COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 11. bis de 17. Abrëll

An der Woch vum 11. bis de 17. Abrëll ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 6.172 op 5.403 erofgaangen (-12%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 11. bis de 17. Abrëll duerchgefouert goufen, ass vu 17.789 op 15.337 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 125 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 153 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.756. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 17. Abrëll ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 11.832 erofgaangen, am Verglach zu 14.550 den 10. Abrëll, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 209.962 op 218.078 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 41,8 Joer.

An der Woch vum 11. bis de 17. Abrëll, goufen et 5 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 74 Joer.

An de Spideeler goufen et 29 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 28 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vu 4 op 3 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten läit bei 59 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,93, géintiwwer 0,84 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 35,23%, géintiwwer 34,70% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 851 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 972 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppe erofgaangen.

Dee gréisste Réckgang gëtt et bei den Altersgruppe vun 0-14 Joer (-24%) a vu 45-59 Joer (-14%). Et sief drop higewisen, dass an der Woch vum 11.04. bis de 17.04. keng certifiéiert Selbsttester an de Schoule gemaach goufen. Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun den 0-14 Joer mat 635 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 75+ Joer mat 1.237 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Vun de 6.294 Fäll, déi an der Woch vum 11. bis den 17. Abrëll enregistréiert goufen, goufen nëmmen d'Fäll, déi den 11.04. gemellt a kontaktéiert goufen, analyséiert an d'Source ermëttelt.

Fir déi aner Deeg vun der Woch, goufen all d'Fäll vu Persounen vu 60+ analyséiert, sou wéi déi vu Residenten a Personal aus de Fleegeheemer. Fir d'Beschreiwung vun de Sourcë goufen déi 674 Fäll geholl, déi den 11.04. kontaktéiert goufen.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 35% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (13%), de Fleegesecteur (8%), Fräizäitaktivitéiten (7%) an d'Aarbecht (6%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (25%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 11. bis de 17. Abrëll, goufen am Ganzen 1.207 Dosissen aginn. 86 Persoune kruten eng 1. Dosis, 176 kruten déi 2. Dosis, 762 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 183 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 19. Abrëll op 1.278.410.

472.818 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,6% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

COVID-19-Impfung: Eng 4. Dosis fir Persounen ab 80 Joer

Entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) an dem Avis vun der EMA an dem ECDC, kënne Persounen ab 80 Joer eng 4. Dosis vun der COVID-19-Impfung kréien. Déi 4. Dosis gëtt mindestens 4 Méint no der leschter Booster-Dosis administréiert. Den Impfstoff vun der 4. Dosis ass een mRNA-Impfstoff. Mat dëser Booster-Impfung soll den héijen Impfschutz oprechterhale ginn, deen déi betraffe Persoune géint eng Infektioun, schwéier Krankheetsverleef oder Doudesfäll opgebaut hunn.

Et sief dorun erënnert, dass all immunodepriméiert Persounen (mat Organ- oder hämatopoetesche Stammzellentransplantatiounen, Patienten, déi sech enger lymphopenescher Chimiotherapie oder enger immunsuppressiver Therapie ënnerzéien, oder Persoune mat engem primitiven Immundefizit) oder Patienten ënner Dialys, déi iwwer 18 Joer hunn, eng 4. Dosis vum Impfstoff kréie kënnen. Dëst ka fréistens 3 Méint no der leschter Injektioun geschéien.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Déi betraffe Persoune kréie vun der Lëtzebuerger Regierung eng Invitatioun per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir sech e Rendez-vous am Impfzenter Victor Hugo, bei hirem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

D'Lëscht vun den Dokteren an Apdikten, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir op der Säit covidvaccination.lu.

Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Hotline ugebueden: (+352) 247-65533.

Verschidden Impfplaze si säit dem 16. Abrëll zou

Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck

  • D'Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck si säit dem Samschdeg, 16. Abrëll zou.

"Pop Up" Impfung

  • D'Popups an de Shoppingzentere si säit dem Samschdeg, 16. Abrëll zou.
  • De Pop Up Gare Lëtzebuerg ass säit dem Freideg, 15. Abrëll zou.

D'Lëscht vun den Impfzenteren, Dokteren an Apdikten, déi bei der Impfcampagne matmaachen, fannt Dir op der Säit www.covid19.lu.

"Impf-Bus on tour" 

Wärend d'Popups zougemaach ginn, gëtt gläichzäiteg den Impfbus reaktivéiert, deen dann, ënnert anerem, op de Parkinge vu Shoppingzenteren, Aktivitéitszonen oder Evenementer wäert sinn.

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn och um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung  oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der Woch vun der fofzéngter Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. D'SARS-CoV-2-Stréim déi an dëser Woch gemooss goufe sinn deene vun de zwou viregte Woche staark änlech. Änlech Tendenze goufen an allen analyséierte Kläranlage gemooss, mat enger Stabilisatioun vun de SARS-CoV-2-Streim am Ofwaasser op engem héijen Niveau.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert