Provisoresch Fermeture vum Impfzenter Victor Hugo

Opgrond vum aktuellen Impfrythmus, mécht den Impfzenter Victor Hugo um Lampertsbierg seng Diere, vum 2. Juli 2022 un, provisoresch zou.

Fir weiderhin den Zougank zu der Impfung ze vereinfachen, wäert den Impfbus parallel dozou méi heefeg an den Asaz kommen. Ënner anerem, wäert den Impfbus reegelméisseg um Parking vun der Victor Hugo Hal stoen.

Wie seng éischt Dosis am Impfzenter krut, ka sech fir déi zweet Dosis ouni Rendez-vous am Impfbus impfe loossen, oder bei enger vun den Apdikten oder Dokteren, déi un der Impfcampagne deelhuelen, e Rendez-vous huelen. Wien nom 2. Juli e Rendez-vous hat, wäert vun der Hotline kontaktéiert ginn.

D'Lëscht vun den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: https://covid19.public.lu/lb/impfung.html

Et sief drop higewisen, dass d'Regierung d'Entwécklung vun der Impfcampagne weiderhi verfollegt. Bei Bedarf, kënnen déi verschidden Impfzentere kuerzerhand nees opgemaach ginn.

Communiqué vum Gesondheetsministère a vum Staatsministère

Aktualiséiert