Start vun den Invitatioune fir d'COVID-19-Impfung fir Jonker am Alter vun 12 bis 17 Joer, mat Prioritéit fir déi Vulnerabelst

Dës Woch ginn déi éischt Invitatioune fir d'Impfung géint de Coronavirus u Jonker am Alter tëschent 12 a 17 Joer verschéckt, ugefaange mat deenen Eelsten.

Nom Avis vum 10. Juni 2021 vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), ginn déi vulnerabelst Jonker prioritär berécksiichtegt. Zu dësem Zweck huet den CSMI, an Zesummenaarbecht mat der Société luxembourgeoise de pédiatrie, eng Lëscht erstallt vun de Komorbiditéiten, déi déi Jonk méiglecherweis méi ufälleg maache fir d'Entwécklung vun enger schwéierer Infektioun. Dës Lëscht kann iwwert folgende Link um Portail Santé consultéiert ginn: https://sante.public.lu/fr/espace-professionnel/recommandations/conseil-maladies-infectieuses/covid-19/covid-19-annexes/CSMI-vaccination-des-adolescents-COVID19.pdf.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Ofhängeg vum Alter kréien déi betraffe Jonk eng Invitatioun vum Gesondheetsministère per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir ee Rendez-vous am Impfzenter vun hirem Choix ze huelen. Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline um (+352) 247-65533 ugebueden.

Déi Jonk, déi dëser Lëscht no ee Gesondheetszoustand hunn, duerch dee si engem méi héije Risiko exposéiert sinn, kënnen iwwert hiren Hausdokter oder Spezialist fir d'Impfung ageschriwwe ginn, a kréien dann eng Invitatioun per Post geschéckt.

Jiddwer Jonken aus dëser Kategorie kritt viraussiichtlech an den nächsten 2-3 Wochen eng Invitatioun geschéckt. D'Invitatioune ginn no an no a Funktioun vun den disponibelen Impfdosisse verschéckt. 

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère 

Aktualiséiert