Pressecommuniqué vum Premier- a Staatsminister betreffend d'Resultat vun der Ënnerschrëftesammlung fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung.

D'Iwwerpréiwung vun de Resultater vun der Ënnerschrëftesammlung vun all Gemeng ergëtt Folgendes:

  1. Ënnerschrëften gesamt: 7.413
  2. Ongülteg Ënnerschrëften: 16
  3. Gülteg Ënnerschrëften: 7.397

Well Gesamtzuel vu gültegen Ënnerschrëften ënner 25.000 läit war d'Ufro vum 22. Oktober 2021 fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI. vun der Verfassung war net erfollegräich.

D'Determinatioun an d'Feststellung vum Resultat kënne vun all Wieler virum Verwaltungsgeriichtshaff bannent 5 Deeg ab dem Verëffentlechungsdatum am Mémorial A ugefecht ginn, woubäi et soss verfällt.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert