Provisoresch Verlagerung vum Impfzenter an der Victor Hugo Hal an d'Luxexpo The Box

Wéinst technesche Problemer am Impfzenter an der Victor Hugo Hall um Lampertsbierg, gëtt den Zenter ab dem Méindeg, 3. Januar 2022 an d'Luxexpo The Box verluecht.

Déi Persounen, déi e Rendez-vous am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg geholl haten, si gebieden zur Auerzäit an zum Datum vun hirem urspréngleche Rendez-vous an d'Luxexpo The Box (Kierchbierg) ze goen.

Den Accès an den Impfzenter vun der Luxexpo The Box mécht sech iwwert den ëffentleche Parking Nord (Haaptparking) - Hal 3C.

Communiqué vum Staatsministère, vum Gesondheetsministère a vun der Stad Lëtzebuerg

Aktualiséiert