Nationalfeierdag 2023: Offiziell Zeremonie an der Philharmonie den 23. Juni 2023 um 10 Auer - Invitatioun fir d'Ëffentlechkeet

Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.A.R. de Grand-Duc gëtt eng offiziell Zeremonie den Freideg 23. Juni 2023 an der Philharmonie Luxembourg ofgehalen, dat a Presenz vun der groussherzoglecher Famill, den Deputéierten, der Regierung, dem Staatsrot, der Justiz, dem Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg an dem diplomatesche Corps, deen zu Lëtzebuerg akkreditéiert ass.

D'Regierung luet all interesséiert Persounen an un der offizieller Zeremonie den Freideg, 23. Juni 2023 um 10 Auer an der Philharmonie deelzehuelen. Well d'Plaze limitéiert sinn, ginn d 'Invitatiounen der Reiefolleg vun der Aschreiwung no verdeelt.

D'Zeremonie ass ausgebucht.

Communiqué vum Staatsministère 

Aktualiséiert