Start vun der Phas 5 vun der COVID-19-Impfcampagne

Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 5 vun der Impfcampagne ginn am Laf vun dëser Woch verschéckt (Woch 14).

Wéi schonn no der Decisioun vum Regierungsrot vum 29. Januar ugekënnegt, sinn dat Residenten tëschent 55 a 64 Joer, ugefaange bei deenen eelsten (Phas 5a), a Persounen, déi opgrond vun hirem Gesondheetszoustand engem erhéichte Risk exposéiert sinn (Phas 5b).

Zu deene méi héije Risiken zielen:

  • Equilibréierten Diabetes, ouni Komplikatioun
  • Blutthéichdrock, onkomplizéiert
  • Fettleibegkeet (Body Mass Index 30-40 kg/m2)
  • Schwangerschaft

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Déi vun der Phas 5a betraffe Persounen, also déi tëschent 55 a 64 Joer, kréien eng Invitatioun vum Gesondheetsministère per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous an engem Impfzenter no Choix ze huelen. Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533

Déi aner Persounen, déi no der Definitioun vun der Phas 5b engem erhéichte Risk exposéiert sinn, a manner wéi 55 Joer hunn, kënne vun hirem Hausdokter oder Spezialist fir d'Impfung ageschriwwe ginn, dat ab dem 8. Abrëll. Si kréien dann eng Invitatioun per Post geschéckt.

D'Invitatioune ginn no an no a Funktioun vun den disponibelen Impfdosisse verschéckt. Fir d'Geste-barrièrë respektéieren ze kënnen a Waardeschlaangen z'evitéieren, ass et wichteg d'Auerzäit vum Rendez-vous anzehalen.

Waardelëscht fir déi Persounen, déi hire Rendez-vous an der Phas 3 vun der Impfcampagne net geholl hunn

Déi Persounen, déi an der Phas 3 vun der Impfcampagne géint de COVID-19 invitéiert goufe sech impfen ze loossen (Persounen tëschent 70 a 74 Joer) an déi kee Rendez-vous an där Period geholl hunn, kréien elo d'Méiglechkeet sech zu engem spéideren Zäitpunkt an engem Impfzenter impfen ze loossen an zwar, fir méi präzis ze sinn, nom Ofschloss vun der Phas 4 vun der Impfcampagne.

Heifir kënnen déi betraffe Persounen, déi sech wëllen impfe loossen, sech vum 12. bis den 18. Abrëll iwwer folgende Link op eng Waardelëscht aschreiwen: guichet.lu/vaccination-liste-d-attente Si kréien dann zu deem Moment eng nei Invitatioun. Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533

Dës Decisioun vun der Regierung, am Aklang mam Avis vun der nationaler Ethikskommissioun, soll all deene Persounen, déi hiren éischte Rendez-vous net konnten anhalen, d'Méiglechkeet gi fir op e spéidere Rendez-vous invitéiert ze ginn.

De Gesondheetsministère erënnert iwwerdeems nach eemol dorun, dass déi Persounen, déi altersbedéngt zu de Phasen 2 - 4 gehéieren an hir Invitatioun fir d'Impfung nach net kritt hunn, hir Adress am Registre national des personnes physiques (RNPP) op guichet.lu/consulter-rnpp iwwerpréiwe sollen.

 

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert