Upassung vum COVID-Gesetz

Nom Vott vum Gesetzesprojet N°7943, ass dat ofgeännert Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d’Pandemie COVID-19 op folgende Punkten ugpeasst ginn:

Isolatioundauer

D'Isolatioun dauert 10 Deeg. Si ka virun dem Oflaf vun den 10 Deeg ofgeschloss ginn, wann d'Persounen:

  • ee vollstännegen Impfschutz hunn, dee viru manner wéi 6 Méint ausgestallt gouf, oder
  • viru manner wéi 180 Deeg no engem positive PCR-Test vun enger COVID-19-Infektioun geheelt goufen, oder
  • een Impf-Rappel (Booster) kruten a

 wa si fréistens de 5. an de 6. Dag vun der Isolatioun SARS-CoV-2 Antigène-Schnelltester duerchféieren an d'Resultat negativ ausfällt. Am Fall vun engem negative Resultat hält d'Isolatioun um 6. Dag op.

Dës Kierzung berout dorop dass déi betraffe Persounen deen Ament eng méi geréng Viruslaascht a virun allem manner laang ustiechend sinn.

Dës Upassung betrëfft och Persounen déi zurzäit schonn an Isolatioun sinn.

Gültegkeet vun den Impfcertificaten

Am Accord mat der Europäescher Kommissioun, ass déi allgemeng Gültegkeet vun den Impfertificaten op 270 Deeg (9 Méint) fixéiert, ab dem Datum, wou d'Impfung als komplett gëllt.

Et sief ze bemierken dass déi Europäesch Kommissioun nach keng allgemeng Gültegkeetsdauer festgehalen huet fir d'Certificaten, déi en Impf-Rappel (Booster) noweisen, dëst well nach net genuch Donnéeën iwwert d'Schutzdauer vum Impf-Rappel konnte gesammelt ginn. Zurzäit steet d'Gültegkeetsdauer vun den Certificate fir den Impf-Rappel deemno nach net fest.

CovidCheck 2G+ System

De CovidCheck-System "2G+" gëtt bäibehalen, mee déi zousätzlech Testflicht gëtt fir déi Persounen opgehuewen:

  • déi ee kompletten Impfschutz hu vu manner wéi 180 Deeg, oder
  • en Impf-Rappel (Booster) kruten, oder
  • e gültege Geheelt-Certificat virweise kënnen.

 Dës Upassung baséiert op den Erfarungswäerter aus verschiddene Länner, déi viru Lëtzebuerg vun der Omikron-Variant betraff waren. Dës Wäerter weisen dass den Impfschutz mat der Zäit ofhëlt, duerch den Impf-Rappel allerdéngs erëm staark zouhëlt.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert