COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 25. Abrëll bis den 1. Mee

An der Woch vum 25. Abrëll bis den 1. Mee ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 4.311 op 3.641 erofgaangen (-16%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 25. Abrëll bis den 1. Mee duerchgefouert goufen, ass vun 12.911 op 12.847 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 79 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 58 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.893. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 1. Mee ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 8.256 erofgaangen, am Verglach zu 10.010 de 24. Abrëll, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 224.204 op 229.593 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 39,1 Joer.

An der Woch vum 25. Abrëll bis den 1. Mee, goufen et 6 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 84 Joer.

An de Spideeler goufen et 14 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 24 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 1 op 2 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 60 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,82 géintiwwer 0,89 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 28,34%, géintiwwer 33,39% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 564 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 668 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an allen Alterstranchen erofgaangen, ausser bei der Altersgrupp vun 0-14 Joer (+10%).

Dee gréisste Réckgang gëtt et bei den Altersgruppe vun 30-44 Joer (-22%), vu 60-74 a vu 15-29 Joer (-18%), a vun de 45-59 Joer (-16%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 434 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 759 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Vun de 4.287 Fäll, déi an der Woch vum 25. Abrëll bis den 1. Mee enregistréiert goufen, goufen nëmmen d'Fäll, déi vum 25.04 bis de 27.04 a vum 30.04. bis den 01.05. gemellt a kontaktéiert goufen, analyséiert an d'Source ermëttelt.

Fir d'Beschreiwung vun de Sourcë goufen déi 2.154 Fäll geholl, déi iwwert déi fënnef Deeg kontaktéiert goufen. De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 32% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (10%), an d'Fräizäitaktivitéiten, d'Aarbecht an de Fleegesecteur (7%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (26%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 25. Abrëll bis den 1. Mee, goufen am Ganzen 2.067 Dosissen aginn. 46 Persoune kruten eng 1. Dosis, 139 kruten déi 2. Dosis a 536 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz an 1.346 Persoune kruten eng 2. komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 2. Mee op 1.279.644.

473.070 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,7% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

 

COVID-19: Verëffentlechung vum deegleche Rapport a vun den Donnéeën um Site www.covid19.lu

Opgrond vun der aktueller Lag vun der Pandemie a vun der stabeler Situatioun an de Spideeler, wäert de Gesondheetsministère vum 16. Mee un net méi den deegleche Rapport op www.data.public.lu an d'Donnéeën op www.covid19.lu verëffentlechen.

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum

Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en  

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 16. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. D'SARS-CoV-2-Stréim déi an dëser Woch gemooss goufe sinn deene vun der viregter Woch staark änlech. ​ Änlech réckleefeg Tendenze konnten an de verschiddene STEP festgestallt ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert