Aféierung vun enger Waardelëscht fir déi Persounen, déi hire Rendez-vous an der 2. Phas vun der Impfcampagne net geholl hunn

Déi Persounen, déi an der 2. Phas vun der Impfcampagne géint de COVID-19 invitéiert goufe sech impfen ze loossen an déi kee Rendez-vous an där Period geholl hunn, kréien elo d'Méiglechkeet sech zu engem spéideren Zäitpunkt an engem Impfzenter impfen ze loossen an zwar, fir méi präzis ze sinn, nom Ofschloss vun der 3. Impfphas.

Heifir kënnen déi betraffe Persounen, déi sech wëllen impfe loossen, sech vum 24. bis den 31. Mäerz iwwer folgende Link op eng Waardelëscht aschreiwen: guichet.lu/vaccination-liste-d-attente. Si kréien dann zu deem Moment eng nei Invitatioun. Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533.

Dës Decisioun vun der Regierung, am Aklang mam Avis vun der nationaler Ethikskommissioun, soll all deene Persounen, déi hiren éischte Rendez-vous net konnten anhalen, d'Méiglechkeet gi fir op e spéidere Rendez-vous invitéiert ze ginn. 

 

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère 

Aktualiséiert