Waardelëscht fir déi Persounen, déi hire Rendez-vous an der Phas 4 vun der Impfcampagne net geholl hunn

Déi Persounen, déi an der 4. Phas vun der Impfcampagne géint de COVID-19 invitéiert goufe sech impfen ze loossen (65-69 Joer) an déi kee Rendez-vous an där Period geholl hunn, kréien elo d'Méiglechkeet sech zu engem spéideren Zäitpunkt an engem Impfzenter impfen ze loossen.

Heifir kënnen déi betraffe Persounen, déi sech wëllen impfe loossen, sech vum 19. bis den 25. Abrëll iwwer folgende Link op eng Waardelëscht aschreiwen: guichet.lu/vaccination-liste-d-attente. Si kréien dann zu deem Moment eng nei Invitatioun. Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533

Dës Decisioun vun der Regierung, am Aklang mam Avis vun der nationaler Ethikskommissioun, soll all deene Persounen, déi hiren éischte Rendez-vous net konnten anhalen, d'Méiglechkeet gi fir op e spéidere Rendez-vous invitéiert ze ginn.

De Gesondheetsministère erënnert iwwerdeems nach eemol dorun, dass déi Persounen, déi altersbedéngt zu de Phasen 2 - 4 gehéieren an hir Invitatioun fir d'Impfung nach net kritt hunn, hir Adress am Registre national des personnes physiques (RNPP) op guichet.lu/consulter-rnpp iwwerpréiwe sollen.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère / Staatsministère

Aktualiséiert