer weiderhi bei hirem Avis, dass d'Avantagë vum AstraZeneca Impfstoff an der Preventioun géint de COVID-19 géintiwwer den Niewewierkunge predominéieren.

Link zum Communiqué vun der EMA: EMA's safety committee continues investigation of COVID-19 Vaccine AstraZeneca and thromboembolic events – further update | European Medicines Agency (europa.eu).

 

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert