Neien Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses zu de Konditioune fir d'Agi vum Impfstoff Vaxveria vun AstraZeneca géint de COVID-19

A sengem Avis vum 16. Abrëll hëlt de Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) Stellung zu de Konditioune fir d'Agi vum Impfstoff vun AstraZeneca, deen elo Vaxzevria heescht, am Hibléck op de rezenten Avis vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) zu dësem Sujet an deenen an de leschten Deeg decidéierten Benotzungsrestriktioune jee no Alter an Däitschland (60 Joer), Frankräich (55 Joer), der Belsch (tëschent 50 a 60 Joer, jee no der Disponibilitéit vun aneren Impfstoffer) a Groussbritannien (30 Joer).

Et sief dorun erënnert, datt d'EMA de 7. Abrëll zur Conclusioun komm ass, datt e méiglechen Zesummenhang tëschent dem Agi vum Impfstoff Vaxzevria an ongewéinlechen Thrombosen a Verbindung mat enger Thrombozytopenie bannent 2 Wochen nom Agi vum Impfstoff besteet. D'EMA preziséiert, datt dës aussergewéinlech Thrombosen eng ganz seelen Niewewierkung vum Impfstoff sinn an datt de Notze vum Impfstoff weiderhin d'Risiken iwwerweit.

Den CSMI recommandéiert an dësem Avis als Virsiichtsmoossnam, temporär an an Erwaardung vu weideren Donnéeën zur Sécherheet vun dësem Impfstoff:

  • "De Vaxzevria fir d'Impfung bei all Persounen ab 55 Joer weider unzewenden.
  • De Vaxzevria net méi ze benotze bei
    • Persounen ënner 30 Joer, mat oder ouni Vulnerabilitéitskrittären,
    • Persounen am Alter vun 30 bis 54 Joer ouni Vulnerabilitéitskrittären;
  • Persounen am Alter vun 30 bis 54 Joer mat Vulnerabilitéitskrittäre fir COVID-19, opgrond vu bestoende Virerkrankungen (Phasen 2b, 3b, 4b an 5b), éischter mat engem mRNA-Impfstoff (Comirnaty oder Moderna) ze impfen. Fir dës Altersgrupp sollt allerdéngs, opgrond vun der Noutwennegkeet d'Impfung esou séier wéi méiglech duerchzeféieren an eng méiglechst grouss Impfquot z'erreechen, d'Impfung mam Vaxzevria als Alternativ ugebuede ginn, wa soss keng aner Impfstoffer disponibel sinn.
  • schwanger Frae mat engem mRNA-Impfstoff z'impfen (entspriechend der fréierer Recommandatioun zu dësem Sujet)."

Den CSMI huet opgrond vu feelende wëssenschaftlechen Donnéeën net iwwert d'Benotzung vun engem mRNA-Impfstoff (Comirnaty, Moderna) fir déi 2. Dosis no enger 1. Dosis Vaxzevria decidéiert.

De Regierungsrot huet decidéiert, dem Avis vum CSMI zur Uwendung vum Precautiounsprinzip nozegoen. Persounen tëschent 30 a 54 Joer hunn d'Méiglechkeet, sech an enger Lëscht anzedroen an hiren Interessi un enger fräiwëlleger Impfung mat Vaxzevria matzedeelen. Déijéineg, déi op der Lëscht stinn, déi an der Woch vum 19. Abrëll accessibel gemaach gëtt, kréien eng Invitatioun baséierend um Datum vun der Umeldung an der Disponibilitéit vum Vaxzevria-Impfstoff.

D'Regierung huet decidéiert, der Recommandatioun vum CSMI, fir déi 2. Dosis vum Vaxzevria-Impfstoff am Ofstand vun 12 Wochen no der 1. Dosis anzeginn, net ze follegen. Den Ofstand vun 10 Wochen tëschent béiden Dosisse gëtt bäibehalen.

D'Etüden iwwert d'Wierksamkeet vum Impfstoff vun AstraZeneca gi weidergefouert an nei Avise vun der EMA ginn an der Woch vum 19. Abrëll erwaart. D'Regierung wäert deen Ament doriwwer informéieren.

Den Avis vum CSMI kann am Hibléck op méiglech nei Erkenntnisser iwwert d'Impfstoffsécherheet, der Disponibilitéit an den Eegenschafte vun Impfstoffer, souwéi den epidemiologeschen Entwécklungen zu Lëtzebuerg an Zukunft nach adaptéiert ginn.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère / Staatsministère

Aktualiséiert