COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 17. bis den 23. Oktober

An der Woch vum 17. bis de 23. Oktober fällt d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 2.384, par Rapport zu 2.855 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 962 Re-Infektiounen, dat sinn 28,7% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 1.079 (27,4%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 17. bis den 23. Oktober duerchgefouert goufen, ass vun 10.063 op 9.159 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 38 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 46 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufe bei 3.655. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 23. Oktober war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 5.729 gefall (am Verglach zu 6.263 den 16. Oktober), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 291.250 op 294.158 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 47,9 Joer.

An der Woch vum 17. bis den 23. Oktober, goufen et 5 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 86 Joer.

An de Spideeler goufen et 30 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 27 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 4. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 70 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,88 géintiwwer 1,01 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 26,03%, géintiwwer 28,37% an der Woch virdrun, gefall.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 369 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 442 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. (Quelle Monitoring)

Andeem s mer d'Re-infektiounen dobäi setzen, ass den Inzidenztaux 521 Fäll pro 100.000 Awunner op 7 Deeg an 1.136 Fäll pro 100.000 Awunner op 14 Deeg. (Quell INSA) Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an allen Alterstranchen erofgaangen, ausser bei der Altersgrupp vun 65-69 Joer (+4%), der Altergrupp vun 70-74 Joer (+13%), der Altergrupp 85-89 Joer (+18%) an der Altergrupp 90+ Joer (+18%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-4 Joer, mat 151 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 90+ Joer mat 1.422 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Vun den 3.362 Fäll, déi an der Woch vum 17. bis 23. Oktober 2022 enregistréiert goufen, goufe 1.086 Fäll (32%) analyséiert an d'Source ermëttelt. ​

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 20% vun den Infektiounen. Duerno kommen de Fleegesecteur (9%), d'Aarbecht (8%), Fräizäitaktivitéiten (6%) an d'Reesen an d'Ausland (6%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (42%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 17. bis den 23. Oktober goufen am Ganzen 2.989 Dosissen aginn. 19 Persoune kruten eng 1. Dosis, 20 kruten déi 2. Dosis, 182 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 2.674 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 94 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 25. Oktober op 1.291.424.

474.737 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 41. an der 42. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. De Kontaminatiounsniveau am Ofwaasser mam SARS-CoV-2 ass op en Neits an der 41. Woch an d'Luucht gaangen, fir an der 42. Woch dann erëm e bëssen erofzegoen. Änlech Tendenze goufen op regionalem Niveau gemooss, mat engem neie Pic vu Kontaminatioun mat SARS-CoV-2 an bal alle studéierten STEP. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:

http://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

 

Aktualiséiert