Start vun der Phas 6 vun der COVID-19-Impfcampagne

Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 6 vun der Impfcampagne gi géint Enn dëser Woch verschéckt (Woch 17). Dës lescht Phas betrëfft d'Populatioun vum Grand-Duché tëschent 16 a 54 Joer, ugefaange bei deenen eelsten, déi nach net opgrond vun hirer Vulnerabilitéit geimpft goufen.

Déi betreffend Persoune kréien eng Invitatioun vum Gesondheetsministère per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous an engem Impfzenter no Choix ze huelen. Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533

D'Invitatioune ginn no an no a Funktioun vun den disponibelen Impfdosisse verschéckt. Fir d'Geste-barrièrë respektéieren ze kënnen a Waardeschlaangen z'evitéieren, ass et wichteg d'Auerzäit vum Rendez-vous anzehalen. 

 

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère 

Aktualiséiert